Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Iwer 4000 jonk Leit woren den 3. November 85 an d’Ausstellungshalen 10-11 op de Kierchbierg komm, fir lëtzebuergesch Rockmusek ze héieren. Ganz sécher waren di meescht jonk Nolauschterer nët nëmme vun der Musek ugelackelt gin, déi gebuede gouf, mä och vun där gudder Aktioun, di se mat hirer Präsenz ënnerstëtzt hun. No internationale Virbiller haten och Lëtzebuerger Rockmuseker e Concert fir Afrika organiséiert, wou de ganzen Erléis un déi vill Mënschen an Afrika (Äthiopien, Sudan) geet, di Honger leiden. Dat gesammelt Geld gët ënnert dem Patronage vum Roude Kräiz sécher weidergeleet.
Dës gudd Initiative kann ee nëmmen begréissen, mä ët muss een sech awer e puer Froe stellen: Firwat hun d’Organisateuren sech nët bei hiren auslännsche Virbiller inspiréiert a wéi si vun der Geleënheet profitéiert, fir an de Pausen Hannergrond-informatioun iwert d’Problemer an Afrika ze gin, amplaz d’Zäit mat Video-Opname vum "Live-Aid-Concert" z’iwwerbrécken, di souwisou schlecht ze gesi woren an och wéineg beuecht gi sin? Ganz sécher hätten di jonk Leit sech dofir interesséiert. Scho beim "Live-Aid-Concert" hat RTL(plus) de Concert nët direkt iwwerdroen, mä eréischt mi spéit an dun d’Pausen erausgeschnidden, an deenen SWF 3 oder RTBF 2 héich interessant Informatioune weider gin hun iwert d’Uersaache vum Honger, d’Organisatioun vun der Hëllef, asw.
Ausschnëtter vum lëtzebuergesche Concert fir Afrika sin och op Radio Lëtzebuerg iwwerdroe gin an den RTL-Spriecher Fernand Mattes konnt bei deene Jonken och Punkte sammelen fir RTL, well hien dat Ganzt moderéiert huet. Wéivill huet dann RTL fir Afrika spendéiert?
Matten an där aussergewéinlecher Rockvirstellung gouf ët eng hallef Stonn Ennerbriechung well den Ierfgroussherzog an séng Fra op de Kierchbierg kucke komm sin. Et wor schon eng kleng Iwwerraschung, datt si mat enger spontaner Begeeschterung vun de Jugendlechen ëmfaang gi sin a kräfteg geklappt kritt hun. Suguer e Koup Planzen, di extra erbäibruecht gi sin an déi an där grousser Hal e bësschen verloosse gewierkt hun, huet kee gestéiert.
Wou d’Sänger dun hier extra fir dee Concert produzéiert Lidder "Wann ee kräischt …" an "Afrika!" gesongen hun, huet ee sech an der Hal bal nët méi erëmkannt: Di Jonk, di grad nach wi wëll op fatzeg Rockmusek gedanzt hun, hu ganz andächteg deene luesen a nodenkleche Lidder nogelauschtert. E puer vun hinnen hun suguer mam Briquet eng Liichtchen ugefaang. An där Stëmmung huet een eréischt richteg den Idealismus an de Glaf vun deene Jonken un eng besser Welt gespuert.
Dësen éischten Sonndeg am November gouf eemol méi bewisen, dass di Jonk ganz vill op d’Bee stelle kënne, wann een hinne finanziell e wéineg ënnert d’Äerm gräift: d’Hale kruten se z.B. gratis zur
in: Le Monde
Verfügung gestallt an och aner Käschte si vu Banke, Geschäftsleit, dem Staat an aneren Organisatioune gedeckt gin. Um Kierchbierg gouf och gewisen, dass nët eleng Kierchenorganisatioune Solidaritéit schafe kënne, d’Nächsteléift huet nët onbedéngt eppes mat Chrëschtentum ze din.
‚T schéngt mer wi wann eenzel Leit grad nëmmen op esou eng Geleënheet ausserhalb vun der Kierch gewaart hätte, well och d’"Revue" huet z.B. deen Dag di 50 000 Frang weidergin, di si bei hiere Lieser fir Afrika viru laanger Zäit gesammelt hat, ouni richteg ze wësse, weem se se sollt weidergin.
Di vill Aarbecht vun 11 Organisateuren an di kënschtleresch Leeschtung vu siwe Lëtzebuerger Rockgruppe wore sécher nët ëmsoss. Dat gëllt och nach, wann ee mat engem Concert nët 28 Millioune Mënscheliewe ka retten, well dofir wire wirtschaftlech Ännerungen op Weltplang néideg. Mä och op deem Gebidd muss e Land wi Lëtzebuerg séng Relatioune mat der Drëtter Welt iwerdenken. As dat bei de Chamberdiskussiounen iwert di dräi Entwécklungshëllefgesetzer geschitt? Um RTL-Mikro huet d’Stater Buergermeeschtesch gesot, den Erfolleg vum Concert géif och d’Politiker zu méi Ustrengunge motivéieren …
Liette
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!