Dat immateriellt oder liewegt Kulturierwen

D’Organisatioun vun de Vereente Natioune fir Erzéiung, Wëssenschaft a Kultur (UNESCO) bezeechent als „immateriellt Kulturierwen“ Gebräicher, Opféierungen, Ausdrocksweisen, Uluechten, Wëssensschätz a Fangerfäerdegkeeten, déi d’Mënsche selwer als Deel vun hirem kulturellen Ierwen ugesinn. Mat derzou gehéieren och d’Saachen an d’Plazen, d’Geschir an d’Gezei, déi ee brauch, fir dës Traditiounen um Liewen ze erhalen.Vu Generatioun zu Generatioun gëtt dës Ierfschaft ëmmer nei vun hiren Ierwen weider entwéckelt, am Zesummespill mat hirem jeeweilegen Ëmfeld, hirer Geschicht an der Natur.

Dofir gëtt dat immateriellt Kulturierwen och gär „liewegt Kulturierwen“ genannt: lieweg, well déi Mënschen, déi et iwwerhuelen, et als sollecht unerkennen an um Liewen halen; lieweg awer och, well et hinnen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelt. Doduerch gëtt d’Villfältegkeet an der Kultur geuecht an d’Schafensfreed vun de Mënsche gefuerdert a gefërdert. D’Leit halen hiert Ierwen um Liewen an hiert Ierwen dréit zu hirem Liewe bäi – ëmmer erëm op en Neits.

Dës Definitioun vun dem immaterielle Kulturierwe berout op enger Konventioun, déi de 17. Oktober 2003 vun der Generalkonferenz vun der UNESCO ugeholl ginn1 an déi duerch d’Gesetz vum 23. Dezember 2005 zu Lëtzebuerg rechtskräfteg ginn ass.2 D’Gesetz ass deemools eestëmmeg vun der Chamber ugeholl ginn, nodeems d’Regierung beschloss hat, d’Iechternacher Sprangprëzessioun op d’UNESCO-Lëscht vum immateriellen Kulturierwen aschreiwen ze loossen.

D’Konventioun iwwert d’Erhalen – bewosst gëtt vun „safeguarding/sauvegarde“ a net vun „protection“ oder „conservation“ geschwat – vum immaterielle Kulturierwen ass d’Resultat vun engem joerzéngtelaangen internationalen Iwerleeëns- a Verhandlungsprozess fir de Begrëff vum Kulturierwen aus der UNESCO-Konventioun vun 1972 iwwert de Schutz vu weltwäit aussergewéinleche Siten a Monumenter vun Natur an Architektur ze erweideren. Bei der UNESCO-Konventioun fir d’Erhale vum immaterielle Kulturierwen steet vun Ufank un de Mensch am Mëttelpunkt: vun der Preambel, déi vun de Mënscherechter ausgeet a beim „rôle inestimable du patrimoine culturel immatériel comme facteur de rapprochement, d’échange et de compréhension entre les êtres humains“ ophält, bis hin zur Definitioun vum Kulturierwen u sech. Déi 2003er Konventioun ass doduerch eemoleg ënnert allen internationale Konventiounen iwwert d’Kulturierwen, well hei iwwerhaapt emol eng Kéier gesot gëtt, firwat d’Kulturierwen fir d’Mënsche liewenswichteg ass: wëll et hinnen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit gëtt, déi dem Eenzelen an de Gemeinschaften op alle Niveauen en Zesummenhalt am Austausch an eng Zukunft duerch Schafensfreed a Villfältegkeet erméiglecht.

Der UNESCO no ginn et e puer präzis Kritären, fir datt eppes als immateriellt Kulturierwe ka bezeechent ginn.

Deen aller éischte Kritär ass wéi gesot deen, datt d’Ierwe selwer hir Kulturierfschaft als sollech ugesinn. D’Unerkennung geet fir d’alleréischt vun de Leit aus, net vum Staat oder vun den Experten. Déi kënnen nëmmen dat unerkennen an hëllefen ze erhalen, wat d’Ierwe selwer als hir Ierfschaft bezeechnen a bestëmmen.

Dofir existéiert déi lieweg Kulturierfschaft nëmmen, wa se och wierklech gelieft a praktizéiert gëtt. Ausgestuerwe Gebräicher gehéieren net dozou, et sief, si géingen erëm nees vun de Leit op en Neits an d’Liewe geruff, praktizéiert a weidergi ginn.

D’Kulturierwen ass eng Ierfschaft, dat heescht, et muss iwwer e puer Generatiounen weiderverierft gi sinn an esou de Gruppen a Gemeinschafte wéi och jiddwer Eenzele vun den Ierwen e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit vermëttelen.

D’immateriellt Kulturierwe muss och – fir als sollecht offiziell unerkannt ze ginn – dem nationalen an internationale Recht, virun allem och de Mënscherechter, entspriechen.

Wichteg ass et och, datt d’immateriellt Kulturierwen net op Käschte vu kommende Generatioune geet, mee am Sënn vun enger nohalteger Entwécklung gelieft gëtt.

Dat immateriellt Kulturierwe fanne mer virun allem a folgende Beräicher:

  • Mëndlech Iwwerliwwerungen an Ausdrocksweisen, dorënner och d’Sprooch als Mëttel, fir dat immateriellt Kulturierwe weiderzevermëttelen;
  • Kënschtleresch Ausdrocksformen, déi viru Publikum opgeféiert ginn;
  • Gesellschaftlech Gebräicher, Riten a Fester;
  • Wëssensschätz a Gebräicher, déi d’Natur an den Universum betreffen;
  • Fäerdegkeete vum traditionellen Handwierk.

Wat sinn dann elo deem Staat, deen dëser UNESCO-Konventioun fir d’Erhale vum immaterielle Kulturierwen bäigetrueden ass – bedeitend Länner wéi d’USA, Groussbritannien a Russland zum Beispill hunn dat net gemaach – seng Verflichtungen fir dëst Erhalen ze garantéieren?

D’UNESCO-Konventioun vun 2003 gesäit vir, datt vun all Staat, dee matmécht, e Verzeechnes iwwert dat immateriellt Kulturierwen op sengem Staatsgebitt geféiert gëtt. Dësen Inventar soll ausdrécklech zesumme mat deene Leit, déi déi eenzel Elementer als hir Kulturierfschaft ugesinn a praktizéieren, opgestallt a reegelméisseg op den neiste Stand bruecht ginn. Duerch esou en partizipatiivt Verzeechnes kréien d’Leit e Mëttel, sech hirer lieweger Kulturierfschaft bewosst ze ginn, se opzeschaffen, se ze erhalen, se nei unzepassen, se weiderzeginn an se matzedeelen. Dofir huet am September 2018 de Kulturministère an d’Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun en Appell un all déi Leit gericht, déi zu Lëtzebuerg immateriellt Kulturierwen liewen an iwwermëttelen, fir hinnen ze hëllefen, de staatlechen Inventar vun hire Praktiken op d’Been ze stellen, respektiv ze aktualiséieren.3

Op Virschlag vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun war schonns de 26. Juni 2008 en nationalen Inventar geschaf ginn, an zwar am Hibléck fir kënnen eng Kandidatur op d’UNESCO-Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet ze stellen.4

Op dësem Inventar vun 2008 sti folgend Manifestatiounen:

  • D’Iechternacher Sprangprëssessioun
  • D’Schueberfouer mam Hämmelsmarsch
  • D’Eemaischen
  • D’Oktav zu Éier vun der Muttergottes vu Lëtzebuerg

Op dem Inventar vun 2008 stinn also déi Elementer, déi schonns an der Chamberdebatt zur Ratifizéierung vun der UNESCO-Konventioun ernimmt goufen. Et sinn dëst alleguer Elementer aus der Kategorie „Gesellschaftlech Gebräicher, Riten a Fester“, déi sech a Stied, dovunner ¾ an der Haaptstad, ofspillen. Elo géing et hei am Land natierlech eng Hellewull aner Elementer aus de verschiddene Kategorien ginn, déi een op engem nationalen Inventar kéint gesinn.5 Et kann een also elo gespaant sinn, fir wat fir eng Gebräicher, déi am Land praktizéiert ginn, eng Kandidatur fir op den nationalen Inventar eragereecht gëtt.

Dodernierwt verflicht d’UNESCO de Staat nach zou anere Moossname fir d’Erhalen an d’Weiderentwécklung vum immaterielle Kulturierwen ze garantéieren: Fërderung vun de soziale Funktiounen vum immaterielle Kulturierwen, Schafen vu Kompetenzzentren, Gewährleeschtung vum Zougang zum immaterielle Kulturierwen duerch entspriechend bildungspolitesch, juristesch, technesch, administrativ a finanziell Initiativen. Besonnescht Gewiicht gëtt dobäi vun der UNESCO geluecht op d’Stärkung vun de Kapassitéite vun deene Leit, déi d’Kulturierwen praktizéieren a weiderginn. An deem Sënn verflicht d’UNESCO-Konventioun d’Vertragsstaaten och zou enger verstäerkter Zesummenaarbecht op internationalem Niveau. Periodesch muss de Vertragsstaat dodernierwt e Bericht iwwert d’Anhale vun der Konventioun der UNESCO zu Paräis ënnerbreeden.6

Fir dem immaterielle Kulturierwe méi eng grouss Visibilitéit ze verschafen an d’Bewosstsi vun senger Wichtegkeet an den Dialog am Respekt vun der kultureller Villfältegkeet ze stäerken, féiert d’UNESCO eng sougenannt Representativlëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet. Ursprénglech war geplangt, eng Lëscht ähnlech wéi déi vun der UNESCO-Konventioun vun 1972 ze maachen, wou d’Aussergewéinlechkeet vun der Traditioun Viraussetzung war. De Kandidatursdossier vun der Iechternacher Sprangprëssessioun ass dofir nach an deem Geescht ausgefëllt ginn.7 Dunn huet d’UNESCO awer entscheet, eng Lescht ze féieren, wou net besonnesch aussergewéinlech, mee besonnesch anschaulech Gebräicher sollte verzeechent gin, fir esou dat immateriellt Kulturierwen uechter d’Welt am Allgemengen ze stäerken. Dofir ass Fro fir op d’UNESCO-Representativlescht ze kommen nët: Wat bréngt d’UNESCO menger Traditioun? Mee: wat bréngt meng Traditioun der UNESCO an der Mënschheet, déi si representéiert?

Am Joer 2010 gouf d’Iechternacher Sprangprëssessioun als bis elo eenzeg Lëtzebuerger Kandidatur op dës Representativlëscht opgeholl. Et kann een sech awer ganz gutt virstellen, dat et fir d’Stäerkung vun der Wäertschätzung vum immaterielle Kulturierwen hei am Land gutt wier, wa Lëtzebuerg esouwäit méiglech och matmaache géif bei deementspriechende multinationale Kandidaturen, déi momentan bei der UNESCO an der Maach sinn, ewéi zum Beispill an der Kategorie „Kënschtleresch Ausdrocksformen, déi viru Publikum opgeféiert ginn“: d’Konscht, fir dat franséischt Juegdhar (trompe de chasse) ze spillen (zesumme mat Frankräich, der Belsch, an Italien); oder an der Kategorie „Kompetenze vum traditionellen Handwierk“: d’Konscht, Drechemaueren ze bauen (zesumme mat Zypern, Spuenien, Frankräich, Schwäiz, Kroatien, Italien, Slowenien a Griicheland). Doduerger kéinten zum Beispill an deem enge Fall all déi Traditiounen, wéi se an der UGDA federéiert sinn, gestäerkt ginn; am anere Fall géif eng Ënnerstëtzung vum nohaltegem Handwierk an der geierfter Kulturlandschaft zou Lëtzebuerg, wéi och vum erhofften UNESCO-Geopark Label fir de Mëllerdall, erreecht ginn.

D’Erhale vum immaterielle Kulturierwen op nationalem Niveau ass awer wuelverstanen net Aufgab vun der UNESCO, mee vun de jeeweilege Staaten. Dobäi kann de Staat dat liewegt Kulturierwen net wéi dat materiellt konservéieren. Dofir huet d’UNESCO an der Praxis och virgesin, dat en immateriellt Kulturierwen ausstierwe kann – soss wier et jo kee liewegt! Wann elo zum Beispill kee Mënsch méi géing op d’Eemaischen kommen, wier et net um Staat, Beamten ofzekommandéieren oder Privatleit ze bezuelen, Ouschterméinden op de Fëschmaart ze goen an do Eemaischen ze spillen. De Staat ass am Sënn vun der UNESCO-Konventioun awer verflicht, d’Eemaischen mat erhalen ze hëllefen, dat heescht konkret: deene Leit, déi et wëllen, et ze erlaben dohinner ze goen, dëse Brauch bekannt ze maachen an säi Sënn verstoen ze hëllefen. Dëst an Zesummenaarbecht mat allen implizéierte kommunalen, nationalen an internationalen Instanzen, an net zerlëscht mat de Leit um Terrain selwer.

Nëmmen da ka wouer ginn, wat der UNESCO hiert Uleies beim Erhale vum immaterielle Kulturierwen ass: de Mënschen op der Welt ze hëllefen, hiert Liewe besser kënnen ze liewen.

1) Cf. http://unesdoc.unesco.org/images/0013/001325/132540f.pdf/ Versioun (D): https://ich.unesco.org/doc/src/00009-DE-Luxembourg-PDF.pdf
2) Cf. http://legilux.public.lu/eli/etat/leg/loi/2005/12/23/n6/jo
3) Déi genee Prozedur fënnt een op www.iki.lu
4) Dësen Inventar a Form vun engem ministerielle Beschloss: https://ich.unesco.org/fr/RL/la-procession-dansante-dechternach-00392 Beschreiwunge vun dësen Elementer ënnert www.iki.lu
5) Fir e klengen Androck ze kréien, wat et hei zu Lëtzebuerg esou u Beispiller vum immaterielle Kulturierwe gëtt, kann een entweder op den Terrain selwer oder bei den CNA op Dideleng goen a sech zum Beispill de Film „Klibberkleeschen“ oder hir Publikatioun „Kalbasslamettanationalpilgeralbum“ ukucken.
6) De bis elo eenzege Bericht ass ze fannen op https://ich.unesco.org/fr-etat/luxembourg-LU?info=rapport-periodique#rp
7) https://ich.unesco.org/fr/RL/la-procession-dansante-dechternach-00392

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code