Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Ons Chamber war sech eens, ganz diskret, hanner zouen Diren. Well en neit Chambersgebai geet schliesslech nèt jidfereen eppes un, besonnesch nèt an enger Krisenzäit. A well déi éirewärt Hären sech esou schéin eens waren, konnt jo och eis Parteipress nèt anescht. Wou soll een och nèt. Mir verstoppen dat neit Gebai nèt an der Waassergaass, dat wär ze diskret, ze kleng, ze bëlleg. Neen, mir sëtzen et op eng schéin grouss Parkplaz, an d’Plaz vun engem ellenen renovéierte Verwaltungsbau. Sou daier gët dat jo nèt. Zumool wou eis Deputéiert esou fair woren, trotzdeem jo keen et hannert den zouen Diren gesin hätt, fir d’Erhéigung vun hiren Diäten an d’Crea-tioun vun enger extra honorabler Pensiounskees dës Kéier nach ënnerwee ze loossen. D’Regierung huet bei dëser Geleënheet alt nees en Tromp verspillt. Si hätt sellen d’Letzebuerger an engem Referendum virun d’Alternativ stellen: Atomreaktor oder neit Chambersgebai. Si hätt hiren Reaktor kritt. Garantéiert! Awer wa mir schon esou ee schéint groussecht nationalt Gebai kréien, muss et och rentabel profitéiert gin. Dofir mécht de Koschter heimatt feierlech, am Sënn vun der ausgläichender Gerechtegkeet, eng Propose vun nationalem Interessi: Mir féieren de Präsenzzwang an de Chambersëtzungen fir d’Deputéierten an, a schafen de Wahlzwang fir d’Bierger oof. Duerfir muss awer während de Sessiounen all Bierger jidd Deputéierten, dee schwänzt, op der Minutt an der Chamber oofliweren. csst

Eigentlech wär de Koschter sech op d’mannst eng Notiz iwert dee rezenten tragikomeschen Intermezzo zur Doudesstroof an der Chamber schëlleg ge-

wiescht. Mä d’Parlament soll am Hierscht – hoffentlech méi seriös – op d’Thema zréckkommen a mir hun fir deen Zäitpunkt en Dossier viirgesin. Passons. christ

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code