JCL: Der Jugend eng Zukunft!

Vorstellung der Jugendparteien

D’Jugend huet Grondrechter. Dozou gehéiert d’Recht op Bildung, d’Recht op eng Léier, d’Recht op Aarbecht, d’Recht op Wunnen, d’Recht op sozial Ofsécherung, d’Recht op Fräizäit, Kultur a Sport, d’Recht op Demokratie a Matbestëmmung, d’Recht op e Liewen a Fridden.

Ma wéi gesäit dat mat der herrschender Politik hei zu Lëtzebuerg aus? Op der enger Säit hu vill Jonker Problemer an der Schoul, fanne keng Léierplaz, keng (sécher) Aarbechtsplaz, keng bezuelbar Wunnéng, kréien e Loun, vun dem se käum oder net liewe kënnen, si betraff vun Aarmut. Si hunn Angscht ëm hir Zukunft.

Op der aner Säit: Déck Profitter fir d’Patronat, manner Steiere fir Konzerner a fir déi Räich, déi méi räich ginn. De Militärbudget gëtt erhéijt an d’Arméi opgerëscht, Lëtzebuerger Zaldote ginn an d’Ausland geschéckt a bedeelege sech u Militärmanöveren. Kricher gi virbereet, gefouert an ënnerstëtzt. Ass
dat eng „Erausfuerderung fir dech“? Als Kanounefudder?

Mir vun der JCL stellen eis dogéint! Wat déi Jonk brauche, si keng eidel Verspriechen, keng Sonndesrieden, keng domm oder faul Spréch, mä Perspektiven an eng liewenswäert Zukunft.

Mir fuerderen:

• d’Suen fir Bildung a Soziales, net fir d’Oprëschtung vun der Arméi!

• Betriber dozou unzehalen, genuch Léierplaze ze schafen a gutt auszebilden.

• sécher Aarbechtsplazen ze schafen!

• Erop mam Mindestloun!

• d’Aarbechtszäit ze verkierzen, d’35Stonne-Woch anzeféieren!

• méi bezuelbar Mietwunnénge bauen!

• d’Konzerner a déi Räich méi ze besteieren!

• Ofrëschten! D’Auslandsasäz ze stoppen, d’Lëtzebuerger Zaldote zeréckzezéien, de Militärbudget ze kierzen. Fir eng Aussepolitik vum Fridden!

Ween ass d’JCL?

Mir, JCL (Déi jonk Kommunisten), sinn e Zesummeschloss vu Jonken, déi hei zu Lëtzebuerg antrieden:

• fir d’Rechter vun der Jugend a vun de schaffende Leit

• géint d’Aarbechtslosegkeet, Sozialofbau, d’Ugrëff vum Patronat an d’Aschränke vun der Demokratie

• fir d’Gläichberechtegung vu Mann a Fra

• géint Ëmweltzerstéierung, fir de Schutz vun der Natur

• fir d’Trennung vu Kierch a Staat, d’Ofschafe vun der Monarchie a d’Aféiere vun der Republik

• géint riets Hetz a Faschismus

• géint Oprëschtung a Krich

• fir datt de Mënsch virum Profit geet an de Räichtum ëmverdeelt gëtt

• de Kapitalismus ofzeschafen an eng sozialistesch Gesellschaft opzebauen

• géint d’EUropa vun de Banken a Konzerner

Dofir soe mir: Organiséiert iech, wiert iech a kämpft zesummen!

Zesumme si mir staark. Well alleng kréien
se dech kleng. A wien net kämpft, deen huet scho verluer!

Gitt aktiv a maacht mat an der JCL!

Kontaktéier eis! Postkëscht 403, L-4005 Esch/Uelzecht JCL – Déi jonk Kommunisten jonk-kommunisten@hotmail.com

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code