Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
De Koschter wor wi ugekënnegt den 23.3.1980 op de Parteikongreß vun der LSAP invitéiert. De finanziellen Erfollég wor außergewöhnlech grouß: 52 Nummere goufe verkaf an e puer nei Abonnenten hun sech gemellt. De Koschter hofft, daß deemnächst CSV-, KP-, SdP-, DP- an aner Militanten op hire Kongresser d’Möglichkeit kréie, "forum" nach besser z’ënnerstëtzen.
Den Dag dono huet de j.10 am L.W. dem Koschter säng Präsenz nieft där vun "Amnesty International", AFC, Kollektiv Spackelter asw. och sänge Lieser matgedeelt. Dës Eier eleng lëist op eng mi entkrampften Haltung vum L.W. vis-à-vis vun onser Zäitschrëft schléissen. De j.10 nennt di vun der LSAP invitéiert Organisationen awer "humanitär bzw. ideologisch ausgerichtet". Souvill Eier hat de Koschter nët erwaart. (Daß e nët zu den "ideologisch ausgerichteten Organisationen" gehéiert, wësse säng Lieser jo scho laang.) Merci.
m.p.
Schon vier Monate vor Beginn der Moskauer Olympischen Spiele bekam "forum" – ohne Anfrage- fast ein Pfund Materialien, als Hintergrundinformation gedacht. Trotz intensiven Studiums konnten wir keinen Milligramm Antwort auf unseren Afghanistanbrief herauslesen. S.K.
De Koschter entschëllegt sech – oder vill méi den Drécker -, daß eng Rei Lieser eng Nummer 38 kritt hun, wu e Blat gefeelt huet. Lieser, di nach nët reklaméiert hätten, sollen dat roueg nohuelen, ët si nach e puer Nummeren do, di ganz sin.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!