Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Äntwert op d’Peffermillen (forum 108) iwwert den Lampertsbierger Bus.

De neie Schefferot probéiert och am Transportwiesen eppes fir déi Lampertsbierger Leit ze maachen, an d’Etude Brändli geseit ganz kloer och hei eng Verbesserung vun de Busfrequenzen fir. Déi zwou Linnen 3 a 4 sollen jiddereng an Zukunft all 1/4 Stonn fueren, wat bis elo nënnen bei der Linn 4 de Fall war. Doriwwer eraus huet de Lam-

Lampertsbierg mat deenen Linnen och nach eng direkt Verbindung mat Bouneweg, ouni emzeklammen. Och an Zukunft sollen déi véier Haaptachsen (Faïenceriestrooss, Pasteurstrooss, Victor Hugostrooss, an avenue du Bois) vun de Linnen 3 a 4 bedëngt gin. Et as wouer dat mir nët wëllen duerch de Kiischtewee fueren, mä ët huet sech duerch eis Zählungen erwisen, dat déi Lampertsbierger Leit vill léiwer de Bus an der avenue du Bois huelen wéi am Kiischtewee. Fir elo awer de Bus an deenen zwou Stroossen fueren ze loossen as nëmmen méiglech wa mer eng zousätzlech Linn giffe maachen. Doduerch wir de Lampertsbierg awer a punkto Gemeinschaftstransport nach méi bevirdeelegt wéi en et elo schons as. Ausser dem Lampertsbierg huet nämlech jhust nach Bouneweg zwou Linnen an engem Quartier, mä déi nach mat engem vill méi ongënschtegen Trajet.

D’Liezstrooss kann spéiderhin durch d’Verleën vum Terminus aus der B.Weberstrooss op d’Busgare virun de Lycéen bedëngt gin, souweit et d’Awunnerzuelen aus der direkter Emgéigend ausweisen. Allerdëngs wäerd ee Problem zu verschiddenen Zäiten am Dag dee vum Zougang zu dëse Quaien sin, déi dann vu Schülerbussen blockéiert sin.

Wat de Quartier hannert dem Neumannspark ubelangt,sou as hei nët en e Busservice ze denken, wëll enger säits kann de Bus aus techneschen an aus Sëcherheetsgrënn nët de Roudebierg op oder of fueren, an aner säits sin d’Stroossen an dëser Cité ze kleng fir dass e Bus könnt hei d’Kéier maachen. Willy Bourg

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code