D’Medieregulatioun vu muer 

En Interview iwwert d’Thema „Influencer“ mat der Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel (ALIA)

Zënter 2013 iwwerwaacht d’ALIA déi korrekt Applikatioun vun de Reglementatiounen a Bezuch op déi audiovisuell Medieservicer ënner lëtzebuergescher Juridictioun. D’Missioune vun der ALIA ëmfaassen déi klassesch Televisioun, On-Demand-Servicer, Video-Sharing-Plattforme souwéi national Radiosender. Hire President Thierry Hoscheit an d’Juristin Catia Monteiro hu mat forum iwwert d’Thema „Influencer zu Lëtzebuerg“ geschwat.

forum: Europawäit gëtt d’Aarbecht vun de sougenannten „Influencer“ vu Medienopsiichtsbehörden kontrolléiert. Wéi eng Aspekter vun der Aarbecht vun Influencer a Vlogger si fir d’Medienopsiichtsbehörden relevant bzw. problematesch?

Thierry Hoscheit: Dat hänkt lo dovun of, wat een ënner Influencer versteet. Haut gëtt jo meeschtens vun Influencer geschwat, déi iergendwelch Artikele promouvéieren an da si mer natierlech am Beräich vun der Reklamm. Da muss ee kucken, awéiwäit déi dote Form vu Kommunikatioun a Konkurrenz steet mat de klassesche Medien wéi Radio, Televisioun a lo zanter e puer Joer och d’Videosharing-Plattformen, an awéiwäit do da villäicht een Desequiliber kann entstoen, wann déi eng verschidde Reegele musse respektéieren an anerer net. Wann ee vun Influencer schwätzt, mengen ech, muss een awer och méi wäit goen wéi lo de strikt kommerziellen Aspekt ze gesinn. Ech mengen, d’Definitioun ass am Wuert „Influencer“: Et geet drëm, d’Leit dobaussen ze influencéieren. An dann ass een och ganz séier am politesche Beräich an am Meenungsbildungsprozess, wou sech dann eventuell d’Fro stellt, awéiwäit déi Messagen, déi vun deene Leit do am Internet gedeelt ginn, am Beräich vun der Falschinformatioun, vun de Fake News, sinn. 

Och do muss een nees eng Kéier am Verglach zu anere Medien kucken, wéieng Reegele sech un déi Influencer, Vlogger, Blogger mussen applizéieren. A wann d’Leit dobaussen, déi sech eng Meenung musse maachen iwwert déi eng oder aner Froen, déi sech an der Gesellschaft stellen, ëmmer nees zougetippt gi vun deem selwechte Message, deen eventuell net dee richtegen ass, da féiert dat wéi gesot zu Problemer am Meenungsbildungsprozess. An do geet et eben drëms, fir all déi Leit ze identifizéieren an hinnen déi richteg Reegelen ze applizéieren, déi verhënneren, dat d’Gefälle tëscht de klassesche Medien an den neie Forme vu Massekommunikatioun vergréissert gëtt. Do denkt een da méi wäit a freet sech: Wat gëtt eist Gesetz hier? Datt eist Gesetz just op déi klassesch Kommunikatiounsformen accéiert ass an déi dote Formen a sech net erwäänt ginn, bréngt d’Fro mat sech, awéiwäit déi do Formen iwwerhaapt ënnert déi Kategorie „klassesch Medie“ kënne falen, wou et dann och eng Rei Critèren ze applizéieren gëtt, déi ee kontrolléiere muss. Dat erweist sech dann heiansdo als ganz schwiereg.

En aneren, ganz wichtegen Aspekt ass d’Protectioun vun de Kanner.

En aneren, ganz wichtegen Aspekt ass d’Protectioun vun de Kanner. Do gëtt et Reegelen, déi sech op Filmer a Fernsehproduktiounen bezéien. Et gëtt Reegelen, déi sech d’Spillindustrie selwer operluecht huet, also eng „Self-Regulation“ fir Videospiller, an deene jo mol heiansdo Saachen ze gesi sinn, déi net onbedéngt fir all Alterskategorie bestëmmt sinn. Dat ka sech op Gewaltaspekter bezéien, mä och op Fäll, wou d’Kanner d’Suen aus der Täsch gezu kréien. A wann een dann esou ee Vlogger oder Influencer huet, deen iwwert säi Contenu Promotioun mëscht fir Videospiller, dann ass een do eben och am Beräich vun der Protectioun vun de Kanner, wou sech d’Fro stellt: Awéiwäit kann een deene lo imposéieren, dass se déi Reegelen respektéieren, déi d’Protectioun vun de Kanner uginn? 

Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg? Wéi eng Kompetenzen huet d’ALIA an dësem Beräich?

Hoscheit: Mir hunn déi selwecht Kompetenze wéi fir Radio, Telé a Videosharing-Plattformen. Natierlech ënnert der Viraussetzung, dass mir esou ee Vlogger oder Influencer an de Corselet vun eisem Gesetz gedréckt kréien a mer kënne feststellen, dass en all Konditioune vun engem klassesche Medium erfëllt. Also, d’Lëtzebuerger Gesetz viséiert déi Forme vu Kommunikatioun net spezifesch un. Mir mussen do vu Fall zu Fall kucken, ob een déi Konditiounen erfëllt, fir ënnert d’Gesetz ze falen a wann d’Äntwert positiv ass, hannendrun ze soen, wéi eng Reegelen do gëllen.

D’ALIA fuerdert an hirem Positiounsschreiwes vum Oktober 2023, „La régulation des médias de demain“, eng Auswäitung vun hirem Pouvoir och am Beräich vun den Influencer a Vlogger. Wéi stellt Dir Iech dës Auswäitung konkret vir?

Hoscheit: De Probleem am haitegen Gesetz ass, dass eng Reglementatioun gemaach gëtt pro Medium, also et gëtt eng fir Radio, eng fir d’Telé etc., a wat eis virschwieft, ass eng horizontal Regulatioun, déi onofhängeg ass vun der Diffusiounsform, also technologie-neutral. Déi Regulatioun seet, dass, alles, wat sech un de Public went, Reegelen erfëlle muss, fir dass d’Konsumenten dobaussen déi selwecht Protectioun hunn an dass all déi Opérateuren de selwechte Reegelen ënnerleien. Dat ass d’Basis-Iddi, déi mir undenken. Fir dann iwwert dee Wee déi Influencer, Vlogger, Blogger och ouni gréisser Diskussioun an d’Regulatioun eranzekréien, amplaz dass ee lo all Kéiers bei all Kanal vu Vlogger oder wéi och ëmmer analyséiere geet, ob déi eenzel Konditiounen elo erfëllt sinn. Eng generell Reegel war: Du diffuséiers eppes iwwert den Internet, wat eng gewësse Mass vu Leit uschwätzt, an do muss een dann eng sëlleg Critèren erfëllen. Et wëll een jo net onbedéngt ee reguléieren, dee just zéng Leit uschwätzt, mä ab enger gewëssener Mass, wou een dobaussen eng Reaktioun oder och eng „caisse de résonance“ huet, mussen déi Reegele ëmgesat ginn. 

© Philippe Reuter / forum

An déi Critèren, fir déi Mass ze bestëmmen, wier dat dann un der Unzuel vu Follower festgemaach, oder …?

Hoscheit: Also dat doten ass Zukunftsmusek. Dat dote sinn och zum Deel politesch Decisiounen, och op wéiengem Niveau een dann déi Regulatioun wéilt asetze loossen. Beispillsweis hu mir jo den Digital Service Act, wou déi Plattformen a Kategorien agedeelt sinn en fonction vun der Zuel vun de Leit, déi op hire Plattformen aktiv sinn, a wat méi Leit op hir Plattformen zréckgräifen, wat d’Reegele méi streng sinn. Sou eppes kéint een sech hei och virstellen, sief et bis 10.000 Follower keng Reegelen, bis 100.000 déi an déi Reegelen … Jo, dat si Saachen, déi muss een och relativ technesch an am Detail duerchdiskutéieren, fir ze kucken, wou do de richtege Level ass a wat do déi verschidde Kategorien, déi appropriéiert Reegelen, wieren. Dofir ass et, an eisen Aen, nach ze fréi, fir do eng Positioun driwwer ze bezéien. D’Diskussioune lafe jo elo de Moment fir d’Gesetz vun 1991 ze iwwerschaffen, da musse mer kucken, wat dobäi rauskënnt.

Gëtt et um europäeschen Terrain schonn ee Land, wat iergendeng Gesetzer bestëmmt huet, wou Dir Inspiratioun sammele kënnt?

Catia Monteiro: Jo, Frankräich huet ee Gesetz, wat eleng nëmme fir d’Influencer ass. An déi loi ass och wierklech nëmme fir d’Influencer: Do gëtt d’Definitioun encadréiert, do ginn awer och d’Relatioun mam Agent an déi sougenannten „Kid-fluencers“ encadréiert. Dat heescht, se ginn do wierklech e ganzt Stéck méi wäit an do sinn och verschidde Strofen, déi prévu sinn am Gesetz, falls d’Influencer sech net un déi verschidden „étiquetagen“ vun der communication commerciale géifen halen. Dat heescht, do ass effektiv schonn ee ganzen Kader, dee virgesinn ass.

Kéint ee sech virstellen, sech eventuell dorun ze inspiréieren oder muss een dat Ganzt national kucken?

Hoscheit: Ech géif scho mengen, dass et awer eng gutt Inspiratiounsquell wier. Da muss een dat natierlech ëmmer op de Lëtzebuerger Marché rofbriechen a kucken, ob een déi Reegelen sou eent zu eent kann iwwersetzen, mä eng Inspiratiounsquell ass et ganz sécher, jo.

An dat ass mer wichteg, fir ervirzehiewen, dass eise Rôle net deen ass vum Béisen, deen do steet, ëmmer op d’Leit ze klappen.

Wéi eng weider Fuerderungen hutt Dir un d’Politik am Hibléck op d’Schafung vun enger zäitgeméisser Mediekontroll?

Hoscheit: Dat eent ass, ee fir alle Mol kloer festleeën, wat d’Grondvaleuren sinn, déi mir am Kader vun der Regulatioun musse respektéieren. A wëssen, et geet em d’Dignitéit, also d’Mënschenwürd, et geet em d’Demokratie, et geet em d’Meenungsvilfalt, d’Pressefräiheet, mä de Moment ass dat am Gesetz e bësse sou verspreet, et feelt engem d’Prinzipienaffirmatioun. Dat zweet ass dann, wéi gesot, all Forme vu Medien ofdecken an iwwert de richtege Wee definéieren, wéi eng Reegele wou applikabel sinn. An den drëtte wichtegen Aspekt, géif ech da soen: eng Autoritéit, déi och d’Moyenen huet, fir dat alles duerchzesetzen. Ech schwätze lo mol éischter vun de juristesche Moyenen, also Enquêten ze maachen, fir Informatiounen unzefroen, ressources humaines, genuch Leit, fir déi Aarbecht ze maachen, an da reell Sanktiounsmechanismen, déi d’Influencer gegebenenfalls och dozou bréngen, fir sech ze soen: „Ups, wann ech elo eppes falsch maachen, da gëtt et wierklech deier!“ Am Moment si mer op 25.000 Euro limitéiert. Fir eis grouss Televisiouns- a Radioschaînen ass dat net vill a fir ee Vlogger, deen e puer honnertdausend Follower huet an 30.000 Euro de Mount verdéngt, wier och dat warscheinlech nach ze verkraften. Et ass éischter eng Fro vun Ofschreckung. Wou ech dann awer nach wëll ervirhiewen: Et geet eis an éischter Linn net drëm, fir d’Leit alleguer ze sanktionéieren. Et geet eis drëm, fir mol Informatioun weiderzeginn, fir de Leit ze soen: „Hei, passt op, dir faalt ënnert iergendeng Kategorie, dir musst déi an déi Reegelen anhalen.“ Wat mer alt och maachen, wa mer iergendeppes entdecken um Internet, wou mer mengen, et kéint ënnert eis Kompetenz falen, dann huele mir fir d’éischt mol Kontakt mat deene Leit op a mer klären se op. An dat ass mer wichteg, fir ervirzehiewen, dass eise Rôle net deen ass vum Béisen, deen do steet, ëmmer op d’Leit ze klappen. An dass et eis och wierklech an all de Beräicher drëms geet, fir am Gespréich mat de Leit ze sinn, fir ze wëssen, wat leeft a fir d’Leit opmierksam ze maachen. Eis Regulatioun erfuerdert jo och dann ee Wëssen, wat effektiv leeft. Wa mir eppes um Schierm gesinn, okay, da gesi mer, wat um Schierm leeft. Mir gesinn awer net ëmmer direkt, haaptsächlech ekonomesch Mechanismen, déi hannendrun oflafen, an do si mir eben dann op d’Gespréich mat deene Concernéierten ugewisen, dass déi dat erklären. Och de Kontakt mat eisen Nopeschautoritéiten, europawäit, ass wichteg, well mer do jo Reseauen vu Regulatiounsautoritéiten hunn, wou ee sech austauscht. Et ass een do wierklech ganz vill op Informatiounsfloss ugewisen, deen vun iwwerall muss kommen, eben och aus dem Marché selwer. An da wëll ech net, dass mer als de Béisen do stinn, deem säin eenzegen Objektiv wier, fir Sanktiounen ze spriechen. Dat ass et definitiv net.  


Den Thierry Hoscheit, President vum Ieweschte Geriichtshaff a vum Verfaassungsgeriicht, ass zënter 2014 den éischten Titulaire vum Poste vum President vun der ALIA, nodeems hie vun 1999 bis 2013 Member vun der Commission indépendante de la radiodiffusion war, der Virgängerorganisatioun vun der ALIA.

No sengem LL.M. Ofschloss am „droit européen“ an am „droit et contentieux de l’Union européenne“ op der Uni Lëtzebuerg, huet d’Catia Monteiro hir berufflech Carrière 2022 als Juristin bei der ALIA ugefaangen. Duerch hiert Interessi fir d’Gebitt vun den Influencer bréngt d’Catia sech mat besonneschem Engagement an dëse sech rasant entwéckelende Beräich an.


Den Interview gouf den 5.2.2024 gefouert, d’Froe goufe vum Naomi Berrend gestallt.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code