Eng Journalistin mat enger Biographie

Mediensplitter

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Si gouf hiert ganzt Journalisteliewe vun all Mënsch nëmmen d’Gräfin genannt, och vun deene Leit, deene si proposéiert huet, dach endlech Marion zu hier ze soen. Heiansdo goung esouguer vun der "rouder Gräfin" rieds. Domadder war engersäits hieren Engagement géint den Nazi-Regime gemengt; anerersäits war et eng Uspillung un hier kritesch Approche par rapport zu engem Kapitalismus, deen iwwert der Globaliséierung vergësst, datt hien eng sozial Responsabilitéit huet. Den 11. Mäerz as d’Marion Gräfin Dönhoff, déi wichtegst däitschsproocheg Journalistin an der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert, mat 92 Joer gestuerwen.

Dëslescht hun ech e Questionnaire gelies, an deems prominent Leit gefrot goufen, wat si nët kéinten ausstoen. Eng Antwert, déi mir besonnesch gudd gefall huet, war déi heiten: e Journalist ouni Biographie. Mat deem, wat d’Marion Gräfin Dönhoff erleift huet, ier si 1946 Journalistin beim däitsche Wocheblad Die Zeit gouf, war si ganz bestëmmt nët gemengt. Si koum den 2. Dezember 1909 nët wäit vum deemolege Königsberg an enger joerhonnertenaler Adelsfamill op d’Welt, op deem schéinste Schlass an Ostpreußen, dat 1945 beim Amarsch vun de Russen a Flamen opgoung.

D’Marion Dönhoff war dat jéngste Kand an e bëssen e verfehltene Bouf. Hiert ganzt Liewe laang sollt si, déi ni bestued war an och keng eege Kanner hat, sech an enger Männergesellschaft bewegen a sech do am wuelste spieren. Si huet als éischt Meedchen d’Première gemaach an as fir d’éischt op Frankfurt an dunn, nodeems d’Nazië sech d’Muecht gekropt haten, op Basel Économie studéiere gaangen. Virdrun huet si hiere politesche Courage, dee sécher eppes mat der Gewëssheet vun hierem soziale Stand ze din hat, däitlech gewisen. Wéi déi brong Studenten hiere Fändel op dem Gebei vun der Frankfurter Universitéit opgezunn hun, as si op den Daach geklotert, fir en erofzehuelen. Pech jhust, datt déi aner de Fändel mat Schlässer geséchert haten.

Mediensplitter

Well si fréi geahnt huet, datt den Hitler de Krich géif forcéieren an hier Bridder deen Ament un d’Front misste goen, huet d’Marion Dönhoff vun 1937 un d’Familljegidder géréiert. A si huet sech, wéi de Krich bis ausgebrach war, an der däitscher Résistance engagéiert. Hier Haaptaufgab war, fir de Kontakt tëscht Ostpreußen a Berlin an der Riicht ze halen. Wéi d’Attentat op den Hitler den 20. Juli 1944 mësroden as, sin hier Frënn méi oder manner all liquidéiert gin. Och si gouf vun der Gestapo verhéiert, mee hier selwer as bal wéi duerch e Wonner näischt geschitt. Nom Krich huet d’Marion Dönhoff sech ëmmer nees an hieren Artikelen iwwert d’Attitüde vun den Alliëirte beklot. Virun allem well si zu kengem Ament, weder am Krich nach duerno, wollten akzeptéieren, datt an Däitschland en authentische Widerstand existéiert huet.

Enn Januar 1945 flücht d’Gräfin virun de Russen. 7 Wochen dauert d’Rees op hierem Pärd aus Ostpreußen bis bei d’Famill an dat heitegt Niedersachsen. (Duerno klëmmt si ni méi op e Pärd.) Do schreift si, ënnert dem Androck vum Nürnberger Prozess, zwee Memoranden un d’britesch Besatzer. Jhust datt déi zwee Dokumenter nët bei den Englänner, mee an der Redaktioun vun der Zeit, déi am gaang as, sech zu Hamburg ze konstituéieren, landen. Dohinner gët d’Marion Dönhoff, déi ni un eng Karriere als Journalistin geduecht hat, am Dezember 1945 bestallt an hätt em en Hoer no bei der Dageszeitung Die Welt ënnerschriwwen, well si sech an der Etage vum heitege Pressehaus geiert hat. De Rescht as, kann ee scho bal soen, Pressegeschicht.

Bei der Zeit gouf d’Gräfin fir d’éischt responsabel fir de politesche Ressort, dunn 1968 fir Chefredaktioun. Vu 1972 u war si 30 Joer laang Herausgeberin. Een Ament huet et allerdéngs esou ausgesin, wéi wann d’Karrière vum Marion Dönhoff bei der Zeit eriwwer wäer. Wéi si 1954 an der Vakanz war, huet de Carl Schmitt en Artikel an dem Wocheblad publizéiert. Während der Nazi-Herrschaft huet hien als Staatsrechtler eng dubios Roll gespillt. Esou liberal si och war, dat war ze vill fir d’Gräfin. Si huet hier Valiss gepaackt an huet duerno e.a. e Stage beim Observer zu London gemaach, ier si op Hamburg zeréckkoum.

D’Marion Dönhoff war eng moralesch Autoritéit, déi am Ausland manner als Publizistin wéi als Ambassadrice gesi gouf.

Sou wéi fréier beim Kamäin op dem Härenhaff iwwert d’Zukunft vum Land debattéiert gouf, sou huet déi däitsch Elite elo hier politesch Iddien als Auteure vun enger liberaler Zeitung zum Beschte gin.

D’Marion Dönhoff war keng journalistesch Stilistin, hiert Schreiwe gouf vum politeschen Denke bestëmmt. Si huet sech vun Ufank un fir dem Willy Brandt séng Ostpolitik agesat; hier Belounung krut si spéitstens 1995, wéi eng polnesch Schoul no hier benannt gouf. A si huet sech fir e friddleche Changement vum Regime a Südafrika agesat, dat si vun hiere ville Reese gudd kannt huet. Si war eng moralesch Autoritéit, déi am Ausland manner als Publizistin wéi als Ambassadrice gesi gouf.

Gewëss war d’Marion Dönhoff keng Fra aus dem Vollék. Am Géigendeel, si war sech hierer Standesroll genee bewosst. Duerfir as d’Zeit, op d’manst bis bei d’Zäsur vun 1968, wéi en old boys‘ club gefouert gin: Sou wéi fréier beim Kamäin op dem Härenhaff iwwert d’Zukunft vum Land debattéiert gouf, sou huet déi däitsch Elite elo hier politesch Iddien als Auteure vun enger liberaler Zeitung zum Beschte gin. Datt de Marketing no an no méi wichteg gin as wéi den Inhalt, konnt der Gräfin nët gefalen. Iwwert esou Petitessé wéi Suën huet si sech iewen ni musse Gedanke maachen.

PS: Fir méi iwwert d’Liewen vum Marion Gräfin Dönhoff gewuer ze gin, as dem Alice Schwarzer séng Biographie Marion Dönhoff. Ein widerständiges Leben ze rekommandéieren. Vun hieren eegene Bicher vläicht als éischt Um der Ehre willen. Erinnerungen an die Freunde vom 20. Juli a Kindheit in Ostpreußen.

(Fräie Micro um honnert, 7 vum 20. Mäerz 2002)

Gratiszeitungen sin nët fir näischt

Metro International as eng Firma mat schwedeschem Kapital. Si as zu Lëtzebuerg enregistréiert an huet hieren operative Sëtz zu London. Hier Spezialitéit si Gratiszeitungen, déi si an der Tëscht an 20 Stied vu 14 Länner an Europa, Nord- a Südamerika verdeelt. Domadder erreecht si 9 Millioune Lieser; allerdéngs huet si d’ëscht Joer mat hirer Aktivitéit bal 97 Milliounen Euro Perte gemaach. An d’Schlagzeilen sin déi schwedesch Editeuren geroden, well de Lancement vun zwee neie Metro-Blieder den 18. Februar a Frankräich vu Syndikaliste massiv behënnert gouf.

D’Angscht virun der Gratispresse as grouss a Frankräich. Fir ze verhënneren, datt d’Dageszeitung Metro zu Marseille konnt verdeelt gin, hun d’Gewerkschafter eng Imprimerie gestiermt a déi 50.000 Exempläre vun der éischter Editioun zerstéiert. Zu Paräis konnt d’Metro jhust an deenen éischten Deeg verdeelt gin, well Saint-Paul Lëtzebuerg all Dag 200.000 Blieder gedréckt huet. Kritiséiert gët, datt Metro International Concurrence déloyale vis-à-vis vun de bezueltenen Zeitungen géif bedreiwen.

Virun zwee Joer war en däitscht Geriicht mat dëser Fro befaasst. Säin Uerteel: Vun engem wett-

bewerbswidrige Verhale ka keng Rieds goen, an en Affront géint d’Fräiheet vun der Presse wäer och nèt gin. Wat war geschitt? Am Dezember 1999 hat den norwegeschen Editeur Schibsted säi Gratisblad 20 Minuten Köln erausbruecht. Zwee däitsch Verlagen, déi hirer Meenung no an der karnevalistescher Héichbuerg vill ze verléieren haten, hun nèt nëmme virum Kadi reagéiert. DuMont a Springer hun hier eege Gratiszeitungen erausbruecht: de Kölner Morgen respektiv Köln Extra. No annerhalwem Joer huet Schibsted d’Handduch gehäit. E puer Deeg drop sin och déi zwou däitsch Gratispublikatioune zu Köln verschwonn. De Versuch vu Springer, Extra an der Géigend vu Mannheim, Ludwigshafen an Heidelberg fir 50 Pfennig ze verkafen, as kolossal an d’Box gaang. No manner wéi engem Mount war mat dem publizisteschen Experiment Schluss. Deemols huet et geheescht, déi Kölner Aventure hätt souwuel Springer wéi DuMont eng zweestel- leg Zuel vu Millioune Mark kascht. Souvill zum Thema Concurrence déloyale.

Zu Marseille huet d’Regionalzeitung La Provence, déi dem Groussverlag Hachette Filipacchi gehéiert, och mat engem eegene Gratisblad reagéiert: Marseille Plus. Aus ekonomescher Siicht zu Recht, well Etüde weisen, datt d’Boulevardsan d’Regionalpresse eendäiteg leiden, wa si Konkurrenz vu Gratisblieder gemaach kréien. D’Qualitéitszeitungen dogéint nèt. Dat weise jiddefalls Analyse vu London an aus der Schwäiz. Duerfir as et interessant, wa beispillsweis de Serge July, Direkter vun der lénksliberaler Libération, an engem gepefferte Commentaire iwwert Metro schreift: "Nëmme well Zeitungspobéier benotzt gët, as et nach laang keen Informatiounsblad." ("Le recours au papier journal ne suffit pas à faire un quotidien d’information.") Secher: d’Editeure vun der nationaler Dagespresse fäerten, datt si Annoncen a Lieser verléieren. Mee trotzdem: Hu si wierklech nèt méi Selbstvertrauen?

Zu sénger Zäit sot de fréieren Direkter vu Le Monde, den Hubert Beuve-Méry, de Radio annoncéiert eng Neiegkeet, d’Televisioun weist si, an d’Presse explizéiert si. Deen éischten Deel as nèt méi ganz richteg, well d’Televisioun kann an der Tëscht genee esou gudd eppes annoncéieren wéi de Radio. Richteg as awer weider, datt jhust d’Presse eng sérieux Analyse mecht. D’Gratisblieder si par contre guer nèt u souvill Déifgank interesséiert. Mat wéineg Personal sträiche si jhust Agencendepeschen op d’Zeil zesummen, fir datt et tatsächlech nèt méi wéi 20 Minutten dauert, fir d’ganz Zeitung ze liesen. Duerfir brauch een awer nèt onbedéngt forméiert Journalisten. Do huet de Serge July recht.

Doriwwer eraus gët de Lieser nèt méi gewuer, wéi owes virdrun op der Televisioun. Et fehlt de Gratisblieder also souwuel un Aktualitéit wéi un Hannergronninformatiounen. Bekanntlech passt de ganzen Text, deen an enger Véirelstonn op der Televisioun virgedroe gët, labber op d’viischt Säit vun enger Qualitéitszeitung. D’Gratisblieder sin deemno nèt grad räichhalteg. Mee dat erwaart hier Zielgrupp och nèt. Dat si Leit, déi soss guer keng Presse an de Grapp géifen huelen: Fraen a virun allem jonk Leit ënnert 30, déi sougenannten SMS-Generatioun.

PS: An Frankräich geet de Sträit tëscht Metro an de Syndikaliste vun der CGT monter weider. An zanter dem 15. Mäerz as och Schibsted zu Paräis vertrueden mat 20 minutes. Pikanterweis gët dës Gratiszeitung vu vireran op franséischem Buedem gedréckt, am Ufank mat enger Oplo vun 190.000.

Déi deeglech Gratispresse, dat weise wësseschäftlech Etüden, huet Succès an Europa. D’Wissenschaftliches Institut für Presseforschung vu Köln huet erausfönnt, datt den Ament 36 verschidden Titele resp. Editiounen an 52 Stied ausgedeelt gin. Dat maachen am ganzen 6,4 Milliounen Exemplären aus.

Déi éischt Gratiszeitung vu Metro International koum 1995 zu Stockholm eraus. No 9 Méint huet si Benefiss gemaach. Zanterhier expandéiert de Grupp am Ausland. Nach fir dëst Joer as eng Editioun zu Hongkong geplangt. Zu Zürich as Metro dogéint zeréckgezu gin, well keng Aussicht op Rentabilitéit bestoung. Schibsted heescht de Spillverdierwer an der Schwäiz, wou den norwegesche Grupp zu Basel, Bern an Zürich eng hallef Millioun Gratisblieder ënnert d’Vollek bréngt.

An Holland huet den Telegraaf am Juni 1999 séng Gratiszeitung Sp!ts lancéiert (Oplo: 769.000), fir der Konkurrenz vu Metro (Oplo: 660.000) nèt einfach den Terrain z’iwwerloossen. Lokal Sozialfuerscher hun eng Enquête gemaach a sin dobäi zu enger erstaunlecher Konklusioun komm. D’Gratispresse hätt nèt wéineg dozou bäigedroen, datt am Joer 2000 bei de Jonken tëscht 16 a 24 Joer 76 Prozent méi wéi 1999 regelméisseg eng Zeitung an de Grapp geholl hun. Op si spéider vu Sp!ts bei den Telegraaf wiesselen, muss een ofwaarden.

Weider Informatiounen iwwert Metro am Internet ënnert www.metro.lu.

(Fräie Micro um hannert, 7 vom 27. Februar 2002)

Romain Kohn

De Lieser gët nèt méi gewuer, wéi owes virdrun op der Televisioun. Et feelt de Gratisblieder also souwuel un Aktualitéit wéi un Hannergronninformatiounen.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code