Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De Koschter hällt drop dem CSV-Députéierte Fernand Rau fir sêng kurajhéiert Haltung ze félicitéieren, di e bei der Oofstëmmung iwert d’Gesetz fir d’Schafung vun énger Emweltschutzverwaltung ageholl huet. En huet sech der Stëmm enthalen an dat mam Argument begrënnt, e wäer nët d’accord, dass d’Majoritéitsparteien den Emweltminister an der parlamentarescher Kommission gefrot hätten, ob se däerfte fir dem CSV-Deputéierte F.Colling säin Ännierungsartrag stëmmen. De F.Rau as der Meenung, dat wär eng Verwëschung vun de Kompetenz vu Parlament a Regierung: d’Chamber huet d’Gesetzer ze man, d’Regierung s’auszeféieren. De Koschter fënnt, dass ët endlech Zäit gouf, dass en Députéierten dat sot, mä vill Parteikollégen hun sech sênger Enthalung leider nët ugeschloss. m.p.

An der leschter Nummer hat de Koschter op dëser Plaatz e Bréif vum Här Aussenminister ofgedrëckt, wu et geheescht huet: "… le Gouvernement luxembourgeois est fondamentalement attaché aux droits de l’homme et il fait tout ce qui est en son pouvoir pour en assurer le respect compte tenu des circonstances…" De Koschter freet, ob dofir de Lëtzebuerger Vertrieder an der UNO-Vollversammlung nach ëmmer dee märderesche Pol-Pot-Regime am Kambodscha ënnerstëtzt, dee sech ka bretzen, dat eagent Vollék wëlle vum Erdbueden verschwannen gedon ze hun. As dofir deeselwechte Vertrieder ee vun den 13 eenzegen, di sech bei enger Resolutioun enthalen hun, di d’Suerg vun der Welt vrun enger südafrikanescher Atombomm ausdrëckt, di mat ronn 140 Stëmmen ugeholl gin as. Oder as d’Verhale vun der Lëtzebuerger Regierung bei UNO-Oofstëmmungen nët méi "en son pouvoir"? Christ

De Koschter huet matt Freed festgestallt datt et eng Aennerung gouf, wat den Zougang zur öffentlicher Fonctioun ubelaangt. War bis elo déi lëtzebuerger Première noutwendig, as dat elo nët méi de Fall. Oder awer et gët just eng Ausnahm gemat fir dat héchsten Amt, dat vum Staatschef. Firwat nët e Schrëtt weiderman an anere Lëtzebuerger, déi Unisdiplomer hun, mä keng lëtzebuerger Première, och an de Staatsdëngscht zouloossen! Eng Geleënheet méi fir mëttelalterlech Privilégien oofzeschafen! Serge

Di lescht "forum"-Nummer koum anscheinend meess grad zur Zäit. An enger Nopeschpor vun der Stad hat anscheinend de Paschtouer wëlles, säi Porrot z’iwerzeegen d’Neue Bildpost" um Schrëftestand hannen an der Kierch nei anzeféieren. De Koschter hofft, dass säin Artikel duer gaang as, fir den Här Paschtouer z’iwerzeegen, dat léiwer nët ze man. Wa nët, da sief nach op eng entspriechend Recommandatioun vun 1968 vun der däitscher Bëschofskonferenz verwisen an op en entspriechend Verbot an de Bistümer Tréier, Mainz, Speyer, Limburg, Rottenburg-Stuttgart aus dem Joer 1973. Dem Koschter schéngt allerdéngs eng inhaltlech Argumentatioun wuel su iwerzeegend, an e waart nach weider op eng entspriechend Recommandatioun vun onsem Bëschof. m.p.

De Koschter huet e Publicitéitsslogan op RTL op sêng Wourecht kënne préifen: INOTRAG ass op ZACK! Dëst as wirklech de Fall! Hei e Beispill: E Schräiner, deen do schafft, krut gesot, hien dierft nët a Vakanz fueren dee nächsten Dag, wéi mam Patron ofgemat. Wéi de gudde Mannsech op säi Recht behaapt huet, gouf de Patron no – an huet de Mann no sênger Vakanz entlooss mam Virwand, hie bréicht kee Schräiner méi. Zu gläicher Zäit huet hien via Press nei Schräiner gesicht. T’Affär as um Gericht unhängeg. Mä si as nach aus engem anere Grond interessant: De Patron huet déi Firma viru kuerzem opkaf, kënnt aus dem Iran, wor do Direkter vum Schah sênger Eisebunn a schéngt nach nët esou richteg un eng demokratesch Emwelt gewinnt ze sin … Serge

Obschon d’Nr.39 mam Dossier iwert de Stadverkéier di "forum"-Nummer wor, di sech bis elo am schlechste verkaf huet, as ët eng vun deenen di am heefe gsten zitéiert gin. Och "Ons Stad", Nr.5/80 bréngt doraus en Zitat mat Statistiken iwert Dauerparker an engem Artikel deen de städteschen Autobusdëngscht opwäerte soll. Ausser dësem gezeechneten Zitat geet den anonymen Auteur vun "Ons Stad" och ob eng

ganz Rei Fuerderungen an, di "forum" a puncto Autobussen gestallt hat (z.B. méi eng flexibel Linjeféierung, Ufuere vun de Nopeschgemengen, speziell Busspuer, Park-and-ride-system, asw.), mä dës zum Deel wiertlech Zitater gi nët mi als sollech ausgewisen, a statt Fuerderungen opzestellen gët gemaach wi wann d’Gemeng Lëtzebuerg di Pläng (och) scho laang géif iwerleën an se geschwën kënnte réaliséiert gin, well se wierklech zu enger besserer Busbenotzung a manner Verkéiersproblémer an der Stad géife féieren. Et freet zwar de Koschter, dass séng Fuerderungen als berechtegt a séng Lësungsvirschléi als richteg unerkannt gin, mä déi Method muss en als politesch Récupératioun zréckweisen. Esou si (wéi-negstens beim Koschter) keng Stëmme fir d’Walen ze sammlen! m.p.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code