Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Jean MISCHO

"Mir sti mat zwee Féiss um Buedem"

Den Här Jean MISCHO wor Lëtzebuerger "représentant permanent adjoint" bei den europäesche Gemeinschaften an schafft elo an der Lëtzebuerger Ambassad zu Brëissel.

forum: D’"Lëtzebuerger Aart" as neierdëngs – besonnesch bei eise Politiker – vill am Gesprëich. Kann een si definëiren? As si eppes Statesches, oder ëvoluëiert si?

Jean MISCHO: Den historeschen Aspekt iwwerloossen ech léiwer Leit, déi méi qualificéiert sin ewéi ech, fir doriwwer ze schwätzen. Mä ech mengen et gët eppes, wat ee kann "Lëtzebuerger Aart" nennen. Ech weess nët awéiwäit si an eisem nationale Charakter läit oder vun der Klengheet vum Land hierkënnt. Vläicht dréit d’Klengheet vum Land vill derzou bäi, datt mir esou si wéi mer sin.

Fir mech besteet d’"Lëtzebuerger Aart" zu engem

gudden Deel doran, datt mer zimlech mat den zwee Féiss um Buedem stin. Ech gin zou, datt dat och kann een Nodeel sin: hei an do si mer vläicht ze-vill "terre à terre" oder souguer klengkaréiert. Mä anersäits huet déi Haltung och eng ganz Rei Avantagen. Mir hu nët esou wéi aner Natiounen d’Tendenz fir eis terribel sérieux ze huelen, fir eis opzeblosen, fir am politesche Géigner en Doutfeind ze gesin. Mir hun e gewësse Sënn fir d’Ironie, souguer fir d’Selbstironie. E Persounekult wéi an anere Länner ka bei eis nët opkommen. Mir hun e gewësse Sënn fir d’Proportioun, fir d’Relativitéit vu munnechem, e gewësse Realismus.

Eis Klengheet huet et eis méi liicht gemaach, ze verstoen, datt mer all nëmme Mënsche sin, ob Patron, Aarbechter, Dokter, Hausfra, Bauer oder Beamten. An dofir as vläicht de Sënn fir d’national Solidaritéit e bësche méi grouss. Dat as an der aktueller Situatioun e groussen Avantage. Mir liewen an enger Zäit vu Kris, dat weess jidfereen, mä et as leider

wahrscheinlech, datt si nach méi schlämm ka gin. An et gesäit een, datt déi Länner, an deenen eng staark national Kohäsioun besteet, bis elo d’Kris besser gemeeschtert hun, z.B. Japan, z.B. d’Schwäiz an och Lëtzebuerg. Ech fannen zwar deen Ausdruck "Lëtzebuerg Modell" e bësche prätentiös, e bëschen "hei-kommt-kucke-wat-mir-dichteger-sin", mä et as eppes drun: mir hun et fäerdegbruecht fir déi Problemer, déi eis säit 1974/75 entstane sin, wahrscheinlech besser ze léise wéi déi aner Länner, do-duerch, datt et bei eis méi liicht war, all betraffe Leit un een Dësch ze bréngen an d’Problemer matt engem relativ grousse Realismus an Objektivitéit unzegoen a Léisungen ze fannen, ëm déi aner Länner eis beneiden.

An ech mengen, et as ganz wichteg, datt dat Element och an Zukunft bestoe bleift.

forum: Dir schwäzt vu nationaler Kohäsioun an Ze-summenhank matt der Kris. Gët dee Begrëff nët staark relativéiert duerch dee groussen Auslännerundeel ënner eise Beschäftegten, dee mir a Krisenzäiten als Ventil benotze kënnen?

J. MISCHO: Jo, d’Auslännerproblem as natierlech ganz wichteg, virun allem am Zesummenhank matt der nationaler Kohäsioun, mä a long terme gesin. Ech fannen, datt bis elo eis auslännesch Matbierger d’national Kohäsioun nët a Gefor bruecht hun. An ech gëng soen, datt mir den Auslännerundeel un der Populatioun manner als Ventil gebraucht hu wéi aner Länner. An Däitschland hu, mengen ech, méi wéi eng Millioun Tierke missen heemgon, a Frankräich sin der och heemgeschéckt gin, zum Deel mat enger "prime de rapatriement". Mir hun d’Immigratioun gestoppt – dat as schon eng grouss Differenz, ob een een heemschéckt, deen doheem näischt méi huet an

nët weess, wat en doheem vierfënnt, oder ob een einfach seet, et komme keng nei Auslänner méi eran. An där Hinsicht hu mer nët gehandelt wéi di aner, ob-wuel bei eis den Undeel vun den Auslänner un der Gesamtpopulatioun méi grouss as wéi an deenen anere Länner.

forum: Et gin allerdëngs och méi subtil Manéiren, fir d’Leit fortgoen ze don …

J. MISCHO: Dat kënnt sin, mä ech menge nët, datt mer op groussem Fouss dovu profitéiert hätten. Natierlech kënnt dee groussen Undeel vun Auslänner e Problem duerstellen am Zesummenhank mat der nationaler Kohäsioun. Wann et z.B. esou gëng goen, datt mir an lo Joer en Undeel vun 30 – 35% Auslänner hätten, da gëng d’Fro sech stellen, ob mer nach di néideg Kohäsioun behale fir eis Problemer an deemselwechte Geescht ze léisen. An deem Zesummenhank stellt sech dann och d’Fro vun der Sprooch. Di éischt Integratiounswell as zimlech gutt integréiert gi säit Ufank vum Jorhonnert, mä wéi gëng et goe wa mer méi wéi 30% Auslänner hei hätten, di keen Interessi méi gesi fir Lëtzebuergesch ze léiren, well si esou e groussen Deel vun der Populatioun gëngen ausmachen a well si nëmmen fir lo – 15 Joer heihikéimen, mat der fixer Iddi, hannescht ze goen. Da kënnten emol Problemer entstoen. Et wär nët gutt, wa mer hei eng Situatioun kréichen, wi se z.B. an England besteet oder a verschidene laténgesche Länner, eng Situatioun vu wierklecher Klassentrennung, wou bei eis nach eng sprooch-lech Trennung derbäkéim. Ech hoffen, datt mer och an Zukunft bei eisen auslännesch Matbierger d’Ge-fill oprecht erhale kënnen, datt mer zesumme mat hinnen an engem Boot sëtzen an d’Problemer entweder solidaresch meechteren oder zesumme mat hinnen ënnert d’Rieder kommen.

forum: Dat heescht och ënner Emstänn eng national Identitéit mat hinnen zesummen nei développéiren ?

J. MISCHO: Jo, firwat nët, wann dat méiglech as. Ech hun doriwer nach nët weider nogeduecht, wat eng nei national Identitéit kënnt sin. Mä ech gi nët dervun aus, datt de Lëtzebuergers a sänger heiteger Form en "être supérieur" wier, deen d’Perfektioun erreecht hätt an onbedéngt an där Form misst erhale bleiwen. Firwat soll eise nationale Charakter nët évoluéiren. Mä ech hoffen, datt déi positiv Charakteristiken, vun deenen ech am Ufank geschwat hun, erhale bleiwen. Wat mer musse verhënneren as, datt mer op eemol zwee parallel Länner hei hätten, wi dat an der Belsch de Fall as.. Dat as natierlech nëmmen eng Spekulatioun, mä ech hun d’Ge-fill, wéi wann do eng Gefor kënnt entston. An an deem Kader huet d’Lëtzebuergers Sprooch natier-lech hir Wichtegkeet. Wann een a Versammlungen alles muss zweemol soen fir z’iwwersetzen, oder Kopfhörer aféiren, sief dat a Gewerkschaftsversammlungen oder politesche Versammlungen, da krit di Saach op eemol eng ganz aner Nues. Duerfir, mengen ech, as et eisen Intérét, datt di Auslänner, di hei sin, wa méiglech hei bleiwen an intégréiert gin, spéitstens an der zweeter Generatioun.

forum: Fir bei der Sprooch ze bleiwen, do gët et jo bei eis wéi bei eise Noperen eng Renaissance vun der Sproochkultur. Kënn Der vläicht doriwer eng Wärtung ofgin?

J. MISCHO: Ech fannen dat u sech gutt, datt d’Lëtzebuergesch erëm e bësche revaloriséiert gët, datt vill publizéiert gët op Lëtzebuergesch, vill Theaterstöcker geschriwwe gin. D‘ Sprooch as nun eemol e ganz wichtegen Deel vun eiser nationaler Identitéit. Déi Tendenz kann ee

nämmen encouragéiren. ‚T as jo keng Tendenz, déi egozentresch wär, sech op sech selwer ofkapselt. Ech mengen, bei eis stellt dat Problem sech nät. Mir si noutgedrongen op no baussen. Mir sin däitschen, franséischen an och belschen Influenzen ausgesat, wéi keen anert Vollek auslänneschen Tendenzen ausgesat as. Eis Studenten studéiren am Ausland. ( Iwregens fannen ech, datt et eng gutt Saach as, datt mer nämmen een Universitéitsjoer zu Lëtzebuerg hun. Wa mer eng komplett Universitéit hätten, da geng dat, mengen ech, zu enger gewässer Introversioni férien.) D’Renaissance vun eiser Sproochkultur as also menger Meenung no eng gutt Saach.

forum: An déi Sproochrenaissance kënnt nät emol vu konservativen Tendenzen falsch interpretiert gin?

J. MISCHO: Déi Gefor gët et vläicht, mä ech gesin se am Moment nät. Et klängt natierlech ëmmer konservativ, vun der Sprooch a vum Brauchtum ze schwätzen asw. Mä et schängt mir am gudde Sënn konservativ. Mir wëlle jo nät zreckgoen zu eppes, wat onwidderruflech eriwwer as. D’Duerfliewe kënnen a wëlle mer nät nees esou opliewe loossen wéi et fréier war. D’Fra kënnen a wëlle mer nät zreckdrängen an eng Roll, di si fréier hat asw. Mä wann d’Gefor besteet, dass e falsche Konservativismus matgedroe gët, da misst ee natierlech dergëint réagéiren.

forum: Mer hate scho vindru Rieds vun der Gefor fir d’national Identitéit duerch ee vläicht ze groussen Auslännerundeel. Gin et nät nach aner Geforen, di d’national Identitéit kënnten opweechen, z.B. soziokulturell Influenzen aus dem Ausland duerch d’Press an d’Television, oder duerch supranational Arichtungen?

J. MISCHO: ‚T as klor, dass di Aflëss vu baussen hir Wierkung hun, vrun allem well mer su kleng sin. Gott sei Dank si se nät eeseiteg, si komme vu verschidde Säiten. Mä eis Aart a Weis ze liewen an ze denken gët sécher dervu bëaflosst. Ob se eis national Identitéit a Gefor bréngen, dat nät onbedéngt, oder eréischt vun deem Moment un, wou aner Elementer vun der nationaler Identitéit och ofgeschwächt gin. Wann et esou wäit geng kommen, dass schliesslech d’Lëtzebuerger Sprooch nëmme méi an den Dierfer geng geschwat gin, kënnt een sech froen: wat sin d’Lëtzebuerger eigentlech nach?

Wat elo di supranational Influenzen ubelaangt, do mengen ech nät, dass si fir eis national Identitéit eng Gefor wiren. Di europäesch Eenengungsbewegung wëllt jiddefalls nät de nationale Charakter vun de Länner verschwannen don. Ech mengen et muss een do ënnerscheeden tëscht dem Nationalismus, dem nationalen Egoismus an der nationaler Identitéit. Den nationalen Egoismus muss reduzéiert gin. D’europäesch Eenengung verlaangt, datt gewëss Oofstrécher gemaach gin, datt e Land och emol Sacrificen op deem engen oder anere Gebitt mécht. Dat huet awer näischt ze di mam nationale Charakter, mat den nationale Gewunnechten.

Mir hun allerdéngs de Moment zu Bréissel ee ‚contentieux‘ mat der EG-Kommission, di nät wëllt unerkennen, datt di auslännesch Dokteren, di sech hei zu Lëtzebuerg néierloossen, musse Lëtzebuergesch kënnen. D’Kommission wëllt dora nëmmen eng moralesch Verpflichtung gesin, aus där een nät dierft eng juristesch Bedéngung machen. Dat schängt mir awer eng legitim Fuerderung. Huele mer e Kand am drëtte Schouljoer, dat géif ugestouss gin, dat 1 – 2 Joer Franséisch gemaach huet, an et këm an e Spidol wu e franséischen Dokter oder eng franséisch Infirmière as, et kënnt sech nät richteg ausdrécken. Oder eng eeler Personum vum Duerf,

di nät vill Geleënheet hat, Franséisch ze praktizéiren, di muss sech kënnen op Lëtzebuergesch ausdrécken an esou enger wichteger Saach wi der Gesondheet.

Dat Beispill beweist, datt d’Lëtzebuergesch eis dach awer vill mi no läit wi all di Sproochen, di mer an der Schoul geléiert hun an datt et och, praktesch gesin, wichteg as, datt mer weider kënne Lëtzebuergesch schwätzen am alldeegleche Liewen

forum: Kann d’Inwerbetounung vun der nationaler Identitéit nät awer besonnesch a Krisenzäiten de nationalen Egoismus verstäerken? Gin doduerch nät Problemer, di eigentlech staatsiwergräifend misste geléist gin (e.a. Ekologiproblemer, oder d’Energieversuergung, oder Krisemoosnahmen wéi z.B. d’Bekämpfung vun der Aarbechtslosegkeit), op de nationale Plang reduzéiert anee Land géint dat anert ausgespillt?

J. MISCHO: Dat as eng potentiell Gefor, déi Tendenz besteet. Mä an der Stolindustrie hu mer et z.B. fäerdegbruecht duerch eng Zort Stolkartell, datt mer zesummen d’Produktioun drosselen an datt jidderen diselwecht Mindestpräisser applizéiert fir keng onéierlech Konkurrenz ze man. Dat as e formidable Succès vun Europa! Natierlech as nät auszeschleissen, datt bei enger weiderer Verschlechterung vun der Situation verschidde Länner nees zu protektionistische Moosnahmen zreckéimen, an dat wär ganz dramatisch. Well den Haaptavantage, dee mer elo duerch de Marché Commun haten, dat as, datt di Evolution zum Protektionismus wi an den 30-er Joren nach nät getratt as: d’Oofkapselung vun all Land, d’Exportation vum Chômage …

Och um ökologesche Plang däerf een nät ënnerschätze wat alles gemat gin as, och wa manner dervu geschwat gët. Z.B. gouf ganz vill a punkto gemeinsam Normen (vun der Pollution) geschafft.(…)

forum: Gin awer nät duerch di aktuell Kris di national Egoisme verstäerkt?

J. MISCHO: Jo, dat as sécher. D’Kris bréngt di Gefor mat sech. Wéi wäit dat scho geschitt as, as schwéier ofgeschätzen. Et gët gewëss Tendenzen, fir e verkappte Protektionismus nees anzeféiren. An England gët et z.B. eng Kampagn ‚Buy british!‘, a Frankräich schwätzen se vun enger ‚reconquête du marché national‘, asw. Mä duerch d’Regele vun der EWG kënnen se do nät ganz wäit goen, an d’europäesch Kommission passtp déi Saachen op an intervenéiert direkt, wann se dervu Wand kritt. Di grouss Gefor as, dass vun deene verkappte Forme méi Gebrauch gemaach gët, z.B. datt de Staat déi national Entreprise favoriséiert wann en eppes keeft oder baue léisst. Mä sowäit d’Kommission derhannert kënnt, intervenéiert se. Bis elo wor de Mérite vum Marché Commun, datt di Tendenz zur nationaler Oofkapselung zimlech limitéiert bliwwen as.

forum: Nach eng Fro zu de Regionalmouvementer: Dat Lëtzebuergesch Nationalbewusstsein as vläicht nät méi grouss wi d’Lougehéiregkeetsgefill vun engem Breton oder engem Walliser…

J. MISCHO: Ech mengen dach. E Breton bleift trotz allem och nach e Fransous, e Walliser bleift och nach e Schwäizer. Mä et kann ee soen: mir sin e Regionalismus, deen d’Chance hat, een onoofhängege Staat ze bilden. Et gesäit een tatsächlech a ville Géigende vun Europa eng Renaissance vum Regionalismus, z.B. a Korsika, an der Bretagne, am Pays basque… Firwat? Ech mengen dat hänkt domat zesummen, datt ‚d’Welt ëmmer mi kleng gët‘, wi ee seet. Et gin ëmmer méi Echange vu Mënschen a

vun Informatioun. Jidderee weess vun de Geforen, di vun de Krisepunkten hirkommen oder vum Rüstungswettlaf, an dat schaaft bei de Leit eng gewëss Onsëcherheet. D’Leit hun dofir de Besoin, sech iirgendwëi ze verankeren, sech iirgenwou doheem ze spieren, an dat féiert derzou, datt se sech erëm op hir Eegentümlechkeete besënnen: hir Sprooch, hir regional Gebräich, an datt se dat dann erëm méi betounen. An dat schéngt mir eng gutt Saach. Et kënnt eventuell dozou féiren, datt de Regionalismus méi wichteg gët wi de Nationalismus. Am Ufank hu vill Leit gesot, de Marché Commun misst suguer dorop lass schaffen. Ech hun nët d’Impressioun, wi wann dat wierklech am Gaang wär ze geschëien, mä sécher as, datt d’Regionalismen sech haut méi staark affirméiren.

Mir Lëtzebuerger hu jiddefalls dee groussen Avantage, datt mir nët nëmmen e Regionalismus sin, mä och een onoofhängege Staat bilden. (D’Gefor vun

engem iwwerdriwwene Nationalismus besteet bei eis kaum, well mer su kleng sin.) Dank der europäescher Eenegung kënne mer gläichzäiteg vun den Avantage vum Nationalstaat profitéiren a vun den Avantage vun engem mi groussen Ensemble. D’national Souveränitéit erlaabt eis, selwer di bescht Léisung fir eis Problemer kënnen ze sichen an duerchzeféiren. Wa mer en Deel vu België wiren, wäre mer eng peripher Provënz, di keng grouss Roll fir d’Zentralregierung géif spillen; vu Frankräich oder Däitschland gur nët ze schwätzen. Anersäits gët dee mi groussen Ensemble an deem mir sin eis awer och e grousse Maart, dee mer onbedéngt brauchen fir eis Wueren, fir d’Kapital erunzezéien asw. Ech mengen, et gët munnech Regionalisten an anere Länner, déi eis beneiden.

forum: Här Mischo, mir soen Tech Merci fir dëst Gespréich.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code