- Gesellschaft, Klima, Kultur, Medien, Multimedia, Politik
Iwwer Mainstream, Medien a Manipulatioun
e kuerzt Gespréich mat der Redaktioun vun der Schülerzeitung StatusQuo aus dem Lycée Ermesinde
Wat huelt Dir selwer als Massemedien zu Lëtzebuerg wouer?
D’Nummer 1 vun de Massemedien ass fir ons virun allem den Internet. Deen ass einfach vill ze accessibel fir net op der éischter Platz ze sinn. De Fernseh an de Radio ginn do ëmmer méi zréckgedréckt. Virun allem de Fernseh gëtt vun der Jugend ëmmer manner gekuckt. Och d’Zeitunge ginn ëmmer manner gelies. Dovun net ze schwätzen, dass déi meescht Zeitungen, Radioen a Fernsehsender hir Inhalter och op den Internet setzen, soudass een sech eben do informéiere kann. Serieux Medie verschwannen lues a lues an Zeitunge wéi Lëtzebuerg Privat oder Bild ginn et der leider ëmmer méi. Zu Lëtzebuerg gëtt et eng ze kleng Auswiel un Medien. Et ginn dräi Giganten: RTL, Wort, Tageblatt, an déi sinn eiser Meenung no ze vill manipulativ, verschidden Theme gi regelrecht am Gewulls ënner, wéi zum Beispill d’Iwwerwaachung vun Internet an Handyen no den Terrorattacken an Europa, déi just mat engem bis zwee Sätz erwähnt goufen.
Gesitt Dir Iech als alternative Medium oder gehéiert Dir zum Mainstream?
Am Fong war bei der Grënnung vum StatusQuo d’Grondiddi, keng Artikelen ze bréngen, déi een alleng duerch d’Googlen en masse fanne kann. Mir wollten eng gesond Mooss un Individualitéit erabréngen. Leider sinn déi Mainstream-Artikelen eben déi, déi am meeschte gelies ginn, dofir kënne mer och net komplett dorop verzichten.
Wat ass Äer Richtlinn?
Am Moment hu mir keng Richtlinn; mir hunn zwar déi eng oder déi aner Editioun, déi engem Haaptthema nogeet. Mee eigentlech geet jiddweree sengem Interessi no. Mir hu Leit hei, déi an där enger Editioun iwwer Call of Duty schreiwen, an an der nächster iwwert de Putin.
Wéi stitt Dir zu enger Verëffentlechung online?
Mir gesinn an Online-Ausgaben e grousst Potenzial. Mir haten et och scho mat engem Blog op Tumblr probéiert, well eis Zeitung Schwieregkeeten huet fir Lieser ze fannen, mee leider huet sech doduerch näischt geännert. Dofir verdeele mer d’Zeitung elo gratis an hänken se aus, fir einfach duerch Präsenz lues a lues méi bekannt ze ginn. Online bitt awer vill Méiglechkeeten, déi ee beim Pabeier elo net huet; Interaktivitéit mat de Lieser ënner anerem. Allerdéngs sollt op Forume wou d’User kënnen Artikele kommentéiere ganz kloer gemaach gi wéini a firwat e Kommentar net verëffentlecht gëtt.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
