Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
fus / kir / med
par
EDITORIAL
Déi läscht Zäit geet an der Lëtzebueger Press
vill Riets vu Klerikalismus a Faschismus. Ver-
schiddentlech, a besonnesch bei der sougenannter
"Antifaschistescher Liga", engem neien, exklusiv-
ve(!) Veräin, deen awer bis haut säin Faschismus-
Begrëff nach nët definéiert huet, gin di zwee Be-
grëffer suguer wäitgehend gläichgesat. Mam Fa-
schismus-Begrëff wëllt de GAG sech haut nët aus-
erneesetzen, well dëse Begrëff (historesch rich-
teg nëmmen fir di italienesch Bewegung ënnert dem
Mussolini vun £920-45) diert wuel nie an engem
mëi allgemenge Gebrauch d’Unanimitéit vun den
Historiker a Politologe fannen.
De Begrëff Klerikalismus diert awer kloer sin:
e bezeechent de Versuch vun der Kierch (als Insti-
tutioun) politesch Muecht an engem Staat ausze-
üben, resp., an engem weidere Sënn, staarken Afloss op déi Muecht ze kréien.
Ween zu Lëtzebuerg dem L.W., der CSV oder der Kierch Klerikalismus vierwörft, kritt
gewéinlech de Vierworf vun Antiklerikalismus zréck. Bei dësem Begrëff gët awer be-
wosst mat engem dueble Sënn gespillt. Engersäits bezeechent en nämlech déi Posi-
tioun, di géint de Klerikalismus am uewegenannten Sënn agestallt as. An deem Sënn
géif och de GAG sech als antiklerikalistesch bezeechnen, well hien der Meenung as,
d’Kierch däerft als sollech keng politesch Muecht auszübe sichen. Dës Definioun gët
awer anerersäits gär vermëscht mat enger anerer, déi eng allgemeng Anti-Haltung zur
Kierch als solcher bezeechent, am Lëtzebuergeschen besser "Paféfrësserei" genannt.
D’Rietskräften versiche natierlech dës Verwëschung vun zwee Begrëffer mëiglechst
ze verbreeden, fir am Vollek d’Angscht virun antireliösen an antikierchleche Kräf-
ten z’ënnerhalen. Dëm GAG schéngt, dass dës Gefor awer minim as (matt Ausnahm al-
lerdëngs vun e puer peniblen Entgleisungen an der Press vun de Summerméint), dass
par contre déi Begrëffsvermëschung Zeechen as, dass d’Rietskräften eppes wëlle ver-
stoppen.
Op de Vierworf vum Klerikalismus, deen d’Lënkskräften erhiewen, berechtegt as, as
eng aner Fro. Sécher bidd déi enk Zesummenaarbecht vun der kierchlecher Dagespress
mat enger konservativer Partei Ulass zu muenche Mëssverständnësser Och den "C" am
Numm vun dëser Partei diert kaum zu enger Klärung vun de Verhältnësser tëscht
Kierch a politescher Muecht bäidroen. Op awer d’Kierch als sollech Muecht ustriewt,
soll hei dohigestallt bleiwen. Offen as och d’Fro, bis wuer dee kriteschen gesell-
schaftspoliteschen Afloss, deen d’Kierch sécher berechtegt as ze hun, däerf goen.
Dës Froen verdéngen awer onbedéngt seriös hei zu Lëtzebuerg diskutéiert ze gin.
Usätz derzou si jo schon an der Viirlag iwert "GLAW A POLITIK" vun der Synodekom-
missioun 8 ze fannen. Leider as déi öffentlech Diskussioun vun dëser Viirlag sou gudd wéi inexistent, e Vierworf, dee sech nët nëmmen un d’Press mä och un d’Synode-verantwortlech riicht. An déi öffentlech Diskussioun iwert d’Thema u séch as meesch-tens duerch Zeitungspollemiken vergëft. Fir beide Mëstänn opzehëllefen, huet de GAG all politesch Parteien (CSV, DP, SDP, LSAP, KP) an all wichteg lëtzbg. Presseorganer (Journal, Lëtzeburger Wort, Républicain Lorrain, tageblatt, Zeitung, Lëtzeburger Land, Fräiheet a Fortschrëtt, Revue, RTL) op eng "Table ronde" invitéiert zum Thema "Glaw, Kierch a Politik", mëttwochs de 6. Oktober 1976 um 20.00 Auer am Sall VOX op der Theaterplaz zu Lëtzebuerg. Mat engem mëiglechst grousse Publikum hofft de GAG, dass dëse Forum endlech déi onëmgänglech Diskussioun zu Lëtzbuerg aleed. Wéi ka soss d’Vollversammlung vun der Synod déi tatsächlech Meenungen am Vollek kennen an zur Grondlag vun hiren Entscheedunge maachen ?
GAG
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!