An 9 Kapitelen beschreift de Claude Moyen an Zesummenaarbecht mam Mudam déi beandrockend Geschicht vun der Konscht vum 20. Joerhonnert.
D’Kapitelen sinn a folgend Thematiken ënnerdeelt: Luucht, Abstraktioun, Utopie, Anarchie, Paräis – New York, Pop, Prozess, Hei an elo. Dës ëmfaassen dann déi eenzel Konschtbewegungen vum Impressionismus iwwert de Surrealismus, vun Neodada zu Pop-Art bis hin zur relationeller Konscht. De Lieser ka säi Wëssen soumat flott ergänzen, an an dës faszinant Welt vun der Konscht an dem Kënschtler andauchen. D’Epoch ass gutt gewielt. Si zeechent sech duerch eng Villfältegkeet vun Duerstellungen a Techniken aus, déi quasi all Goût bedéngt, a soumat déi fantastesch Evolutioun, déi d’Konscht an deem Joerhonnert gemaach huet, erëmspigelt.
Faszinant ass och, datt nieft den Informatiounen, déi de Lieser vun der internationaler Konschtzeen kritt, och ëmmer nees kuerz Andréck kommen, wat sech zu deem Abléck och zu Lëtzebuerg ofgespillt huet.
„E Spadséiergank“ ass den Titel vum läschte Kapitel. An esou ass d’Buch och geduecht – als Spadséiergank duerch en imaginäre Musée, wou de Lieser sech op d’Erzielung, op d’Geschicht usech konzentréieren kann, an dës och ëmmer nees emol noliesen kann.
Den Auteur huet op dat klassescht Konzept vun engem Konschtbuch, nieft dem Text dat jeeweils ernimmten Bild ofzebilden, verzicht. Deels, well dës Spart, senger Meenung no, genuch mat flotte Wierker bedéngt ass. Deels awer och, well et mat engem héije Käschtefacteur verbonnen ass, Reproduktiounsrechter vu Fotoen ze begläichen. Desweideren war et eng Erausfuerderung dës wëssenschaftlech Thematik an enger Erzielung dem Lieser méi no ze bréngen an dat och nach a lëtzebuergescher Sprooch. Eng Erzielung soll sech virun allem ëmmer am Kapp vum Lieser ofspillen – an him de Fräiraum ginn, sech seng eege Billerwelt ze erschaffen.
D’Recherchen zu dësem Buch hunn sech vun 2009 un iwwert Joren higezunn. Doduerch kënnt dann och e ganz prägend Wierk zesummen, wat sengesgläichen sicht. Eben well et net nëmmen e Sammelsurium vun der Konscht mee virun allem och vum Kënschtler senger Geschicht ass. Dëst hieft och déi méi perséinlech Säit vun sengem Schaffen ervir, a kreéiert plazeweis e ganz perséinleche, scho bal intime Moment tëscht Lieser a Kënschtler.
Entstanen aus enger Form vu kreativer Nonfictioun liest et sech wéi eng Reportage aus der Vergaangenheet. Dat geschriwwent Wuert léisst bei jidderegem eege Biller am Kapp entstoen. Dem Stina Fisch seng interessant Zeechnungen droen och dozou bei, d’Erzielung ze verdéiwen, an nacheemol ënnert engem ganz anere Gesichtspunkt op sech awierken ze loossen. Liewensgeschicht vu verschiddene Kënschtler, hirt Schaafensfeld, hir Gedankengäng, hir Motivatioun an hiert Liewen ronderëm d’Biller droen Geschicht souzesoen.
„Ech sinn e begeeschterten Lieser vun theoreteschen an konscht-historeschen Texter, wat d’Konscht vum 20. Joerhonnert ugeet, virun allem och Kënschtlertexter“, seet de Claude Moyen. „Vun de Klassiker huet dem Ernst Gombrich seng Story of Art mech staark impressionnéiert. Dat war dat éischt Buch iwwer Konscht, dat ech nom obligatoresche Kammerlohr am Lycée gelies hunn. u
De Claude Moyen, den 30. Oktober 1973 gebuer, huet en Doctorat en Arts op der Université de Strasbourg gemaach. Hien ass 2005 op Lëtzebuerg zréckkomm vir Prof ze ginn an huet gläichzäiteg mam Mudam geschafft, fir zesummen mam Romina Calo de Miniguide vun der Eröffnungsausstellung „Eldorado“ ze verfaassen. Vun do un ass hien, mat der Ënnerstëtzung vum Marie-Claude Beaud, der deemoleger Direktesch vum Mudam a vun der Direktioun vum Dikkrecher Kolléisch, hallef Prof zu Dikkrech an hallef déchargeiert fir de Service Public am Mudam als Conseiller pédagogique an dëst bis 2017.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
