- Geschichte, Gesellschaft, Kultur, Verteidigung
Brauche mir hei zu Lëtzebuerg eng Friddensbeweegung?
Firwat ass eng Friddensbeweegung zu Lëtzebuerg wichteg? Déi lescht Kéier – d’US-amerikanesch Truppen waren um Punkt Bagdad ze bombardéieren -, wéi mir zu Letzebuerg eng aktiv Friddensbeweegung haten, huet sech keen déi Fro gestallt. D’Leit sin einfach op d’Strooss gaangen an hun demonstréiert. Si, dat waren Dausende vun Biergerinnen a Bierger aus alle soziale Schichten, mat ënnerschiddleche politeschen Iwerzeegungen an et waren opfälleg vill jonk Leit dorënner. D’Fro iwwert d’Bedeitung vun enger Friddensbeweegung zu Lëtzebuerg awer, dat muss ech zu mengem eegene Bedaueren soen, gouf net diskutéiert. Dat war virun 14, 15 Joer.
Zu ménger Persoun awer, ech hunn zweemol hei zu Lëtzebuerg friddenspolitesch Themen opflamen gesinn. An den 80er Joren zur Zäit vum Kale Krich, wéi ëmmer weider opgerëscht gouf an dëst op esou eng absurd Aart a Weis, datt een berechtegterweis konnt fäerten, datt déi mam Fanger um roude Knäppchen och amstand wären, hiert Vernichtungspotential anzesetzen, sinn ech matgelaf. An 20 Joer méi spéit, wéi den George W. Bush Decisioun geholl huet, fir e Krich unzefänken, dee vläicht zu de längste vun der Mënschegeschicht muss gezielt ginn, en ass jo nach net eriwwer, sinn ech mat virgelaf. Elo awer, wou mir éischter hott an har duerchernee lafen, denken ech, net d’Analysmusteren aus den 80er Joren vum viregte Joerhonnert passen op eis Zäit an och net d’Äntwerten, déi mir virun 15 Joer ginn hunn, wéi mir den George W. Bush “zur Vernonft” wollten zwéngen, kënnen haut an hei eppes bewierken.
Wat ass Friddenspolitik?
Éier ech awer meng Fro beäntwerten, muss ech deen Aspekt uschwätzen, dee mir schwéier um Mo leit: wat ass Fridden an wat ass Fridden hei zu Lëtzebuerg? Virun 20 Joer hätt ech d’Äntwert schnell parat gehat, de Fridden loossen ech deenen, déi den éiwege Fridde sichen, mir geet et em “kee Krich”. Dëst war och zur Zäit vum Kale Krich sënnvoll. Well en Atomkrich gedrät huet, war all aner Iwwerleeung zweetrangeg. Alles huet missten ënnerholl ginn, dat déi zwou gréissten Atommuechten hier Arsenaler un Atomwaffen net géifen asetzen. Ech well drun erënneren, dat souwuel d’Gefor, wéi och d’Angscht vun engem Atomkrich reell waren. D’Äntwert vun der Friddensbeweegung zur Zäit vun der amerikanescher Interventioun am Irak war och eng Anti-Krichshaltung. Haut wësse mir, dës Äntwert war richteg, awer och ze kuerz geduecht.
Et gëtt nach eng Rëtsch aner Äntwerten op d’Fro, wat ass Fridden. Déi eng géifen soen, de Fridden ass d’Anhalen vun den Mënscherechter. D’Erfarung vun den leschte Joren seet eis, “nee, mee awer”. Nee, well déi verluge Band aus dem Pentagon eis bei all Krich, déi si an de leschten Joren ugefaangen haten oder op déi si opgesprongen sinn, eis ëmmer erëm d’Mënscherechter zerwéiert hunn, fir dann zouzeschloen. Och Europa huet Wäissbicher zur Schutzverantwortung erausbruecht, fir matzemëschen an déi grouss Länner an Europa maachen dëst och ganz erfollegräich. Europa gëtt als Friddensprojet duergestallt an hannen drun gëtt opgerëschst, militäresch Interventiounen koordinéiert an sech militäresch ofgeschott géint d’Folgen vun där Politik, déi virdrun agesat gouf. D’Mënscherechter ginn esou erfollegräich agesat, datt keen Diktator op der Welt sech net hirer géif bedéngen, fir säi Militär anzesätzen. An dach gëtt et keng Friddenspolitik ouni Mënscherechter anzefuerderen.
Friddenspolitik ass Diplomatie. Jo, mir soen jo och ëmmer erëm, de Krich ass keng Léisung, Verhandlungen musse gefouert ginn. An dat liicht jo och an, wéi soll Syrien aus dem Schlamassel erauskommen, wann net ouni Virbedéngungen jiddereen, deen zu Verhandlungen bereet ass, iwwert d’Zukunft vun dem Land an sengen Awunner matverhandelt. Jo mee, ass net dat, wat d’EU mat hire Partnerschaften mat den Exsovietstaaten oder de Länner an Nordafrika mécht, eng krigeresch Interventioun ouni Militär a Waffen? Et kënnt en net derlaanscht, déi politesch Spannungen, déi sech wéi an der Ukräine och militäresch äussere kënnen, zréckzeféieren op d’Ausriichtung vun de Verträg, ausgehandelt an ofgeschloss mat der EU, där et net em Partnerschaft geet, mee em Mäert, Réistoffer oder Aarbechtskräften an dat récksiichtslos am Interessi vun den eegene Betriber.
Friddenspolitik, ass dat net och eng solidaresch Ënnerstëtzung vun alle politeschen Beweegungen, déi sech wou och ëmmer fir Demokratie, fir sozial Gerechtegkeet oder fir en nohaltegt Wirtschaften asetzen. Jo richteg, mee dës friddenspolitesch Usätz sinn esou marginaliséiert an eiser Gesellschaft, geparkt bei verschiddene Drëtt-Welt-Organisatiounen, heiansdo erkennt en en Opglimmen wéi an der Klimafro, datt eis Regierung, zynesch wéi se elo emol ass, sech Joer fir Joer erlaben kann, hei e Pak Kaffi z’empfänken, do e Klengbauer anzeweien a wann och wierklech näischt aneschters uläit, grinsend eng Expo z’iwwerreechen. (sorry, elo ass den Bic mir awer derduerch gang)
Friddenspolitik as och d’Bild vun enger besserer Welt an et schengt, wéi wann mir ons net méi géifen trauen eis dës virzestellen. Algerien, de Vietnam oder Nicaragua si laang hir, bei Cuba iwwerloossen mir d’Analys sénge Géigner a schon bei der leschter bolivarescher Revolutioun ass kee Lëtzebuerger méi higaangen fir Kaffisbounen ze plécken. Mir doen eis schwéier mat Rojava an de Chiapas fanne mir net méi op der Kaart erëm.
Wat ass Friddenspolitik hei zu Lëtzebuerg?
Wat kann dann Fridden zu Lëtzebuerg sinn? Et muss ee soen, dat hei wuel kaum nach ee lieft, den e Panzer gesinn huet rullen, wuel kaum een dee weess, wat et heescht d’Willkür vum Krich un sech oder un senge Léifsten z’erliewen. Krich ass wuel fir déi meescht eng Erfarung aus der Televisioun oder zesumme gedicht vun Hollywood Regisseuren. Sou datt een sech kann froen, ass dann Krich net abstrakt, abstrakt, wéi d’Lëtzebuerger Militär, déi mir besser kennen iwwert hier Musek, abstrakt, wéi den Awacs, deen och zur Zäit a Krichsgebidder zum Asaz kënnt, awer net faassbar ass, ausser et gesäit een en zoufälleg, wann en iwwert d’Stad flitt, fir een vun den zwee jäerlechen Besich um Findel, abstrakt, wéi déi Eenheeten, déi nach ëmmer am Kosovo täteg sinn, dëst no engem illegalen Krich, zu dem och Lëtzebuerg sech als Natomember bekannt huet, abstrakt wéi déi militäresch Opklärungssateliten, déi wahrscheinlech e Lëtzebuerger Fändel wäerten droen, awer soss kaum vu Lëtzebuerger wouer geholl ginn, well dat sollen se jo och net, abstrakt, wéi déi vill Suen, déi Joer fir Joer am Budget stinn, déi just d’kommunistesch Partei systematesch uprangert, abstrakt wéi alles wat sech gutt mat Wierder verstoppe léisst, Wierder, un déi een net gleeft, awer déi berouegen. Lëtzebuerg bräicht wahrscheinlech Doudeger aus Afghanistan, traumatiséiert Zaldoten aus dem Kosovo fir de Krich op sech ze bezéien, fir en zu dem ze maachen, wat en ass, dat beschte Mëttel fir aus eis Mënschen dat Schlëmmst ze huelen.
Lëtzebuerg ass awer kee Fleck op der Landkaart, dee just friddlech ass an dat well et esou kleng ass, datt seng Arméi, seng Positioun an der NATO esou onbedeitend sinn, datt een et als onwichteg am Krees vun den grousse geostrategeschen Acteuren ofdoen, also iwwert Awacs, SES-Participatioun etc. ewechkucken an him den Stempel “friddlech” opdrécken kann.
Lëtzebuerg ass och eng Finanzplaz a well et en Zil vun aller Finanztechnik ass, fir déi Mëttel, mat deenen hei jongléiert gëtt, der Opsiicht vun alle kriteschen Aen z’entzéien, fäerten ech, dat an eisem Land, déi Finanzstréim fléissen, déi Oprëschtung an Noschub un Krichsmaterial eréischt méiglech maachen. Friddenspolitik hei zu Lëtzebuerg wier dann also och dat, wat “Tax Justice Luxembourg” zu aner Zwecker mécht an ech hunn Hoffnungen, dat hei reell dem Fridden vu Lëtzebuerg aus en Déngscht kann geleescht ginn, genau esou wéi virun ronn 30 Joer eng 50 Aktivisten um Findel stoungen an protestéiert hunn, dat d’Cargolux dem Apartheidsstaat Südafrika Mëttel zur Bekämpfung vun sénger eegener Bevëlkerung geliwwert huet.
Brauchen mir eng Friddensbeweegung zu Lëtzebuerg?
Op d’Fro, brauchen mir eng Friddensbeweegung zu Lëtzebuerg, kënne mir elo schon mat jo äntweren, well wann hei zu Lëtzebuerg Liicht an däischter Finanztransaktiounen bruecht gëtt, mir dervu kënnen ausgoen, datt um “Hindukusch” d’Waffen éischter wäerte rouen, well deenen do d’Munitioun ausgeet. Also leeë mir zesummen, schenke mir eis e Finanztechniker an mir, Friddensaktivisten, erginn eis net just an Gestikulatiounen, nee mir kennen dann wierklech eppes bewierken. Mee ass dat net en fromme Wonsch? Gëtt Lëtzebuerg dat hir?
Politesch sécherlech net. Déi eenzeg politesch Kraaft, déi konsequent Krich denoncéiert, ass d’KPL, awer als Friddensapostelen ginn si nawell kaum eppes hir, well se de Krich just duerch de Brëll vun hirer Kapitalismuskritik kucken an dofir, wann déi net passt, de Krich net kënnen analyséieren an dofir verzweiwelt Kale-Krich-Musteren erauskropen. Eis Gewerkschaften sinn esou an hirer Maachbarkeetslogik gefaangen, datt si verpassen, datt d’Viraussetzung vun all “Kollektivvertrag” net nëmmen de sozialen Fridden, mee den Fridden tout court ass. Dem Bëschof seng Suerg schéngt och éischter “d’Kierch am Duerf” ze sinn. Déi Lénk vergiessen vun lauter Walen hier Wieler an datt Krich a Fridden spéitstens säit de Schrëften vum Rosa Luxemburg en essentiellt Element vun enger radikaler Lénker ass. Déi Gréng, eng eemoleg Friddenspartei, hun mat hirer Haltung fir den Asatz vun der NATO am Kosovo, fir d’konsequent Zerschloen vun engem sozialistesche Staat op europäeschem Buedem, net nëmmen hir Onschold verluer, mee den decisiven Schrëtt gemaach fir elo als Regierungsmember alles ze schlécken, wat déi Hären vum Härebierg an hire Minister sech esou ausdenken a wann et nach esou abstrus ass. An iwwert dës Kreesser eraus schéngen se all mat opgeblosener Broscht, de Boss Kostüm, wéi fréier den Hermelin-Mantel virun sech hir droend, bis an d’Hoerspetzen iwwerzeegt a mat roude Bäckelcher de Wirtschaftsstanduert wëllen ze verteidegen, de Fridden als Viraussetzung gesinn, awer just de Fridden bei eis, ausklammernd, datt Awacs a Militärspidol just Front- an Backoffice vun dem gläichen bluddegen Geschäft duerstellen, vläicht mat manner Doudeger op Lëtzebuerger Säit awer nëmmen dann, wann mir déi geféierlech Tâchen d’Auslänner maache loossen an Gottes Waasser iwwert Gottes Land lafen loossen.
Wéini kennt eng Friddensbeweegung zu Lëtzebuerg geléngen?
Misst d’Friddenspolitik hei zu Lëtzebuerg also nei opgebaut ginn a wat wieren d’Viraussetzungen fir en erfollegräicht Geléngen? Zur Zäit vum George W. Bush hate mir et scheinbar einfach; en idealen Géigner, dee gefaangen an sénge Ligen a verstréckt mam Grousskapital war, d’international Recht huet eendeiteg Argumenter geliwwert, déi iwwert Méint vu praktesch gläichgeschalte Medien verbreet goufen, eng weltwäit Beweegung huet Courage gemaach an déi “Ugepasstesten” konnten an den Net-Stellungnamen vun der Regierung Juncker en Encouragement erausliesen, esou datt alles wat iergendwéi mam Fridden sech a Verbindung brénge gelooss huet, sech konnt zesumme schléissen, fir, wéi an aner Länner, zu dem gréisste “Peace”-Happening opzeruffen, deen Lëtzebuerg jeemools kannt hat. War et, well mir net woussten, wat mir mat dem villen Zousproch, mee och mat der onerbiddlecher Haltung vun der amerikanescher Administratioun an hirer cleverer Kommunikatioun, näischt konnten ufänken, dat d’Lëtzebuerger Friddensbeweegung schon Méint duerno wéi en Soufflé zesummegefall ass? Säit dem ginn déi ënnerschiddlech Analysen oder Meenungen net méi konstruktiv zesummen diskutéiert fir dem Fridden erëm schaarf Konturen ze ginn, mee éischter destrukturéiert an den sozialen Netzwierker.
Vum der klassescher Friddensbeweegung ass nët méi vill iwwreg, ausser, an dat muss ech ervirsträichen, de Comité pour une paix juste au Proche-Orient, dee gegrënnt gouf an där Zäit, deen iwwert d’Konflikter tëscht Israel a Palestinenser (e Palestina gëtt ett jo nach net) eraus, weist, wéi eng Friddensbeweegung kënnt ausgesinn, kloer op der Säit vun den Ënnerdréckten an Entrechteten, jidder Verantwortlechen gëtt ugeklot, Friddensprojeten ginn gewisen an ënnerstëtzt, d’Grënn ginn analyséiert (vläicht ginn Wiesselbezéiungen net ëmmer grad esou rigoréis duergeluecht, vläicht sinn d’Analysmusteren munchmol ze einfach oder d’Biller nët passend, mee as dat net dem Äifer geschold?). Den CPJPO op jidder Fall ass bis elo nach net an sech zesummegefall an hien mécht säit méi wéi 10 Joer eng wichteg Aarbecht vun Informatioun an Solidaritéit, hält en Terrain besat, op dem sech soss och bei eis vläicht Islamisten oder aner riets Gestalten géifen austoben.
Op den Donald Trump an nächster Zäit eisen “best ennemy” gëtt, steet wuel nach an de Stären, datt hien awer zu deene wëll gräifen, quitt Kricher unzefänken, gëtt ëmmer méi wahrscheinlech. Den Trump spillt mam Feier a Westeuropa zündelt mat. D’ganz Welt gëtt zu engem Asazgebitt vun hiren Truppen deklaréiert a wann et muss sinn och de Weltall an d’Cyberwelt. Iwwerall gëtt “Buedem” zu Besëtz gemaach an esou d’Konfliktpotential an d’Onendlecht ausgeweit. Awer den Antikapitalismus léisst sech nach net mat Antiamerikanismus koppelen, d’Medien spillen nach net mat an eis Regierung steet och nach stramm zu hiren atlanteschen Verflichtungen, esou datt eng zukünfteg Lëtzebuerger Friddensbeweegung sech vläicht déi Alliéiert muss siche goen, déi ech elo säit 12000 Zeechen ausgegrenzt hunn. Misste mir Friddensapostelen eis net mat deenen Leit ausenanersetzen, déi virum Krich, Ausbeutung an Aarmutt fort gelaf sinn, versichen mat hinnen politesch Äntwerten op d’Krichsgeforen ze fannen, Solidaritéit ze liewen an dëst iwwert d’Grenzen vu Lëtzebuerg an Europa ewech?
E Beispill
Virun 6 Méint gouf et eng Konferenz iwwert d’Resistenz vu villen tierkeschen an syreschen Kurden géint Krich an Ënnerdréckung. No dëser Konferenz konnten d’Organisateuren feststellen, datt hiren Public aus engem Drëttel lénken Haudegen, engem Drëttel betraffene Flüchtlingen an engem Drëttel interesséierte Leit aus alle Länner, dorënner ville Jonken zesummegesat war. Eng gemeinsam Diskussioun war net einfach, well d’Roserei grouss, d’Situatioun komplex an och d’Tatsaachen net eendeiteg waren. Mee eng Diskussioun huet stattfonnt. Bis elo ass dëse Versuch fir eng Friddensbeweegung nei opzebauen ouni Suiten
bliwwen. Mee vläicht läit an dësem Versuch awer eng Hoffnung vun enger jonker, villfälteger a breeder Friddensbeweegung, déi nach net wëll den Trump “raisonnéieren”, mee konkret Solidaritéit lieft a Fridden virbereet.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
