„D’Roserei ass meng Potion magique.“ TelMo vum Roland Meyer
Den Telmo fillt sech wéi e Superheld, wann hie rosen ass. An dat ass hien dacks. Säi Papp huet sech duerch d’Bascht gemaach an ass nees zréck a Portugal. Seng Mamm an hiren neie Partner hu weder déi emotional nach déi mënschlech Kompetenz, fir sech mam Jong auserneenzesetzen an him déi familiär Struktur ze ginn, déi hien esou néideg bräicht. Seng Léierinnen hunn Angscht virum Telmo, an ausser dem Ana, enger portugisescher Psychologin an der Schoul, hëlt keen sech dem Telmo un. Seng Frëndin huet sech vun him ofgewannt, an och seng Frënn sinn net loyal.
Den Telmo verschléisst sech ëmmer méi virun enger Gesellschaft, vun där hien sech am Stach gelooss fillt an „kommunizéiert“ nach just iwwert Gewaltakten. Geet mat him d’Roserei duerch, da gräift hien, mat sengen 12 Joer, dacks zu drasteschen, jo, kriminelle Mëttelen, déi engem de kale Schweess iwwer de Réck lafe loosse beim Liesen.
Et ass e staarkt a wichtegt Buch, dat de Roland Meyer geschriwwen huet. E Buch, dat beliicht, wéi verluer munch Kanner a Jugendlecher an der haiteger Zäit sinn. Sief et duerch e familiäert Ëmfeld, wat éischter als sozialschwaach ze bezeechnen ass, ouni den Migratiounshannergrond wëllen ze stigmatiséieren. En Ëmfeld, wat hinne weder Wäerter nach Grenze vermëttelt, a wou d’Eltere mat hire Kanner hoffnungslos iwwerfuerdert sinn. Oder eben duerch e Schoulsystem, deen dem Léierpersonal net vill Moyene gëtt, sech mat Kanner mat opfällegem Verhale wierklech auserneenzesetzen.
Dem Auteur geet et sécherlech net drëms, mam Fanger op een ze weisen, mee éischter ëm den Haaptprotagonist an seng Geschicht: seng Zerrassenheet, Angscht, Onsécherheet, Instabilitéit ze thematiséieren. Sech literaresch a psychologesch mat dem Thema vun der Gewalt doheem, an der Schoul an och dobaussen auserneenzesetzen. Ze sensibiliséieren, datt et wichteg ass, Léisungen ze fannen an net just ze veruerteelen.
Dem Telmo seng Geschicht ass e Konstrukt aus villen eenzele Bausteng, déi een aus dem Liewe sammele kann, wann een Empathie a Sensibilitéit huet an och nolauschtere kann. Deemno spigelt dem Telmo seng Geschicht an eenzele Fragmenter déi vu ville verschiddene Personnagen erëm. E Kannerbuch fir Erwuessener, domadder mengt de Roland Meyer, datt sech déi Jugendlech, wéi natierlech och déi Erwuessen, mat der Geschicht auserneesetze kënnen.
De Schreifstil léisst ee passageweis vergiessen, dat et en Erwuessenen ass, deen d’Buch geschriwwen huet. An de Fait, datt den Auteur aus der Perspektiv vum Telmo schreift, verdéift d’Emotioune beim Liesen. D’Authentizitéit gëtt ervirgehuewen doduerch, datt d’Dialogen an der Sprooch vun de Jugendleche gefouert ginn, an esouguer d’Beschreiwung vun hire Gedanken an Emotiounen hirem spezifeschen Ëmfeld ugepasst ass. De Respekt virun de Kanner an de Jugendlechen, seet de Roland Meyer, erliichtert et him, sech virzestellen, wéi d’Liewe fir si ass, wat d’Liewen aus hinne mécht, a wat si aus hirem Liewe maachen. De portugiseschen Hannergrond huet hie gewielt, well et vill Kanner an onse Schoule gëtt, déi sech wäit ewech vun hire Wuerzelen hei behaapte mussen an et keng lëtzebuergesch Literatur iwwert si a fir si gëtt.
Wéi ee Jugendlechen hëllefe kann, déi aus engem schwieregen Ëmfeld kommen a riskéieren, fir ons Gesellschaft verluer ze sinn? Dem Auteur no ass et wichteg, eng positiv Relatioun mat hinnen opzebauen. Duerch konstruktiv Kommunikatioun a Versteesdemech fir hir Situatioun, hir Problematik.
Anescht ass et schwiereg, a soziale Beruffer wéi och als Elteren, de Kontakt net mat de Kanner ze verléieren. Kanner si staark, mee hir Stäerkt kann sech séier an eppes Negatives ëmwandelen, wann hinnen ze vill operluecht gëtt. D’Beschreiwung, wéi den Telmo sech fillt, éier hien seng Gewaltausbréch kritt, ass dohier e ganz staarke Message vum Buch, well e sensibiliséiert, deem entgéintzewierken, jo souguer preventif de jonke Leit Instrumenter an de Grapp ze ginn, fir mat hirer Roserei am Bauch produktiv a konstruktiv ëmzegoen. Sief et duerch Sport oder aner Hobbyen, sief et duerch Nolauschtere vu Bezuchspersounen an der Schoul, am Fräizäitberäich, mee virun allem doheem.
Zur Persoun vum Roland Meyer: gebuer 1963 zu Lëtzebuerg, bestuet, Papp vun zwee Kanner a vu Beruff Schoulmeeschter. Hie schreift a villen Domainer, ob fir Kanner oder Erwuessener. Hie leet d’Theaterschoul vum Educatiounsministère, ass aktive Museker, Kabarettist an och Regisseur bei Cabaret- an Theaterproduktionen. 2015 krut hien de Prix Servais fir säi Roman Roughmix.
TelMo, Roland Meyer, Op der Lay 2017, 14,90€
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
