Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Ennert deem Motto hat d’"forum"-Redaktioun fir de 16. Abrël 1994 op Betebuerg an d’Collarts-Schlass op e Fest invitéiert fir hir 150. Nummer ze feieren. 150 Gäscht wore komm, ënnert hinnen den LSAP-President, eng Rëtsch gréng a sozialistesch Deputéiert a Conseiljeën, iwwerdeems den CSV-Fraktiouns-president an de fréieren Erzbëschof vu Lëtzebuerg sech entschëllege gelooss haten. Hinnen an all deenen, di eng Käertche mat encourageante Wieder geschéckt hun, well se nët konnten komme, sief villmools merci gesot. Déi di do woren, hu mat Genoss de kale Büffä vu "Mesa Verde" eragefeiert an dem Koschter séng nët-akademesch Festriede gelauschtert. Fir di aner gin di Texter vu Jhemp Hoscheit, Jhemp Schuster a Jupp Wagner an dëser Nummer ofgedréckt.
Et huet der Redaktioun gudd gedon, su vill Frënn a Gäscht dierfen ze begréissen. Besonnesch zahlreich woren déi Lieser, di scho laang derbäi sin. Bei där Geleënheet hu mer och erausfonnt, dass vun onsen 1.500 Abonnenten der bal 40 vun Ufank un derbäi sin. Di Grafik niewendru weist, säit wéini eis aktuell Abonnenten "forum" regelméisseg mat der Post kréien. Eng genee Analys, watfer Theme nei Abonnenten ugezun hun, di och derbäi bliwwe sin, bleift awer nach ze man.
Et huet der Redaktioun och gudd gedun vum Betebuerger Buergermeeschter, nët nëmmen e Glas Wäin offréiert a soss Blumme gestreet ze kréien, mä och als politesche Quierdenker an der Lëtzebuerger Presselandschaft betitelt ze gin. D’Redaktioun as iwwerzeegt an hir ëmmer mi zahlreich Lieser gin er Recht, dass d’Land eng onofhängeg Zäitschrëft wi "forum" brauch.
D’Redaktioun bedauert, dass keng Chefredakteren a Journalisten aus der kommerzieller Press de Wee op d’Fest fonnt haten. Außer dem sozio-kulturelle Radio Honnert,7 an dem GréngSpoun huet kee Presseorgan ët fir néideg fonnt, op dat "forum"-Jubiläum anzegon. "forum" freet sech, watfereng Konkurrenzangscht oder komescht Pluralismus-Verständnis dodenhannert stecht.
Op der Generalversammlung vun der "forum" a.s.b.l., di de 27. Abrël an deene neie "forum"-Büroën um Krautmaart wor, huet d’Christiane der Redaktioun leider äddi gesot, well hat fënnt, 150 Nummere wären eng gudd Geleënheet fir opzehalen. Him, dat och vun Ufank un der bäi wor, nach eng Kéier merci. Mä "forum" lieft weider: An der selwechter General-
Een Deel vun der Redaktioun
versammlung sin de Raymond Klein an de Claude Wey als Memberen opgeholl gin a si hu wëlles an Zukunft regelméisseg an der Redaktioun matzeschaffen. Weider Mataarbechter sin nach jidder Zäit wëllkomm, sief ët fir nëmme matzeschnëse, watfir Theme an der Zäitschrëft sollte behandelt gin, sief ët fir d’Koordinatioun vun engem Dossier z’iwwerhuelen oder fir Korrektur ze liesen oder fir literaresch Bicher ze besprechen oder soss eng Spart z’iwwerhuelen. Schrëftgeléiert muss ee nach laang nët fir all déi Mataarbechtsméiglechkeete sin.
D’Redaktioun
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!