Wat ass eng Schoul?

Eng Schoul ass, nieft hirer Funktioun als Bildungsariichtung, och eng kleng Kopie vun eiser Gesellschaft an engem geschlossene Raum. Si ass beaflosst vun dem Ëmfeld, an deem déi eenzel Schüler*inne liewen, dem Bildungssystem, also dem Ministère, der Kompetenz vum Léierpersonal, der Direktioun an der gesellschaftlecher Stëmmung am Land. Dobäi ginn et kloer Parallelen zu eiser Societéit, zum Beispill eng Hierarchie vu Schüler*in, Proff an Direktioun. Schüler*inne gruppéieren sech, jee no hiren Interessen, och a Frëndeskreeser a Cliquen a siche sou, an der Grupp, e gesellschaftlechen Halt.

D’Schoul gëtt awer net nëmme beaflosst. Si definéiert och d’Zukunft vun eiser Gesellschaft. Si bilt ons Jonker aus, en nëtzleche Beitrag ze leeschten an Deel vun der Communautéit hei zu Lëtzebuerg wéi och vun Europa ze ginn. Schüler*innen a Student*innen d’Prinzippien, d’Wichteg­keet an d’Noutwendegkeet vun der Demokratie nozebréngen, ass essentiell fir eng oppen, tolerant a fräiheetlech Gesellschaft ze fërderen.

D’Konzept vun der Schoul baséiert ur­sprénglech op Drill, hiren architektoneschen Opbau erënnert un eng Kasär. Konträr dozou gi vill Schoulen hautdes­daags ëmmer méi oppe fir ausserschoulesch Aktivitéiten a Kulturfërderung. Och de Schüler*inne soll no an no e Matsproochrecht accordéiert ginn. Projete vu Schüler*inne fir Schüler*innen, de fräiwëllegen Engagement an de fräie Meenungsaustausch bilden d’Stützpfeiler vun enger Schoul, an där sech déi Jonk wuel an akzeptéiert fillen. Sträitschlichtung amplaz vu Konkurrenzdenken, Kreativitéit amplaz vum Copy-pasten, Diskurs amplaz vun der Zensur an d’Gefill, eescht geholl ze ginn vu senge Responsabelen – villäicht well déi professionell Distanz net als Excuse mëssbraucht ka gi fir en tyrannescht a gebieterescht Behuele säitens dem Léierpersonal an der Direktioun ze rechtfäerdegen – maachen aus sech entwéckelende Pubertéierenden net nëmme leeschtungsstaark, mee och sozial staark Schüler*innen.

Eise Club, d’Initiativ, setzt genau bei dësem Mangel vun Demokratie an eise Schoulen un. Mir wëllen eng Gemeinschaft schafen, en Zesummenhalt ënner Schüler*innen. Wéi eng Gewerkschaft wëlle mer mam Schülercomité zesummeschaffen fir d’Schüler*innen ze vertrieden. Och ruffe mer déi Jonk reegelméisseg dozou op, de Schoulcours ze evitéieren a fir eis Zukunft op d’Strooss ze goen. De Klimaschutz ass fir eis vun immenser Bedeitung an eise Lëtzebuerger Engagement an deem Beräich huet enges Daags en Impakt op déi ganz Welt. Am Kader vum LTEtt leeft dëst Joer och eng Mini-Entreprise, bei där Jonker firenee vegan kachen. Et ass e flotte Projet, well engersäits d’Schüler*innen eppes Neits, Gesondes ze schmaache kréien, manner Fleesch konsuméieren an och d’Veganer*innen a Vegetarier*innen an eis Gemeinschaft agebonne kënne ginn. Am Géigesaz zu eis bitt de landeswäite Restopolis mëttes nëmmen e vegetaresche Menü un. Eis Stänn be­deelegen sech net nëmmen um Wantermaart an Ofschlossfest, mir bidden eise Schoulkomerod*innen och d’Chance, sech abréngen ze kënnen, zum Beispill beim Kampf géint den Drogekonsum – e grousse Problem an der jonker Generatioun, mee en Tabuthema fir Schoulen a Politik. Wat halen déi Jonk vu Friemefeindlechkeet? Vun Méisproochegkeet? Eis Beweegung, d’Initiativ, hëlleft jidderengem, deen eppes soe wëll, d’Initiativ ze ergräifen. An enger richteger Demokratie mussen och mir gefrot ginn, well mir sinn hir Zukunf

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code