Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Hubert Hausemer
D’Verantwortung vum Poopst
Lo ass de Poopst zënter bal 14 Deeg dout a begruewen. Déi meeschte Bilanen a Commentaire si gemaach. Vläicht ass elo scho genuch Distanz, fir op dat Ganzt zréckzekommen a sech z.B. eenzel Reaktiounen emol méi no unzekucken. Ech géing do gären op d’Meenungsäusserung vun enger bekannter Perséinlechkeet hei aus dem Land agoen.
Fir awer net falsch verstanen ze ginn, d.h. als e ferventen Unhänger vum Poopst, wëll ech mäin eegene Bilan virof a kuerze Wierder hei virstellen. Ech sinn zënter laange Joren der Meenung, datt dëse Poopst tatsächlech ville Leit gehollef huet, z.B. duerch säi Matwierken um Zesummebroch vum kommunistesche System am Osten. Derzou kënnt, datt hie bal deen eenzege war, deen an de leschte Joerzéngten de kapitalistesche Weltwirtschaftssystem a klore Wierder attackéiert a veruerteelt huet. Hien huet och emmer an aller Däitlechkeet op de Skandal vun Ënnerdréckung, Honger an der Welt, Krich a Gewalt higewisen. Mä dat ass leider nëmmen déi eng Säit vu sengem Wierken. Ënnerkierchlech ass de Bilan a mengen Ae katastrophal: en huet de facto den 2. Vatikanesche Konzil, dee vill Hoffnung ervirgeruff hat, ofgeschaaft; en huet ganz Bëschofskonferenzen, déi him ze vill opgeschloss waren, auserneegeholl, an dat weltwäit. Wou en nëmme konnt, huet e seng Leit higesat, sou datt et deem neie Poopst, wann deen et iere wëllt, bal onméiglech wäert sinn, eng aner Linn anzeféieren. Vum Jean-Paul II. senger Sexualmoral a senger Astellung zur Roll vun de Fraen an der Kierch brauch ee scho guer net ze schwätzen. T’ass wéi den Hans Küng an engem Interview sot: dëse Poopst wär bei wäitem net dee gréissten, mä mat Sécherheet dee widerspréchlechste Poopst.
Mä et duerf een him dofir trotzdeem net egal wat virwërfen, wéi dat z.B. e bekannte lëtzebuerger
Schrëftsteller virun e puer Deeg an engem Wocheblat gemaach huet: de Poopst hätt, ë.a. duerch de Verbuet vu Preservativen, Verbrieche géint Mënschheet begaang. Och den Hans Küng méngt, de Jean-Paul II wir zumindest matverantwortlech fir d’Aidsepidemie an Afrika.
Ech mengen, dëse Virworf berout op engem Denkfehler, well eng bestëmmte logesch Reiefolleg net berücksichtegt gëtt. Zugläich awer kënnt dobäi dem Poopst säin eigentleche Fehler net an de Bléck.
De Poopst war géint d’Preservativen op Grond vu senger gesamter Sexualmoral, vun däer e wichtegt Element d’Erlaabnis vu Geschlechterverkéier nëmmen innerhalb vun enger bestuetener Koppel ass. Egal, wat een dovuner denkt, et besteet do eng gewësse Logik. Nun ass et esou, datt déi allermeeschte Fäll vun Aids dach op Verkéier berouen, deen net an deene vum Poopst gefuerderte Konditioune geschitt. Wien also op déi Aart a Weis Aids opreeft, huet sech, vun Ausnahmen ofgesinn, net un dem Poopst seng grondlegend Weisunge gehal.
Da schéngt et mir awer völleg onwahrscheinlech, datt déi betraffe Leit sech kéinten um Poopst säi Verbuet vu Preservativen halen. Dat heescht: dëst Verbuet huet, wann iwwerhaapt, kaum en Afloss op d’Verhale vun de Leit gehat, an d’kann een dem Poopst net Verbreedung vun Aids, besonnnesch an Afrika, an d’Schong schëdden.
Dat hënnert nun awer net, datt menger Meenung no de Poopst an dëser Affaire, wéi senger Sexualmoral oder der Moral iwwerhaapt, net richteg louch.
De Poopst war nämlech do, wat een an der Philosophie e "Gesinnungsethiker" nennt, d.h. een, deem et drop ukënnt, déi richteg moralesch Prinzipien erauszefannen an déi dann ausnahmslos,
Och den Hans Küng méngt, de Jean-Paul II wir zumindest matverantwortlech fir d’Aidsepidemie an Afrika. Ech mengen, dëse Virworf berout op engem Denkfehler.
De Haass géint de Poopst an d’Kierch verwiert e kloren, rationelle Bléck op dem Jean-Paul II. seng eigentlech Grenzen a Mängel a verhënnert et, aus hinnen déi richteg Konklusioune fir d’Zukunft ze zéien.
an ouni Berücksichtigung vun eventuelle Folgen, an och net vun eventuelle kontraproduktive Folgen, duerchzezéien. Et ass awer haut vu villen Denker an och einfache Leit ugeholl, datt een zwar moralesch Prinzipie muss hunn, well ee soss egal wat mécht, mä datt een d’Gesinnungsethik ausgläichen an ergänze muss duerch eng sougenannte "Verantwortungsethik". Bei dëser kuckt een no de Konsequenzen vu senge Prinzipien, z.B. ob si net, ënner Ëmstänn, moralesch schlecht kënne sinn oder esouguer de Géigendeel vun deem erbréngen, wat een eigentlech wollt.
Am Fall vun Aids heescht dat: de Poopst hätt, net op Grond vu senger eegener Sexualmoral, mä als Verantwortungsethiker, kënne Preservativen zouoosen, als de "moindre mal" souzesoen. Et gëtt nämlech net nëmmen, wéi d’Gesinnungsethiker mengen, d’Wiel tëschtent engem absolute Gulden an deem absolute Schlechten; et bestinn dotëscht erhieflech Gradënnerscheeder, déi moralesch duerchaus relevant sinn.
Iwwregens kann een dem Poopst datselwecht virwerfen am Fall vun der kathoulescher Schwangerschaftsberodung an Däitschland. Och do huet hie gesinnungsethesch duerchgegraff, well et bei dëser Aart vu Berodung emmer nees zu Fäll vun Ofdreiwung koum; an déi ware fir de Poopst absolut net hinzehuelen. Wat de Poopst awer net gesinn huet, oder net wollt gesinn, an doranner läit säi Fehler, e grave Fehler, dat ass dat hei: ouni déi Schwangerschaftsberodung kënnt et mat Sécherheet zu méi Avortementer ass wéi mat hir! Dat heescht awer, de Poopst erreecht d’Géigendeel vun deem, wat hie bezweckt huet: seng Kultur vum Liewe kéiert sech him ënner der Hand ëm an eng Kultur vum Doud.
Däerf oder soll een nu vum Jean-Paul II. soen, hien hätt Verbrieche géint d’Mënschheet begaang? Ech fannen dës Uklo lächerlech, schonn eleng, well de Begrëff "Verbrieche géint Mënschheet" hei net sachgerecht, mä reng emotional gebraucht gëtt: den Auteur vun deem Zeitungsartikel schaimt regelrecht vun Haass géint de Poopst an d’Kierch. Dat verwiert him e kloren, rationelle Bléck op dem Jean-Paul II. seng eigentlech Grenzen a Mängel a verhënnert et, aus hinnen déi richteg Konklusioune fir d’Zukunft ze zéien.
Fräie Mikro um radio 100,7 (13. Abrëll 2005)
forum
für Politik, Gesellschaft und Kultur
gegründet 1976
Herausgeber: forum a.s.b.l.
Durchschnittliche Auflage: 1900 Expl.
10 Ausgaben im Jahr
ISSN 1680 – 2322
Ständige Mitarbeiter
Jean-Paul Barthel, Lex Folscheid, Lynn Herr,
Olivier John, Michel Pauly, Jürgen Stoldt
Sekretariat
Tanja Schnitzler
Autoren dieser Ausgabe
ATD-Quart Monde, Jean-Paul Barthel, Marguerite Biermann, Emanuela Bossi, Bodo Bost, Paul Estgen, Norbert Ewen, Lex Folscheid, Ben Fayot, Christian Ginter, Hubert Hausemer, Nico Helminger, Lynn Herr, Marc Kayser, Raymond Klein, Serge Kollwelter, Marc Limpach, Paul Maas, Claudine Muno, Michel Pauly, Klaus Pöhle, Jean-Marie Reding, Jürgen Stoldt, Constanze Stropp
Interviewpartner dieser Ausgabe
Harald Ritter, Martine Schoellen
Originalillustrationen: Olivier John
Titelfoto: Jean-Marie Reding
Druck: c.a.press, Luxembourg-Hamm
Namentlich gezeichnete Artikel geben nicht unbedingt die Meinung der Redaktion wieder. Nachdruck und elektronische Verbreitung von forum-Beiträgen nur mit ausdrücklicher Genehmigung.
© 2005 by forum a.s.b.l.
Bezugspreise
Einzelheft…5 Euro
Jahresabonnement…42 Euro
Jahresabonnement im Umschlag…54 Euro
Studenten, Arbeitslose und
Geschenkabonnements…34 Euro
Jahresabonnement im Ausland…54 Euro
Überweisungen auf das
forum-Postscheckkonto
IBAN LU 831111061154440000
mit dem Vermerk "Neuabo ab Nr…"
Wir danken der forum-Fördergemeinschaft und dem Ministère de la Culture, de l’Enseignement supérieur et de la Recherche für ihre finanzielle Unterstützung.
1, place Ste Cunégonde
L-1367 Luxembourg
Tel.: 42 44 88 Fax: 42 44 99
E-mail: forum@pt.lu
Bürozeiten: Montag bis Freitag, 9-12 Uhr
www.forum-online.lu
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!