- Reisen
De Fräiwëllegendéngschtvum SNJ
Jonker begleeden, bestäerken, befäegen
Zu Lëtzebuerg ass de Fräiwëllegendéngscht iwwert eng gesetzlech Grondlag gereegelt a bitt Jonken tëscht 16 an 30 Joer d’Méiglechkeet, sech an engem séchere Kader fir e gemengnëtzege Projet ze engagéieren. Dat kann zu Lëtzebuerg sinn, am noen oder wäiten Ausland an dat fir eng maximal Dauer vun 12 Méint. De Service national de la jeunesse (SNJ) koordinéiert dës Programmer: de Service volontaire national (SVN), de Service volontaire européen (SVE) an de Service volontaire de coopération (SVC). Trotz den Ënnerscheeder an de Programmer hu si all dat nämmlecht Zil: D’Solidaritéit vun an ënnert de Jonken ze stäerken, andeem si eng praktesch Léier an Orientéierungserfarung maachen.
D’Roll vum SNJ ass éischter eng koordinéierend: Mir begleeden déi Jonk vum éischte Kontakt bis iwwer d’Enn vum Service volontaire eraus – a ganz enker Zesummenaarbecht mat ville Strukturen, déi als Asazplaz fungéieren. Dës Organisatioune stelle jee hir eegen Tuteuren zur Verfügung, déi déi Fräiwëlleg am Alldag an hirer Struktur encadréieren, zesumme mam Jugendlechen den Alldag strukturéieren, Ënnerstëtzung ubidden an och wäertvolle Feedback ginn.
D’Begleedung fänkt dacks scho beim alleréischte Gespréich un – egal ob per Telefon, Messengerdéngschter, Mail oder op enger vun eise villen Info-Sessiounen. Vun do un huele mir eis Zäit erauszefannen, wou déi Jonk aktuell stinn a wouhin si sech wëlle weiderentwéckelen. Dobäi ass et eis wichteg, déi jeeweileg Liewensrealitéiten eescht ze huelen. D’Decisioun fir e Service volontaire soll ëmmer aus fräier Motivatioun eraus stattfannen – ob aus Virwëtzegkeet, Leidenschaft, engem Orientéierungswonsch oder dem Bestriewen, aus enger Phas vun Inaktivitéit erauszekommen.
Jee no Situatioun siche mir zesumme mat de Jonken no engem passenden Engagement. Déi, déi scho selwer eng Organisatioun fonnt hunn, gi vun eis geziilt bei der Ëmsetzung ënnerstëtzt. Och bei der Kandidatur sti mir deene Jonken zur Säit – vum Choix vun der Organisatioun bis zur Berodung beim CV an der Lettre de motivation. Wärend dem Service volontaire féiere mir am nationale Programm Bilansgespréicher a stinn och soss zu all Zäit als Kontaktpersoun zur Verfügung – besonnesch dann, wann déi Jonk oder d’Tuteuren un hir Grenze stoussen. Mat reegelméissegen Treffen ënnerstëtze mir zousätzlech den Teamgeescht an den Austausch tëscht de Fräiwëllegen.
Ier et lassgeet, huele sämtlech Fräiwëlleger un obligatoresche Virbereedungsformatiounen deel. Do geet et ënner anerem ëm Rechter a Flichten, administrativ Prozeduren, Kommunikatioun, interkulturellen Austausch oder – am Kader vum SVC – och ëm d’Sécherheet am Ausland an Themen ewéi d’Kolonialgeschicht vu Lëtzebuerg an Europa. Dobäi ginn am Fall vum SVC Risiken thematiséiert, lännerspezifesch Situatiounen erkläert an Ëmgangsforme mat interkulturellen Erausfuerderunge gréisstendeels op eng interaktiv an non-formal Manéier vermëttelt.
Am SVE gi Missiounen am Kader vum European Solidarity Corps am ganzen EU-Raum an a Partner- an Drëttlänner, déi un d’Europäesch Unioun ugrenzen, offréiert. SVE-Missioune féiere Jonker beispillsweis a Griichenland, Spuenien, Finnland oder Ungarn. D’Domainen, an deenen een sech engagéiere kann, si villfälteg: vun der Ëmwelt iwwer d’Sozialaarbecht bis hin zu Jugendprojeten. Den individuellen SVE ass eng Solidaritéitsaktioun, déi tëscht 2 an 12 Méint dauert. Jonk Mënsche kënnen sech dobäi aktiv un den Alldagsaktivitéite vun Organisatiounen am Beräich vun der Solidaritéit bedeelegen an eenzegaarteg Erfarunge sammelen. Nieft den eenzele Missioune ginn et och Kuerzzäitprojete vun 2 bis 8 Wochen, un deene bis zu 20 Jonker aus ganz Europa zesummeschaffe kënnen (z. B. de Caretta Caretta-Projet an der Tierkei zum Schutz vu Schildkrötennäschter an Zesummenaarbecht mat lokalen Organisatiounen).
Am Mëttelpunkt steet de jonke Mënsch mat senger Perséinlechkeet, sengem Potenzial a sengem eegene Liewenswee.
Den SVC ass fir Jonker, déi bereet sinn, sech op en oft méi komplexe Projet an der Entwécklungszesummenaarbecht an engem Land vum globale Süden anzeloossen. All d’Projete striewen een oder e puer vun de 17 UN-Ziler1 fir nohalteg Entwécklung un. Hei schafft den SNJ mat lëtzebuergeschen ONGen zesummen, déi lokal Partner am globale Süden hunn. Beim SVC sinn d’Projeten Deel vum Accord cadre vum Ausseministère, deen dem SNJ zu all SVC eng Aschätzung zur Sécherheetslag vun de Regioune matdeelt. D’Lännerlëscht vum SVC ass dynamesch an hänkt ënner anerem vun der Kapazitéit am Projet an der Sécherheet am Land of, se befannen sech awer a Latäinamerika, Afrika oder Asien. En SVC huet eng Mindestdauer vu 6 Méint an d’Plaze fir e Fräiwëllegendéngscht hänke staark vum Opfaassungsverméigen vun den Organisatiounen of. En SVC gëtt meeschtens individuell gemaach, heiansdo och zu zwee bis véier gläichzäiteg – mee dat ass éischter d’Ausnam.2
Wann een sech d’Zuele vun de Participantë méi genee ukuckt, weisen sech kloer Differenzen tëscht den eenzele Programmer. Laut dem Rapport Jeunes décrocheurs et jeunes inactifs au Luxembourg3 war den Abrëll 2023 de Mount mat de meeschten ageschriwwene Fräiwëllegen am Joer 2023. Dobäi waren 251 Jugendlecher am SVN aktiv, am SVE 42 a fir den SVC, deen am Mäerz säi Maximum u Volontairen erreecht huet, goufen 11 Fräiwëlleger gezielt. Dëst weist e kloert Bild: Déi grouss Majoritéit vun den Engagementer fënnt am nationale Kader statt.
Nom Schluss vum Service fënnt an alle Programmer e Reflexiounsgespréich statt, an deem zentral Erfarungen, perséinlech Entwécklungen a Kompetenzen thematiséiert ginn. Wa gebraucht, ginn zesummen déi nächst Schrëtt am weidere Liewensprojet definéiert. Am Kader vum SVC kënnt nach eng Back-Home-Session dobäi, bei där déi Jonk sech iwwer hir komplex, interkulturell Erfarungen austausche kënnen. Dës Erfarunge kënne mol méi positiv a mol méi negativ sinn, dat ass ganz individuell, am Gros kréie mir awer ëmmer de Retour, dat et eng immens beräicherend Erfarung war, déi deene Jonke gehollef huet, sech an hirem weidere Liewen ze orientéieren.
D’Aarbecht als Agent beim SNJ ass méi wéi just Begleedung – si ass e pädagogesche Prozess, deen sech staark un de Valeure vum nationale Kader fir non-formal Bildung orientéiert. Als Agente gesi mir eis als Begleeder, déi Dieren opmaachen, Perspektiven ubidden a jonk Leit op hirem eegene Wee bestäerken. Well all eis Programmer hunn eng Gemeinsamkeet: Fräiwëllegt Engagement formt – net nëmmen de CV, mee de Mënsch an d’Gesellschaft. Am Mëttelpunkt steet de jonke Mënsch mat senger Perséinlechkeet, sengem Potenzial a sengem eegene Liewenswee. De Service volontaire bitt Plaz fir déi Jonk, fir Verantwortung ze iwwerhuelen, Interessi ze entwéckelen, Selbstwierksamkeet a gesellschaftlech Participatioun ze erliewen – onofhängeg vun Hierkonft, Bildungswee oder sozialem Status.
De Service volontaire soll awer net mat Aarbecht oder engem Stage verwiesselt ginn. De Volontaire soll ëmmer e Surplus am Projet an domadden zu all Moment verzichtbar sinn. Et geet net ëm finanziell Beneficer, mee ëm perséinlech Entwécklung a Solidaritéit. En ergänzt de formale Bildungswee oder bitt eng alternativ Form vu Bildung fir déi, déi an traditionelle Schoulsystemer keng Plaz fir sech fonnt hunn.
Leider gëtt et och ëmmer méi kommerziell Offeren, déi sech als Fräiwëllegendéngscht presentéieren, bei deene Jonker musse bezuelen, fir u kuerzen, héich geluefte Missiounen am Ausland deelzehuelen. Dës Praktik, bekannt als „Voluntourismus“4, ass problematesch, well si pedagogesch net encadréiert ass an dacks méi Schued wéi Notze bréngt. Aus dësem Grond ass et wichteg, sech just iwwer unerkannten, seriö Acteuren ze engagéieren, déi eng strukturéiert Virbereedung an nohalteg Partnerschaften ubidden – an déi keng finanziell Bezuelung fir déi fräiwëlleg Aarbecht verlaangen.
1 https://sdgs.un.org/goals (leschten Opruff: 14. Abrëll 2025)
2 Wéi eng Domainer a konkret Projeten am Kader vun engem Fräiwëllegendéngscht ugebuede ginn, kënnt Dir Iech op volontaires.lu ukucken.
3 https://men.public.lu/dam-assets/catalogue-publications/statistiques-etudes/statistiques-globales/rapport-dcrochage-22-23.pdf (leschten Opruff: 14. Abrëll 2025)
4 Fir méi Informatiounen zum Thema Voluntourismus an déi domat verbonne Problemer, kann een op déi follgend Quellen zeréckgräifen: ECPAT (https://ecpat.org/un-special-rapporteur-ms-mama-fatima-singhateh-urges-global-collaboration-to-tackle-child-exploitation-in-voluntourism/), Brot für die Welt (https://www.brot-fuer-die-welt.de/themen/voluntourismus/), United Nations (https://www.ohchr.org/en/press-releases/2023/10/un-expert-calls-robust-child-protection-structures-stem-unregulated-and) an SCI Projets Internationaux (https://www.scibelgium.be/agenda/non-au-volontourisme/).
De Griska Lutgen ass en Deel vun der Equipe vum Service volontaire beim SNJ an ass do déi responsabel Persoun fir de Service volontaire de coopération (SVC).
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!