Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Léiwe Frank,
Ee Gléck, datt haut keng Prëssësioun laascht de Kapuzinertheater pilgert, soss wär et dem Staadarchitekt vläit agefall, dem Tatjana Pasztor, dat hãrno de weibleche Mephisto am Auszuch vun Dénger "Faust"-Inszenéierung spillt, e Sak iwwert de Leif ze strëppen, fir däer Zeremoni hei "en neutrale Kader ze garantéieren". Et as neierdéngs guer nët méi evident, datt Kënschtler um Theater oder an anere Beräicher riichteraus soen an duerstellen, wat se wëllen. Et as nët méi evident, well d’Konscht ëmmer méi gesi gët als e Fräiraum, dee géint arbiträr Normesteet, e Raum vun der Fräiheet, wou virgemaach gët, datt um Enn nëmmen eppes zielt: nämlech datt jiddereen esou lieft a fillt an denkt a räsonnéiert, wéi hien et fir gutt hält. Dofir as d’Konscht ëmmer méi en Dar am A vun denen, déi séch op totalitär Systemer an Ideologië beruffen a séch en Dreck ëm demokratesch Emganksforme këmmeren. Reliéis Fundamentalisten zécken
neierdéngs nët méi, Kënschtler, Theaterleit, Schrëftsteller einfach ëmzebréngen, wa se mengen, sou Leit sténgen hirem Härgottsstaat, dee näischt weider as wéi eng Härgottsdiktatur, am Wee. Mär kënnen eis och nët méi domat erausrieden, datt Algerien oder Ägypten oder de Sudan oder Marokko oder China wäit ewech sin a souwisou "zu ganz anere Kulturkreeser gehéieren". D’Mentalitéit vun de Mullah’en an den Ayatholla’en as ferm amgaang, op Europa iwwerzegräifen a gët no an no och en Handlungsmuster bei eis. Déi belsch Gesellschaft Sabena weigert séch, mat engem vun hire Fligeren d’Taslima Nasreen ze transportéiern, déi aus dem Bangladesh geflücht as, well do e Mordopruff géint si lancéiert gouf. A Frankräich wëllen eng Rei Kënschtler nët méi op de Festival vun Orange fueren, well do zanter kuerzem e Rassist a Rietsradikale vum ‚Front national‘ Buergermeeschter as; duerop seet de Le Pen an enger Ried wuertwiertlech iwwert dës Kënschtler "les jappe-
Den Theater
as fir déch
eng Plaz vun
der
Réflexioun,
och däer
batterer,
verzweifelter,
och vun der
Trauer an der
Enttäuschung,
dack vum
ongerechten
Doud, awer
och vun däer
beschter
Utopi, déi mär
glécklecher-
weis ëmmer
nach hun,
nämlech vun
der Léift.
ments de ces chiens mal lavés ne nous intéressent nullement". Et schéint iwwerhaapt an de Moud ze kommen, en onkammoute Kënschtler mat engem Hond ze vergläichen. Virun e puer Méint sot den Otto Habsburg, Europaparlamentarier a Mataarbéchter vum "Luxemburger Wort" iwwert e brutal verfollegte Schrëftsteller: "Das öffentliche Gewinsel des Salman Rushdie ist unerträglich." An hei zu Lëtzebuerg? Ausgerechnet an deem Joer, wou d’Stad an d’Land séch als kulturellen Europameeschter profitéiere wëllen, gët hei eng Skulptur vum Nikki de Saint-Phalle verhaang an domat "neutraliséiert", steet an der Press e Protestbréif vun der Zwangsrekrutéiertefédératioun géint d’Opstelle vum Alfred Hredlicka séng Skulpturen op der Clairefontaine-Plaz: et geet hei ëm e Kënschtler, denn ëmmer virulent géint den Antisemitismus militéiert huet. Ausgerechent dëst Joer probéiert en Aerzbëschof, bei der CLT d’Zensur duerchzesetzen, well e Kabarettist séch erlaabt huet, d’kathoulesch Kiirch liicht ze kritiséieren. Déiselwecht Kiirchekritiker gin neierdéngs an deem selwechten Aerzbëschof sénger Zeidung als "geistige Brandstifter" tituléiert oder mat den Nazië verglach. Zanter Méint leeft an e puer Zeidungen eng primitiv Lieserbréifkampagne voll rassistiesche Klischeë géint e Kënschtler, deen de Culot hat, op enger Foto vum Kulturjoer-Kalenner nët esou riicht an esou fromm a schwaarz gekleed do ze stoë wéi eng Nonn an der Schlussprëssësioun. De Kulturschäffe vun Esch, däer zweetgréisster Stad aus dem Land, gët ausgerechnet dëst Joer Konschtopfaassunge vu séch, déi mat Punkt a Komma aus engem Traktat iwwert "entartete Kunst" ofgeschriwwe si kéinten. Dee selwechte Kulturschäffen as iwwregens der Meenung, wa Konscht gebuede gët, déi nët dem Goût vun de Leit entsprécht, wären d’Kënschtler gebieden, hir Konscht wannechgelift selwer ze finanzéieren. Dat selwecht proklaméiert an Eisterräich elo grad de Rietsradikalen Haider.
Wann ee bedenkt, wéi geféierlech all déi Tendenze séch zouspëtzen, as et méi wichteg wéi je, wéinstens um Theater, am Laboratoire also, ëmmer nees an nees Modeller vun der Fräiheet z’entwéckelen an ze weisen. Zanter mär zesummeschaffen, Frank, kennen ech déch als en Theatermécher, dee séch ëmmer radikal géint all déi zitéiert Ennerdréckungen engagéiert huet. Du hues déch ni laascht eng Solidaritéitserklärung gedréckt, du hues ni dee klengste Kompromiss gemaach, wann et drëm goung, déi onbedéngte Meenungs- an Ausdrucksfräiheet ze verteidegen. Du bass ebe keen Ideolog, keen dee behaapt a fixéiert an dann dreet, wa séng Diktater nët gräifen, mee du bass
een, dee weist a proposéiert a Komplexitéiten däitlech mécht, an domadder den Ideologien hannert hir blénkeg Fassade kuckt. Den Theater as fir déch eng Plaz vun der Réflexioun, och däer batterer, verzweifelter, och vun der Trauer an der Enttäuschung, dack vum ongerechten Doud, awer och vun däer beschter Utopi, déi mär glécklecherweis ëmmer nach hun, nämlech vun der Léift. Leit, déi mat där schaffen, gi regelrecht ugestach vun déngem zéien Temperament. Wann s du eng nei Produktioun ufänks, as op de Prouwen ëmmer eng ganz extra Ambiance, eng Mëschung aus grousser Disziplinn a grad sou grousser Loscht op d’Spillen an d’Erfannen; ech weess, datt Actricen an Acteuren, Kostüm- a Bühnebildner, Techniker an all aner wichteg Leit hannert de Kulissen dack faszinéiert si vun dénger Kraaft an dénger scho bal asketescher Aarbéchtsmoral (woubäi ech awer och bäiflecke muss, datt 10 Stonne Prouf hannerteneen zwar fir déch näischt Aussergewéinleches sin, fir all aner Lëtzebuerger Theaterleit awer eng Performance, déi un d’Liewegt geet; dofir plädéieren ech hei dofir, dass du deemnächst vläit op 9 1/2 Stonne Prouf erofgees).
Mär as et méi wéi eng Kéier passéiert, wann ech den typesch Lëtzebuerger Latz erwëscht hat an d’Kléppelle bei d’Tromm werfe wollt, dass du op eemol do wars an eng nei Zesummenaarbécht virgeschloen hues an de Schreiwerlek, dee scho bal a sénger distinguéierter Liddregkeet versonk as, séier nees op d’Been an hannert d’Schreifmaschinn bruecht hues. Wann dann d’Prouwe vun engem neie Stéck ugerfaang hun, war alles nees an der Rei an d’Déprime verflunn, well dann eenzock e Klima entstan as, wou d’Spanne vun neie Geschichten op eemol vum selwe goung. Ech mengen, dat läit dodrun, dass du an enger grousser Fräiheet schaffs an déi Fräiheet och zum Kär vun déngem Schaffe méchs. Ech mengen, et huet een eng ganz produktiv Basis, wann een – wéi s du – e verzweiwelten Optimist an en optimisteschen Zweiwler as. Op sou engem Fëllement léisst séch en Theater vun der Fräiheet opbauen, deen um Enn nët op der Bühne gefaange bleift, mee ganz allgemeng zur Aarbécht un der Fräiheet gët. Dat hues du bis elo sou praktizéiert, an ech zweiwelle keng Sekonn drun, datt dat och däi Programm fir d’Zukunft as. A maach där näischt draus, dass du haut e Präiss kriss, dat as e klengen accident de parcours, dat geet eriwwer, a souwisou gëlt am Zweiwelsfall ëmmer: de Lorber gehéiert an d’Zopp an nët op d’Käpp vun de Leit – an deem Sënn: weiderhi gudden Appetit, Frank!
Guy Rewenig 06.07.95
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!