Digitaliséierung – mat wéi enge Konsequenze fir d’Ëmwelt?

D’Digitaliséierung bezitt sech op d’Ëmwandlung vun analogen an digital Formater unhand vun Informatiounstechnologie. De Begrëff gëtt awer och benotzt, fir méi generell d’digital Revolutioun ze beschreiwen, déi zënter Joren an eisem Alldag stattfënnt. Dat ëmfaasst d’Transformatioun an d’Verännerungsprozesser duerch Technik an alle Beräicher vum Liewen: an der Educatioun, der Gesondheet, der Gesellschaft, der Wirtschaft, dem Sport, der Ënnerhalung, der Kultur a villem méi.

D’Digitaliséierung ass ee vun den aktuellsten Trends. A rezente Jore si vill analog Formater verschwonnen, wéi zum Beispill d’Zeitung aus Pabeier, d’Disquette aus dem Computer oder d’Kassette aus dem Rekorder – an et gi sécher nach vill aner Beispiller. Hautdesdaags ass alles a jiddwereen an de Wolleken – oder: an der Cloud. Dat bréngt op där enger Säit mat sech, dass Ressourcë fir den analoge Verbrauch gespuert ginn, ma op där anerer Säit ginn d’Ressourcë fir den digitale Verbrauch erhéicht.

Wat sinn d’Konsequenze vun der Digitalisatioun fir d’Ëmwelt an och fir d’Klima? Sinn Datenzentere wierklech en Drama fir d’Ëmwelt? A wéi kann een eng klimafrëndlech Digitalisatioun encouragéieren?

Verglach zwëscht den 2000er-Joren an haut

Et ass nach net esou laang hier an ech si mer sécher, dass nach vill Lieser sech drun erënnere kënnen. Mir liewen an enger Zäit, an där de Windows XP, den DSL an den DVD grad erauskomm sinn. D’Zeitung liese mir nach um Pabeier a mir ginn och nach reegelméisseg an de Kino oder lauschteren eng gutt CD, wat nach vru puer Joer eng Kassette gewiecht wier. 2021 gesäit ganz anescht aus, natierlech och verstäerkt duerch d’Pandemie. D’Jugend vun haut weess knapps, wat eng Kassette ass, de Streaming steet iwwer dem Kino, der DVD an der CD (Remark: CD an DVD sinn digital Formater) an et ginn och vill aner Formater, mat Virléift an digitaler Versioun, um Laptop, Tablet oder Smartphone gekuckt oder gelauschtert.
E Bléck op d’Zuele weist, dass de Ressourcëverbrauch fir analog Formater wéineg iwwerraschend zeréckgaangen ass. An Europa ass de Pabeierkonsum fir Zeitungen a Brochurë vu ca. 40 Milliounen Tonne pro Joer ëm 2000 op ca. 22 Milliounen Tonnen 2019 erofgaang, wat engem Réckgang vu 45 % entsprécht. Videokassette (VHS) ginn nach ëmmer verkaf, och wann de Verkaf vu Videokassetten (VHS) 2002 vun den DVDen iwwerholl ginn ass.1 Bis dohin wor de VHS den dominante Format fir de Kino doheem a mat The Lion King gouf den erfollegräichste VHS vun allen Zäiten an der Mëtt vun de 90er Joren och 32 Millioune Mol verkaf. Eng änlech Geschicht gëtt et och am Audio, wou d’CD 1991 de bis dohin dominante Format vun der Kassette ofgeléist huet an zënterdeems d’global Verkeef vun dësem analoge Format quasi géint Null tendéieren.2

Mee och an der digitaler Welt ginn et Verléierer. Wou mer grad gesinn hunn, dass mat der CD an der DVD zwee digital Formater d’Kassetten als analoge Standard ofgeléist hunn, sinn och d’Verkeef vu physesche Späichermedie réckleefeg: De Verkaf vun DVDen an Europa ass am Zäitraum vun 2009 bis 2017 vun 742 Milliounen op 224 Milliounen erofgaang3, dat ass e Réckgang vu 70 %. Den CD-Verkaf hat den Héichpunkt am Joer 2000 mat 2,4 Milliarde verkaaften Exemplairen an ass zënterhier ëm 74 % zréckgaang op 569 Milliounen Unitéiten 20154, haut sinn et der bestëmmt nach manner. Wat an der Zäit op physesche Späicherträger gekuckt oder gelauschtert ginn ass, gëtt haut op virtuellen Träger ofgeruff.

Analog Datenträger ginn also duerch digitaler ersat, a physesch Supporte ginn och net méi gebraucht. Dat weist sech net just un de Beispiller vun de Medien an dem Entertainment, déi heidriwwer genannt goufen, mee gëllt wuel fir all Industrie, déi Daten erfaasst an analyséiert. Wärend dat zwar erlaabt, analog Datenträger ze ersetzen a (wéi et schéngt) Ressourcen ze spueren, huet d’Digitaliséierung op der anerer Säit en héijen Energieofdrock. Esou verbrauchen den Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologie-Secteur (Information and Communications Technology – kuerz: ICT) ca. 2.000 TWh un Energie pro Joer. Dat sinn ca. 3 % vum globalen Energieverbrauch a mécht méi wéi 2 % vun de globalen Emissiounen aus.5 Als Verglach: Den oft verpöönte Fluchsecteur ass och bei ronn 2 % vun de globalen Emissiounen6 – dësen hëlt am ëffentlechen Dialog awer vill méi eng grouss Plaz an.

D’Roll vun Datenzenteren

Ech wëll mech op dëser Plaz kuerz op d’Datenzentere konzentréieren, déi e wichtege Pilier vun der Digitaliséierung sinn an deemno och ville Leit en Dar am A sinn. D’Datenzentere brauchen als input hardware (déi Ressourcë brauch an der Hierstellung an duerno oft als e-waste endegt) an Energie fir d’Hardware ze killen (ca. 40 %) an ze bedreiwen (ca. 60 %). Alternativ kann och Waasser fir ze kille benotzt ginn.

Global läit den Energiekonsum vun Datenzenteren haut bei ëm 200 TWh fir 2020, also nëmme bei ronn 10 % vum ICT-Secteur. Déi Zuel ass zënter 2015 praktesch konstant, bei gläichzäiteg awer enger Verfënneffachung vum Internet-Trafic an enger Verdräifachung vum workload vun den Datenzenteren.7 Mir observéieren also en ongeféier konstanten Energieverbrauch bei enger Nofro a Produktioun, déi drastesch an d’Luucht ginn. Dat läit dorun, dass d’Datenzenteren aktuell manner Energie fir méi Leeschtung brauchen an ca. all zwee Joer hir Energie-Intensitéit ëm d’Hallschent ofhëlt. Dat mécht sech och doduerch bemierkbar, dass rezent signifikant méi Hyperscale- a Cloud-Datenzenteren online ginn – zwee Typpe vun Datenzenteren, déi besonnesch effizient sinn.

Dës Zuelen iwwersetzen sech dann och a gräifbar Unhaltspunkte fir de Privatkonsument. Schätzungen no entsprécht e Stream vun engem 90-Minutte-Film (op Youtube, Netflix a Co.) enger Autosfaart vun e puer Kilometer. D’Schätzunge variéieren hei zwëscht e puer honnert Meter an ca. zéng Kilometer, deemno wéi eng Parameter, ewéi d’CO2-Faktoren oder d’Energie-Effizienz, mat an d’Rechnung afléissen. Fakt bleift, dass et oft vill manner ass, wéi wann een an de Kino fiert.

Quo vadis Klimaschutz?

Dat iwwerrascht Iech? Dir hat gemengt, d’Datenzentere wieren e Klimakiller? Historesch wuel net, mee e Bléck no vir weist awer, wisou d’Kontrovers ëm d’Datenzentere Konfliktpotenzial huet. Et gëtt nämlech ëmmer méi warscheinlech, datt den Effizienzgewënn vun den aktuellen Technologien net mat der Nofro ka mathalen, déi exponentiell wiisst. Et wäert weidere Contenu digitaliséiert ginn an och aner Aktivitéiten ewéi Textil- oder Elektronikshopping wäerte verstäerkt online ofgewéckelt ginn, wat rëm méi Leeschtung brauch. Och nei digital Konzepter an Technologien ewéi Kënschtlech Intelligenz (KI), cryptocurrencies (z. B. de Bitcoin) oder Virtual Reality wäerten zousätzlechen Energieverbrauch verursaachen.

Ausserdeem ass de But vum Klimaschutz jo och net, dass d’Emissioune stagnéieren, mee laangfristeg erofginn.

Esou rechent de Portal nature.com, dass den Energieverbrauch vun Datenzentere klamme wäert an, nieft den Netzwierker, haaptsächlech responsabel dofir wäert sinn, dass d’Energienofro am ICT klëmmt. An engem Best-Case-Zenario mécht den ICT-Secteur 2030 8 %, an engem méi däischteren Zenario wuel bis zu 21 % vum globalen Elekrizitéitsverbrauch aus8 – eng drastesch Hausse par rapport zu haut.

Zousätzlech zum Energieverbrauch kënnt och en Offallproblem op eis zou. Haut si 6,7 Milliounen Tonnen elektroneschen Offall op Ecranen a Moniteuren zréckzeféieren a 4,7 Milliounen Tonnen op IT-Equipement an Telefonen. Dat sinn 12,5 % respektiv 8,8 % vum globalen e-waste, also zesummen e bësse méi wéi ee Fënneftel.9 Den e-waste-Problem geet awer iwwer d’Digitalisatioun eraus, well mat Kichenapparater, Wäschmaschinnen a Klimaanlage sinn aner Kategorië méi entscheedend fir den e-waste. Mee och wann dës nach méi dominant sinn, sou hannerléisst d’Digitalisatioun awer hir Spueren.

Ass d’Digitalisatioun dann elo gutt oder schlecht?

Hei muss een de Sujet nuancéiert kucken. Et ass eng Realitéit, dass et ëmmer méi Datenzenteren an Netzwierker wäert ginn, fir d’Nofro no digitalem Contenu a Späichermedien, déi ëmmer weider an d’Luucht geet, ze befriddegen. D’Fro ass also net, ob dës Datenzentere gebaut ginn (se gi sécher gebaut!), mee wuel éischter, ënner wéi engen Ëmweltoplagen. Hei si Critèrë wichteg ewéi Energie-Effikassitéit, Sourcë vu Stroum, dass a Moosse gekillt gëtt an eng laang Liewensdauer vun den ausgewielten Zenteren.

Do kann een och de Fluchsecteur als Kontrast gesinn: De Fluchsecteur ass immens schwéier ze decarboniséieren, well een do nei Brennstoffer misst developpéieren, déi et haut nach net ginn, an och aner Technologië si komplex fir ze entwéckelen. Am ICT-Secteur ass et awer méi einfach, op gréng Energien zréckzegräifen, well et dës Technologië mat Wand a Sonn am Stroumsecteur haut scho gëtt. Et kënnt also virun allem op weider Investitiounen an erneierbar Energien an op e kontinuéierlechen Effizienzgewënn an der Technologie un, fir der Hausse vun der Nofro nohalteg kënne gerecht ze ginn.

Ee bemierkenswäerte Punkt ass schliisslech och, dass déi gréisst Provider vun Datenzenteren sech och ambitiéise Klimaziler verschriwwen hunn a signifikativ Investissementer an erneierbar Energië vollzéien.10 Vill multinational Firmen hunn als Zil, zu 100 % vun erneierbaren Energië beliwwert ze ginn.

Genausou ginn et, op d’mannst an Europa, streng Oplage fir den e-waste, déi d’Entsuergung just ënner strenge Konditioune méiglech mécht. Hei wäerten sech iwwer d’Zäit och Konzepter aus der zirkulärer Ekonomie duerchsetzen an et wäert ee méi spuersam mat Ressourcë wirtschaften. Änlech wéi bei der grénger Energie engagéiere sech hei och Firmen ewéi Microsoft, déi sech enger zero-waste-Politik bis 2030 verschriwwen hunn, méi nohalteg ze sinn, virun allem, andeems se Apparater aus Datenzentere wëlle recycléieren.11

Des Weidere kënnen esouwuel d’Konsumenten ewéi och d’Politik an d’Firmae selwer d’Nohaltegkeet beaflossen. Als Konsument kann ee manner heefeg nei elektronesch Geräter kafen a méi oft op energieeffizienten Apparater streamen. D’Firmae mussen d’Efforte fir d’Energieeffizienz duerch d’Entwécklung vun neien Technologien ewéi och duerch d’Investitioun an erneierbar Energien erhéijen.

Leschtens féiert och kee Wee laanscht d’Politik. D’Politik huet nämlech indirekt den Hiewel an der Hand, just gréng Luucht fir Projeten ze ginn, déi och mat gréngem Stroum lafen. Ausserdeem ka si den nationalen Energiemix beaflossen (falls den Datenzenter aus dem Reseau gespeist gëtt) oder zousätzlech Partneren ze fannen, déi dezentraliséiert Energiekonzepter oder CO2-Kompensatiounen ubidden.

Beispill: Google zu Biissen

E konkreet Beispill kann een hei fir Lëtzebuerg ginn. D’Ëffentlechkeet suivéiert nämlech d’Entwécklung ronderëm den Datenzenter zu Biissen, virun allem well de Mouvement écologique rezent mat der Requête gescheitert ass, Accès op de Memorandum of understanding (MoU) ze kréien. Och wann d’Detailer vum Projet net public sinn, sou kann een awer graff Schätzungen iwwer den Ëmweltimpakt ofleeden an d’Dynamik erklären.

Laut Google verbrauchen hir Rechenzentere 50 % manner Energie wéi déi vun de Konkurrenten. Trotzdeem soll de Verbrauch vum Biisser Zenter bis zu 7 % vun der Energieversuergung vum Land an der Phas I konsuméieren a bis zu 12 % an der Phas II.12 Fir dëse Bedarf ze couvréieren, muss Creos de Reseau adaptéieren a gegeebenenfalls ausbauen, woumat och méi Stroum aus Däitschland importéiert gëtt. Den Undeel u gréngem Stroum ass bei Google also esou héich ewéi beim nationale Stroumreseau, e läit also bei ëm 40 %.13 Google huet awer iwwerregional Power purchase agreements (PPA) ofgeschloss a fërdert domat Projeten, déi anerwäerteg erneierbare Stroum produzéieren. Dat ass virbildlech vu Google, allerdéngs ass net all Ubidder esou progressiv. Hei misst de Staat et eigentlech obligatoresch maachen, dass all Datenzenter dat esou mécht: via PPA an net, wéi haut üblech, via Guarantees of Origin (GO).

Fir ze killen, géif Google Uelzechtwaasser huelen, bis zu 1 % vum Floss an der éischter Phas a bis zu 2 % an der zweeter Phas. Hinnen no hätt dat keen Impakt op d’Waasserqualitéit – d’Temperatur géif ëm maximal 1 % an d’Luucht goen.14 Ob dës Zuelen elo stëmmen, sief dohigestallt. Dofir waart d’Ëffentlechkeet jo nach op den MoU.

An elo?

Als Fazit léisst sech festhalen, dass den ICT-Secteur haut bis zu 2 % vun de globalen Emissiounen ausstéisst an domat esou vill wéi de Fluchsecteur. Den ICT wäert weider ausgebaut ginn an, well den Effizienzgewënn warscheinlech net mat der Nofro wäert kënne mathalen, och zu engem méi héije Stroumverbrauch féieren. Am Géigesaz zu anere Secteuren ass den ICT awer relativ „einfach“ ze decarboniséieren, well d’Technologie vun den erneierbaren Energien haut scho verfügbar ass a just ausgebaut misst ginn. Hei spillt d’Politik eng wichteg Roll. Si kann obligatoresch Ëmweltoplagen ausschaffen an domat niddreg Emissiounen an dësem Secteur garantéieren. Da geléngt eng Digitaliséierung ganz am Sënn vum Klimaschutz.

 

  1. https://legacybox.com/blogs/analog/when-did-dvds-beat-out-the-vhs (All Internetsäiten, op déi an dësem Bäitrag verwise gëtt, goufen den 23. Februar 2021 fir d’lescht opgeruff).
  2. https://tinyurl.com/1zjnlsdi
  3. https://tinyurl.com/2qbwnurg
  4. https://tinyurl.com/2stefwnn
  5. https://www.nature.com/articles/d41586-018-06610-y
  6. https://www.atag.org/facts-figures.html
  7. https://tinyurl.com/11pgou30
  8. https://www.nature.com/articles/d41586-018-06610-y
  9. https://www.itu.int/en/ITU-D/Environment/Documents/Toolbox/GEM_2020_def.pdf
  10. https://www.iea.org/reports/data-centres-and-data-transmission-networks
  11. https://tinyurl.com/1jnt13dv
  12. https://today.rtl.lu/news/luxembourg/a/1434573.html
  13. https://tinyurl.com/2hv5sfe3
  14. https://today.rtl.lu/news/luxembourg/a/1434380.html

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code