D’Bierger solle selwer entscheeden, ob a wéi eng süchteg maachend Substanze si konsuméieren wëllen!
Hautzedaags, an enger opgekläerter a selbstbestëmmter Gesellschaft, kann de verantwortungsbewossten Ëmgang mat süchteg maachende Sub stanzen de Bierger zougetraut ginn. Mat konsequenter Opklärungs- a Suchtpräventiounsaarbecht soll de Bierger och ëmmer opgekläert bleiwen, an et läit och a senger eegener Verantwortung, sech opzeklären. Den Ënnerscheed tëscht erlaabten a verbuedenen Droge berout méi op Traditioun, wéi op medezineschen a wëssenschaftlechen Tatsaachen, wat Kriminaliséierung eiserseits onnéideg mëscht. Alkohol zum Beispill ass och eng legal Drog, déi deelweis vill méi verheerend Schied uriicht ewéi illegal Droge, ass awer traditiounsgemäß erlaabt.
Entkriminaliséierung vum Drogekonsum
D’Problematik vum Drogekonsum erschléisst sech aus dem Abus vu süchteg maachende Substanzen – e Problem net vun der Justiz, ma vum Gesondheetssystem. Drogenofhängeg dierfen net méi wéinst hirem Krankheetsbild kriminaliséiert ginn. Suchtverhalen ass eng Krankheet, déi behandelt muss ginn ouni datt d’Affer aus Angscht viru Strofen op eng Behandlung verzichten. Dowéinst fuerdert d’Piratepartei, datt Persoune mat engem Suchtverhalen all medizinesch Méiglechkeet gebuede kréie fir aus eegenem Undriff d’Verhalen ofzestellen. Gläichzäiteg fuerdere mir psychologesch Berodunge wéi och sozial Agliederungsmoossname fir Réckfäll ze vermeiden.
Fir Cannabis-Legaliséierung
De Besetz vu Cannabis zum Eegekonsum sollt fir Volljäreger entkriminaliseiert ginn an esou d’Behörden ze entlaaschten. D’Dokteren sollten och selwer entscheede kënnen, ob se wëllen cannabinoidhalteg Medikamenter verschreiwen oder net. Dei Medikamenter solle mat anere verkéiersfähege Medikamenter gläichgestallt ginn.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
