Jo, et stëmmt. Bis elo konnte mir ouni den Auto net liewen. Mir si praktesch mam Auto op d’Welt komm. Dat ass net nëmme bildlech geschwat, neen, ech erënnere mech drun, wéi ech schonn an der Maternité un d’Autoskultur erugefouert gouf, ech war knapps zwee Deeg al a louch a menger Mamm hiren Äerm, ech hat nach keng Anung vun näischt, ech hunn nach kee Fatz verstan vun der Welt, mee mäi Papp war schéin op Zack, elo gëtt de Babybutz mol gläich mat de Realitéite vum Liewe konfrontéiert, huet hie geduecht, elo kritt dee Wiermche mol gewisen, wourop et ukënnt an enger zolitter, gutt geplangter Existenz, hien huet mir en Auto matbruecht an d’Maternité, e richteg schéinen, blénkegen, fonkelneie Mini-Auto, do war alles drun, wat en Auto brauch, just kee Motor natierlech, deen Auto war mäin alleréischte Kaddo, ier ech Mamma oder Pappa soe konnt, hunn ech Auto geruff, Auto, Auto, Auto, mäi Papp hat Tréinen an den Aen, meng Mamm war zwar nach zimlech bedäbbert vun de Wéien, mee si huet sech mat aller Kraaft aus dem Bett erausgeschafft a mech an den Auto geluecht, dat war e ganz feierlechen Ament, wéi e Kinnek louch ech a mengem Auto an hu gespruddelt vu Gléck, d’Hiewanen an d’Infirmièrë koumen erbäigelaf, o, dee gléckleche Babybutz, o, kuck mol, wat hie scho sou perfekt rulle ka mat sengem Auto, de Pappa ass elo däi Motor, huet mäi Papp gelaacht, da stréck dech mol un, mäi Jéngelchen, zéi däi Gurt schéi fest un, elo gi mer op d’Rees, brëmm brëmm huet mäi Papp gemaach an den Auto weidergedréckt, brëmm brëmm hu mir d’Kéiere geschnëppelt am Maternitészëmmer, ech wollt guer net méi aus mengem Auto eraus an hu keng Wéi méi gebraucht, meng Mamm huet mech just heiansdo erausgehuewen, fir mir d’Broscht ze ginn, de Rescht vun der Zäit huet kee mech dierfe stéieren a mengem Auto, eise Jéngste ka geschwënn de Führerschäi maachen, huet mäi Papp houfreg senge Kollegen erzielt, an hien ass mol nach keng zwou Wochen al. Och no der Maternité huet meng Passioun fir d’Autoen net nogelooss. Deeglaang hunn ech doheem zu der Fënster erausgekuckt an d’Autoe baussen op der Strooss gezielt, obschonns ech nach guer net ziele konnt, mee dat hunn ech séier geléiert, well an engem Stéck sou vill Autoe laanscht eist Haus gefuer sinn, datt ech den Dezimalsystem ganz rapid intus hat, zéng, zwanzeg, drësseg, hunn ech gezielt, zweehonnert, dräihonnert, véierhonnert, op engem normale Wochendag hunn ech bis zu dräidausend Autoen notéiert, wonnerbar, mäi Jong, sot meng Mamm, wann dat sou weidergeet, bass du scho mat zwee Joer dee beschten Autoszielert wäit a breet, en echten automobile Statistiker, dat muss ee sech mol virstellen, déi aner Kanner an dengem Alter kënnen nach net bis dräi zielen, si kniwwelen un hire Fangeren a komme fir d’Baschten net op eng Zuel. Mat dräi Joer sinn ech sonndes doheem an eis Garage geschlach, wa meng Mamm grad net opgepasst huet, do stoung mengem Papp säi prächtegen Auto mam Stär um Kühler, ech hu mech op de Buedem gesat an um Auspuffrouer geschnoffelt, et ass mer ganz liicht a ganz hell ginn am Kapp, de Stär huet sech op eemol vum Kühler geléist, en ass d’Lut aus geklomm an ëmmer méi grouss ginn, wann e widdert de Plaffong vun der Garage geknuppt ass, war en op eemol sou breet wéi e Riserad, no deem ferme Knuppert huet et ronderëm mech elauter butzeg Stäre gereent, um Enn war den Auto iwwer an iwwer mat Stäre garnéiert, eng Kéier huet meng Mamm mech bei mengem Auspuffgeschnoffels iwwerrascht, ech hu grad mat zwou Hänn Stäre gefaang an dobäi e Liddche gepaff, Gilbert, mäi Jong, wat méchs du dann hei, huet meng Mamm Kreesch gedoen, du kanns deng Nues dach net an den Auspuff strecken, dat ass bä, mäi Jong, bä bä bä, mäi Papp war do ganz anerer Meenung, dat weist dach nëmmen, wéi enk eise klenge Gilbert scho mam Auto verbonnen ass, hie wëllt de Parfum vum Auto inhaléiere bis déif an d’Longen eran, méi wäit kann hie jo wuel net goe mat senger Autosléift, hie kann dach net ongenéiert kiffen an eiser Garage, sot meng Mamm, ma da looss hien dach nëmmen, sot mäi Papp, hie kifft dach net, hie knuutscht mam Auto, et ass dach schéin ze kucken, wéi deem Männche seng Autoerotik sech prächteg entwéckelt, eisen Auto mam Stär huet bestëmmt näischt dergéint. Bannen am Auto mam Stär sinn ech groussginn, mäi Papp huet mech iwwerall matgeholl, am Bësch, wou keen eis gesi konnt, huet hie mech selwer fuere gelooss, da komm, Gilbert, elo fänkt den Eescht vum Liewen un, mat zéng Joer sinn ech scho mat 100 km/h duerch d’Louklëppelhecken am Éislek gebriedert, mat zwielef Joer hunn ech all d’Autobunnen auswenneg kannt, mat véierzéng Joer sinn ech fir zerguttstert an eisen Auto mam Stär geplënnert, ech hunn dra gewunnt, dra geléiert, dra giess, dra geschlof an dra gespillt, bis uechtzéng Joer war mengem Papp säin Auto mam Stär meng privat Residenz. Pénktlech fir mäin uechtzéngte Gebuertsdag stoung mäin eegenen Auto virun der Hausdier, ech si mengen Elteren ëm den Hals gefall an hu vu Freed gekrasch iwwert dee fantastesche Kaddo, all Dag hunn ech mat engem seidenen Dichelchen de Stär um Auto gebotzt, ech hu mech net ginn, bis e geglënnert huet wéi de Planéit Venus an enger kaler Wanternuecht, nach haut wëll ech op dat Ritual net verzichten, ech hu mer en Dichelchen aus deierstem Kashmir kaaft, de Patron blénkt nees d’Stären an eisem Showroom, soe meng Mataarbechter, ee Stär nom anere gëtt mat Zäertlechkeet a grousser Andacht proppergeriwwen, ech hu mäin Dichelche mam Stärestëbs ëmmer an der Täsch, all hallwen Dag packen ech den Drock net méi, da muss ech se nees masséiere mat mengem Kashmirdichelchen, all déi Stären an eiser Expo, vun där klenger Zeremonie kréien ech all Kéier Häerzklappen, schéin, rifft mäi Personal, mir hunn hei wierklech déi schéinste Stärekollektioun am Land, Chef! Zanter zwanzeg Joer stinn ech un der Spëtzt vum Garage de l’Avenir, ech sinn deen déckste Stärenhändler am Land, bei mir gëtt sech d’Elite vun der motoriséierter Liewenskonscht d’Klensch an de Grapp, méintlaang hunn ech mat menge Mataarbechter den Autofestival virbereet, d’Houmass vun der automobiler Liturgie, elo ass et nees sou wäit, de Schampes steet prett, an zwou Stonne feiere mer d’Ouverture, mee nach ni hat ech sou e schlecht Gefill wéi dëst Joer, ech si mer guer net sécher, ob d’Gäscht iwwerhaapt kommen, vläicht versammelt sech hei am Showroom just eng hallef Dose Maskéierter an Desinfizéierter an Distanzéierter. Eng wéischt Pandemie verdreift eis brutal vun de Stroossen. Bleift doheem, kréie mer agetriichtert, bleift dach nëmmen all doheem, réiert iech net, späert är Dieren zou, stellt iech dout, briecht all Kontakt mam Stroosseverkéier of, well och am Stroosseverkéier randaléiert dee geckege Virus, en iwwerfält d’Automobiliste mat enger Onverschimmtheet sonnergläichen, wien et wot, a säin Auto ze klammen, ass praktesch schonn infizéiert, ier hien iwwerhaapt de Motor ugemaach huet, haalt iech wäit ewech vun den Autoen, heescht et, de Virus klunschelt um Blech vum Capot a vun der Malle, déck Viruskluddere pechen un de Réckspigelen, op de Stoussstaangen danzen d’Vire mat den Honnerten, ënnert der Motorhauf lauere si nëmmen drop, datt den Automobilist Plaz hëlt hannert dem Steier, soubal de Motor uspréngt, sinn d’Viren net méi ze halen, si infiltréiere sech duerch d’Ventilatioun a fléien dem Automobilist riicht an d’Gesiicht, näischt ass méi geféierlech, wéi och nëmmen e puer Meter mam Auto ze fueren. Et gëtt alles ënnerholl, fir eis d’Freed um Auto grëndlech ze verdierwen. Fir et krass ze soen: Mir sëtzen am Homeoffice a brauche keen Auto méi. Den Auto gëtt neierdéngs op eng Aart a Weis diskreditéiert, déi absolut eemoleg ass an der Geschicht vun der automobiler Kultur. Ausgerechent elo, wou eisen Autofestival ufänkt, ass déi allgemeng Situatioun vum Auto méi prekär wéi jee. Wat soen ech dann elo menge Gäscht? Eng feierlech Ried kënnt net a Fro. Et ass eriwwer mat der Feierlechkeet. Wann iwwerhaapt e puer verschotert Gäscht opdauchen, muss ech hinnen an d’Gewësse rieden, ech muss hinne scho bal energesch de Kapp wäschen, fir si ze motivéieren: Dir braucht nëmme ronderëm Iech ze kucken hei am Showroom, do sti se, all eis nei Modeller, mir krute se mat Zäite geliwwert wéi all Joer, Dir kënnt se kafe vun haut un, si waarden op Iech, awer Dir waart net op si, hunn ech den Androck, Dir kuckt all sou skeptesch, fir net ze soe mësstrauesch wéi all näischt Gutts, Dir haalt Iech wäit ewech vun den Autoen, mengen ech, dat ass en Dauereschued, d’Pandemie huet Iech blann gemaach fir de Glanz vun der Autoszivilisatioun, Är automobil Dynamik ass gebrach, am léifste géift Dir guer net méi aus Ärem Lockdown erauskrauchen, dat wierkt sech katastrophal op d’Autoen aus, Dir gesitt et mat eegenen Aen, si lappen alleguer, eis fantastesch Ween mam Stär, si hänken an der Landschaft wéi bestallt an net ofgeholl, hir Motoren haulen net méi, mee grommelen nach just, hir Pharë flamen net méi, si brennen nëmmen nach wéi aarmséileg Fixspéin, déi Autoe sinn all schwéier depressiv, soen eis Techniker, stänneg ass hir Elektronik gestéiert, si kënne mol net méi uerdentlech mam Auspuff knadderen, dat kléngt éischter wéi en dréchenen Houscht, d’Säitespigelen hänken erof wéi wieleg Blieder um Bam, d’Schaltknëppelen, déi soss poulriicht d’Lut aus stoungen, kippen op eemol d’Säit aus wéi Schlappschwänz, ech kann nëmmen hoffen, léif Éieregäscht, léif Autosfrënn, datt de momentan desastréisen Zoustand vun eisen neien Autoen nëmmen op hire schroen emotionale Frust zréckzeféieren ass, si leide batter, huelen ech un, well kee vun Iech bereet ass, hinnen entgéintzekommen, well Dir si wuertwiertlech boykottéiert, rappt Iech dach mol um Rimm, et ass dach keng Hexerei, mat den Autoen nees Kontakt opzehuelen, wéi et sech gehéiert, Dir kënnt se roueg mol nees heemele vum viischte bis bei dat hënnescht Nummereschëld, amplaz Är Fangeren ängschtlech a Plastikshändschen ze stiechen, fréier krut Dir es guer net genuch vun der hefteger Kommunikatioun mat Ärem Auto, um Autofestival hutt Dir Iech net méi gepackt, Dir hutt Iech net nëmmen an Ären Dramauto erageworf, Dir hutt Iech dra gewänzelt, bis Dir rout Bäckelcher hat, Dir hutt um Steierrad geleckt vu lauter Gäilheet, do war ech ëmmer nees Zeien, Dir hutt mech gefrot, ob Dir och um Stär lecken dierft, dat konnt ech Iech net ofschloen, Dir hutt Iech op de Stär gestierzt an dru geknabbert, wat soen ech, Dir hutt an de Stär gebass, bis d’Lëpsen Iech geblutt hunn, et war eng Begeeschterung an eng Leidenschaft ouni déi klengsten Hemmung, dofir verstinn ech net, datt Dir haut Äre potenziellen neien Auto nëmmen zëmperlech vu wäitem inspizéiert, Är Blécker sinn däitlech, ech wëll mer keen neien Auto uschafen, soen Är fatal Blécker, wéi sollen eis nei Modeller dann do nees aus hirem schwaarze Lach erauskommen? Ech wëll guer net drun denken, wat hei an do hannert der Hand gepëspert gëtt, nämlech, datt déi nei Autoen e Virus erwëscht hunn a sech ënnerteneen ustiechen, wann dat sou ass, hätten all déi opfälleg Symptomer eng ganz aner Nues, da wäre mer an engem schreckleche Szenario dran, da kënne mer definitiv apaken an den Autofestival gläich begruewen, eis ganz Autoskultur geet an deem Fall d’Baach erof, a mat der Autoskultur eis ganz Identitéit an eist ganzt Lëtzebuerger Land, da bleift just nach eng eenzeg iwwerliewenswichteg Fro: Kënnen déi ugestachen Autoen och eis ustiechen? Oder handelt et sech ëm eng autospezifesch Variant vum Virus? Kee gëtt mer eng Äntwert, kee weess, wou mer dru sinn. Däerf ech mäi Kashmirsdichelchen iwwerhaapt nach aus der Täsch zéien? Ech kucken d’Stären an denken: Si fénkele bedreelech, wéi wa se Féiwer hätten.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
