- Medien
D’Muecht vun der Ästheetik
Radikal Iddien an Online-Subkulturen: d’Beispill vun den tradwives
Wa mer un eng kritesch Betruechtung vun Influencer denken, ass dëst oft mat oneethesche Marketingstrategië verbonnen, déi dovu profitéieren, dass d’Relatioun tëscht Verbraucher an Influencer op enger Vertrauensbasis läit, déi fir Marken a Konzerner schwéier ze erreechen ass. Influencer si wéi eng Zort Kolleegen a Virbiller gläichzäiteg, mat deenen ee sech identifizéiert a mat deenen ee kommunizéiere kann. Wat dëst Virbild also seet oder recommandéiert, gëtt eescht geholl. E problemateschen Aspekt, deen an dësem Kontext oft vill manner offensichtlech ass, ass d’Verbreedung vu radikalen Iddien a politesche Meenungen, schéi verpak hannert ästheetesch uspriechendem a scheinbar harmlosem Content. Esou zum Beispill am Mouvement vun de sougenannten tradwives, déi besonnesch an Amerika Popularitéit genéissen.
Den tradwives-Mouvement
Wien am Moment als Fra tëscht Ufank 20 a 35 Joer op de soziale Medien aktiv ass, gouf mat grousser Warscheinlechkeet dank den Algorithme scho mat tradwife-Content konfrontéiert. Gewéinlech a Form vu Biller oder Videoe vu jonken, attraktiven (a ganz oft blonden) Fraen, déi a Blummeräck iwwer Felder danzen, Kuch baken, Rezepter deelen a glécklech mat hire Bebeeë knuddelen – esou wierkt dëse Content op den éischte Bléck immens harmonesch an uspriechend. Et erënnert e bëssen un eng Kombinatioun vun Hausfraen aus de 50er Joren a Baueremeedercher, mee romantiséiert: fort vu Modernitéit an zréck an e méi simpelt a verständlecht Liewe mat enger Konnektioun zur Natur. Mee wat genau ass eng tradwife?
Eng Definitioun kënnt vum Estee Williams, engem vun de méi bekannte Gesiichter aus dem Mouvement. Déi jonk Influencerin huet iwwer 145.000 Follower just op TikTok an erkläert mat doucer Stëmm a sympatheschem Laachen, wat sech hannert dem Begrëff verstoppt: „a woman who chooses to live a more traditional life with ultra-traditional gender roles. So the man goes outside the house, works, provides for the family. The woman stays home and she’s the homemaker, she takes care of the home and the children if there are any.“
Ewéi vum Estee Williams beschriwwen, ass en Deel vun der Iddi och, Uerdnung zréck an eng chaotesch Welt ze bréngen.
Eng tradwife ass also eng Fra, déi sech fir en traditionelle Liewensstil entscheet huet: Si ass Hausfra a Mamm an engem Haushalt, an deem just de Mann schaffe geet. Ganz oft ass dës Decisioun domat verbonnen, dass den Drock an d’Ufuerderunge vun eiser moderner Welt einfach ze staark sinn. Ewéi vum Estee Williams beschriwwen, ass en Deel vun der Iddi och, Uerdnung zréck an eng chaotesch Welt ze bréngen. Op den éischte Bléck schéngt esou e Mouvement verständlech: D’Welt verännert sech mat enormer Geschwindegkeet, wat laang als richteg unerkannt gouf, gëtt elo hannerfrot, a Kapitalismus schéngt dat eenzegt ze si, wat zielt. Firwat also net doraus ausbriechen a säi Liewen esou gestalten, dass ee fir sech selwer nees e Sënn fënnt?
Firwat net einfach „Hausfra“?
An enger Welt, an där de Stresspeegel fir bal jiddereen all Dag méi héich gëtt, de Muere meeschtens scho mat Stau ufänkt an et dach ëmmer méi schwéier gëtt, sech en Daach iwwert dem Kapp ze leeschten, wierkt esou en alternative Liewensmodell, an deem alles méi entspaant a geuerdent ofleeft, ganz séier erstriewenswäert. D’Followerzuele vun den tradwife-Influencerinne weisen, dass sech immens vill Leit vun dësem Comeback vun Traditioun ugesprach fillen. Op politesch Ideologien ugeschwat, ginn dës gewéinlech dementéiert: Et géing net dorëms goen, aneren hire Liewensstil als eenzeg Wouerecht opzedrécken oder de Choix vun anere Fraen ze kritiséieren, mee einfach ze weisen, dass net all Fra hirt Gléck an der Aarbechtswelt fënnt an dass dat genau esou respektabel ass ewéi eng Vollzäittâche. Si fanne souzesoen hiren „Empowerment“ am haisleche Liewen.

Do stellt sech natierlech ënnert anerem d’Fro, wat dann eigentlech den Ënnerscheed zu „normalen“ Hausfraen ass. Dem Estee Williams seng Definitioun vun der tradwife enthält en Detail, deen dës Differenz eventuell erkläert: „Tradwives also believe that they should submit to their husband and serve their husband and family.“ Et geet also och dorëms, sech dem Mann ze ënnerwerfen an der Famill ze déngen, ganz ewéi zu den Zäite vun den an der Community des ëfteren erwäänte Virbiller – den idealiséierte „Groussmammen“. Dass dës Groussmammen am Géigesaz zu de Fraen haut kee grousse Choix haten, an dass hir Rechter a Fräiheete kaum mat deene vun haut ze vergläiche sinn, fënnt am Discours keng Plaz. Ganz am Géigendeel.
Vun harmonesch op radikal
An enger Welt, an där eng „traditionell Fra“ zu enger ästhetiséierter Performance fir en Online-Public ginn ass, steet de Feminismus als Feindbild. Déi chaotesch Welt, an déi d’tradwives Uerdnung brénge wëllen, ass zu engem gudden Deel esou chaotesch, well Fraen net méi wëllen hir natierlech Roll iwwerhuelen. An engem TikTok vum 8. Juni 2023 deklaréiert d’Estee Williams douce an onschëlleg, dass Hochzäit a Kanner fir eng Fra ëmmer Prioritéit solle sinn. An engem Video vum 4. Juli 2023 seet d’Influencerin: „Why are we telling women, even starting out as young girls, that they need to have a life of independence? I think that is a very toxic way to bring up a girl.“ Et ass also toxesch, engem jonke Meedchen Onofhängegkeet bäizebréngen. Generell sinn Themen ewéi Educatioun vu Meedercher an Onofhängegkeet vu Fraen an der tradwife-Community negativ gesinn. Konservativ Valeuren zielen: Meedercher solle léieren, gutt Hausfraen a Mammen ze sinn, amplaz ze studéieren. Kanner kréien ass hir natierlech Bestëmmung. Vollstänneg finanziell Ofhängegkeet vum Mann ass wënschenswäert a vill méi erfëllend ewéi e Beruff oder Eegestännegkeet. Frae sollte kee Walrecht a keng Meenung hunn … Beim glécklechen Danzen an der Natur oder dem Rezept vum Dag si mer scho laang net méi.
Konservativ Valeuren zielen: Meedercher solle léieren, gutt Hausfraen a Mammen ze sinn, amplaz ze studéieren.
Wärend dem Duerchklicke vum tradwife-Hashtag fält e weidert Element op, dat ëmmer nees optaucht: d’Chrëschtentum. Relioun ass effektiv e grousst Thema an der tradwife-Community. Kontrovers Aussoe gi mat biblesche Verse justifiéiert, an et gëtt ëmmer erëm dorop higewisen, wéi wichteg et ass, sech als Fra dem Wuert vu Gott ze fügen. D’fundamentalistesch Chrëschtin Lori Alexander (@thetransformedwife) verëffentlecht zum Beispill Posts mat Aussoen ewéi „Those who teach women that sex isn’t an obligation are in complete contradiction to Scripture and have given women the power to decide when to have sex based upon their feelings.“ Sech sengem Mann wéi vu Gott verlaangt ze ënnerwerfen, heescht hei also och, seng Fräiheet opzeginn, „Nee“ zu sexuellen Handlungen ze soen. Ëmmer rëm gëtt och mat Bezuch op d’Bibel gerechtfäerdegt, dass eng gutt traditionell Fra sech vum Mann muss disziplinéiere loossen. Haislech Gewalt gëtt net just normaliséiert, mee och nach romantiséiert, an iwwert eng laang Zäit erkämpfte Fraerechter (ouni déi d’tradwives haut keng Stëmm hätten) gi spréchwiertlech mam Fouss gerannt. Ech woen elo mol ze behaapten, dass d’Majoritéit vun de Groussmammen aus de perceptéierte „besseren Zäite“ sech bei esou Aussoen am Graf géing ëmdréien.
Natierlech huet esou eng kontrovers Community och eng grouss Zuel u Kritiker. Dës Kritik gëtt allerdéngs gewéinlech ganz generaliséiert domat ofgedoen, dass et absolut onverständlech ass, dass iergendee sech doriwwer opreegt, dass eng Fra de Choix getraff huet, traditionell ze liewen. Ganz oft gëtt dobäi betount, dass déijéineg, déi sech opreegen, d’Feministe sinn an dass dat jo weist, dass et alles Hypokritte sinn: Eng Fra trëfft ganz fräi e Choix, mee just well dee Choix net an den Agenda vum moderne Feminismus passt, gëtt se attackéiert. Dobäi ass d’Kritik um Mouvement absolut net de Fait, dass munch Frae léiwer Hausfra a Mamm wëlle sinn ewéi ze schaffen. Kritiséiert ginn eebe grad déi konservativ Ideologien an déi staark fraefeindlech Tendenzen, déi sech am Content erëmfannen. Problematesch ass net d’Existenz vun der tradwives-Niche. Problematesch ass, dass sech de Content vun harmlosen Accounts an dee vun der rietsradikaler Säit um Internet a ville Punkten iwwerschneiden. Verschiddener vun den Influencerinne si sech deem net wierklech bewosst, wärend anerer tatsächlech ganz oppe mat hire radikalen Iddien ëmginn. Den Devin Proctor vun der Elon University huet sech mam Thema auserneegesat an kënnt zu follgender Ausso: „The concept of tradwifery absolutely contains aspects of systemic misogyny and white supremacy but does not necessarily ally itself officially with those movements.“ Nieft den extreeme reliéisen Usiichte vum Lori Alexander stoung am Joer 2017 zum Beispill eng tradwife-Influencerin a Mamm vu 6 Kanner mam Numm „Wife With a Purpose“ ënner Kritik. Fir den Erhalt vun der wäisser Rass hat si eng Challenge lancéiert, dass wäiss Fraen esou vill wäiss Puppelcher solle „produzéieren“ ewéi méiglech. De Post selwer gouf zanterhier geläscht. Publikatioune vun der kontroverser, extreem-rietser kanadescher Influencerin Lauren Southern, mat iwwer 700.000 Follower op Youtube, tauchen an de selwechten Online-Sphären op ewéi déi vun den tradwives, déi tatsächlech just hiren Alldag weisen. An dëst si just e puer Beispiller.
Ëmmer rëm gëtt och mat Bezuch op d’Bibel gerechtfäerdegt, dass eng gutt traditionell Fra sech vum Mann muss disziplinéiere loossen
D’Verantwortung vum User
D’Änlechkeete vum Contenu an de Gebrauch vun de selwechten Hashtags féieren dozou, dass d’Grenz tëscht flottem Contenu an extreemen Ideologien immens flou ass, an dass ee beim Scrolle séier vun harmlosen Haushaltstipps zu rietsextreemen Influencer spréngt, ouni dëst direkt ze mierken. D’Problematik ass net just Deel vun den tradwives, mee fënnt sech a villen op den éischte Bléck immens positiven Online-Subkulturen. Onpolitesch geduechte Content gëtt esou ganz séier politesch an harmlos Biller kréien eng radikal Dimensioun. D’Algorithmen erkennen, wat fir e Content mer gär hunn a konfrontéieren eis mat genau deem, wat mer anscheinend wëlle gesinn. D’Verantwortung, radikal Publikatiounen ze erkennen an ze hannerfroe läit eleng beim User. Als Notzer vun de verschiddene Plattformen ass et deementspriechend wichteg, net an d’Fal vum blanne Konsum ze falen, ouni dëse kritesch ze betruechten – egal wéi gutt bestëmmte Content an eist Weltbild passt. Dat hëlt natierlech en Deel vum Spaass ewech, beim Scrollen de Kapp auszeschalten an einfach just Andréck opzehuelen. Mécht een et allerdéngs net, riskéiert een (dem Algorithmus sei Dank), lues a lues mat radikalen Iddie gefiddert ze ginn, no deenen een eigentlech net gefrot huet.
D’Leslie Schmit huet Europäesch Kulturen a Luxemburgistik op der Uni Lëtzebuerg studéiert. Hatt huet zanter dräi Joer de Youtube-Channel Lëtzebuergesch mam Leslie, op deem et Coursen an der Lëtzebuerger Sprooch ubitt.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
