Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Hubert Hausemer
E-Demokratie
Viru kuerzem ass zu Genève an der Schwäiz, Zeitungsartikele no, e Versuch gemaach ginn, bei Wahlen elektronesch Mëttelen anzesetzen. Wann ech richteg verstaaten hunn, da goung dat folgendermoossen: d’Leit sinn an d’Wahlbüroe komm, mä anstatt virgedréckte Formulären auszefëllen, hu si en Ecran viru sech gehat, an der Wahlkabinn natierlech, an hunn da mat der Maus, oder engem elektronesche Stëft, déi betreffend Casen ugekräizt. Dat Ganzt war nëmmen e Versuch; déi Leit, déi net esou wollte wielen, haten d’Méiglechkeet, et op déi traditionell Manéier ze maachen.
Dës Aart a Weis de Wahlvirgank durchzeféieren, huet, op den éischte Bléck zumannst, e grousse Virdeel: d’Wahlresultater sinn a null komma nix ausgerechent a kënne praktesch den Dag selwer, ouni komplizéiert Héichrechnungen, bekannt gemaach ginn.
Ech hunn héi prinzipiell näischt dergéint anzewännen, géif awer gär zwee Virbehalter umellen. Fir d’éischt muss natierlech, mä dat ass eng reng technesch Bemierkung, garantéiert sinn, datt déi Apparatur och einwandfräi funktionéiert (bewosste Manipulatioun wëll ech emol direkt ausschliessen). Schrëftlech Wahlziedelen hunn deemgéintiwwer en dueblen Avantage: de Wieler gesäit mat eegenen Aen, bis zum Schluss, wéi a wien hie gewielt huet. An, säi Wahlziedel gëtt sou, wéi en opgestallt gouf, vun engem Wahlbüro nokontrolléiert. Béides ass awer bei E-Wahl net direkt de Fall. Ech géing hei vorschloen, datt de Wieler Méiglechkeet kritt, sécher ze sinn, datt de Message, deen hie fortgeschéckt huet, och esou ukoum. Hie kënnt z.B. seng Wiel erausgeprint kréien.
Anerersäits froen ech mech awer och, wat eigentlech bei dëser neier Prozedur gewonnen ass, ausser datt d’Resultater um Wahlowend selwer am Detail virleien? Ass dat esou wichteg? Ass dëse kuerzen zäitleche Virsprong d’Soue wäert, déi d’Installatioun vun dëser Wahltechnik wuel kaschte wäert? Ech ginn allerdéngs gären zou, datt den zäitleche Gewënn an engem grousse Land, wéi d’USA oder Russland z.B. natierlech bedeitend méi an d’Gewiicht fällt wéi hei zu Lëtzebuerg oder an eise Nopeschlänner. Et kann och sinn, datt a Länner, wou kee Wahlzwang ass wéi bei äis, dës Wahlprozedur méi Leit dozou bréngt, wielen ze goen; ech zweifelen allerdéngs drun, well d’Démarche fir deen eenzelne Wieler sech jo kaum vun der traditioneller ënnerscheed.
Et ass nun awer nach eng aner Form vun elektronesche Wahlen am gespréich, déi vill méi wait geet wéi déi vu Genève. Et gëtt Politiker a Politikwëssenschaftler, déi drun denken, datt vun doheem aus, iwwer de Computer per Internet géing gewielt ginn, zu engem bestëmmten Dag oder an engem bestëmmten Zäitraum.
Hei sinn ech prinzipiell dergéint, an zwar aus dem Grond, datt doduerch d’Demokratie komplett ënnerhillegt gëtt. D’Demokratie kann een nämlech op zou Aart a Weisen zerstéieren: duerch d’Aféierung vun enger Diktatur, oder awer, vill manner agressiv, no an no doduerch datt d’demokratesch Biergerhandlungen op reng technesch Akte reduzéiert ginn. Wahlen z.B. sinn dann net méi eng ëffentlech Démarche, déi zu engem bestëmmten Termin op enger duerfir ausdrécklech genannter Plaz stattfannen, a virun engem eegens dorfir ausgesichte Gremium vun Zeien, mä eng reng privat, heemlech an onduerchsiichteg Saach.
Domat géiw dee formale, prozedurale Charakter, deen d’Demokratie souwisou schonns kritt huet, nach weider verstäerkt. D’Privatiséierung, bzw. d’Individualiséierung vum demokratesche Liewen géing och nach méi akzentuéiert, wéi dat scho geschitt ass. A schliesslech kéim et zu enger fataler Entpolitiséierung vun de Bierger, deenen hir ‚citoyenneté‘, wéi d’Fransouse soen, bal bis op Null reduzéiert géif.
Demokratie brauch awer, fir lieweg ze sinn an ze bleiwen, Ëffentlechkeet, Interessi, Partizipatioun an Debatten. T’ass jo lo schonns esou, datt d’Politik bal ganz de Parteien, oder nach schlëmmer, eenzelne Politiker oder Experten iwwerlooss gëtt. Wann elo och nach am ’stillen Kämmerlein‘ ging gewielt ginn, mat alle Mëssbräich, déi dat kéint mat sech bréngen, da wier alt erëm e wichtegt Stéck Demokratie verluer gaang.
Et gëtt oft doriwer geklot, datt haut eis Demokratie nach just doranner besteet, datt d’Bierger all puer Joer wiele ginn an domadder da fir e puer Joer erëm hir politesch Verantwortung un anerer oftrieden. Dat ass mat Sécherheet a Mëssstand a beschtefalls eng Minimaldemokratie. Wann dann awer dëse Minimum nach weider reduzéiert gëtt op eng Art Nullpunkt, wéi am Fall vu Wahlen iwwer Internet, da kënne mer d’Demokratie vergiessen, dann hu mir se selwer duerch eng Zort vun Euthanasie douce entschlofen a stierwe gelooss.
D’Demokratie kann een op zou Aart a Weisen zerstéieren: duerch d’Aféierung vun enger Diktatur, oder awer, vill manner agressiv, no an no doduerch datt d’demokratesch Biergerhandlungen op reng technesch Akte reduzéiert ginn.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!