Dach, dach, Dir kennt dat Blat hei.

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De läschte Mount huet et nach ‚bulletin d’information‘ vun der Jugendpor geheescht, a wéi de GAG (gesellschaftspoliteschen Aarbechtsgrupp) d’Blad an eegener Regie iwerholl huet, huet e gemengt, dat och matt engem neien Numm missen ze dokumentéiren. ‚forum‘ as zwar nët weider originell, fir nët gläich ze soen banal, mä mir hun geduecht, deen Numm géif horgenee dat ausdrécken, wat dee bulletin soll sin (oder gin): eng Plattform vun Dialog, eng Maartplaz vun de Meenungen.

Datt mir matt deem Numm och alle Lieser wollten matt der Scheierpaart wénken, diirft jo kloer sin. Mä déi Iddi gouf schon op deem giele Blad breetgetreppelt, dat dem läschte bulletin bälloug. Mir brauchen Iech also nët méi laang Sënn an Zweck vum ‚forum‘ z’erklären …

Mir hun eis viirgeholl, all läschte Samschdeg am Mount eng Nummer erauszegin. Dat hu mir dës Kéier jo mol scho fäerdegbruecht. Inhalt-lech huet sech zwar nach nët vill geännert, mä matt Ärer Hëllef …

Op eng gutt Zesummenaarbecht, fir dass ‚forum‘ keen eidlen Numm bleiwt!

d’Redaktioun

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code