Dem Romain Hilgert säi „Rénert“
Wéi aus dem "Fiischen" erëm e "Fuss am Frack an a Maansgréisst" gët...
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Wéi aus dem "Fiischen" erëm e "Fuss am Frack an a Maansgréißt" gët…
Dem Romain Hilgert säi "Renert"
Eng Lieserreaktioun ob d’Renert-Rezensioumn am leschte "forum"(103).
Als komplett Editioun stellt de Romain Hilgert eis säi "Renert" fiir – also ouni d’Ewechloossen vun dene politëschen Abschnitter, déi an der Schoul nit behandelt gin, wëll se zevill ëmgräifend Erklärungen verlaange géifen, di oft zenséiert goufen, well ettlech Leit sech op d’Féiss getrëppelt gefillt hun, an déi iwerhaapt meescht ënnert den Dësch falen, wa mir eist Kulturgudd verhätschelen, verséissen, verharmlosen. Et get ëm d’politësch Aufgab vun der Literatur, an de Romain Hilgert gesäit seng Editioun ménger Menong no als e politësche Programm: Verstoën op dem literarëschen Niveau, durch geschichtlech a sozial Erklärungen, awer och durch allgemeng kulturell Assoziatiounen
féiert zum Begräifen vun de Problemer, der Korruptioun, der Blannheet an domat zum Änneren vun der sozio-politëscher Struktur.
Esou wëllt och de Michel Rodange dat, an enger Zäit voll politëschem Sprengstoff, wou d’Demokratie mat festgefuerenen Interessien, mat Honger a Nout ze kämpfen hat. A wëll en op Grond vu sengem sozialen Stand keng Politik duerft maachen, du mouch en alt Kultur. Hie war an der "Société pour la recherche de la conservation des monuments historiques", wou en nit nëmmen no enger kulturell romantëscher Geschicht fir dat jonkt lëtzebuerg gesicht huet, mä op dem Verstoen vun der Vergaangenheet wollt hien durch seng Gedichter eng kulturell Erzéiung opbauen. Wat fir eng Aufgab – deemols an haut.
Méchel
Rodange
RENERT. De
Fuuss am
Frack an a
Maansgréißt.
Komplett
Editioun mat
historeschen
an
politeschen
Explikatiounen
vum Romain
Hilgert
Editioun Guy
Binsfeld.
Erféiert sin ech, wéi ech gesin hun, wat alles erklärt
gouf – erklärt muss gin. Engersäits schingen mir eis
Sprooch nët méi ze kennen, wann en erkläre muss,
dat "gewach" vu "wäiche" kënnt, an dat an enger
Spënnchen d’Iessreserven versuerjht gin. Anerer-
säits si verschidde kulturell Hannergrënn an Asso-
ziatiounen nët méi evident.
De Romain Hilgert gesäit ët als e Verdingscht vum
Rodange un, dat hien sech vum däitschen Viirbild
lassgerappt huet an eppes Ejhenens geschafen
huet – mä haut schingt eis kulturell Ejhestänneg-
keet uerjh an d’Wackele geroden ze sin. An do hël-
left eis kee Kannerbuch mat séisse Fiischensge-
schichten.
Mä d’Verharmlose vun der Literatur ass och nach
haut e wiirksamt Manipulatiounsmëttel.
Manon Petry
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!