3 Froen un…
Chargée d’éducation sexuelle et affective um Planning Familial
A wéi enger Form fënnt sexuell Bildung fir Geflüchteter zu Lëtzebuerg statt?
De Projet „Parlons Santé“, vum Planning Familial an Zesummenaarbecht mat Multilearn, gëtt am Kader vun engem EU-Projet „Asile, Migration et Intégration“, hallef-hallef vun der EU a vum OLAI, haut ONA (Office national de l’accueil), finanzéiert.
Dem Planning Familial seng Missioun ass Workshoppen z’organiséiere fir Frae, Männer oder Mineurs non accompagnés. D’Zil vun dësen Atelieren ass et, d’Integratioun, d’Autonomie, d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun Demandeuren oder Bénéficiairen de Protection Internationale ze fërderen. D’Ateliere si no Geschlecht opgedeelt, fir dass d’Participanten et méi einfach hunn, sech iwwer Theme wéi Sexualitéit, Reproduktioun, Gefiller, Rechter, Flichten a Valeuren austauschen ze kënnen.
D’Informatiouns- a Sensibiliséierungsaarbecht an den Ateliere fir d Frae, „Café Santé“, gi vu mir geleet, d’Männer-Atelieren, „Atelier Hommes“, vu mengem Aarbechtskolleeg, dem Miguel Dias. Mir halen d’Workshoppen op Englesch oder Franséisch selwer, a fir d’Seancen op Arabesch, Tigrigna oder Farsi ziele mir op di wäertvoll Hëllef vun engem männlechen Interpret fir d’Männer-Atelieren a vun enger Interpretin fir eis weiblech Participanten. Eis Interprete gehéieren zu engem Pool un Iwwersetzer, déi zum Thema Sexualitéit, Diversitéit, asw. sensibiliséiert gi sinn. En Atelier dauert am Prinzip zwou Stonnen, an et ass méiglech, no der Seance, mat Hëllef vum Interpret, respektiv der Interpretin, e Rendez-vous bei engem Gynekolog, Dokter, Psycholog, Sexolog oder Beroder ze huelen.
Ënner anerem sensibiliséieren an informéiere mir jonk Refugiéen am Kader vun eiser ESA-Aarbecht an de Lycéeë, wa si z. B. an de Classes d’accueil (ACCU) oder an de CLIJA-Klasse (classe d’insertion pour jeunes adultes) sinn.
Wéi eng Persoune kommen am meeschten op Iech zou?
Bis elo hu mir méi Fraen, déi sech fir eis Atelieren interesséieren ewéi Männer. Sie kënne sech selwer aschreiwen, oder wat meeschtens de Fall ass, mat Hëllef vun engem Betreier aus dem Foyer, an deem si wunnen, informéiert an ugemellt ginn. Mir hunn eng Serie Postkaarten a verschiddene Sproochen erausgi, fir op eis Workshoppen opmierksam ze maachen, a schécke reegelméisseg en Informatiounsmail un all d’Strukture fir Refugiéen mat den Datumer vun den nächsten dräi Méint.
An eis Ateliere komme Mënsche vun all Alter, all Beruff, all Ausbildung, esouwuel aus de Stied wéi och aus den Dierfer. Dofir ass et wichteg ganz flexibel ze bleiwe par Rapport zum Wësse vun de Leit, déi matmaachen. D’Ateliere si grad ewéi bei eisen ESA-Seancen, op den Echange an d’Diskussioun baséiert.
Leider hu mir deen Undrang net, dee mir eis um Ufank vum Projet erwaart hunn; vläicht well fir vill Leit d’Froen zu der eegener sexueller a reproduktiver Gesondheet net grad hir éischt Prioritéite sinn.
Wat sinn déi Theme/Froen, déi am heefegsten opkommen?
All Workshop ass anescht, verschidde Frae si ganz gutt informéiert, anerer wëssen z. B. net, wéi de weiblechen Zyklus funktionéiert, wat et alles u Verhiddungsmëttele gëtt oder dass zu Lëtzebuerg de Schwangerschaftsofbroch legal ass. Heiansdo ginn et Diskussiounen zum Thema sexuell Diversitéit, mee meeschtens sinn d’Fraen dankbar a frou op di zahlreich Gratis-Servicer vum Planning Familial zréckgräifen ze dierfen. D’Männer si vläicht méi retizent fir Froen ze stellen, mee verschiddener léiere villes, wat se virdrun nëmme vaguement woussten, z. B. iwwer de Fonctionnement vun hirem eegene Kierper, mee och zum weibleche Kierper.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
