Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Wie in der letzten "forum"-Nummer versprochen drucken wir hier die Intervention von Herrn Joseph Jacoby auf der Synodalversammlung vom 18.6.1977 ab. Sie scheint uns insbesondere interessant, weil sie, ungewollt, sehr deutlich den ideologischen Charakter der sogenannten Katholischen Soziallehre offenbart.

(…) "Mir hun et hei tatsächlech matt engem Mässverständnis ze din. Den Här Thomé huet gesot, d’Fuerderung no Eegentum vun deene klenge Leit – nët nëmmen vun den Aarbechter, och vun de klenge Mëttelständler – no Produktiounsgüter, déi Fuerderung géif vu kenger Gewerkschaft erhuewe gin ausser vun de kommunisteschen. ‚T as awer elo jhust ëmgedrëit; déi Fuerderung gët jhust nuren vun de Kommunistesche Gewerkschafts bekämpft, nët nëmme vun de kommunistesche, sondern och vun deenen, déi eng marxistesch Schlagsäit hun. Déi Fuerderung steet am Grondsaatzprogramm vum LCGB, seit ville Joren, si stong am Wahlprogramm, matt deem d’CSV an déi läscht Wahle gaangen as. Et as eng Fuerderung vun der DGB-Gewerkschaft. Innerhalb vun där Gewerkschaft gët et ee Flügel, dee marxistesch Schlagsäit huet an deen as dergëint, an esou as et an alle Gewerkschaften. D’Gewerkschaften, déi sin do gedeelter Mee-nung. Déi, déi eng kommunistesch Welt wëlle bauen, déi si jo drop aus, fir dass déi, déi besteet, fir d’éischt muss zerstéiert gin, an si gesin an der Bedeelegung vun den Arbeitnehmer um Produktiounskapital eng Method, fir d’Aarbechter méi ze-fridden ze man, an da wéineger ufälleg fir kollektivistesch, sozialistesch Iddien oder marxistesch Iddien.

Déi Fuerderung, as eng Grondfuerderung vun der Sozialléier vun der Kiirch, jo si as ëmmer an ëmmer nees widerhuelt gin, si as an der läschter Zäit ganz aktuell gin, doduerch datt Wirtschaftskreesser, déi sech ausdrécklech als liberal bezeechent hun, duerfir agetruede sin, sou datt elo endlech nees dee Problem do soll opgegraff gin. Si féiren déi jetzeg Krisis zum gudden Deel drop zréck, datt ze laang gezéckt gin as, fir déi Fuerderung ze réaliséiren. Si gesin doran keng méi direkt Aarbechter-fuerderung, sondern et as fir si eng Fuerderung fir méi Investitiounskapital an d’Wirtschaft ze kréien; si denken doduerch den iwerflësegen an de Prestigekonsum zréckzedrécken, doduerch datt d’Arbeitnehmer ugeléiert gin, ugespornt gin, méi Geld

ze spueren a bereet ze sin, dat an e Risikokapital unzeleën. Dat géif also d’Investitiounen vun der Wirtschaft verbesseren an et gëng hëllefen, d’Krisis iwerwannen. (…) Dat hei soll justement en Hauptmëttel sin, fir der Kollektiviséirung viirze-beugen, an duerfir mengen ech och, hätt den Här Thomé Onrecht, wann e mengt, dat kënnt een héchstens als Fernziel huelen; dat as en urgent Ziel, fir déi kollektivistesch Trenden ëmzebéien; an et gët och, grad an deene läschte Joren, ëmmer als prioritärt Ziel durgestallt.

An der Schwäizer Synod as dat och festgehale gin. Ech liesen hei vir, et as vun der Synod Chur: ‚Für die gerechte Verteilung des wachsenden Sozialproduktes ist es wesentlich, aus welchen Quellen die Kapitalversorgung gespeist wird. Ein grosser Teil der Kapitalbildung erfolgt heute durch Selbstfinanzierung der Unternehmer; das heisst, ohne dass dadurch Lohnempfänger einen entsprechenden Anteil an Eigentum der entstehenden Vermögenswerte erhielten. Diese einseitige Beanspruchung des Resultates aus dem Zusammenwirken von Belegschaft, Unternehmer und Kapitalgebern, widerspricht den aktuellen Gerechtigkeitsvorstellungen und benachteiligt die Arbeitnehmerschaft. Es ist darum eine mehr als bloss symbolische, sondern tatsaechliche wirtschaftlich ins Gewicht fallende Bildung von Produktionsmitteleigentum in Arbeitnehmerhand anzustreben.‘

(…) D’Humanisierung vun der Aarbechtswelt, Matbestämmung un der Aarbechtsplaz as e ganz anert Gebitt an dat soll ee gur nët an d’Debatt féiren fir dee Sektor vun der Beteiligung um Produktiv -vermögen. (…) D’Beteiligung um Produktivvermögen (…) as och ee Punkt, wou d’Aarbechter d’accord sin matt fortschrëttlechen Arbeitgebern, z.B. de Verband vun de kathouleschen Arbeitgeber. (…) Deen huet sech x-mol fir déi Iddien ausgesprach, och zum Deel réaliséiert an hire Betrieber an si insistéiren d’lescht Joer nach op hirer Bundeskonferenz, datt soll, wiirklech, ganz urgent dorop gedrängt gin. (…) Projets’en, déi bestin, wëlle nët nëmmen d’Aarbechter um Produktivvermögen bedeelegen, sondern och déi kleng Selbständeg, bref all Leit, an dat sin 95% an alle Länner, déi bis elo nët um Produktivvermögen bedeelegt waren, sollen dru bedeelegt gin.‘

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code