Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Vum Guy Rewenig
„Ech hält gär e Monument“, seet de Fränz a säin Diktierapparat. „An e grossst Graw mat engem Meter op dräi Meter. Datt ech méch strecke kann. E kammout Graw mat engem Monument. Dat as mäi leschten Wonsch.“
Dem Fränz säin Diktierapparat huet séch alles gemierkt. En Diktierapparat as eppes zimlech Fortschrëttleches. Dee krut hien vun de Kollegen fir séng sëlwerhochzäit. Well s du vun elo un ëmmer manner verhäls, soten d’Kollegen. Si wossten nët, datt de Fränz vun elo un iwwerhaapt näischt méi ze verhale brauch. Dat éischt, wat hien séngem Diktierapparat unvertraut huet, war: „D’Schmelz as zou. D’Schaff as eriwwer. Ech sëtzen elo hei a brauch keen Diktierapparat méi.“
„Ech winne méch nët un däin Diktierdengen“, seet dem Fränz séng Fra Lea. „Ech kennen déng Stëmm nët erëm. Si kléngtfriem. Sou däischter. Sou huel. Wéi d’Stëmm vun engem Doudegen.“
Awer de Fränz diktéiert weider. Et kann een nët en Diktierapparat hun an dann näischt domat unfänken. Hien diktéiert de ganzen Dag a spillt sénger Fra et owes vir. „Du hues haut erëm näischt erlieft“, seet d’Lea. „Wéi kéint ech dann eppes zielen, wann ech näisch erlieft hätt?“ freet de Fränz.
„Ugeholl, du wärs méng Sekretärin“, seet de Fränz zum Lea. „Da géifs du mäin Diktierapparat lauschteren an alles ofschreiwen. Du géifs méng Mémoire schreiwen. Dag fir Dag. Soss huet mäin Diktierapparat jo kee Sënn. Wa keen et ofschreift, brauch ech nët ze diktéiren.“ D’Lea seet: „Ech sin awer nät deng Sekretärin.“
Mueres gläich ëm néng Auer geet de Fränz an d’Geschäft, wou Monuments funéraires op der Vitrinn steet. Hien stellt säin Diktierapparat op de Comptoir. Den Diktierapparat seet zum Vendeur: „Ech hätt gär e Monument.“ De Vendeur freet: „As dat d’Stëmm vum Verstuerwenen?“ De Fränz seet: „Jo.“ De Vendeur seet: „Dann däerf ech iech mäin Bäileed aus-
drécken.“ De Fränz seet: „Dat kann ech elo gutt gebrauchen.“
Et gët vill Zochte Monumenter. Et gët abstractter a figurativer. Et gët opfälleger an dezenter. „Ech hätt gär e grosst Monument“, seet dem Fränz säin Diktierapparat. „Ganz gross. Iwwerliemens gross. Datt et hält. Datt et nach an honnert Joer steet.“
„An d’Matière?“ freet de Vendeur. „Stol“, seet de Fränz. „Echte Stol?“ freet de Vendeur. „Gët et och oneschte Stol?“ freet de Fränz. „Dat gët deier“, seet de Vendeur. „Dat musse mär an Italie géisse loosen.“ De Fränz seet: „Dat as egal.“ Den Diktierapparat seet: „D’Schmelz as zou. D’Schaff as eriwwer.“ De Fränz mécht en aus a seet: „Pardon. Dat hat ech nach nët geläscht.“ De Vendeur freet: „As d’Schmelz zou?“ De Fränz seet: „Jo D’Schmelz as zou.“
„A wat soll d’Monument duerstellen?“ freet de Vendeur. „Méch“ seet de Fränz. „Mam décken Hummer. A ronerëm Feier.“ De Vendeur kuckt nët grad gescheit dran. „As eppes?“ freet de Fränz. „D’Feier“, seet de Vendeur. „Gët dat och aus Stol?“ De Fränz seet: „Alles. Och d’Feier. Och den Hummer.“
„Ech hänken an der Fréipension“, seet de Fränz zou séngem Diktierapparat. „Ech kommen mär vir wéi ewechgeblosen. Wéi wann ech ni do gewiescht wär.“ De Fränz denkt: „Méch bléist keen ewech. Ech war do. An ech sin nach ëmmer do. Ech kréien e Monument. Selwer bezuelt.“
Et as awer nët einfach, selwer e Monument ze bezuelen, wann engem e schroen Devis an d’Haus fladdert. Am Devis steet: Monument funéraire, hauteur 3 mètres, exécution acier véritable, prix provisoire 1 million flux. „Wéi kann e Mann aus Stol eng Million kaschten?“ freet de Fränz säin Diktierapparat. Glécklecherweis läit eng skizz vum Monument beim Devis. Duerop as de Fränz picobello geroden. E richtet staarken Ausdruck am Gesicht. Zéi, mee nët verbass. De Bléck an d’Zoukunft gericht. An den décken Hummer steet dem Fränz iwwert dem Kapp wéi d’Spëtzt vun engem Tuerm. Dee stole Fränz wiist aus dem stole Feier. E gesäit aus, wéi wann hien mat engem eenzegen Hummerschlag dat ganzt Feier lësche kéint.
„Dat däerf ech dem Lea nët zielen“, denkt de Fränz. „Eng Millioun fir mäi Monument. Dat géif nëmme goen, wann d’Lea schon dout wär. Da géif ech e Prêt maachen, a wann ech gebascht wär, kéint d’Bank kukan, wéi se hire Goss zréckkritt. Da géife mär mol gesin, ob d’Bank sou vermesse wär, mäi Monument ze konfiskéiren.“
Nomëttes trëppelt de Fränz op de Kierfecht a kuckt séch d’Monumenter un. Et geet op keng Kouhaut, wat d’Leit séch alles op hir Griewer stellen. Déi meescht si schaarf op Engelen. D’Engelen hucken op de Griewer a pinschen. Heiansdo si richtet déck Tréinen an d’Engelsgesicht Gemeesselt. Déi stengen Tréinen halen nët op ze falen. Aner Engele stin hannert der Grawplack an hiewen e stenge Kaiz an d’Lut. Si kukan no uewen duerch de Rondel vum Kranz. Wéi wa se géifen eng Sonnenfinsternis observéiren. Wann d’Engelen zu zwee sin, heemele s’een deem aner d’Schëlleren. Wa se dräi sin, sti s’am Krees an huele séch mat den Hänn. Si danzen nët, mee kukan onhemlech traureg op de Buerdem.
„Hei an deem Engelspark kënnt mäi Monument bestëmmt gutt un“, denkt de Fränz. „Dann hun d’Engelen eppes ze kukan. Wann ech en Engel wär, géif ech och léiwer engem Mann nokucken, dee mam Hummer am Feier wuddert, wéi deeglang nëmmen dépriméiert Engelen am Bléck ze hun.“
Op de Griewer steet zwar nët, wat déi Doudeg am Liewe geschafft hun. Awer et gesäit een et un den Engelen. Wou déi déck Engel stin, déi meterhéich, do läit de bessere Pak. Déi Häre Manager. Hir Engele sin och vill méi hell wéi déi aner. Si gi garantéiert regelméiseg gebotzt. Mat Sand ofgesprëtzt. Bestëmmt hun déi Häre schon zu Liefzäiten eng schwaarz Keess gegrënnt, fir an all Eiwegkeet hir Engelen um Kiefecht botzen ze loosen. „Wann ech en Engelbotzert wär, ech géif denen décken Engele schéin de Kapp wäschen“, denkt de Fränz. „Déi kleng géif ech a Rou loosen. Déi schappeg. Déi gro. Déi mam Stëbs vun der Schmelz op de Kapp. Déi mat de butzege Filléken. Vläit géif ech déi och guer nët botzen. Wien am Liewen ëmmer gro warm soll um Kierfecht nët op eemol blénken.“
„Wa mäi Monument mol steet, as Allerhellegen nees eppes lass um Kierfecht“, seet de Fränz a säin Diktierapparat. „Da pësperen d’Leit hire Kanner an d’Ouer: Kuck de Fränz. Dohanne steet de grousse Fränz. Kuck säin Hummer. Kuck déi benzeg Flame ronderëm séng Knéien. Kuck de staarke Fränz. Oder si soë scho mueres fréi zu hire Kanner: Haut pilgere mär bei de Fränz.“ Den Diktierapparat kläbbert. De Fränz hat vergiess, eng Cassette anzeleën. (…)
Auszug aus En Eisen am Feier, von Guy Rewenig, in: Joseph Tomassini, Costume de Fer, Echternach, Editions Phi, 1998.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!