Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

D’Zäite si nët mi wat se sin. Dat schëngt och d’Sankt-Paulus-Dréckerei festgestallt ze hun. An hierer neier Librairie op der Gare huet de Koschter op der Braderie Rousekranz a "Magnificat"setuien gesin, di als Klengmënz- resp. Notizpobeieretuien un de Mann bruecht goufen. Wann awer elo schon di fromm Dréckerei ët opgët, Rousekränz a Gebiedsbicher ze verkafe, wou komme mer dann hin …?

g.

De Koschter wor (eemol méi) éischte Reporter op der Plaatz bei enger wichteger Première op der Schueberfouer. Nët e neit Spill gouf ageweit, mä 8 Studenten hun, secher fir d’éischt an der Geschicht vun der Fouer, hierem Patron gekënnegt a sin zwee Deeg vieru Schluss hierer Wee gaang: statt 12 wore nach jhust 5 Leit an der Kiche fir dee leschte Weekend. Si hun sech mat engem Mataarbechter solidariséiert, deen ouni sériö Grënn vum Patron gelantert gi war, an hun dergéint protestéiert, daß si am Fong de Betrieb hu missen um Lafen halen. De Patron hat gemengt, mat e bëssche méi an der Pei kënnt en hier Solidaritéit briechen. Fir di 8 jong Leit, vun deenen e puer hiert sozialt Gewëssen an der JEC geschoult hun, gin ët Wäerter di iwert dem Geld stin!

m.p.

Wéi e fir den Dossier an dëser Nummer d’Synodevierlag iwert d’Press nees duerchgelies huet, gouf de Koschter och un de Pressebüro erënnert, dee beim Bistum soll geschaf gin, der ganzer Press fir Informatiounszwecker soll zur Verfügung stoen a bei wichtege Geleënheete suguer eege Kommuniqueën soll erausgin. Wéi steet et mät der Realisatioun dovun?

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code