„Lëtzebuerg ass kee Motor méi“

De Lëtzebuerger Bléck op Europa gëtt staark vun der journalistescher Berichterstattung gepräägt. Déi, déi maassgeeblech dozou bäidroen, sinn d’Lëtzebuerger EU-Korrespondenten zu Bréissel. D’Zäitschrëft forum wollt sech mat dräi vun hinnen iwwert hir Aarbecht an hir Erfarunge mat der ‚Institutioun‘ Europa ënnerhalen. Den Optakt mécht den Diego Velazquez, Korrespondent zu Bréissel fir d’Dageszeitung Luxemburger Wort.

Wéi kann een sech d’Aarbecht vun engem Europa-Korrespondent virstellen? Schafft Dir als Expat zu Bréissel/Stroossbuerg oder vun heiheem aus?

Diego Velazquez: Ech schaffe vu Bréissel aus, fueren awer op Stroossbuerg a Lëtzebuerg, wann d’EU do täteg ass. Ech fannen et wichteg, zu Bréissel ze liewen, fir d’EU ze couvréieren – aus engem zentrale Grond: Nëmmen esou kann ee reegelméisseg a Kontakt si mat Quellen a Journalisten aus anere Länner. Dat ass a mengen Ae wichteg, fir verschidde Perspektiven ze kréien, déi een zu Lëtzebuerg net ëmmer matkritt. Politiker zu Lëtzebuerg hunn et oft einfach, iwwert d’EU ze schwätzen, well se op der Place publique net direkt mat Stëmmen aus anere Länner oder EU-Institutioune kënne konfrontéiert ginn. Et ass eisen Job, dat dann zu Bréissel ze maachen.

Wéi maacht Dir de Choix vun den Themen, déi Dir couvréiert (ofgesi vu groussen Evenementer wéi Conseil européen)?

D.V.: Natierlech gi vill Theme vun der Aktualitéit diktéiert. Ech hunn awer och vill Fräiheeten a ka meng Akzenter setze mat Hannergrondgeschichten an Interviewe vun Denker a Politiker, déi ech interessant fannen. Oder wann ech en Dossier wichteg fannen, deen e bëssi ënnerschat gëtt. D’Direktiv fir de Schutz vun de Whistleblower hunn ech zum Beispill méi intensiv couvréiert.

Wéi ass d’Gewiichtung vun Ärer Aarbecht tëscht den Institutiounen (Conseil, Kommissioun, Parlament, Geriichtshaff)?

D.V.: Ech maachen de Geriichtshaff nëmme, wann Entscheedunge kommen, déi en Afloss op Bréisseler Dynamiken hunn (z.B. Ceta, Tax rulings). Ech mengen, datt déi Bréisseler Gewiichtung tëscht Conseil, Kommissioun a Parlament ganz vill vum politesche Moment ofhänkt, an deem sech d’EU grad befënnt. Am Ufank vun der Juncker-Kommissioun hat ech hir zum Beispill vill Wichtegkeet ginn, well se versprach hat, anescht wéi déi virdrun ze sinn. Dat wollt ech gesinn. Duerno – also ab 2015 – ass d’EU duerch d’Euro- a Flüchtlingskris an eng Solidaritéitskris tëscht de Memberstaate gerutscht. Et war erëm ganz okay, sech als Natioun zu Bréissel offensiv ze behaapten. Dëse Kampf huet sech am Conseil, wou d’Memberlänner vertruede sinn, ofgespillt. Dowéinst huet de Conseil da vill Plaz ageholl. Well ech eleng sinn, muss ech mech och oft ëm déi ganz grouss Theme këmmeren, bei deenen d’Parlament net allze vill ze soen huet. Allerdéngs ass dës Institutioun ëmmer e Begleeder vun allen anere Gremie gewiescht. D’Parlament kann am fräiste schwätze an huet dofir en Afloss op den Narrativ.

Huet d’EU eng Informatiounsflicht vis-à-vis vun de Journalisten? Hutt Dir Zougang zu allen internen Dokumenter, déi Iech interesséieren?

D.V.: Nee, net ëmmer. Dozou muss een e puer Saache soen. Am Allgemengen hunn ech d’Gefill, datt et zu Bréissel méi einfach ass, un Informatiounen ze komme wéi zu Lëtzebuerg. D’Internetsite vun den Institutiounen si voller Hannergrondinformatiounen a ginn sech d’Méi, fir transparent eriwwerzekommen. Och hunn ech d’Gefill, datt et zu Bréissel méi einfach ass, fir u ‚Leaks‘– also un Informatiounen, déi net ëffentlech sinn – ze kommen, well do méi ënnerschiddlech Interessen zesummewierke wéi zu Lëtzebuerg, wou alles ganz konsensuell leeft. Zu Bréissel hu vill Acteuren en Interêt drun, méiglechst ënnerschiddlech Informatiounen ze kommunizéieren. Dat fërdert onweigerlech d’Transparenz. Allerdéngs muss ech soen, datt de Conseil, also d’Memberlänner, besonnesch ontransparent sinn. Et versteet een, vu wou dat kënnt, well dës Institutioun aus der diplomatescher Zesummenaarbecht tëscht de Memberlänner erausgewuess ass. Allerdéngs misst se als Co-Legislateur vill méi oppe sinn. Sou ginn et zum Beispill Entwërf, déi d’Commentairen aus de verschiddene Länner zu enger Richtlinn oder politesche Conclusioune resuméieren. Et wier dach genial, dat ëffentlech ze maachen. Oder ass et esou schlëmm, wann ech weess, wat meng oder aner Regierungen zu engem bestëmmte Sujet ze soen hunn?

Gëtt et esou eppes wéi eng ‚Brussels Bubble’? Spiert Dir Iech als en Deel dovun?

D.V.: Jo, absolut. Allerdéngs gëtt et och eng ‚Krautmaart-Bubble‘. Allebéid sinn ähnlech komesch an onverständlech fir Outsider. Just dass déi ‚Brussels Bubble‘ méi grouss a méi intensiv ass, well vill Expats hir Fräizäit méi isoléiert verbréngen wéi Leit, déi an hirer Heemechtsstad liewen an do hir Kollegen a Famill hunn. Dat féiert dozou, datt sech d’Bubble zu Bréissel op aner Liewenselementer wéi Fräizäit, Sport a Frëndschaft ausdeent. Dëst gesot, ech wunnen zu Molenbeek a gi gär op Bréisseler Kulturveranstaltungen. Vill Leit, déi ech kennen, och. Sou schlëmm ass déi Bubble guer net.

Huet sech Är Aarbecht duerch d’Social Media verännert?

D.V.: Ech hunn d’Aarbecht viru Social Media net kannt. Ausserdeem sinn ech e grousse Fan vun Twitter. Et erlaabt, e Netzwierk vun Informanten ze spanen, déi gäre Saache wéi Instant-Analysen an Dokumenter deelen – an dat a verschiddene Länner. D’spuenesch Waldebatten um Fernseh a gläichzäiteg op Twitter ze verfollegen, ass zum Beispill intellektuell ganz beräicherend, well et all Expert erlaabt, d’Evenementer live ze kommentéieren. Fir e Journalist ass dat eng super Saach.

Wéi schätzt Dir den Afloss vun de Lobbyen an? Hutt Dir Kontakter mat Lobbyisten?

D.V.: Ech hu Kontakt zu Lobbyen aus Wirtschaft, Ëmwelt an dem soziale Beräich. Dat ass meeschtens interessant an heiansdo e bëssi plakativ. Mä doduerch kann een Dossieren oft besser verstoen. Och hei géif ech d’Influenz vun de Lobbyen net Bréissel-spezifesch gesinn, besonnesch well den Afloss vun der Finanzplaz op d’Lëtzebuerger Politik jo notoresch ass. D’Diskussioun ëm Lobbyismus ass interessant, mä net aus der Bréisseler Perspektiv eleng. Besonnesch, well grad d’RPen – d’Represéntations permanentes aus de Memberlänner also – sech besonnesch schwéier domadder dinn, Minimum-Standarden a punkto Lobbyismus unzehuelen.

Muss een der EU grondsätzlech positiv gesënnt sinn, fir Ären Job ze maachen? Wëllt Dir Ärem Publikum d’EU méi no bréngen, méi sympathesch maachen?

D.V.: Dës Fro ass interessant, well hei jo u sech gefrot gëtt, op mir eng Agenda an e Bias mussen hunn, fir EU-Korrespondenten ze sinn. Géif een e Lëtzebuerger Journalist an der Innepolitik froen, op e Lëtzebuerg positiv gesënnt ass? Ech mengen net – obwuel dat heiansdo interessant wär, well ech fannen, datt d’Medien doheem an Europafroen ze oft relativ onkritesch den Narrativ vun der Regierung iwwerhuelen. Wahrscheinlech geschitt dat onbewosst a läit un de Quellen, déi een huet. Dat ass, mengen ech, zu Bréissel ähnlech. Ech perséinlech menge jo, datt et positiv fir de Kontinent wär, wann d’europäesch Institutioune méi staark wieren. Dat hënnert mech awer net drun, d’Kommissioun, d’Parlament oder de Conseil wéinst hirer Politik ze kritiséieren – au contraire. Generell géif ech soen, datt Bréissel-Korrespondenten ee liichte Pro-Kommissioun-Bias hunn – wahrscheinlech, well dës Institutioun fir d’europäescht Allgemenggutt steet a vill Journalisten et gutt fannen, datt et sou eng Institutioun gëtt. Fairness hallwer muss een awer och soen, datt dëse Bias doduerch kënnt, datt Regierungen, Gewerkschaften, Oppositiounspolitiker etc. stänneg iwwert d’Kommissioun stänkeren. Allerdéngs probéieren ech net, eppes méi sympathesch ze maachen. Dem Lieser eppes méi no ze bréngen, dat jo. Mä do gesinn ech keen Ënnerscheed zu engem Journalist an der Innepolitik.

Konzentréiert Dir Iech speziell op d’Lëtzebuerger Europadeputéiert (Dossieren, op deenen si schaffen; Stëmmverhalen a kontroverséierte Froen)? Wéi eng Relatiounen hutt Dir mat hinnen?

D.V.: E bëssi – wann se tranchéiert an informéiert Meenungen zu Sujeten hunn. Am Allgemenge sinn ech awer der Meenung, datt ee vun deem patriotesche Bléckwénkel fortkomme muss. Wann ech e Sympathisant vu deene Grénge wier, da misst ech mech genau sou mam Sven Giegold identifizéiere kënne wéi mam Tilly Metz. Am Idealfall mol. D’Relatioun mat den Europadeputéiert ass duerchaus reegelméisseg, frëndlech a professionell. Et gëllen déi selwecht Deontologiereegele wéi doheem.

Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg haut um europäesche Plang? Wou leien eis Stäerkten, wou eis Schwächen? Bréngt d’Lëtzebuerger Regierung Saachen no vir? Wou steet si onnéideg op der Brems?

D.V.: Lëtzebuerg ass kee Motor méi, et komme keng Iddie méi, fir d’EU besser ze maachen – ausser villäicht a Migratiounsfroen. Lëtzebuerg huet kee Courage, fir d’EU méi demokratesch a méi gerecht ze maachen. D’Land muss awer verstoen, datt et Deeler vum Kuch wäert deele mussen, fir datt et an absehbarer Zäit iwwerhaapt nach e Kuch gëtt. Dat ass besonnesch a Steierfroen a beim Euro wichteg, wou Lëtzebuerg alles ze vill patriotesch gesäit. Mä och den Demokratiedefizit vun der EU ass der politescher Klass zimlech egal. Ech mengen, vill Bierger sinn a sou Froe mëttlerweil méi wäit wéi eis Politiker. Et ass jo ridicule, datt mer soen, d’Unanimitéitsreegel wier eng Sauerei an der Aussepolitik, a gläichzäiteg fanne mer se a Steierfroen awer ganz natierlech…

Wéi gesitt Dir de Bilan vun der Kommissioun Juncker?

D.V.: De Bilan vun der Juncker-Kommissioun muss een an engem ganz komplizéierte Kontext vu Globaliséierungsskepsis gesinn, där d’Kommissioun et net gepackt huet ze konteren. Dee war ganz schwéier. Am Ufank koumen aus der Juncker-Kommissioun gutt a couragéiert Iddien, wéi de Juncker-Plang, d’Flüchtlingsverdeelung oder sozial Propose fir d’Eurokris. Allerdéngs ass d’Juncker-Kommissioun un dësem schwierege Kontext gescheitert, amplaz deem positiv entgéintzewierken. D’Kommissioun huet et net gepackt, géint Brexit, Orbán, Nationalismus etc. unzekommen. Si ass net eleng dru Schold. A verschiddenen Dossieren huet si awer, menger Meenung no, einfach falsch Choixe getraff. Sou fannen ech et komesch, datt e Kommissiounspresident wéi de Juncker sou skeptesch géigeniwwer Reguléierungen ass an sech domadder bretzt, datt en sech net ëm Toilettechassë këmmert. Wéi wann d’Welt iwwerreguléiert wier?! Dat war en diskursive Bonbon un EU-Skeptiker an Ultraliberaler, obwuel vill Leit an Zäite vu Fridays for Future ebe grad no Reguléierunge froen. En plus ass Konsumenteschutz ëmmer populär. Do hätt ee punkte kënnen, mä de Juncker wollt éischter an d’Defensiv goen. Ähnlech gesäit et mat der Fräihandelsobsessioun vun der Kommissioun aus, woubäi vill Experte soen, datt een dee Sujet villäicht méi lues a manner naiv misst ugoen. A punkto Steiergerechtegkeet war d’Juncker-Kommissioun ironescherweis ganz aktiv – an engem positive Sënn. D’Memberlänner hunn do awer versot, Europa als Motor ze placéieren.

Wou misst d’EU Ärer Meenung no evoluéieren?

D.V.: D’EU muss méi demokratesch ginn a fortkomme vun deem diplomateschen Exercice tëscht de Memberlänner, deen se am Moment ass. Kee Wonner, datt d’Leit sech domadder net identifizéiere kënnen – se hu jo net wierklech eppes dobäi ze entscheeden. Ech verweisen do op d’Kritik vun der däitscher Politologin Ulrike Guérot: „In der Eurokrise hat ein Land, und zwar Deutschland, bestimmt, was am Ende dabei rauskam. Aber Malteser, Griechen, Portugiesen und Litauer konnten nun einmal nicht in Deutschland wählen. Zweitens gibt es im Europaparlament eine Gewichtung der Stimmen. Das EU-Parlament funktioniert nicht nach dem Prinzip ‚Ein Bürger, eine Stimme‘. Das mag ein heikles Thema für Luxemburg sein, da eine Stimme aus Luxemburg mehr wert ist als eine Stimme aus Polen, aber ein Parlament hat als legislative Erste Kammer auf der Grundlage von Wahlrechtsgleichheit zu funktionieren. Das haben wir in der EU nicht. Drittens gibt es noch ein Transparenzproblem: Ich habe als Staatsbürgerin kein Recht darauf zu erfahren, wie meine Regierung im Rat der EU abstimmt. Das sind gleich drei demokratische Defizite. Kein Staat der EU würde im Leben daran denken, sich so zu organisieren.“

Fir datt d’Europäer sech als Europäer fillen, muss et en demokrateschen a politeschen Ensembel ginn, deen europäesch ass. Dat ass am Moment einfach net de Fall. Vill méi muss direkt vum Bierger kënne bestëmmt ginn an net duerch d’Mediatioun vu Regierungen an Diplomaten. Do ass den eigentleche Killer fir d’EU, net d’Populisten, déi oft mat hirer Kritik richteg leien. De Fonctionnement vum Eurogrupp ass zum Beispill aus demokratescher Perspektiv eng reegelrecht Schan. An hei geet et net ëm europäeschen Idealismus – deen ass mer am Fong egal. Et geet ëm Rechtsstaatlechkeets- an Demokratieprinziper, déi am Fonctionnement vun der EU net gi sinn. Do erwaarden ech mer méi Lëtzebuerg. Dat ass awer leider am Moment net de Fall.

Den Interview gouf den 24. Abrëll 2019 per E-Mail gefouert. (lop)

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code