Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Wat gouf net well alles gesot a geschriwwen, gedréckt a gelies iwwer e Projet fir e Park op d’Brillplatz. Puer hongereg Hecke mat zwéi maskéierte Wantergréng-Waasserkäpp, harmlos Blummen a Planze goungen duer fir eng Biergerinitiativ, eng Petitiounslëscht, eng ILRES-Émfro, Oppositiouns-Pressekonferenzen a wat net nach alles. Dobäi wollt d’Buergermeeschtesch nëmme bësse Gréngs op déi verstëppste Parkplatz zauberen. Datt et elo net dozou kënnt, huet vill Ursaachen.
Schonn am Virfeld vun de Centenaire-Feierlechkeeten hat dee virechte Schäfferot LSAP-Gréng-Déi Lénk dem éisträichesche Kënschtler André Heller den Optrag ginn, fir d’Stad Esch e Projet mat bleiwendem Charakter ze realiséieren. Wat et genee sollt ginn, wosst keen. Rieds war vum Reamenagement vun der Brillplaz. De 19. Dezember 2006 gouf de Projet am Theater a Präsenz vum Kënschtler virgestallt. Dono koum d’Chrëschtvakanz a wat typesch fir Lëtzebuerg ass, et hat kee richteg Loscht an Zäit, dozou Stellung ze bezéien. Éréischt dono gouf géint de Projet mobiliséiert, souwuel bei der Oppositioun wéi bei de Bierger. Ee Mount méi spéit, den 18. Januar gouf eng Initiativ dergéint gegrënnt mat enger Petitiounslëscht vu 4 000 Énnerschrëften. D’Tageblatt hat d’Woch virdrun eng ILRES-Émfro publizéiert an däer eng Majoritéit sech géint de Projet ausgeschwat hat. Samschdes den 10. Februar goungen 4 Membere vun der LSAP-Lokalsektioun Esch duer, fir datt d’Buergermeeschtesch d’Propositioun vum Dësch zitt. Dat nennt een demokratesch, an et ass der Lydia Mutsch héich unzerechnen, datt se deem Trauerspill en Enn wëllt machen.
Wat zu Esch passéiert ass, sicht sengesgläichen. Et geet mir net drëms, op dee Projet gefällt oder net gefällt, ze deier ass, dohinner passt oder net. Argumenter derfir oder dergéint fanne sech ëmmer. Mech interesséiert, wéisou datt et
iwwerhaapt souwäit konnt kommen a firwat sou spéit. D’Ursaache si villsäiteg a komplizéiert. De virechte Schäfferot wees dach sécher, mat wiem en et ze dinn huet, wann en dem Éisträicher André Heller en Optrag gëtt. Dann duerf ee sech net wonneren, wann dat derbäi rauskënnt. Haten se sech eppes anescht erwaart. Mech wonner, datt net schonn éischter Oppositioun gemaach gouf. Och déi féierend Leit vun der Biergerinitiativ kennen dach den André Heller als Kënschtler a wësse wat 300 000 Euro wäert sinn. Datt et keng Ausschreiwung gouf ass en Argument, dat och well am Januar 2006 wouer war. Dat selwecht gëllt fir d’Membere vun der LSAP-Lokalsektioun Esch. Wéisou brauch d’Basis sou laang, bis se sech zu Wuert mellt.
Dat huet domat ze dinn, datt Medie Sujeten opgräifen, informéieren, opklären a kontrovers debattéieren an domat de Bierger indirekt opfuerderen, sech hir Meenung ze maachen. Dat ass jo am Fong richteg, huet awer och eng Schietsäit. Op eng Kéier spiert d’halleft Land sech matverantwortlech, fir eppes wat eigentlech eng lokal Geschicht an am Verglach mat anere Problemer déi d’Land huet, total onwichteg ass. Sollen déi Escher dach mat hirer Brillplaz maachen, wat se fir richteg fannen.
Den 1. Februar, dee selwechten Dag wéi d’Escher Oppositiounsparteie sech op enger Pressekonferenz géint de Projet Heller ausgeschwat hunn, huet d’Buergermeeschtesch Lydia Mutsch, zesumme mat anere Responsabelen en Zentrum fir Belval-West presentéiert mat Geschäfter, Kino a Restauratioun. D’Initiativ Belval Plaza déi am Oktober 2008 hir Dieren opmécht, gouf am Verglach mat der Brill-Platz-Problematik biswell wéineg an der Presse kommentéiert, dobäi ass de Projet ëm villes méi wichteg an nohalteg, wéi dem André Heller säi Park.
Claude
Mangen
Op eng Kéier
spiert d’halleft
Land sech mat-
verantwortlech,
fir eppes wat
eigentlech eng
lokal Geschicht
an am Ver-
glach mat anere
Problemer déi
d’Land huet, total
onwichteg ass.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!