Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Esou heescht dem Guy REWENIG säi Roman a Lëtzebuerger Sprooch, deen am Dezember 1984 e Präis beim Literatur-Concours kritt huet.

Dëst Buch as an den vergaangene Wochen a Méint an eisen Zeitungen ze soen nëmme gelueft gin. Et stong am "Wort", et wir nët nëmmen "ein in jeder Hinsicht eigenwilliges Werk", ma och esouguer eng "Pioniertat bei der Erschliessung literarischen Neulands." Am "Républicain-Lorrain" gouf behaapt, de Guy Rewenig hätt eis Sprooch -erlaabt mer eng sënngemëiss Iwwersetzung- eréischt fir de Roman literaturfäeg gemaacht. Et misst een den Autor emol froen, wéi een sech fillt, wann een esou onbaarmhaerzeg bewonnert gët?

Ma fir d’éischt emol der Rei no.

D’Haaptpersoon aus dem Roman as de Jean-Pol, wéi seng Mamm en nennt wann se, sele genuch, gutt gelaunt as, oder de Jhemp Medinger, wéi seng Schaffkollege bei de Kiwwelen hien nennen.

‚T as d’Geschicht vum Jhemp sengem Liewen, meeschtens aus senger Perspektiv, an dat as déi vum klenge Mann. An dat as e Liewen ënnert dene verschiddenste Forme vun alldeeglecher Damiddegung a Gewalt, sozialer Ongerechtegkeet a rücksichtsloser sozialer Rolleverdelung. De Jhemp as aus dene verschiddenste Grënn kee Parzival a keen Hamlet an och keen Othello.

Seng Existenz as nët esou groussarteg-tragesch, schon éischter tragi-komesch; et kënnt ee scho bal soen, e wär eng extreem Karikatur vum topegen, klengen, domme Jong, deen ee misst auslaachen. Heiandsdo kënnt en engem och vir ewéi e faschistöfde, klengkaréierte, manipuléierbare Geescht iwwer deen ee jhust nach zynesch ka grinsen – wann een en nët – an dat as et jo eben, an dat mécht de Jhemp zum Mënsch a sengem Widdersproch, zu gläicher Zäit misst bedaueren! Et muss een einfach Versteesdemech a Matleed mat deem verklengerte lëtzebuergesche Woyzeck hun: och de Jhemp as dem Ennerdrékkungsmachinismus ëm an an eis ausgeliwwert; och de Jhemp huet ënner der hypokritescher Duebelmoral oder der Dommheet vun de Lëtzebuerger Abderiten ëm hien oder der egoistescher Häerzenskeelt an dem sougenannten éierlechen a kal berechende Geschäftsmann vun de Lëtzebuerger (oder den Escher?) Leit, – et sin der ewéi déi vu Seldwyla – ze leiden.

An trotzdeem as de Jhemp keng esou eng grouss theatralesch Figur ewéi dem Büchner säin Anti-held. Esou dramatesch ewéi deen endegt de Jhemp nët. En erënnert och u verschidde Gestalte vum Max Frisch, déi d’Kris vun der Identitéit nët meeschteren, – an och erëm nët: well de Jhemp vun Ufank bis zum Schluss vu sengem Liewe keng Identitéit kann a spéider keng wëllt opbauen … hien hätt gär einfach nach gär seng Rou, hien hätt sech aus allem eraus …

Esou Räsonnementer verroden eng komplizéiert Mëschong vu Resignatioun op Grond vu munneche schlëm-

men Erliefnësser, an natiirlech och eng Portioun Escapissem, wéi d’Englänner son.

A véier Kapitelen deelt de Guy Rewenig dem Jhemp säi Liewen an:

Neetsschicht
Leschte Schaffdag
Stockcar
Kreesverkéier

Déi romantechnesch Method as nët nei: "De Jhemp schwätzt mam Jhemp an de Jhemp lauschtert dem Jhemp no" (S.52). ‚T as also d’Method vum Ulysses oder vum Franz Biberkopf: den ënnere Monolog, deen et erlaabt, verschidden Zäitebene mateneen, géinteneen oder noëneen ze verbannen; deen och eng muenchmol abrupt Schnatt-technik ewéi beim Film ze benotzen (ech hu beim Liesen alt emol un dem R.W. Fassbinder seng Berlin-Alexander-Platz Verfilmung missen denken); déi Erzielweis erlaabt dann och dem Schreiwer a seng Figur eranzeklammen (an se sympathesch erschéngen ze loossen) oder hir géint-wwer ze bleiwen (an hir "Menung" nët oder nëmmen deelweis ze delen) oder vläicht béides ze gläich. Dat Lescht as och am Rewenig sengem Roman de Fall; deen Trick as awer nët nei – an och nach ënner ganz kammoud, wann een sech hannert engem anere verstoppe wëllt!

D’Statioune vum Jhemp sengem Proleteliewe si séier opgezielt: gebuer an den zwanzeger Joren als eenzege Bouf vu ganz klenge Leit kënnt en aus der Primärschoul séier an d’"Ieselsschoul", vun do bei d’Gemengegäertner als Meedchen fir alles, dann op e "Schantjen" bei den Tschuseppe an de Schovanni, alt erëm als aremséilegen Appertsmann, Handlaanger

… Enges gudden Daags reest en Hals iwwer Kapp mat der Mamm op Paräis, a vun do an d’Bretagne bei eng Schwëster vun der Mamm: et gong jhust duer, eier d’Nazien doheem amarschéieren. An der Bretagne muss en alt erëm de Stoussnckel bei engem Entrepreneur spillen, enger Crapule à la Puntila (B.Brecht) … Da geet et mat engem falsche Pass – de Jhemp heescht "Fignac" – an d’Pyreneën … Erëm am Land, gët de Jhemp Gelegenheetsaarbechter, an drëit Zeitungen aus, z.B. jorelaang Zeitungsdrëier vum "Wort"; seng Fra bréngt et da fäerdeg, fir en "op d’Gemeng", bei d’Jonge vun de Kiwelen ze kréi-en – bis en a Pensioun geet, oder goe muss …

Vum "Martini" deemols bis zu den modernste Forme vun Agressivitéit an Ennerdréckung an eiser Gesellschaft krut de Jhemp esou zimlech alles mat – oder esou wéi e ganz naive Candide erlieft en all Facette vun der mënschlecher Knaschtegkeet an Hannerwennegkeet an eiser Welt vun Egoïssem a Konsumterror: haaptsächlech déi zwéi lescht Kapitelen (Stockcar- ee géint deen aneren! – oder Kreesverkéier (keng [moralesch] Entwécklung); alles as "ewig leidvolle Wiederkehr") weisen eis Welt vun haut, oder den "Zysteen" oder "dat Ganzt" als eppes Verrécktes, als e "ship of fools", dat ënnerwee as no kenger besserer Zäit, mä éierwou no Narragonien … De Jhemp as also keen Ikarus, vun Ufank un nët, a fällt vun néierens héich erof – e kënnt emol guer nët an d’Luucht.

Muenches un der Gestalt vum Jhemp as zwar eng gewollt satyresch bis zynesch Karikatur, z.B. seng iwwerdriwwen Dommheet (z.B.: "Mamm, as den Hitler Famill mat eis?" -oder: "wann ech dat nëmmen nët oprafen: pieusement décédé! …") Doduerch entsteet e Spronk a sengem Charakterbild, wann en hanneno am Liewen esou Räsonnementer féiert wéi: "Looss dach all déi Oaschlächer hir Kricher maachen! Wat hu mär dann domat ze don!" oder: "Mär sin ze fréi op d’Welt komm. Soss géife mär iwwerd dee ganzen Zauber do nëmme laachen …" -oder: "d’Wourécht gët ënnert d’Zutann gestach, bis s’erstéckt" -oder: "Wat as dat haut fir eng Welt?" – "Déi Déck waren nach ëmmer déi Déck" -oder: "ech war deemols ze blöd …" -oder: "Politik as Knascht a Wouscht".

Iwwerhaapt gët de Jhemp an dene leschte Kapitele scho bal vum Auteur mëssbraucht, fir un him eng Hällewull Zäitkritesches, Sozialkritesches, an deelweis Autobiographesches festzemaachen; oder fir ätzend schaarf bis grotesk Karikaturen vu munche Niewefiguren z’entwerfen (z.B. dee knaschtege Portugisenhaasser Bolmer; dee guindéierte Rentier Kraemer, ex-inspecteur premier en rang; oder eréischt d’Professesch, déi um Gaalgebierg "Exoten" (=exotesch Blumen) zillt, an d’Portugisen als zweetklasseg ugesäit …

  • Oder munnech Aspekter oder Motiver vergréissere sech bal zu egestännege Geschichten, déi zwar am gudde Sënn vum Wuert un déi naturalistesch bis grell-expressionistesch Sproochfabuléierkonscht vum G. Grass erënneren: Z.B. d’Geschicht vun der Kaz am Bijoutier senger Dreckskëscht, déi sech zu enger "Jorhonnertaffär" opbauscht!; oder de Sträit tëscht dem Zänndokter an der Botzfra aus der Pizzeria, oder d’Gaardeparty bei der Professesch (si as och vläicht eng "Schlësselfigur"?) … oder d’Rezeptioun bei de Laktovegetarier, der Madame Kraemer an hirem Här …

A wat kënnt nët alles zer Sprooch, mol méi, mol manner? – Ech gräifen emol einfach nëmmen esou dran:

  • d’Parteipolitik an den Nepotissem; den Honger an der Welt; d’Lëtzebuerger vir, während an nom II. Weltkrich: Fäerterten, Resistenzler, Gielemännecher Profiteuren an Opportunisten, Wiederfändelcher (et geet rieds vun denen "déi sech no England aus dem Stëbs gemaacht hun", bis zu dene klengste Crapulen …

  • eis "Konschtzeen" an eis "Dichter"; d’Drëtt Welt; Nicaragua; d’Jugend vun haut; d’Drogen; d’Justiz (mat hirem aggressiven an hirem laxe Gesiicht); d’Portugisen; d’Neonazien; den Auto; déi belsch Zillebäcker; den Doud an d’Krankheet; déi "Planeta- resch Klaustrophobie"; Videogeschäft; Horror- a Pornoindustrie; d’Zuppermarscheën; d’Atoumbommen; d’Moud; d’Joggen an den Arrobic …

De Jhemp seet eis, all Kéier, wat en dovun hält: "Wat zerbréchs du där dann denen anere Leit hire Kapp? (Nicaragua) -oder: "e puer Männercher, déi sech d’Strass hees jäitzen" (d’Pazifisten) -oder: "Muss ech eppes dovun halen? (d’Drogen) -oder e stellt ee fir allemol fest: "Ech giewen näischt an nachmol näischt!" – "Wat soll ech dann änneren?" – "Fir wat gin ech da nët a Rou gelooss?" – "Wat as dann normal?" – "Wat hun ech da mat den Atoumbommen ze don … nonditjö!" – A schliisslech zer Fra: "Wien nët mat mär eens gët, soll sech en anere sichen! …" a verschwënt op de Gaalgebierg a säi Gaart.

Wat sicht de Jhemp? Cultiver son jardin? Eng Flucht an d’Idyll? Béides as nët méi dran! – De Saure Reen zerfrëst him säi Gaart! – An d’Wonnerpëll vun "Hannert dem Atlantik", déi eis eng nei "fraternité" versprécht, as och alt nëmmen eng Utopie … "Do kanns de näischt maachen…". "Offene" Schluss – Resignatioun, lescht Wuert …

Op et dem G. Rewenig säi lescht as bleift ofzewaarden.

Säi Roman as jiddefalls derwäert gelies ze gin. Säi Lëtzebuergescht, dat e schreift, as gutt a propper. Et as d’Sprooch aus dem Escher Aarbechtermilieu, aus deem eraus durch d’Hëttel vum Vergläich a Kontrast och Sproochbarriären hei bei eis gewise gin.

Déi sproochsatiresch Passagen am Buch gehéieren zu deem Beschten. Aner Passage si leider spruddeleg, oder geschwätzeg. E bësse manner wir méi gewiescht. Wann awer ee mengt, de Rewenig hätt d’Lëtzebuergescht erfond, dee schwätzt vläicht selwer keen "normalt" oder guer kee Lëtzebuergesch méi, an e soll "Hannert dem Atlantik" roueg liesen.

Guy (J.) Rinnen

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code