Froen un d’Kandidate vun de Gemengewahlen

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

PAARROT DIKRECH:

Froen un d’Kandidate vun de Gemengewahlen

Am Laf vun dene näxte Méint musst Dir vill Versprieche maachen. Et gi vill Wënsch a Fuerderungen un Iech geriicht. Di allermeescht, fir nèt ze soen all, si materieller Natur. Wann e Politiker versprëcht "eppes" ze man, wann ee Club oder Veräi seet: "Si hu vill fir eis gemeet", da mengen se praktesch ëmmer materiell Saachen.

Mir als PAARROT sin der Menung, datt e Politiker nèt nëmmen materiell Wënsch ze erfëllen huet, datt hien och eng Form vu Gesellschaftserzëier duerstellt an duerstelle muss. Hie muss sech fir eng Rei Wäerter an der Gesellschaft asetzen, och wann déi Wäerter

nèt extra gefrot sin oder suguer der Mentalitéit vu Leit oder eenzelne Gruppen nèt passen.

Mat deene folgende Froen wëlle mer Iech kee Strack drëinen. Mir wëllen eis, Iech, a vläicht och en Deel vun de Leit drop opmierksam maachen, datt se méi vun de Politiker solle verlaangen wéi just Materielles. E Mënsch vun deem Seriöses a Wertvolles verlaangt an erwaart gëtt, gëtt domat geéiert. Dës Froën sin nèt komplett, an och nèt systematesch an et gëtt bestëmmt och besser Froën. Si si ganz einfach geduecht als eng Stëmm ënnert der Dikrecher Populatioun déi vun Iech erwaart, ënnert anerem, och ERZËIER ze gin vun enger

Gesellschaft, die dick a Gejor as d’Erfellung vu ganz privaten oder veräinsmössegen materielle Wensch als eenzeg Daseinsberechtigung vun engem Politiker, vun enger Gemeng a vum Staat ze gesin.

Nach zwou Bemüirkungen:

  1. Sitt esou liew an entwert perseinlech,
  2. Fir all Messbrauch auszeschliessen gin d’Entwerten erescht no de Wahlen opgemaach an d’Resultater publiziert (1)

Merci!

Den Dikrecher Paarrot (18. Juni 1981)

  1. Vu waatfir Prinzipien loosst Dir Iech an der Politik leden?
  2. Giw Dir Iech selwer als Chrescht bezeechnen? Zielt drai Punkten op, dei Arer Menung no als eisch zu engem Chrescht geheieren?
  3. Si Dir bereet z’accepteieren, datt d’Kierch hir Menung seet a verschidene Froen wei Drogen, Alkoholismus, Fräizäitaktiviteiten, Heichheiser asw.? Si Dir och bereet an esou Froen, wou et em menschlech Wärter geet, dem Paarrot seng Menung ze lauschteren?
  4. Wei kennt Dir als chreschteche Politiker praktesch zur Glawensverdiewung baidroen? As de chreschteche Glaw a seng Verdiewung nemmen eng Saach vun de Paschteier oder as hien esou wichteg fir eis Gesellschaft, datt Dir Iech als Politiker derfir asetzt. Wa jo wei?
  5. Setzt Dir Iech an fir eng Waertererzeiung? Fir waatfir Waerter? Wei soll dei Waertererzeiung gesehen?
  6. Fir d’Chreschten as d’Mass helleg. Fann Dir et richteg, datt Leit, dei di Iwwerzegung net deelen, trotzdem, an zwar bei "feierleche" Geleinheten, als "Formaliteit" drun deelhuelen?
  7. Si Dir der Menung datt all Koppel soll an der Kierch bestuet fin, och wann se net gleeweg as? Waer Dir eventuell bereet, esou Koppelen e besse mei feierlech op der Gemeng ze bestueden?
  8. Wat schlo Dir vir, fir aus dar bestoender Infrastruktur (Fousgangerzon, al Brauerei, Park asw.) mei ze maachen wei dat, wat bis elo gebuede gett an eigentlech nemmen d’Konsumhaltung fordert? Wat well Dir maachen, fir datt d’Leit zu Dikrech selwer Initiativen huelen?
  9. Wat dat neit Altersheim ugeet: selbstverständlech gin d’Criteren fir do ran ze kommen vun enger Commissioun opgestallt. Watfir Criteren giw Dir perseinlech do opstellen, fir datt et gerecht a menschlech zougeet?
  10. Wat macht Dir konkret an direkt geint den iwermeissegen Alkohol- an Drogekonsum zu Dikrech? Si Dir d’accord fir och onpopulär Moossnahmen ze huelen, wei z.B. mei streng Kontrollen an Diskothéi

ken, Caféen an op der Aarbechtsplaz, och op d’Gefor hin och mol "dichteg" Leit ze trèppelen?

  1. Fir Aussenstehend as d’Politik oft eng "knaschteg" Saach. Wat mach Dir fir dem Virworf vu Corrup-tioun an Handelchermaachen entgeintzewirken?
  2. Politiker beruffen sech oft op hir Partei. Bei wei engen Decisiounen looss Dir Iech ausschliesslech vun Arem Gewesse leeden, och souquer geint de Welle vun Arer Partei? Giw Dir de Risiko op Iech huelen an Iech durch eng eierlech Decisioun onbeléwt man?
  3. Si Dir bereet engem Projet vun der Oppositioun zouzestemme, well Der en eierlech ganz gutt fannt?
  4. Si Dir der Menung, datt et am Wahlkampf ausschliesslech em d’Gemengefierung soll goen, oder mengt Der, perseinlech a familiar Ugeleinheeten sollen do och zur Sproochkommen?
  5. Si Dir bereet Iech an Arer Partei dofir anzesetzen, datt lo (odermei) vun Arem Wahlkampfbudget fir e gudden Zweck geholl gin (Metty van Tratten, Mutter Teresa, Raoul Follereau)?
  6. Not waatfir Criteren giw Dir Subsidien fir Veräiner ausdeelen?
  7. Hu Dir welles an Zukunft Baugenehmigungen ze gin, fir grouss Wunkomplexer mat net genuch Liewensraum (Wunnsiloen), wou mer dach all wessen, datt grad esou Buidingen menschefeindlech a besonnesch kannerfeindlech sin?
  8. Waatfir Projeen hu Dir, fir och manner bemettelte Leit ze hellefen eng Wunneng zu Dikrech ze kreien? Si Dir z.B. bereet fir an der Sportinfrastruktur ze spueren -wou am Fong net souvill Leit dervu profiteieren- fir mei Leit eng Wunneng ze verschaffen?
  9. Fann Dir et richteg, datt an enger Gemeng, wou all Woch Zenneren vun Illustrierteliteratur (gudder a manner gudder) verkaaft an ewechgehait gin, all Kand ouni Ausnahm seng Schoulbicher weider bezuelt kritt?
  10. As et richteg, datt di Dikrecher Gemengeverantwortlech sech jhust em d’Gemeng Dikrech kemmeren? Si Dir z.B. bereet, wou mer jo schon mat eenzelnen auslannsche Stied jumeliert sin, och e Jumelage mat enger Stad aus der 3.Welt ze man, an do praktesch Projeen wei Spidol, Schoul, Landwirtschaft asw. z’ennerstetzen?
  11. Meng Dir net och, datt trotz enger Rei vu Verbesserungen Dikrech emmer mi gefierlech gett fir d’Kanner? Wat haal Dir dervun, fir eenzel Stroossen an Dikrech als Spillstroossen ze declarieren? (cf. Brochure vun der Securite Routiere: "Verkehrsberuhigung im Wohngebiet") Si Dir d’accord fir mei Spillplazen opzeriichten an och vun der Gemeng ennerhalen ze loossen?
  12. Kennt d’Gemeng net zaitweileg Jugendlech ouni Aarbecht Geleinheetsaarbechte mache loossen (Spillplazen ennerhalen, Bescher botzen, Heiser bauen, asw.)?

(1) Anm. der Red.: Diese Einschränkung der politischen Wirksamkeit des Fragenkataloges erfolgte auf Grund einer Intervention von 3 CEV-Mitgliedern im Diekircher Pfarrat.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code