Eng Tranche Liewen zu Lëtzebuerg

iwert dem Guy Rewenig säi läschte Roman "Mass mat dräi Hären"

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

iwert dëm Guy Rewenig säi läschte Roman "Mass mat dräi Hären"

Fir lëtzebuergesch ze liesen, muss ee nees nei liese léieren. Lëtzebuergesch entziffert een, décodéiert ee komescherweis wéi eng Friemsprooch.

Ech kenne Leit, déi refuséieren einfach – bal aus Prinzip – e längere lëtzebuergeschen Text ze liesen. Sécher, ët brauch eng gewëssse Méi an Ausdauer, fir bis zum Schluss duerchzehalen; mee dat as nët de Punkt. Ech géif ët gär esou soen: fir lëtzebuergesch ze liesen, muss ee nees nei liese léieren. All di Reflexer, di Apprentissagen, déi mer kruten, iwer Joren, an der Schoul, an di maachen, dass e Wuert (oder suguer eng ganz Struktur) sech an eiser Mémoire weist, wa mir nëmmen deen éischte Bustaw gesin, all di Techniken, déi mer eis am Däitschen, Franséischen oder soss enger Sprooch ugeëgent hu, fir mi séier a mi efficace ze liesen, alles dat feelt eis op eemol am Lëtzebuergeschen.

Lëtzebuergesch entziffert een, décodéiert ee komescherweis wi eng Friemsprooch. A wann ee richteg driwer nodenkt, si as ët jo am Fong och. Engersäits well all d’Liesmechanismen eis entgin an anersäits well dat literarescht Lëtzebuergesch grad esou wäit ewech as vun deem, wat mir all Dag schwetzen, wéi de "français soutenu" vum Argot oder deem hypothetische "français standard". Mee dowéinst kee lëtzebuergeschen Text liesen …

Awer dobäi kënnt, dass ët warscheinlech méi kamout as, di Aner ze kucken an ze jugéieren wéi sech selwer de literaresche Spijhel duerzehalen. A grad dat mecht de Guy Rewenig a séngem leschte Roman Mass mat dräi Hären.

De Graphiker John Dennewald, gebuer zu Esch, lieft a schafft am Minett. "An enger Vollmoundnuecht virun zwee Joer" décidéiert hien an d’Stad ze plënneren. Hie wiesselt aus séngem minablen Atelier zu Monnerech an de Kär vu Lëtzebuerg, an d’Groussgaass. An aus dem Graphiker Dennewald, deen zwar begaabt as, awer sech selwer ëmmer nees an de Féiss läit, gët de Chef vun der Publicitéitsagence Zappine ("sapin" mat russesch-weiblecher Connotatioun!), dee grouss an d’Geschäft kënnt.

De John Dennewald as den typeschen Exponent vun der lëtzebuerger 68er Generation, dee Schwieregke-ten huet, säi Liewen an Aklang ze bréngen mat séngen Idealer vu gëschter. Opgewuess am Widersträit vu sozialem Engagement a klerikaler Traditioun; hin an hier gerass tëscht dem Papp oder dem

Monni, iwerzeegte Gewerkschaftler – vu lénks an antiklerikal, versteet sech – an der Mamm, déi versicht, hien a konservativ-reliéiser Manéier ze erzéien. Ganz séier schon as d’Faszinatioun méi grouss vun der Revolte, vum Sech-op-leehne géint alles wat nidderdréckt, wat ongerecht as. De Beruf, deen hie wielt, erlaabt him alles dat auszedrécke, wat him géint de Strech geet, a nëmmen dat, awer dat och mat aller Konsequenz.

Awer mat der Konsequenz as dat esou eng Saach. Wa kee méi sech konsequent bleiwt, firwat soll de John Dennewald ët da nach aleng sin? Wann de Pit – säi beschte Kolleg, dee bei all Häppening dobäi war – haut kann als "Zikkolog" bei enger Bank schaffen, (wann d’Claire Bretécher ka Reklame fir d’Galeries Lafayette molen), firwaat sollt de John Dennewald da nët kënne fir de "Van Dale" – vun de Supermarcheën – eng Publicitéitscampagne entwerfen? Catte-

Titelbild: Roger Manderscheid

nom, Militärlager vun der Nato, RTL-Monopol sin out, Guatemala, Fraërechter, Friemaarbechter mobilisierne nät mi d’Massen, politisch Graphik as nät mi gefrot, jo suguer di "rout Kollegen" si well sou wodelég an hiren Aussoën, dass si dem John Dennewald ség radikal Plakater nät mi kénnen assuméieren. Virun der Alternativ Sech-trei-bleiwen-a-weidervégétieren oder Sech-opgin-a-kommerziell-schaffen geet den Dennewald bal zu Gronn.

Do begéint hien enger Fra, déi all ség Iwerzegungen nach méi op d’Kopp dréint. "D’Nada lieft, wéi wann hatt grad gebuer gi wär. As eben do, freet nät, firwat hatt do as, pénegt sech nät mat iwwerflëssege Froën. Hatt huet kee Virwëtz, kuckt näischt, lauschtert näischt, léisst alles laaschtzëien, laaschtlafen, zergrimmelen.(…) Hatt léisst sech einfach dreiwen. Hatt hëllt näischt iescht. Hatt weess nät, wat ieschtzehuele wär. Dem Nada as et egal, ob an der Äifel Atom-sprengkäpp gelagert gin, oder nät. Hatt weess nät richteg, wou d’Äifel läit. "Da weess d’och nät, wat eng Pershing as?" sot ech. "Dach", sot hatt. "E Stabilizer." Ech hu geduecht, ech hätt e Knuet am Ouer. "Wat?" sot ech. "En Höerlack", sot hatt. "Mir schaffen domadder am Salon." Et as nät fir ze laachen. Well ech de Kapp gerëselt hun, krut ech vum Nada eng Spraydous geschenkt. "Pershing" stoung drop. "Utilisation externe." (S.94-95)

Am Kontakt mam Nada fänkt de John Dennewald un, ganz anescht ze funktionéieren: hie schwëmmt mam Stroum, hie schwëmmt um Stroum, geet mat de Bankleit an di deierst Restaurantën, changéiert radikal säi Look, moolt fir de Van Dale… De Pit drénkt Kaffi fir de Nicaragua, d’Sandra Wodka fir d’Perestroika, de Fern fëmmt Havanna wéinst dem Castro. Och dem John Dennewald ség Engagementer flaachen of, gi punktuell, keng Riets méi vu Gesellschaft changéieren. Fir sech kénne viru sech selwer ze rechtfärdegen, déclaréiert de John Dennewald nëmme nach, hie géif elo "subversiv" schaffen: matiman also an heemlech ënnergruewen. A sou gët zum Beispill aus enger Reklam fir VISA-Kaarten eng subversiv Publicitéit fir de Nicaragua well Visa -routschwaarz ënnerstrach – d’Ofkiirzung as, wi jidferee wees, fir "Viva Sandino"!

Mee och dat mecht den Dennewald nät glécklech. An de Guy Rewenig beschreift dat an enger burlesker Schlusszen am Gaart vum Pit ségem Weekendhaus am Eisléck, wou eng surréell Schluecht stattfënnt tëschent amerikanësche Kampfflijher am Manöwer an e puer Irreduktibler mat liichtem "lëtzebuergeschen" Gëschëtz.

Ech muss soen, ech hat Schwieregkeete mat dénen zwee Romaner, déi de Rewenig virdru publizéiert huet. An Hannert dem Atlantik war et haaptsächlech d’Sprooch, déi mir an hirem Wëlle, volléksno, d.h. minetsno ze sin, bal karikatural geschéngt huet. (Mee wéi soll e Stater dat eigentlech kénne beuurteelen?) Dem Gemëschte Chouer as – no engem brillanten Ufank – d’Loft e bessen ausgaang an obwuel de Schluss dachs déif bewegend war, hätt ee sech do e méi gestrafften Text gewënscht. An Mass mat dräi Hären as dat nät mi sou de Fall. Sprooch, Struktur an Thematik droë secher dozou bäi.

D’Sprooch kléngt dës Kéier ganz richteg. Si as riicht eweg, nät iwwerméisseg gekünstelt an dach räich u Biller. De Guy Rewenig bréngt et meeschterhaft fäerdeg, sége Personnage Liewen ze schenken, nät nëmmen duerch hir Aktiounen a Gefiller, mee och duerch hir Sprooch. Dem Nada ség stereotypéiert Repliken zum Beispill, di de John Dennewald dachs "à contrepied" erwëschen, an deem ség billerräich, bal lyrësch Envoléën, wann hie sech an den Äifer riët. An hei as et effektiv am wichtegsten, well dee ganze Roman aus der Perspektiv vum Graphiker erzielt gët, deem "ech" seet. Dat as fir d’éischt beim Rewenig, an et muss ee soen, et as eng Réussite. Et kann een zwar dem Auteur nach ëmmer firwerfen, hie géif deess Gudden heiansdo zevill man. Hien dréint da rondrëm e Bëgreff oder eng Iddi an ëmschreift se mat ëmmer neien Adjektiven oder Nimm, dass et engem op eemol zevill as. Dat mecht dann d’Impressioun, de Style wir onpräzis an hie géif dat richteg Wuert réischt sichen. Mee gläichzäiteg spiirt een dodran därmoossen eng Freed un der Sprooch, bal eng Délectatioun, nei Wieder ze erfannen, dass dee liichten Agacement gläich nees ofkléngt.

En ähnleche Fiirworf kann ee maachen, wat d’Struktur selwer vum Roman ugeet. Et geet lass am Hierscht an dem Erzieler ség Frëndin huet hie grad sëtze gelooss: "Den Hierscht fänkt schlecht un. D’Linda as duerch d’Bascht. Matt engem Volleyballspiller an d’Provence. "Fir ëmmer", huet hatt geschriwwen. Ech hun dat gesi kommen. D’Linda huet keng Antenn fir en artistescht Temperament wéi méch. Mär hun eis genee en halleft Joer kannt. Et war eng geckeg Zäit. Ech bleiwen an d’Linda verléift, wéi an all déi aner Fraën, déi et eng Zäitlaang mat mär ausgehal hun. Adios!" (S.5) Fir de Schluss hëllt de Guy Rewenig d’Wieder vun deem ganz gudd gelongenen Ufank zréck an dréit se ëm: "Den Hierscht fänkt gutt un. D’Linda as erëm hei!" (S.263) Dotëschent leië véier Joer, di de Roman beschreiwt an di eng Tranche aus dem Liewe vum John Dennewald erzielen. Wi gewinnt beim Rewenig gët di Tranche opgeblosen duerch Erënnerungen, Flash-backën, di deem Zäitraum vergréisseren. De Floss vun der Geschicht gët doduerch heiansdo e bessen zerfuer a méi wi eng Kéier huet een d’Gefill, et as virun allem wéinst der Freed um Verzielen a wéinst der Koketterie vum Laachendoën, wou den Auteur nät drop wëllt verzichten. Da kann et scho mol virkommen, dass di Ennerbriechungen ee stéieren. Awer am selwechten Ablack bréngt hien et och nees fäerdeg, di onschëlligste Geschicht esou mat deene geckegsten Iddiën unzeräicheren, dass ee sech schuddert vu Laachen. Den Ufank vum Roman as dovun e Beispill oder och d’Konsequenzen vum Monni Albert séger "terroristescher Aktioun".

Awer dat wat de Guy Rewenig erzielt as en duerch an duerch bäissende Portrait vun där Gesellschaft an där mir liewen.

Hei fënnt ee suwuel d’Aktualitéit vun de leschte Méint erëm, wéi markant Fait-diversën aus der rezen-ter Vergaangenheet. D’Problemer vu Kettenuewen gin ugeklot oder di sëllechen Onoofhängegkeetsfeieren an all Duerf satiresch belicht. De Brand vun der

Dat wat de Guy Rewenig erzielt as en duerch an duerch bäissende Portrait vun där Gesellschaft an där mir liewen.

Kathedral vrun e puer Joer – Prétexte fir dem Roger Manderscheid säi gutt Titelbild a vläicht zum Deel och fir den Titel vum Buch – dee Brand gët Geleënheet fir di delirantsten Interprétationen iwert séng Bedäitung. D’Haaptsujetën, déi de Guy Rewenig beréiert sin anerer.

Di ëmmer mi grouss Indifferenz an Entpolitiséierung vu breede Schichte vun der Population. Besonnesch di Jonk, di doduerch ëmmer méi liicht manipuléierbar gin, a sech, wi d’Nada a séng Frënn, duerch d’Liewen dreiwe loossen, ouni sech Froen ze stellen iwer Sënn oder Zil. Di ekologesch a gesellschaftlech Katastroph, op déi mir histeieren, wann ët hei zu Lëtzebuerg an an der Welt mat där selwechter Insouciance weidergeet wi bis elo.

Di phantastësch Iwerhieflechkët, di mecht dass mir Lëtzebuerger mat Scheiklappen duerch d’Welt lafen esou laang eis Banke floréieren an alles bleift ewéi ët as.

Di grouss Auteurën zeechne sech schliesslech doduerch aus, dass si e puer Sujetën hun, vun deene si obsedéiert sin an déi si aus ëmmer neie Wënkele belichten. Beim Guy Rewenig fënnt ee schon e puer esou Themen, déi duerch hir Konstanz an hiren Traitement dem Auteur séng Originalitéit ausman. Zwee géif ech der gär kuerz eraussträichen: d’Roll vun der Fra an den Hang zur Folie.

De Medingesch Jhemp (Hannert dem Atlantik) war e schwaache Mann mat klore Limiten. Hien as säi ganzt Liewen dominéiert gi vu Fraen. D’éischt séng Mamm, duerno séng Fra. Am Gemëschte Chouer war dee stärkste Charakter secher och eng Fra: d’Lil, dat säin handikapéierte Brudder versuergt huet an dobäi och nach séngem labile Frënd Bich eng wichteg Stäip war. An dësem Wierk as d’Influenz vun de Frae nees wuel feutréiert, awer dofir nët manner wichteg. De John Dennewald erleid eigentlech méi wéi e provozéiert. An ët sin zu engem wesentlechen Deel d’Aflëss vum Linda an duerno vum Nada, déi säi Liewen a séng Entscheedunge rythméieren. Beim Guy Rewenig geet ët ëmmer och ëm Partnerschaft an ëm d’Schwiergkeet (wann nët d’Onméiglechkeet) eng équilibréiert Relatioun iwer Joren ze liewen.

Paralell dozou freet de Rewenig ëmmer neess, wéi ët iwerhaapt nach méiglech as, op eiser Welt ze (iwer)liewen. Vill vu séng Characteë gin zu Gronn un hiren ënnere Spannungen. De Medingesch Jhemp war, momenterweis ferm aus de Schinne geroden. De Bich as futti gaang um Alkohol, u sénger eegener Schwächt an un der Grausamkeet vun deenen Aneren. Och a Mass mat dräi Hären gerode nees Leit nieft de Kapp. De Monni Albert gët ënner zweiwel-

hafte Konditiounen op Ettelbréck ageliwwert. Virun allem awer as ët dëm John séng Mamm, di nët fäerdeg gët mam Liewen. Hir Kollektioun Gummibeem (och schon eng Manie) verschenkt si vun haut op mar a sammelt d’Haus voller Muttergottëssen. Dobäi as si regelrecht besiess vun der Iddi, hire Mann, deen dout as, misst nach eng Mass mat dräi Häre gelies kréien.

Di Mënschen, di beim Rewenig geckeg gin, briechen un hirer Hëlleflosegkeet virun enger Gesellschaft, där se nët gewues sin. Hiert Drama as, dass si nët genug Distanz zu deem hu, wat ronderëm se geschitt, an dass si der Welt nët mat där néideger Ironi kënne begéinen.

"D’Ironi as virun allem en Zeeche vun Dignitéit"; de Guy Rewenig setzt déi Formel vum Umberto Eco "en exergue" viru säin drëtte Roman. Et as e Schlëssel vir de ganzen Text. De Mënsch as Mënsch an Ironi, ët as séng Waff, säi Kreesch, dé seet: "Haalt op!" D’ganz lëtzebuerger Gesellschaft gët esou duerch de Brëll vun der Ironi gekuckt. An dat gesäit dachs komesch aus.

Et soën der elo, de Guy Rewenig hätt eng Karikatur vu Lëtzebuerg gemoolt. Secher, villes héiert sech karikatural un, suwuel an der Sprooch wéi an der Ausso. Ee vun den Effetën vun der Ironi as ët jo jhust, dass se vereinfacht an ad absurdum féiert, fir de Problem méi kloer ze weisen. Awer doriwer eraus gët am Rewenig séngem Text eng déif Sensibilitéit kloer. Aus där Sensibilitéit schwätzt Melancolie, de Wonsch no méi Gerechtegkeet (national an international), no méi Respekt, méi Gläichgewiicht, a firwat ët nët och esou soen, no Gléck.

De Guy Rewenig huet ebe jhust nët résignéiert. Wat do heiansdo kléngt wéi en désabuséierten Discours vun enger No-Future-Visioun wëllt a Würklechkeet Ustouss si fir nozedenken iwert eng Gesellschaft, an där di eigentlech Grondwäerter bradéiert gin am Num vu Profit a Maartwirtschaft.

Wi säin "Held" huet och de Guy Rewenig eng gewëss Narrefräiheet, eis d’Wourecht an d’Gesiicht ze soen. Hoffentlech lauschtere mir nët nëmme no, well de Clown Talent huet. Frank Kirsch

Déi éischt Oplag (1000 Exemplären) vum Guy Rewenig séngem Roman "Mass mat dräi Hären" wor no 3 Méint vergraff. Déi zweet Oplag as lo grad erauskomm.

"D’Ironi as virun allem en Zeeche vun Dignitéit" Umberto Eco

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code