Den 22. Dezember 2016 gouf um Stater Correctionnel en Urteel géint e fréiere Paschtouer geschwat, deem sexuelle Mëssbrauch vun engem Mannerjärege virgeworf gouf. D’Faite goungen op 2008 zréck. Alles anescht wéi eng Verurteelung vum Beschëllegten huet an de sozialen Netzwierker ondenkbar geschéngt. An dach gouf et en Fräisproch, well d’Geriicht zur Conclusioun koum, et wär net ouni Zweifel erwisen, datt de Geschlechtsakt ouni d’Averständnes vum Mannerjäregen zustane koum. De Bouf hat zur Zäit vun der Dot 14 Joer a well d’Faiten 2008 geschitt woren, huet d’Geriicht missen den Text uwenden, deen zum Zäitpunkt vun der Dot gülteg wor.

Deemools wor de Viol och schonns strofbar, mee den Text vum Gesetz wor en anere wéi haut. En huet Strofen vun 5 bis 10 Joer Prisong virgesi, wann en Acte de pénétration sexuelle gemaach gouf bei enger Persoun, déi entweder duerch Gewalt dozou gezwonge gouf, duerch en Trick – den Text huet vu Ruse oder Artifice geschwat –, dozou bruecht gouf oder wann een dovunner profitéiert huet, datt eng Persoun net kapabel wor, hieren Accord oder Refus mat dem Geschlechtsakt matzedeelen. Dëst wär zum Beispill de Fall, wann eng Fra oder e Mann esou vill Alkohol consomméiert huet, datt si oder hien net méi fäeg ass, matzekréien, wat ronderëm si/hien geschitt oder sech ze wieren, wann ee vun hierer/senger Situatioun wëll profitéieren.

Fir der Vergewaltegung schëlleg gesprach ze ginn, huet engem also missen nogewise ginn, datt eng vun deenen dräi Konstellatioune virlouch. Well et an esou intimen Affären an der Reegel mat Ausnam vum Affer keng aner Zeie gëtt, steet meeschtens Ausso géint Ausso. Déi vum Beschëllegte, laut deem alles am géigesäitegen Accord geschitt ass, wärend d’Affer ausseet, et wär net averstane gewiescht an zum Sex gezwonge ginn. Et louch dann um Geriicht ze decidéieren, wa sech d‘Fro vun der Schold an der Onschold gestallt huet.

Nëmme wann d’Affer ënner 14 Joer al wor, huet den deemolegen Artikel 375 vum Code pénal all Méiglechkeet vun Averständnes ausgeschloss. An dem Fall wor an ass all Sexualakt strofbar, well esou e jonkt Affer onfäeg ass, aus fräie Stécker Geschlechtsverkéier ze hunn.

Am Juli 2011 gouf dësen Alter vun der sexueller Onmündegkeet op 16 Joer gehuewen. An anere Länner gëtt et keen esou e Mindestalter, wat deelweis zu absurde Situatioune féiert, wou e Geriicht sech froe muss, op ganz jonk Persounen averstane woren, mat Erwuessenen intim ze ginn. Et ginn dann och Iwwerleeungen, di franséisch Gesetzer ze änneren an en âge de maturité sexuelle anzeféieren, dee bei 13 Joer leie soll.
Zu Lëtzebuerg gouf 2011 den Text iwwert de Viol och nach op engem anere wichtege Punkt geännert. Den aktuellen Text bestrooft all Acte vun enger Pénétration sexuelle, deen ouni Averständnes vun der anerer Persoun geschitt ass, ouni datt een zousätzlech muss beweisen, datt et zu Gewalt, Täuschung oder Ausnotze vun der Schwächt vum Affer komm ass. Dëst mécht et den Affer méi liicht, géint den Auteur virzegoen, och wann et an der Praxis nach ëmmer schwéier ka sinn, der Behaaptung entgéint ze trieden, di béid Protagoniste wieren averstane gewiescht.

Säit dem Joer 2000 huet Lëtzebuerg an sengem Aarbechtsrecht Bestëmmungen, déi Salariéë géint sexuell Belästegung op der Aarbechtsplaz schütze sollen.

Dës Moossname sollen engersäits verhënneren, datt de Salarié negativ Konsequenzen huet, wann hien oder si Affer vun esou enger Belästegung gëtt an dat mellt. Gëtt him/hir dann als Strof d’Kënnegung ausgeschwat, kann een déi an engem Delai vu 15 Deeg beim Aarbechtsgeriicht annuléiere loossen. Woubäi een an der Praxis awer kaum esou Demande bei Geriicht gesäit, aleng aus dem Grond, datt wuel keen Employeur esou vermoossen ass, dat als Kënnegungsgrond unzeginn.

De Salarié muss awer ëmmer den éischte Schrëtt maachen an d’Virwërf bei senger Hierarchie mellen. Hie/si muss dobäi esou wäit wéi méiglech seng/hier Virwërf beleeën. Wor d’Belästegung schrëftlech, wéi zum Beispill iwwer E-Mail, SMS oder soss eng modern Kommunikatioun, dann ass de Beweis liicht ze bréngen. Anerefalls muss hien/si sech op Zeienaussoe beruffen, wobäi déi awer oft feelen, well di meescht sexuell Belästegungen ouni Zeie geschéien.

Ass dës éischt Hürd vun der Säit vum Salarié gepackt, da muss den Employeur de Virwërf op de Grond goen, woubäi et dann un him ass, de Géigendeel ze beweisen, respektiv di noutwendeg Mesuren ze treffen, fir datt säi Salarié net méi Affer vun esou Belästegunge gëtt. Iwwregens gëllt dës Verpflichtung fir all sexuell Belästegung, déi am Kader vun der Aarbecht geschitt – egal op se vun engem Aarbechtskolleeg, engem Client oder Fournisseur gemaach gouf.

Den Employeur ass verpflicht, esou enger Plainte nozegoen a ka se weder direkt ofweisen nach se ouni Iwwerpréiwung als berechtegt unhuelen. Dëst well eng falsch Beschëllegung och dramatesch Konsequenze kann hunn, genau sou wéi eng Belästegung, déi net ënnerbonne gëtt.

Et besteet och d’Méiglechkeet fir d’Affer, bei Geriicht e Schuedenersatz ze froen, entweder direkt beim Auteur vun der sexueller Belästegung oder awer géint den Employeur, wann dësem virgeworf gëtt, senge Verpflichtunge vu Preventioun a Schutz géigen­iwwer dem Affer net nokomm ze sinn. Hei ass awer och de Beweis vun der Belästegung u sech oft onméiglech ze bréngen, well keng Zeien do sinn an dem Affer seng Ausso aleng dann als Beweismëttel net gëllt.

Des Weideren ass eng sexuell Belästegung no dem Code pénal och oft strofbar, sief et als Viol, als Attentat à la Pudeur, wat onerlaabt Beréierunge mat engem sexuelle Charakter ofdeckt oder als Outrage aux bonnes mœurs, woumat och Noriichte wéi zum Beispill E-Maile mat pornographeschem Inhalt betraff sinn. Eng Plainte pénale bréngt de Virdeel mat sech, datt d’Affer net aleng de Beweis erbrénge muss, mee dës Aarbecht vu Police a Parquet am Aklang mat dem Strofrecht iwwerholl gëtt.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code