Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De Koschter ass d’läscht Kéier an der Mass vernannt gin, well d’Kierch bal ganz eide] war. De Paschtouer huet nämlech doriwer gepriedegt, datt haut d’Leit Sonndes net méi an d’Mass gin, an dobei grad déi, déi do waren, amplaz vun den Absenteeisten vernannt. Am läschten "forum" huet de Koschter genau dat selwecht färdeg bruecht. Hie setzt sech mam Jérôme Levy ausennaner, deen als eenzegen eng statistesch Étude iwer ongen Enseignement gemet huet, an de gudde Levy muss gleichzeitiget säi Kapp duerhalen fir all Versäumnisser vum Ministär an deenen läschte Joren, fir all Statistiken, déi fehlen.

christ

Ennert dem Titel "Arrêtez le massacre!" konnt een an verschiedenen Zeitungen e Lieserbréif (??) mat Virschléi géint di vill Accidenter op onse Stroossen liesen: et sollten sech en Honnert Fräiwollecher zesummefannen, déi all geféierlecht Fueren vun engem Chauffeur an engem Zentralfichier melden. Een, deen dräimol opgefall ass, kritt e Bréiw gescheckt, wann e weider der "Solidarité Routière" an d’Grepp geréit, kritt ee weider Bréiwer, déi ëmmer méi sec gin. A wann dat alles räischt dengt: "Aux membres de la Solidarité Routière (…) de décider si d’autres mesures sont justifiées" ??. Kréie mer deemnächst Strosseskämpf tëschent Stroosserowdien an Sécherheetsrowdien?

D’Lëtzebuerger därfe sech geëiert fillen. D’LW (6.6.1987) huet hinne bescheinegt, dass se seriö a kultivéiert diskutéiere kënnen: "Le niveau généralement élevé des diverses contributions et le ton serein des discussions (…) ont montré que les Luxembourgeois, quelque différents que soient les bords idéologiques qu’ils représentent, sont capables de discuter de façon cultivée et posée sur les sujets les plus délicats et les plus compliqués". Merci, léiw LW-Journalisten. Dat wosste mer nach nët. An di puer Ausnamen ënnert ons ("quelques pénibles exceptions confirment cette affirmation générale") wäerte sech dru gin, deen allgemenge Nivo ze erreechen.

D’Kremlastrologen si Journalisten, déi iwwer d’Machtverhältnisser an der Sowjetunion spekuléieren an dat op Grond vun de klengsten Indizien: z.B. wie wou bei der 1.Mee-Feier steet, wie bei engem Banquet am meeschte schwätzt, wie wéi oft an der Prawda ernimmt gët … D’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek versicht sech well och an där Wëssenschaft, jhust datt et hier nët ëm d’Nofolleg am Kreml, mais ëm d’Nofolleg vum Lëtzebuerger Bëschof geet: wien dierf an der Schlusspressessioun niewent dem Apostoleschen Nuntius goen, wiem säng Photo steet am LW iwwer där vum Här Bëschof. Wie kuckt esou selbstbewosst a wien huet dee schéinste Spëtzenzürpli. Fir de Bëschof-Astrolog aus der rouder Zeitung as d’Entwert kloer: et as den Abbé Heiderscheid. Am Zeeche vum Glasnost gin déi richtech Kremlastrologe geschwënn aarbechtslos; bis deen neie Bëschof bekannt as, krëien ons Sakristei-Astrologen nach vill Aarbecht. Wëini kënnt d’Glasnost, d’Transparenz, an déi vatikanesch Personalpolitik?

interna

Die nächste "forum"-Nummer mit einem Dossier über die Integration behinderter Kinder erscheint im Oktober.
WIR WUENSCHEN ALLEN "FORUM"-LESERN EINEN SCHOENEN ERHOLSAMEN URLAUB MIT VIEL SONNE!

KLARSTELLUNG ZUM "forum"-DOSSIER ÜBER EST

Offenbar haben die in "forum" Nr. 96 dargestellten Schülerkarrieren zu einigen Mißverständnissen Anlaß gegeben, die bei diesem oder jenem Schüler schon zu falschen Hoffnungen geführt haben. Es sei

daher nochmals daraufhingewiesen, daß alle Geschichten im Imperfekt geschrieben sind, daß die zitierten Promotionsregelungen daher meistens jene vergangener Jahre sind. Es wurde eigens im Dossier betont, daß diese Kriterien (leider) jedes Jahr wechseln. Auch die durch großherzogliches Reglement vom 23. 12. 1986 in Kraft gesetzte Promotionsordnung, die nicht in allen Fällen im "forum"-Dossier berücksichtigt wurde, gilt nur für das laufende Schuljahr 1986/87. Wie es nächstes Jahr aussehen wird, wird wahrscheinlich erst mehrere Wochen wenn nicht Monate nach Schulbeginn zu erfahren sein. Mit dieser Klarstellung dürfte auch jener CSV-Schuldirektor beruhigt sein, der mit der Unterstellung fehlgeht, das "forum"-Dossier strotze von Fehlern. Bis heute konnte keine sachliche Falschaussage nachgewiesen werden. Ansonsten finden wir es bezeichnend, daß sogar Lehrer auf "forum" zurückgreifen, um sich über die Aufstiegsmöglichkeiten ihrer Schüler zu informieren.

m.p.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code