Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De Kannertheater Jaddermunnes geet rëm op Turnee, nom Kapuzinertheater an der Stad kräiz a quer duerch d’Land. Séng neiste Produktiounen, wéi ëmmer aus der Fieder an ënnert der Regie vum Jemp Schuster, heeschen "De Lämmes" a "Piraten"; si riichte séch u Kanner tëschent 4 an 12 Joer. D’Akteure sin d’Mady Dürer, den Ender Frings an de Jemp Schuster. D’Musék, d’Kostümer an den Dekor komme vum Balli Baldauff, vum Lina Seyler a vum Claude Leuenberger.

Wéi ëmmer sëtzt et séch gemittlech am däischtere Kapuzinertheater, wann de Reen op den Daach dubbert wéi wëll. Wéi ëmmer wibbelt a ramouert et an de Bänken, bis de Rido opgeet an déi kleng Geschicht

"De Lämmes" séch melancholesch ukënnegt. E Kand gët vun engem Ris an engem wëlle Bësch an en ellent Déier verzaubert, gët gejot a verhondst bis eng aner geschonne Kreatur – de stomme Kniecht vun engem wéischte Fieschter – hatt a säin Häerz schléisst an hatt doduerch an e Kand zréckzaubert. Dës Geschicht kënnt melodesch, sentimental an zäertlech iwwert d’Bühn. E puer batterséiss Drëpse Philosophie si bäigemëscht: En ale Bopa duddert géint de Militarismus, géint de Krich, bréngt sénger Enkelduechter wäertwoll Altersweishete bäi ("Trauregsin gehéiert och zum Liewen") a bréngt den Thema Dout op d’Bühn.

Wat Arroganz as, gêt e gewuer vun engem Hermelin, wat Muecht as, weist den Zauberris, an d’Wäermt kënnt ganz um Enn vum stomme Kniecht. Nêt ze vergiessen déi al Ditti, déi ënnert hirem schwéire Bockel al Zorte vu Géigemëttel parat huet géint d’grausam Gesetzer am Bësch. An däer hir tockseg an ziddreg Melodi de besënnleche Rhythmus vum Stéck wonnerbar ënnersträicht: "De Ris deen huet méng Kéi gefriess, wäit wäit dohannen am Bësch. Wann ech méi staark an dichteg wir, da krit hien eng vu mir op d’Stir."

Hannen um Enn kënnt d’Happyend, dat e bësschen zevill happy as, mee voll an der Traditioun vu klassesche Märercher läit, déi – wéi eng aktuell Moud et virschreift – d’Kanner batternéideg brauchen.

No dësem luesen, besënnleche Stéck as Action mat "Piraten" ugekënnegt. D’gewëtzte Piratin Kick an de staarken, mee nêt ganz louse Pirat Huck leie séch permanent an den Hoer ëm éiweg déiselwécht Fro: Wien as um Schëff de Kapitän? Wien iwwerhëlt um Schëff

de Kichendéngscht? Moderéiert gêt dëse Geschlechterkrich tëschent Pirat(innen) vum Matrous Héngchen, deen och zoustänneg as fir d’Wassermonsteren, dat heescht fir d’Kanner aus dem Publikum, déi an enger klenger Zuel däerfe matwiirken op der Bühn.

Datt d’Piratefeministin Kick ("déi eenzeg Fra ouni den Zidderer an de Knéien") am Dram nêt drun denkt, séch an d’Schiffskichen ze verzéien, as e Liichtbléck an dësem Stéck – leider deen eenzegen. Wat eng rasant, witzeg an explosiv Persiflage op d’Pirateliewe sollt sin, goung ënner am Klamauk, am Radau an am Trawolt. Virun engem originelle Schëffsdekor op der Bühn gouf gesprong, gejaut, geturnt, geknuppt – eng verlueren Hetzjuegd no Witzer an no Pointen.

Sou datt e muss soen: Dem Jemp Schuster séng Ironi a säin Humor goungen ënner wéi e gekentert Pirateschëff. Séng Esthetik a séng Ethik fir Kanner koumen aleng am éischten Deel zum Ausdrock.

Nicole Paulus

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code