Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De 5. Mee goung déi éischt Editioun vum neie Lëtzebuerger Filmfestival „Discovery Zone“ op en Enn. Eng gelongen Editioun a virun allem eng entscheedend Verbesserung par Rapport zu sengem Virgänger, dem „DirActor’s Cut“-Filmfestival, mengt d’Cléo Thoma an der Kulturchronik.

De Reservoir vun Acteuren an Actricen, déi och selwer Filmer realiséieren, ass net inepuisabel, sot d’Colette Flesch, Presidentin vun der ASBL, déi den Discovery Zone Filmfestival organiséiert, op der Presentatiounspressekonferenz. A si huet deemools och ervirgestrach, wat dem DirActors’ Cut nach reprochéiert gouf: eng ze vill franco-franséisch a restriktiv Manifestatioun ze sinn, déi de grousse Publikum als elitär, onnëtz deier a vu baussen opgeprafft ëmfonnt hat. De Blingbling vum DirActors’ Cut war eng Impass, sot och de Claude Bertemes vun der Stater Cinémathéik, eng Meenung, déi di sëllech Membere vun der Organisatiouns-ASBL wuel gedeelt hunn. Mam neien Ulaf sollt duerfir alles anescht a besser ginn.

D’Iwwerleeung dohannert war déi hei: déi meescht Filmer, déi hautdesdaags an d’Kinoe kommen, bréngen iwwerhaapt näischt neits méi. Dat wat si weisen huet een alles schonn etlech Kéiere gesinn, dacks besser. Anerersäits, wann tatsächlech mol een de Courage huet an, o Wonner, d’Moyene fënnt fir mol eppes méi Originelles an Interessantes ze realiséieren, huet e Krämpes, fir en Distributeur ze fannen.

Den Discovery Zone Filmfestival hat dowéinst zwee Ziler: engersäits, rar Pärelen dorëmmer sichen ze goen an de Publikum hei am Land domatter ze verwinnen, an anerersäits, duerch dës eklektesch, innovativ an originell Programmatioun d’Kapazitéit vun de Spectateuren a Spectatricen, fir mol rëm méi oppen ze gi fir insolit Projeten, kuerz hire cinephile Virwëtz, wéi de Claude Bertemes et genannt huet, ervirzekëddelen. Eng Sensibilitéit, déi duerch dee permanenten a quasi exklusive Matraquage vu rengen Ënnerhalungsfilmer bei deene meeschte Leit offenbar zimlech stompeg ginn ass. Sou war den Discovery Zone Film Festival eng Entreprise net ouni Risiko, an déi grouss Fro war: hätten d’Organisateure virsiichtshalwer net awer besser gedoen, op all Affiche a Flyer ze schreiwen, P.S.: Fir Ham, Fritten an Zalot ass gesuergt, fir sécher ze goen datt och tatsächlech ee kéim?

Abee, et huet och esou geklappt. Deen een oder anere Sall war während dem Festival bis op déi lescht Plaz besat, a fir vill, wann och net all aner Séance war den Undrang raisonnabel grouss. Hiren Usproch, eng interessant an originell Programmatioun ze bidden, hunn d’Organisateure mat grousser Kohärenz ëmgesat, duerfir eleng, Chapeau. Hir Beméiungen disponibel ze si fir d’Medien, hu mat dozou bäigedroen, de Festival zu engem ganz sympathischen Evenement ze maachen. Datt se, ë.a. mat enger Kuerz-filmsoirée virun allem och där Lëtzebuerger Filmproduktion eng Plattform gebueden hunn, gëtt hirer Manifestatioun och méi lokal Crédibilitéit. Quitt datt se sech deen Owend bei de Rieden an aneren Animatiounsversich ronderëm, hätte kënnen zréckhalen a bedenken, datt d’Leit komm ware fir Filmer ze kucken. Dat eenzegt wat een doriwwer eraus nach bedauere kann, ass datt se bis op e puer rar Ausname sou zimlech jidder Medium, deen et hei zu Lëtzebuerg gëtt, als Partner haten, bis op déi, déi vum eegenen Usproch a Publikum hir, eigentlech genee op hirer Linn leien, sou wéi de radio 100,7, dee jo schonns zënter Jore mat senger Filmprogrammatioun „Cinédit“ an Zesummenaarbecht mam Utopia, sech grad fir déi rar Pärelen am Kino staark mécht. D’ASBL, déi den Discovery Zone Filmfestival organiséiert, hat dat offenbar vergiess. ♦

radio Kulturchronik vum 10.5.2011

Cléo Thoma

Kulturredactrice radio 100,7

forum

Für Politik, Gesellschaft und Kultur

Gegründet: 1976
Herausgeber: forum ASBL
Durchschnittliche Auflage: 1 900 Exemplare
11 Ausgaben im Jahr
ISSN 1680-2322

Ständige Mitarbeiter

Jean-Paul Barthel, Olivier John, Thomas Köhl,
Michel Pauly, Christina Schürr, Jürgen Stoldt,
Viviane Thill, Jean-Marie Wagner

Koordination

Lynn Herr, Bernard Thomas

Autoren dieser Ausgabe

Karine Bouton, Franz Conrad, Kyra Fischbach, Paul Galles,
Richard Graf, Ines Kurschat, Michel Legrand, Luc Marteling,
Ludovic Meyer, Nathalie Oberweis, Michel Pauly, Markus Stölb,
Robert Theis, Viviane Thill, Cléo Thoma,
David Wagner, Serge Wilmes

Interviewpartner dieser Ausgabe

Wolfgang Benz, Romain Hilgert

Originalillustrationen

Olivier John, Carlo Schmitz

Foto Cover

© Archiv Luxemburger Wort, Fotograf: Marc Wilwert

Druck

c.a.press, Esch/Alzette

Namentlich gezeichnete Artikel geben nicht unbedingt die Meinung der Redaktion wieder.

Nachdruck und elektronische Verbreitung von forum-Beiträgen nur mit ausdrücklicher Genehmigung.

© 2011 by forum ASBL

Bezugspreise

Einzelheft … 6 Euro
Jahresabonnement … 50 Euro
Jahresabonnement im Umschlag … 62 Euro
Studenten, Arbeitslose und Geschenkabonnements … 38 Euro
Jahresabonnement im Ausland … 62 Euro

Überweisungen auf das forum-Postscheckkonto
IBAN LU83 1111 0611 5444 0000
mit dem Vermerk „Neuabo ab (Monat)“
und vollständiger Adresse.

Wir danken der forum-Fördergemeinschaft und dem Kulturministerium für die finanzielle Unterstützung.

1, rue Mohrfels

L-2158 Luxembourg

Tel.: 42 44 88

E-Mail: forum@pt.lu

Bürozeiten: Montag bis Freitag, 9-12 Uhr

www.forum.lu

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code