3 Froen un …

den Tommy Klein vun ILRES

Zweemol am Joer erschéngt déi vun Editpress, IP Luxembourg a Mediahuis Luxembourg beoptraagt a vun ILRES realiséiert Plurimedia-Etüd, an där Zuelen iwwert lëtzebuergesch Medieformater (vun der Press, Radio- a Fernseesendere bis Internetsitten) an de Mediekonsum erhuewe ginn. Wéi eng laangfristeg Tendenze loossen sech bei der lëtze­buergescher Bevëlkerung beobachten?

Zuele justifiéieren, Zuele beweisen an Zuelen illustréieren. Zuele maachen awer oft och eréischt op engem méi generellen Niveau Sënn, wa Konklusiounen aus verschiddenen Etüden zesummegeluecht ginn. Esou kann een Tendenzen erkennen, déi och wäit iwwert eng eenzel Etüde wéi d’Plurimedia eraus ginn. Onofhängeg vun den Entwécklunge vun eenzele Medienhaiser an hirer Offer, kann een an der Welt vun der Informatioun vun enger reegelrechter Zerspléckung schwätzen. Eng Welt, déi fréier vu wéinege Vecteuren dominéiert ginn ass, zeechent sech haut duerch eng Multitude vun Acteuren an och Supporten aus. De Contenu aus enger Zeitung, déi fréier a Pabeierform virun der Dier louch, gëtt et haut an enger Aart digitaler Kopie, a verschiddene Sproochen (z. B. speziell fir eng frankophon oder anglophon Populatioun) oder och als kompriméierte Contenu op de soziale Medien. Eng Televisioun, déi fréier aus e puer Statioune bestanen huet, gëtt hautzedaags duerch eng digital Mediathéik ersat, wéi mir se fréier nëmmen aus lokale Video­théike kannt hunn. Informatioune kënnen zu all Moment iwwer verschidde Kanäl an a verschiddene Forme consultéiert ginn. Doraus ergëtt sech, dass eng Populatioun sech haut anescht infor­méiert. Eis Mediewelt besteet net nëmmen aus méi Acteuren a Vecteuren, mee virun allem och méi Forme vu Contenu. Fréier ass d’Fro „Wéi informéieren sech d’Leit” mat enger Lëscht vu Kanäl beäntwert ginn, haut gëtt se mat Géigefroe beäntwert: Zu wéi engem Zweck gëtt kommunizéiert? Wéi eng Aart vu Contenu gëtt verbreet? A wéi enger Form gëtt dëse Contenu presentéiert? Iwwert wéi ee Support kann ech de Contenu consultéieren? D’Zuelen aus der Plurimedia-Etüd weisen nieft dëse méi generellen Tendenzen awer och konkret Entwécklungen, esou z. B. den Zerfall vun dem Pabeier als dominéierend Form vun der Informatiounsverbreedung. Huet 2017 de meeschtgenannte Quotidien nach 31,4 % vun der Populatioun areecht, sinn et 2022 nëmmen nach 22 %. Och de Radio huet änlech gelidden: 2017 huet de populäerste Sender nach 36,9 % areecht, 2022 sinn et der just nach 28,7 %. Fir d’Televisioun gëtt et eng änlech Entwécklung. All dës Observatioune si kloer Tendenzen, déi d’Richtung fir déi kuerzfristeg Zukunft virginn. Déi klassesch Medie wäerten awer net duerch een eenzegen innovativen Medium ersat ginn, mee duerch e ganze Pluralismus vun Acteuren a Formater.

Kënnt Dir eng Ausso driwwer maachen, ob sech nei digital Medie beim Publikum duerch­gesat hunn (Reporter.lu / Lëtzebuerger Journal / Luxembourg Times …)?

Reng op der Plurimedia-Etüde baséierend, kann ech net wierklech eng Ausso dozou treffen. Déi strategesch Iwwerleeung hannert dësen neie Vecteure passt awer zu der genereller Analys vun der Medielandschaft an hirer rezenter Entwécklung bezéiungsweis Zerspléckung. Et versicht ee ganz konkret iwwert en ausgewielte Contenu an enger spezifescher Form, eng cibléiert Populatioun unzeschwätzen, déi eng däraarteg villfälteg Offer och erwaart. Déi ugeschwaten Acteuren an der Medielandschaft positionéiere sech jo och deementspriechend a maache Reklamm mat alternative Contenuen, mat enger innovativer Aart vu Journalismus oder och ganz einfach enger anerer Sprooch fir enger Communautéit gerecht ze ginn an dëser den Zougang zur Aktualitéit ze erliichteren. Dëst ass awer net ze vergläiche mat engem gréissere Vecteur, dee jo och eng aner Ambitioun huet an eng méi cibléiert Approche och net onbedéngt mat senger ëffentlecher Missioun ze vereenen ass. Anescht formuléiert sinn dës nei Medie weder e Konkurrent nach nëmmen e weideren Acteur, si sinn e Resultat vun enger Entwécklung vun der Medielandschaft an de Gewunnechte vun de Consommateuren. Bei enger Fro zu neien digitale Medien an dësem Beräich muss een sech awer net nëmme mat dësen neie Formater ausernee setzen, mee och mat ganz neien Acteuren, déi d’Welt vun dem Journalismus op disruptiv Aart a Weis veränneren. Et geet ewech vu klassesche Journalisten an hin zu belibege Leit, déi schnell eng villäicht och net verifizéierten Informatioun verbreeden. Dat kann z. B. e Blogger sinn oder eng Persoun, déi reegelméisseg Bäiträg op de soziale Medie verfaasst an sech e Krees u „Follower” opgebaut huet. D’sozial Medie sëlwer veränneren an dësem Kontext och hir Identitéit. Ass et wierklech nach e „soziale” Medium, deen den Echange tëschent Leit promouvéiert an erliichtert oder ass net och e Kanal, wou Informatiounen zur Aktualitéit verdriwwe ginn? Och Twitter huet do schonns e Wiessel hannert sech an huet sech am digitalen Apple Store vun der Kategorie „social media” an d’Kategorie „live news” placéiere gelooss, e „Live Journalismus”, deen ouni klassesch Journaliste funktio­néiert an Informatioune méi schnell verbreet wéi all anere klassesche Medium.

D’Mediewelt ass mëttlerweil immens fragmentéiert. Hu sech eng ganz Rëtsch vu paral­lellen Ëffentlechkeete forméiert oder consomméieren d’Leit einfach méi Medie, fir sech e „Gesamtbild“ ze verschafen?

Béides trëfft menger Meenung no zou. Déi beschriwwen Entwécklungen an virun allem déi méi grouss Offer u Formater an Acteuren hunn dozou gefouert, dass ech mir d’Informatioune genau do siche ginn, wou d’Meenungen an d’Informatiounen op déi Aart a Weis presentéiert ginn, déi am beschten zu mir passt. Et ass net méi realistesch dovunner auszegoen, dass all d’Erwaardunge vun de Leit vun engem Medium eleng kënnen erfëllt ginn. Dëst ass net onbedéngt fir sech e „Gesamtbild” ze schafen, am Sënn vun all Meenungen, Perspektiven an Horizonter ofdecken, mee éischter eng Fro vun Erwaardungen a Besoinen, déi nëmmen duerch eng Kombinatioun vu Vecteure kënnen erfëllt ginn. Nieft dëser multidimensionaler Approche erfuerdert déi zerspléckt Medielandschaft awer och eng Consultatioun vu méi Medien, falls een „au courant” bleiwe wëll oder versiche wëll, déi gesellschaftlech Meenung an all hire Facette ze „verstoen”. E kléngt Beispill: Eng belibeg Persoun kann z. B. déi alldeeglech gesellschaftlech Aktualitéit iwwert e klassesche Quotidien consultéieren, aus Intressi un der politescher Aktualitéit, awer och e méi investigative Journalismus online siche goen a gläichzäiteg awer meenungsbildend Aussoen zu sozialen Themen an de soziale Medie sichen, wou mech interesséiert, wéi gewëss Debaten a mengem Entourage diskutéiert ginn. Heiraus ergëtt sech dann e Gesamtbild, wat awer oft op enger Kombinatioun vu selektive Besoinen opbaut a manner engem Wëllen sech e Gesamtbild ze schafen. Déi entscheedend Fro heibäi ass d’Fro vun der Fiabilitéit. Net nëmmen déi zerspléckt Medielandschaft mee och de Fakt, dass jiddereen op einfach Aart a Weis kann Auteur „spillen“ an Informatioune schnell verbreede kann, huet dozou gefouert, dass d’Dier zu parallelle Realitéiten a konträre meenungsbildenden Informatiounen wäit opgaangen ass. Bei schlechtem Verlaf kënnen dës parallel Welten eben och einfach a schnell falsch Informatioun diffuséieren, déi rezent Diskussiounen iwwert potentiell Konsequenzen vun enger Covid-19-Impfung hunn dat exemplaresch illustréiert. Et ass awer net nëmmen eng Fro vu parallelle Welten an der Medielandschaft, et ass eng Fro vun engem gemeinsame Wäertesystem an eiser Gesellschaft. Wéi ee moralesche Kompass gëllt hautzedaags a virun allem, wou kommen dës Instruktiounen hier? Vun den Elteren? Aus der Relioun? Aus de Medien? Oder aus de soziale Medien? Et ass eng immens wichteg an awer och interessant gesellschaftlech Debatt, déi iwwert d’Entwécklung vun de Medien erausgeet.  

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code