„Désoeuvrés ass d’Platz, wou (bal) alles méiglech ass“

Seit rund vier Jahren gibt es die erfolgreiche Lesereihe der „Untätigen“ im Café-Théâtre Rocas schon – eigentlich ironisch, denn die Autoren, die bei „Désoeuvrés“ mitmachen, sind alles andere als untätig. Etwa vier Mal im Jahr bietet die Veranstaltung, bei der Autoren zehn bis fünfzehn Minuten Zeit haben, ihre unveröffentlichten Texte einem Publikum vorzustellen, jungen und weniger jungen Schreibenden aus Luxemburg eine Bühne – ein Konzept nach dem Beispiel des Pariser Work in Progress (WIP) und in der Luxemburger Version von den Initiatoren Isabelle Junck und Jeff Schinker, seit der zweiten Staffel des Projekts, um einen Aspekt erweitert: Die Teilnehmer erhalten im Vorfeld jeweils eine Vorgabe, die sie in ihren Texten berücksichtigen müssen – was dabei herauskommt, ist immer wieder überraschend, auch für die Veranstalter selbst.

Wat war d’Motivatioun hannert dem Projet?

J.S.: D’Motivatioun derhannert war, fir mech perséinlech, fir d’Liesungen e bëssen ze entstëppsen. Wann ech u Liesungen denken, stellen ech mer entweder 1. Leit fir, déi engem onsécheren Auteur am Kostüm gediegen nolauschteren an eescht drakucken oder 2. jonk, energesch Slammeren, déi duerch dat Wëllt oft mëttelprächteg Texter verstoppen (Ech well heimatten net déi eng oder déi aner Form per se schlechtrieden; et gëtt gudde Slam an ech war op wonnerbare Liessoiréeën, wou dat Steift-Akademescht total gepasst huet). Mir ass et drëms gaangen, eppes dertëschent ze erschafen, wat souwuel literaresch usprochsvoll ka sinn an awer décontractéiert an interaktiv ass.

I.J.: Alles wat sech rondrëm d’Liesen a Schreiwen dréit, ass mir ganz wichteg, an et huet mech motivéiert, zu Lëtzebuerg e bëssen zu där wonnerbarer Kreatioun eppes Klenges kënne bäizedroen. Ech schreiwe selwer an hu gemierkt, datt et ëmmer gutt deet, sech mat anere Leit doriwwer auszetauschen, och wann d’Schreiwen schons eppes Solitäres ass. Eisen „Désoeuvrés“ as d’Plaz, wou (bal) alles méiglech ass, wou di schreiwend Leit eng Méiglechkeet hunn, hier Texter aus der Einsamkeet erauszezéien an duerch d’Reaktioun vum Publikum entweder bestätegt ginn an deem wat se schreiwen, oder/an do duerch stimuléiert ginn, sech weider ze entwéckelen. Mir wëllen eis ëmmer bienveillant weisen, well all Text, dee mat vill Asaz geschriwwe gëtt, Respekt verdéngt a säin Auteur natierlech och. Et ass spannend ze gesinn, wat sech alles sou hei zu Lëtzebuerg an deem Beräich deet, wéi lieweg an ondefinitiv en Text ka sinn, vill méi wéi ee menge kéint! De Jeff an ech hu schnell en Numm fir eise Projet erausgesicht, deen eng ironesch Uspillung op Kreatioun an all hier Schwieregkeete mécht. Ironesch, well all Auteure, déi bei eis kommen, alles anescht ewéi onaktiv sinn…

No wéi enge Kritäre ginn d’Contrainten erausgesicht?

J.S.: D’Contrainte solle ludique sinn, se solle Spaass maachen, an den Auteur net sou entravéieren, dass et Oulipien gëtt. Dorëms geet et eis net. Heiansdo muss den Auteur en Text am Tirang just e bëssen ëmkrempelen, heiansdo muss en awer och eppes ganz Neies erschafen. Wéi bei all Contrainte hänkt dat vun der Kreativitéit vum Auteur of, senger Fäegkeet, Brécken tëschent sengem literareschen Univers an eise Contrainten ze bauen. D’Contrainten denken d’Isabelle an ech eis aus, mir treffen eis all Summer an entwerfen déi véier Liesunge vum Joer. Heiansdo kréien d’Auteuren en Incipit, deen se musse weiderspannen, heiansdo zéie mer vu Café zu Café, eng aner Kéier hu mer am kulturissimo eng Kritik avant la lettre verëffentlecht – d’Auteuren hunn déi misse liesen an hir Texter un eis am viraus publizéierte Kritik upassen.

Wat ass de But vun deenen Texter?

J.S.: De But vun den Texter ass laang net just „Entertainment“. Bis elo hu bei eis eng grouss Unzuel vu Jonken a manner Jonken hiren Debut op der Bühn gemaach (dorënner: de Julien Jeusette, de Fritz Nosbaum, de Bob Wintersdorff, den Eric Meiers an elo am Januar de Christoph Purschke an den Yves Greis). Duerch déi méi decontractéiert Form hu mer vill Leit dozou encouragéiert, sech ze trauen, ee vun hiren Texter virzedroen. Déi uewen erwähnten Nimm sinn all Nimm, déi am Mikrokosmos vun der Luxemburgensia bis elo onbekannt sinn – ech hoffen awer alt, dass, besonnesch well Texter wéi déi vum Julien Jeusette net just Potenzial, mä reellt Talent opgewisen hunn, déi an e puer Joer méi bekannt wäerte sinn. Dat ze gesinn, léisst eis ëmmer nees denken, dass et derwäert ass, Energie an dee Projet ze stiechen – och wa mer domat näischt verdéngen. Mir probéieren dofir och, en Equiliber tëschent bekannten a richtegen „Débutanten“ ze schafen – mir haten da Soiréeën, wou d’Nathalie Ronvaux an den Nico Helminger mam Jean Beurlet a mam Mandy Thiery gelies hunn, fir dat et eng vun den éischte literaresche Bühnenerfahrunge war.

I.J.: Interessant ass och, den „Débutanten“ duerch de Kontakt mat etabléierten Auteuren d’Angscht eweg ze huelen, ni gutt genuch ze sinn, duerch de „mythe de l’écrivain“ bloquéiert ze ginn. Si kënne gesinn, datt all Auteur, och déi, di scho laang Schreiwen an Unerkennung hunn, hier Zweifel a Schwieregkeeten hunn.

Wéi eng Aart vun Texter entstinn an deem Kader? Kënnen och mol eescht Themen ugeschwat ginn?

J.S.: Den Toun vun den Texter gi mir net vir – deen entscheeden d’Auteure selwer. Oft hunn d’Texter effektiv een e bësse méi orale Charakter, well se halt musse virum Public funktionéieren. Déi eenzeg Kéier, wou mer den Toun vun den Texter e ganz bësse beaflosst hunn, war, wéi mer déi Kritik avant la lettre verëffentlecht haten. Do hu mer opgepasst, den Toun ze équilibréieren an deels halt och d’Auteuren entweder an eng ongewollten Tounart ze stiechen oder grad op dat ze miséieren, wat se am Beschte kënnen. An deem Kontext huet de Florent Toniello z.B. missen aus der Perspektiv vun enger Drone, déi iwwer Aleppo flitt, schreiwen, während de Francis Kirps seng Klasse von 77 huet misse fortsetzen.

Doduerch datt déi geschriwwen Texter engem Publikum presentéiert ginn, fënnt eng direkt Interaktioun statt. Wéi beaflosst dat déi Texter?

J.S.: Ech géif hei just nach dobäifügen, dass d’Interaktioun vum Publikum heiansdo den Auteur dozou bréngt, Léisungen aus Sakgaassen (fir en Text en particulier, eng Schreifweis en général) ze fannen oder zumindest ze sichen. Wichteg ass, dass bei der Publikumsinteraktioun den Toun net ze selbstgefälleg an akademesch gëtt, wat mer, mengen ech, bis elo gutt evitéiert kruten. Wouwéinst ech (ech maache meeschtens d’Moderatioun) och ëmmer probéieren, eng gewësse Liichtegkeet an d’Saach eranzebréngen, notamment och, fir déi Auteuren, fir déi et déi éischt Erfarung ass, ze entspanen. Ech weess nämlech nach, wéi ech am Ufank ëmmer gelies hunn (dat kléngt elo, wéi wann ech vill Erfarung hätt, a Wierklechkeet hunn ech nach bis virun engem Joer immens schlecht gelies): ze séier, holpreg, keng Intonatioun, nervös.

I.J.: Dozou muss ee soen, datt e gudde Schrëftsteller net ëmmer gutt oder gäre virliest…

Fir verschidden Auteure, déi bei eis gelies hunn, wor et scho ganz opreegend !

Wat fënnt déi bescht Resonanz beim Public a firwat?

J.S.: Witzeg Texter fannen eng méi direkt Resonanz, ech ka mech awer erënneren, dass nom Florent Toniello senger „Commande“ vun der Drone iwwer Syrien eng bedréckend Stëll geherrscht huet an d’Leit sech eens waren, dass deen Text immens war (wat en a mengen Aen och war). Mir bidde wierklech „vun allem“, och wann dat elo klischeehaft kléngt – et weess een ni wat kënnt, a mir selwer och net ëmmer. Bei total onbekannten Auteure kéint d’Iwwerraschung och no hanne lassgoen, erstaunlecherweis ass se dat awer bis lo quasi ni.

Fannen déi Texter nach en aneren Verwendungszweck, deen iwwert deen Owend eraus geet oder sinn dat kuerzlieweg Texter fir den eemolege Gebrauch?

J.S.: Dat hänkt eigentlech vum Auteur of – op en eppes méi Konsequentes wëll draus maachen, oder net. Mir hate schonn Auteuren, déi den Text dann duerno op hire Blog gestallt hunn, Auteuren, déi aus aktuelle Projete gelies hunn (an déi un d’Contrainte ugepasst kruten), Auteuren, déi vum Sujet an der Contrainte esou begeeschtert waren, dass se dorauser e méi laangen Text gemaach hunn. De Francis Kirps sollt fir déi Soirée vun der Kritik avant la lettre eng Suite zu senger Klasse von 77 schreiwen – aus der weiblecher Perspektiv, an an d’90er transposéiert. Him huet dat esou vill Spaass gemaach, dass en den Text duerno op anere Liesungen presentéiert an ausgebaut huet. Ech denken, dass et eng gutt Iddi wier, eng Sélectioun un Texter eemol am Joer an enger Revue wéi de Cahiers luxembourgeois ze verëffentlechen – fir dass se net just eemoleg sinn. Et géif den Auteuren zudeem erlaben, e bësse méi domat ze verdéngen, wéi dat, wat mir hinnen bezuele kënnen.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code