Den Aarbechtsgrupp „Diskurse, Weltanschauungen, Religionen & Subjekte“ op der Uni Lëtzebuerg hat den 3. Abrëll 2019 um Campus Lampertsbierg op eng Gespréichsronn zum Thema „Journalismus a Wourecht“ invitéiert. Nieft dem Ines Kurschat, Presidentin vum Presserot a Journalistin bei d’Lëtzebuerger Land an dem Pol Schock, fréiere Mataarbechter vu forum, dono Journalist beim Luxemburger Wort an haut beim Tageblatt, souz och de fréiere Chefredakter an Direkter vum Luxemburger Wort, de Léon Zeches um ronnen Dësch. Well d’Ines Kurschat bedauert huet, dass zu Lëtzebuerg ze wéineg iwwert Presseethik diskutéiert gëtt, huet forum de Léon Zeches gefrot, fir d’Manuskript vu senger Aganksinterventioun dierfen ofzedrécken. Wee méi wëllt gewuer ginn iwwert d’Konferenzen, déi deen Aarbechtsgrupp organiséiert, ka sech beim jean-marie.weber@uni.lu mellen.
Fréier huet an der Zeitung, wou ech geschafft hunn, wahrscheinlech jidderee gemengt, e géing d’Wourecht publizéieren, och a Froen, an deene mer dem Technik- wéi dem Gedankefortschrëtt geméiss spéiderhin eventuell de Géigendeel vertratt hunn (z.B. Atomenergie), ouni datt dat en Affront géint d’Wourecht war. Ouni Zweiwel si scho vill Iertëmmer publizéiert ginn, ouni datt ee vu Lige konnt schwätzen; Onwourecht an der seriéiser Press (ech ignoréieren d’Skandalblieder a schwätzen haaptsächlech vun onsen Dageszeitungen) ass meeschtens kee Synonym vu Ligen, mä vun Onkenntnes, falscher Aschätzung oder am schlëmmste Fall Onéierlechkeet.
1° Onkenntnes vun Zeitungsjournaliste ka vill Grënn hunn. Onzouverlässeg Informatioun duerch Presse-Agencen a Korrespondenten, mä och vu private Quellen: Net all vun deene groussen Agence sinn op alle Gebidder zouverlässeg; dat geet vun onerhéiert sachleche Feeler bis zur Verbreedung vu Virurteeler. Dorop kann e Journalist natierlech erafalen an eng falsch Nouvelle verbreeden. Wann Informatioune vun dobaussen ze spéit an d’Redaktioun kommen a keng Zäit bleift, sech d’Wourecht bestätegen ze loossen, steet de Journalist virum klengen Dilemma, entweder eng onbestätegt Meldung ënner d’Leit ze bréngen oder en Dag méi spéit wéi d’Konkurrenz domat um Maart ze sinn. An dëse Fäll hu mir an der Reegel déi zweet Léisung virgezunn. Och Bildungsmangel bei de Journaliste selwer kann enger Zeitung schueden, wat d’Wort ugeet, z.B. kee Grondwëssen iwwer d’kathoulesch Sozialléier.
2° Falsch Aschätzung vun der Wichtegkeet vun enger Informatioun ass och eng Fro vu Bildung. E Journalist sollt e „Welterklärer“ sinn. An dat geet domat un, datt eng Informatioun hirer objektiver Wichtegkeet no verfaasst a verbreet, d.h. an der Zeitung placéiert gëtt. Eng falsch Aschätzung vum Journalist bewierkt, datt d’Lieserschaft keng ganz adequat Bedeitung vun der Informatioun vermëttelt kritt. Zwar ass et an der Press vun haut Usus, kaum nach eng Hierarchie vun den Informatioune geméiss hirer objektiver Wichtegkeet anzehalen, wuel well dovun ausgaange gëtt, datt déi meescht Leit déi wichtegst Informatiounen iwwer Smartphone oder PC scho matkrit hunn. Dat Argument ass awer ze hannerfroen, well éischtens um Internet selwer sou gutt wéi keng Hierarchie vun de wichtegsten Informatiounen agehale gëtt, zweetens well d’Lieser(inne) vun haut an där Hellewull vun Informatioune méi wéi jee eng Orientéierung brauchen, an drëttens well et d’Missioun vun enger wäertorientéierter seriéiser Zeitung ass, de Mënschen zu engem gesellschaftlech an ethesch adequate Jugement ze verhëllefen. Dat geet natierlech net, wann op der éischter Säit vun der Zeitung e Futtballmatch déi meeschte Plaz anhëlt an op der Säit 77 iwwer eng Tragedie vun honnerte Flüchtlingen am Mëttelmier beriicht gëtt. Huet dat nach vill mat Wourecht ze dinn?
3° Onéierlechkeet. D’Journaliste wëssen, datt d’Onéierlechkeet eng Rei vun Nuance kennt: Sou kann een eng onbequem Wourecht (z.B. eng Informatioun, déi wichteg ass, engem awer net „an de Krom“ passt), bis op e Minimum kierzen, op enger ongënschteger Plaz verstoppen, Akzenter anescht setzen oder einfach ignoréieren. Dat alles ass, ouni Ligen ze sinn, wäit ewech vun der Wourecht a gouf an der polariséierter Press zu Lëtzebuerg vill praktizéiert.
De Problem fir vill Informatiounszeitungen ass deemno net d’Ligen, mä de Versuch, sou gutt ewéi méiglech laanscht d’Wourecht ze kommen!
Deen ethesche Konflikt hunn (resp. haten) besonnesch déi Zeitungen, déi sech zu enger bestëmmter politescher a weltuschaulecher Tendenz bekennen. Dat ware, respektiv sinn zu Lëtzebuerg nach an engem gewësse Mooss praktesch all Dageszeitungen. Si hunn deemools, wéi nach aner gesellschaftlech Parameteren an der Press matgespillt hunn, dacks versicht oder zur Reegel gemaach, laanscht d’Wourecht an deem Sënn ze kommen, datt se beim Ëmfank a beim Emplacement kloer déi politesch Parteien an déi respektiv Gewerkschaften onverhältnesméisseg begënschtegt hunn, déi hinnen no stoungen oder mat deenen se souguer rechtlech a finanziell „bestuet“ waren.
Dat ass awer zënter enger ganzer Rei vu Jore besser ginn, an ech hätt mir gewënscht, wéi ech Enn de 60er Joren an d’Wort koum, datt et och deemools schonn esou gewiescht wier. Deemools hunn ech nëmme géint staarke Widderstand erreecht, datt keen um nationale Plang parteipolitesch aktive Journalist méi an d’Redaktioun opgeholl dierft ginn an datt déi, déi nach do waren, kee Leitartikel méi dierfte schreiwen. Scho virdrun hate mer agefouert, datt en innepolitesche Redakter an Zukunft iwwer ausnamslos all Partei- a Gewerkschaftskongress e Bericht an aller Objektivitéit géing schreiwen. Mat de Joren ass déi strikt Trennung vu Bericht a Kommentar leider nees verwässert ginn.
Fir mech ass et ëm d’Glafwierdegkeet gaangen, haaptsächlech fir d’Zeitung, mä och fir déi gesellschaftlech Entitéiten, deene mer am Bekenntnis zum C méi no stoungen. Ech hunn doran ni e Problem gesinn. ‘t ass gewosst, datt eng FAZ dem konservative politesche Lager méi no steet, sou wéi d’SZ an d’NZZ dem lénks-liberale Spektrum, an dat selwecht gëllt fir de Monde an de Figaro asw., ouni datt dat hinne schued. D’Leit wëssen opmannst, wou se dru sinn.
Trotzdeem bleift d’Fro, op eng Zeitung, där ech perséinlech zwar en dezent legitimt Tendenzrecht zougestinn, och dann nach bei der Wourecht bleift, wa se sech zum Vecteur vun offensichtleche Verzerrunge vun der politescher an, wat d’Kierch ugeet, vun der soziologescher Realitéit mëscht. Eesäiteg Iwwerdreiwung ass eng Sënn géint d’Wourecht vun enger Gesellschaft, ob engem déi jeeweils desolat Situatioun perséinlech passt oder net. D’Kierch bleift net lieweg duerch eng iwwerméisseg Quantitéit u Publicitéit, mä duerch e chrëschtlech siichtbart a glafwierdegt Engagement an der Gesellschaft.
Bedenklech ass, wann an enger Zeitung de Kapp geleeëntlech an eng aner Richtung tendéiert wéi d’Féiss. Sou gouf et vun Zäit zu Zäit Themen, déi an der Redaktioun selwer zu Dissens gefouert hunn. Wéi ech déi éischt Leitartikele géint d’Doudesstrof geschriwwen hunn, gouf ech erop zitéiert, den deegleche Kontakt war fir eng Zäit ënnerbrach, ech hunn trotzdeem net géint meng Iwwerzeegung geschriwwen. Dat gouf appreciéiert a fairerweis akzeptéiert. An no enger Zäit hunn ech weider géint d’Doudesstrof a géint all Diktature vun der Welt geschriwwen. Wichteg ass, datt praktesch ni vu baussen, d.h. vum Proprietär oder enger Partei mat signifikantem Erfolleg op d’Redaktioun agewierkt gouf. Souguer Verwaltungsrotsmemberen, déi sech mol seelen mat engem Uleies un d’Redaktioun riichte wollten, goufe vum ieweschte Chef zréckgepaff, si hätten sech aus der Redaktiounsautonomie erauszehalen.
Hei stellt sech d’Fro, op et iwwerhaapt onofhängeg Zeitunge gëtt. Déi Fro läit awer op engem aneren, vill méi prosaesche Plang. Lapidar formuléiert: An der fräier Maartwirtschaft brauch den haaptberuffleche Journalismus nieft dem Verkafserléis haaptsächlech Publicitéit oder Ënnerstëtzung vun Donateuren resp. vum Staat; an den Diktature suergen d’Machthaber selwer fir d’Iwwerliewe vun „hirer“ Press. Béides schaaft Ofhängegkeet. Vun enger wierklech fräier Press kann een am Oste wéi am Westen nëmmen dreemen.
Bei ons diktéieren haaptsächlech d’Annonceuren d’Reegelen. Déi „règles du marché“ entscheeden doriwwer, wéi vill all Zeitung vum grousse Publicitéitskuch matkritt, woubäi d’Importenz vum jeeweilege Stéck natierlech vun der Oplag vum eenzele Medium ofhänkt. A fir näischt vun hirer Portioun anzebéissen, wëllen d’Medien et mat kengem verdierwen.
Wéi ass et also a Wierklechkeet mat der Onofhängegkeet vun der Press? – A wat seet ons déi dacks esou houfreg affichéiert Behaaptung vun der Neutralitéit vun engem Presseorgan?
No mengen Erfarungen aus de Jore vun der Superpolariséierung vun der Lëtzebuerger Press sinn déi Zeitungen, déi ënner dem Usproch neutral opgetratt sinn, der Wourecht an der Objektivitéit seele méi no komm wéi déi, déi sech oppen zu enger politescher, respektiv weltuschaulecher Richtung bekannt hunn. Ech mengen, datt d’Lieserinnen an d’Lieser léiwer hunn, wann ee mat oppenem Viséier optrëtt, ofgesi vun der Tatsaach, datt et keng neutral Press ka ginn, well all Zeil Kommentar den neutralen Terrain automatesch verléisst an et jo fir e Journalist ondenkbar wär, géintiwwer vum Misär an der Welt an och vu politesche Mëssstänn bei ons heiheem als Journalist neutral ze bleiwen.
Also maache mer ons näischt vir: Onofhängeg journalistesch schaffe kënnen nëmmen e puer Idealisten, an neutral kann een an der Press net sinn, an dat wär och alles wéi net wënschenswäert. Wat ënner dem Vokabel neutral figuréiert, heescht am Journalismus a Wierklechkeet objektiv. An dat ass en Ideal vun ons all, och wa mer dacks virdru kapituléieren.
Objektivitéit muss definitiounsgeméiss och verdroen, datt nieft deem fir e Medium bequem Positiven och onbequem Negatives zougelooss gëtt, d.h. béid Säite vun der Medaile berécksiichtegt ginn. Nach eng Kéier: Haut ass an onser Press villes besser ginn, mä laang war et Usus, datt dat Desagreabelt, dat, wou mer eng aner Meenung haten, wou mer Konfrontatioune mat Drockgruppen, mat Parteifrënn, Aktionären, Geschäftspartner, ganze Liesergruppe gefaart hunn, ignoréiert hunn. Domat ass vill Wourecht op der Streck bliwwen. Allerdéngs war an ass och z’ënnerscheeden jee no der Struktur vun der Lieserschaft vun den eenzele Medien. Wahrscheinlech huet et laang keng Zeitung ginn, déi eng esou komplex Lieserstruktur hat wéi d’Wort, besonnesch déi Zäit, wou et nach praktesch an all Haushalt vum Land koum. ’t ass eng schwiereg Aufgab fir Journalisten, an därselwechter Zeitung gläichzäiteg fir déi grouss intellektuell Communautéit a fir déi bedeitend Stacklieserschaft vun de sougenannt einfache Leit ze schreiwen. Do hu Publikatiounen, déi eng bestëmmt Schicht uspriechen, manner Problemer. Virun allem ass et vill méi einfach, bei Intellektuelle besonnesch kriddeleg a komplizéiert Themen ze behandelen, well déi bei allem, wat se liesen, eng eegen démarche intellectuelle entgéint setze kënnen.
Méi „einfach“ war et meeschtens, onbequem Lieserbréif ze klasséieren. Mir louchen se um Häerz, well si d’Méiglechkeet zu där grad a kierchleche Journalistekreeser sou vill gefuerderter horizontaler Kommunikatioun an der Gesellschaft begënschtegt hunn. Ech weess net, ob haut bal kee méi schreift, mä d’Lieserbréif ginn d’Impressioun, wéi wann zu Lëtzebuerg nëmmen nach eng Dosen Intellektueller, a bal ëmmer déiselwecht, zur Fieder gräife géingen. Wou bleiwen déi sougenannt kleng Leit, déi och hir berechtegt Uleies haten a bestëmmt nach hunn? Schreift kee méi, oder sinn d’Journalisten ze bequem ginn, déi dacks ongelenkeg a feelerhaft Texter an d’Rei ze setzen? Dat wär net nëmme schued, mä och en deontologescht Feelverhale géintiwwer Mënsche mat hire Problemer, déi hinnen uewe leien.
Zum Schluss nach eng Kéier d’Fro: Wat ass Wourecht am Journalismus? Ass Wourecht de Géigendeel vu Ligen? Sécher net, wéi ech am Ufank erkläert hunn. Ass Wourecht e Synonym vu Fakt? An enger éischter Approche: jo! Awer da wär ëmgedréit e Fakt ëmmer d’Wourecht. Selbstverständlech! Oder?
Wéi mer an engem Aarbechtsgrupp vum Forum des Civilisations – Les Journées d’Echternach e Colloque iwwer Reliounen an Toleranz (Al-Andalous) virbereet hunn, ass ons kloer ginn, datt de Begrëff Toleranz ons net wäit genuch gaange ass a souwisou net méi vill seet. Dofir hu mer deemools den Titel erweidert: Au-delà de la tolérance. Kann een sech déi semantesch Fro net och apropos vun deem sou dacks grad an der Press revendiquéierten, eppes ofgenotzten, vläicht och mëssbrauchte Begrëff Wourecht stellen? Ass fir de Journalist d’Wourecht net nëmmen e Synonym vu Fakt? Sou wéi och d’Pressegesetz et versteet?
E klengt, bescheident awer alldeeglecht Beispill kann dës Opfaassung vläicht glafwierdeg illustréieren an hannerfroen: ‘t war laang d’Gewunnecht an der Press, d’Berichter vun der Gendapol iwwer Accidenter an Abréch sënngeméiss integral z’iwwerhuelen. Da woussten d’Lieserinnen an d’Lieser, datt hannert dem Steier vum Onglécksauto e Portugis souz, datt en Zigeiner an en Haus agebrach war an datt e Schwaarze mat engem Gramm Haschisch erwëscht gouf. Ech ka mech erënneren, datt deemools d’Uniao ons op déi secher ongewollt rassistogen Terminologie opmierksam gemaach huet. Ech hunn dun am Wort e Kodex mat alle méigleche Begrëffer opgestallt, deen déi nëmmen an Ausnamefäll opportun physesch Detailer aus der Zeitung verbannt huet.
An dach waren et Fakten, an dee verpönten Neologismus fake news huet bei der seriéiser Press eng nei Aart vun Obsessioun fir de „plakege“ Fakt gefërdert an hir gläichzäiteg géintiwwer där Myriad vun onzouverlässegen Noriichten am Netz eng nei Chance vu Glafwierdegkeet geliwwert.
D’Fro bleift: Ass de Fakt déi ganz Wourecht? Sou wéi d’Fro, wat iwwer déi reliéis Toleranz eraus wierklech de Punkt trëfft, nämlech Mënschlechkeet, Verzicht op Viruerteeler, Altruismus, jo Nächsteléift, sou verstoppt sech hannert der Wourecht och méi wéi de Fakt, méi wéi d’Tatsaach, méi wéi déi akkurat Bestandsopnam.
Ech si perséinlech iwerzeecht, datt d’Wourecht, no där mer haut den Owend sichen, méi ass wéi de Fakt an dofir dem Fakt iwwergeuerdent ass. Wat am redaktiounsinterne Kodex stoung, deen ech viru Joerzéngten als jonke Member vun der Chefredaktioun opgestallt hat, ass et ëm net méi an net manner gaang wéi ëm d’Würd vum Mënsch, onofhängeg vu senger Hautfaarf, senger Hierkonft, sengen Iwwerzeegungen, senger Relioun.
Dat ass déi Wourecht, déi ech mengen, déi Wourecht, déi iwwert där Wourecht steet, déi mer als Fakt definéieren. Si schützt de Mënsch virdrun, duerch Fakten ofgestempelt oder erofqualifizéiert ze ginn. Si mécht d’Dir op zur Fräiheet vu Viruerteeler an zu Mënschlechkeet. Kloer, datt dobäi en Deel vun de Fakten op der Streck bleift, wat fir munch Journalist en klengen Dilemma ka sinn. Sou Situatioune sinn an der Ethik net seelen; mir schwätzen da vun der sougenannter pragmatescher Ethik.
Si ass gefrot an der Lokalnotiz wéi och am Leitartikel, am Bericht wéi och am Kommentar, am Unhuelen oder Refuséiere vu Meldungen an Zouschrëfte vu Mënschen, déi eppes um Häerz hunn. Wann ech doriwwer nodenken, louch ech a mengem laange Journalisteliewen um Enn vläicht méi dacks nieft där Wourecht, wéi ech et mer bewosst war.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
