RTL ass méisproocheg!
Eng Äntwert op den Artikel vum Christos Floros an der forum-Ausgab Nummer 433 vum September 2023
Ech war entsat, ewéi ech den Artikel vum Christos Floros an ärer September-Ausgab gelies hunn.
Virun allem de Passage « le principal média va à nouveau nous diviser, en proposant une couverture politique majoritairement monolingue qui renforcera dans la tête de certains l’idée d’un Luxembourg monolingue qui n’existe cependant que dans les programmes d’actualité » huet mech interpelléiert.
Ech wollt den Auteur vun dësen Zeilen drun erënneren, dass mer bei RTL méisproocheg sinn.
Eisen Telëesjournal gëtt all Dag op franséisch iwwersat an och op franséisch diffuséiert.
Mer hunn Internet-Plattformen an dräi Sproochen: op lëtzebuergesch (www.rtl.lu), op franséisch (www.infos.rtl.lu) an op englesch (www.rtl.today.lu).
Mer hunn e Radiosprogramm op englesch (Today Radio).
Ech kann also als Directeur de l’information vun RTL net novollzéien, ewéi eng Persoun, déi en plus an eisem Haus Erfarunge mam Journalismus gemaach huet, esou gravéierend Virwërf (“Mer géifen d’Land splécken”) kann erhiewen.
Mer schaffe weider neutral an objektiv an hunn eis virun allem wärend de Chamberwalen driwwer gefreet, dass mer mat eiser Méisproochegkeet net nëmme beim Wieler, mä och bei villen Bierger hei am Land, déi net kënne wielen, op groussen Zousproch gestouss sinn.
Guy Weber
Directeur de l’information
RTL Luxembourg
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
