Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De Koschter huet nët wëlles des längeren vun der Affär CASA ze schwetzen. D’Dagespress wor fier eng Kéier zimlech ausféierlech an hierer Informatioun a Kommentären. De Koschter hat scho bal geméngt, eemol méi hätt eng Biergerinitiativ Erfolleg an dem KP-Gemengeroot Zénon Bernard séng Motioun géif duerchgoen, d’Buergermeeschtesch misst d’Fabrik zoumache loossen. Mä d’CSV huet mol neess am läschte Moment Waasser gezunn, de Banquet deen d’Direktioun dem Gemengerot kuerz vrun der Ofstëmmung zervéiert huet, wor sécher zevill iwerzeegend. Dobei as d’CSV-Motioun, di ugeholl gouf, voller Sachfeeler: Et gi keng "gaz toxiques" bei der CASA, mä géftege Stëps, z.B. Wat heescht ët schon, d’Firma sollt d’Produktioun reduzéieren, bis nei Filteren agebaut sin: em 2% oder em 90%? Fest steet, dass den Aarbechtsminister glat näischt brauch z’ënnerhuelen. Trau-reg fënnt de Koschter besonnesch d’Haltung vum LCGB: d’Pei as him méi wichteg wi d’Gesondheet vum Aarbechter. As ët da nach verwonnerlech wann di selwecht Gewerkschaft nët an der Eenheets-front géint d’Atomzentral vu Kettenuewen vertrueden as? m.p.

De Koschter fënnt ët schlëmm, dass zu Lëtzebuerg d’Chrëschten de Kommunisten ët mol nees eleng iwerlooss hun, géint di nei Atomrakéite vun der NATO ze protestéieren. De Koschter selwer muss allerdéngs zougin, dass en den Termin fier en interessanten Dossier zu deem Thema leider och verpasst hat. An der Belsch woren ët grad kathoulesch Veräiner, di haaptsächlech zu enger grousser Manifestatioun den 9.12.1979 zu Bréissel opgeruf haten. (z.B. JEC, d’JOC, den MCP, d’Oxfam asw.) Vu Lëtzebuerg aus as jhust e Bus vun der KPL op Bréissel gefuer. An Holland huet den IKV (Interkirchlicher Friedensrat) zu deem och d’kathoulesch Kirch gehéiert, sech géint "Norüstung" an der NATO ausgeschwat an déi hollännesch Chrëschtdemokraten wollten op d’mannst fir d’éischt verhandelen ir déi nei Rakéite solle produzéiert gin. Vu chrëschtleche Gewëssensbëss zu Lëtzebuerg hu mir awer näischt héieren- et huet jo och gottseidank keen eis eppes gefrot. De René Neuens huet esouguer an onser chrëschtlecher Zeidung di gelungen Hollänner ganz chrëschtlech "wirklichkeitsfremde Traumwandler" genannt, an domatt hat et sech.

Fier d’Chrëschte bleift d’Verurteelung vum Krich e Prinzip, dat Poopst a Bëscheef zwar geléentlech widerhuelen däerfen, mä dat keng konkret politesch Konsequenzen däerf hun. Souwäit geet den C vun CSV, LCGB, asw. nët. De Sproch "Wann s de Fridde wëlls, bereed de Krich vir" huet zwar scho laang e Poopst besser formuléiert, awer e gëtt ëmmer nees op en neits an der aler Form verwirklecht. Freet sech, op matt deene sëlleche Rakéiten de Fridde nët e bësse vill viirbereed gëtt. csst

De Koschter bedauert onsen Här Bëschof a säi Generalvikar. Anscheinend wor den Drock aus konservative klerikale Kreeser esou grouss, dass sie sech nët konnten erlaben, op dem Hans Küng séng Konferenz nolauschteren ze kommen. Dobei wäre se bestëmmt keng Gefor gelaf, de richtege Glawen ze verléieren, well dem Här Küng séng Theologie huet sech als dat erwisen wat se dem Koschter sénger Mënung no scho laang as: ganz klassesch an enger moderner Sproch. m.p.

P.S. Dës Nummer wor esou gutt wéi oofgeschloss, wéi Roum säi Machtwuert geschwat huet. Mir hun duerfir ee spezielle "Küng"-Dossier fir déi näxt Nummer viirgesinn.

Kennen Sie den Unterschied zwischen Lego und Sex? – Nein? – Dann bleiben Sie bei Lego! Poldi

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code