Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Joël Adami

Operatioun KROPEMANN

„…et klengt wéi aus enger Science-Fictions-Serie, wat anscheinend bis viru kuerzem an de Kellere vum SREL gedriwwe ginn ass. D’Operatioun, déi ënnert dem Numm KROPEMANN gelaf ass, huet sech mat parawëssenschaftleche Phänomener auserne gesat. Psychologesch Ugrëffstechniken, Télékinese, Levitatioun an esouguer Teleportatioun sinn nëmmen e puer vun de Stéchwierder, zu deenen experimentéiert an awer och ausgebilt ginn ass. Déi lëtzebuergesch Agente sollte mat dëse sougenannte Psi-Fähegkeeten Informatioune fir d’Protektioun vum Grand-Duché sammele kënnen. Dëst ass der Wochenzeitung … vun enger anonymer Quell matgedeelt ginn, an awer elo vun der Enquêtekommissioun confirméiert ginn.“

Den Toni krut de Mond net méi zou. D’Kaffistaass nach ëmmer op halwer Héicht am Grapp huet en dem Oppositiounspolitiker nogelauschtert, deen am gläichen Tounfall wéi ëmmer Saache gesot huet, déi des Kéier net no James Bond, mä méi no X-Files geklongen hunn.

„Nodeems een lëtzebuergeschen Doubelagent spatz kritt hat, datt d’Russen – also, d’Sowjetunioun mengen ech – an de CIA esou ee Programm haten, huet sech de SREL och esou e Labo ageriicht an dofir Spezialisten aus der ganzer Welt afléie gelooss. Déi haten dunn esou gutt wéi fräi Hand.“

Eng Paus, vill ze laang fir esou ee Moment. Den Toni huet e kuerze Bléck op

säi Radio geworf, mä deen huet just d’Frequenz ugewisen a war net futti. Wéi de Speaker endlech weider geschwat huet, ass säi Bléck erëm op seng Fënster gefall, zu där en all Moien eraus Kaffi gedronk huet. Groen Himmel, gro Diecher, grot Lëtzebuerg.

Säin Telefon louch nieft em,
Twitter war nach op. „lauschtert de
radio! #srel“ huet e getippt,
esou séier wéi et goung.

„Net nëmmen de Kommunismus an Terrorismus huet dem SREL Suerge gemaach. Am Kader vun der Operatioun KROPEMANN ass och ënnersicht ginn, ob Ausserierdescher oder Visiteuren aus enger anerer Dimensioun Lëtzebuerg géife bedreeën a wéi sech de Grand-Duché kéint géint déi Menacé verdeedegen. Wat dobäi erauskomm ass, ass awer nach net gewosst. Déi Fichieren huet d’Enquêtekommissioun nach net dierfe gesinn.“

Erëm eng Paus, anscheinend géif elo erëm e Politiker eppes dozou soen. Den Toni huet séier eng Schlupp Kaffi geholl. Hie konnt et net gleewen. Säin Telefon louch nieft em, Twitter war nach op. „lauschtert de radio! #srel“ huet e getippt, esou séier wéi et goung. Fir Capslock war keng Zäit.

„Et géif d’Gefor bestoen, datt déi national Sécherheet kompromittéiert gëtt, wa mir als Enquêtekommissioun déi Dokumenter

gesinn. Elo muss den Här Juncker decidéieren, ob d’Regierung déi Fichieren deklassifizéiert. Déi hunn de Status „très très secret“, ee Status vun deem mir bis gëscht nach net wossten, datt en iwwerhaapt existéiert. Dat ass schonns alles immens erstaunlech a mécht mech perséinlech och immens rosen.“

Eng weider Litanei doriwwer, datt et Dysfunktionnementer am SREL gouf an dat ee se opkläre wéilt an déi politesch Verantwortlech Konsequenzne missten zéien. Keng konkret Fuerderung. Den Toni hat och scho virun zwou Woche geduecht, elo géife se de Geheimdëngscht endlech ofschafen an de Juncker an d’Wüst schécken. Mä nee, dat hu se sech net getraut. De Mësstrauensvote war schif gelaf an elo ass et erëm drëms gaangen, d’Nascht fir déi nächst Walen ze preparéieren. An elo, wou Lëtzebuerg kuerz virdru war, zouzeginn, Kontakter mat Ausserierdeschen opgeholl ze hunn – esou huet et fir den Toni op mannst geklonge gehat – war keng Fauscht do, déi op den Dësch geschloen huet.

Fir de Vide ze féllen, huet den Toni seng eege Fauscht geholl a mat där op säin Dësch geschloen. Eemol, zweemol, dräimol. Dat huet wéi gedoen, mä den Toni huet sech besser gefillt. En hätt sech just gewënscht, et wier net säi Kichendësch aus dem Ikea, mä dem Juncker säi Schreifdësch gewiescht. Um Radio: Reklammen. Duerno géif et awer weidergoen. Gouf et nach méi? Haten se de Mr. Spock och nach interviewt?

Eine open source des SRELs: das Voynich-Manuskript (15. Jh.), Beinecke Rare Book Library, Yale University

E kuerze Bléck op Twitter. „WTF? #SREL“ an „Ass de Grand-Duc een Alien?“ ware bis elo déi eenzeg Reaktiounen. Déi läsch war zwar witzeg, den Toni huet op de klenge giele Stär gedréckt, fir ze weisen, datt hien dat witzeg fonnt huet, mä hëllefräich war näischt dovunner. Hat en sech eppes aneres erwaard? Bis elo wosst nach keen Detailer – just esouvill, datt Lëtzebuerg anscheinend net wéineg Sue fir ee mysteriéise Projet ausginn huet. KROPEMANN. Seng Mamm huet ëmmer gesot, wann hien ze no géif bei d’Waasser goen, géif de Kropemann hie kropen an ënner Waasser zéien. Vläit géif et de Leit jo elo duer goen. Vläit géif de Kropemann endlech de SREL ënnergoe loossen. Oder war dat alles erfonnt? Hien hat ëmmer doriwwer gelaacht, datt 1938 d’Leit gegleeft hunn, datt „The War of the Worlds“ reell wier, mä wann d’Realitéit säit Méint esou lächerlech war, wéi sollt een dann nach zwëschen hir an der Fiktioun ënnerscheede kënnen?

De Reklammeblock um Radio: éiweg laang. Eng Kichen, en Auto, e Prêt. D’Kris existéiert net, net an der Welt vum Yuppi. An de SREL scho mol guer net. Glécklech hunn e puer Leit d’Nimm vu Geschäfter gesongen, wéi wa se aus enger Parallelwelt wieren, an där Lëtzebuerg e Land aus engem Disneyfilm war. Vläit hat de SREL jo mat där Kontakt opgeholl.

De Moderator huet kuerz zesummegefaasst, wat se bis elo gesot haten. Dunn ass et spannend ginn:

„Här Premier – huet de SREL ee Programm wéi MKULTRA oder de First Earth Battalion gehat oder huet en nach ëmmer esou e Programm?“

„Et deet mer jo Leed, an ech hoffen, dir verstitt mech, wann ech Iech dat esou soen, mä ech kann, och wann ech wéilt, Iech dat beim beschte Wellen net soen. Mä stellt Iech déi Fro emol selwer, a lauschtert wéi se kléngt, da kommt dir vläit vum selwen drop.“

„A wat huet et mat där ‚très très secret‘-Klassifikatioun op sech?“

„Ech hunn den Numm net erfonnt, an ech ginn zou, e kléngt net grad immens, do hätt een och eng aner Denominatioun kéinte fannen. Méi kann ech iech net driwwer soen. Dat si Saachen, déi esou geheim sinn, datt se just déi héchst Ämter am Land eppes uginn.“

De Juncker genee esou arrogant wéi ëmmer, net beandrockt vun deene Saachen, éischter desinteresséiert. Hien huet jo erëm missen den Euro retten. An d’Weltwirtschaft. Do konnt hie sech net mat esou Klengegkeete wéi engem Geheimdéngscht, dee vum Lämmes gebass ginn ass, beschäftegen. MKULTRA, First Earth Battalion – dat waren alles Begrëffer, déi den Toni scho mol héieren hat, mä hien hätt net geduecht, datt et esou eppes zu Lëtzebuerg hätt kéinte ginn. Sécher hat d’Sowjetunioun och esou Programmer, mä wisou sollt de Grand-Duché sech sou eppes leeschten, virun allem réischt zënter den 1980er?

De Radio huet ugefaange mat Dauschen. Just nach Schnéi. Huet ee beim Radio och Schnéi gesot? Den Toni wosst et net, hie wosst datt dat Geräisch op Englesch „white noise“ géif heeschen. Wäisst Dauschen. Verdaddert huet hie säi Radio gekuckt. War dee lo vreckt?

Lues ass hien opgestanen, de Bléck stur op säi Radio gerücht, deen ëmmer nach just d’Frequenz ugewisen huet, op där bis virun e puer Sekonnen nach iwwert Aliens a Kropemänner geschwat ginn ass. Et huet un der Dir geschellt. Laang. Seng Schell ass him ëmmer schonn duerch Muerch a Schank gaangen, mä des Kéier war et besonnesch schlëmm. Opreegung ass wéi ee Blëtzschlag duerch hien gaangen.

„Hallo?“

„Jo, hallo?“

„Ween ass do?“

„Post.“

Säin Otem ass méi lues gaangen, hien huet gespuert, wéi säin Häerz erëm zwee Gäng méi lues geschalt huet. Iergendeppes hat hie bei Amazon bestallt. Oder? Hien huet d’Dir net opgemaach, mä duerch de Spioun geluusst. Nach stoung do keen.

An der Kichen huet de Radio weiderhi gedauscht. Et huet onregelméisseg geklongen. Den Toun ass méi héich ginn, dann erëm méi niddreg. Wéi Wellen an engem elektromagnéitesche Mier huet dat geklongen. Den Toni ass zeréck an d’Kiche gaangen.

De klengen Bildschierm vum Radio huet elo net méi déi üblech Frequenz ugewisen, mä just nach Zuelen. „5|231“, stoung do. Wat war dat fir eng Frequenz? Den Toni huet déi Tast gedréckt, déi zwësche Laang-, Mëttel- a Kuerzwell changéiert huet. Dauschen. Drécken. Dauschen. Drécken. Dauschen. Drécken. D’Frequenz huet sech iwwerhaapt net méi geännert. D’Schell erëm. Hien ass duerch säi Gank getrollt, konnt seng Féiss bal net kontrolléieren. Wisou war hien esou opgereegt? Wat war lass mat him?

„Hallo?“
„Post.“

De Bréifdréier huet d’Wuert „Post“ immens laang gezunn, wéi wann dat Wuert ee Knätsch wier, deen nëmme ganz lues aus sengem Mond géif kommen. Dem Toni seng Dir war dënn genuch, datt hien d’Genervtheet vun dem Mann op där anerer Säit spiere konnt. Dat huet e berouegt. Am Fong gouf et net vill Saachen, déi hien an dësem Moment méi berouegen hätte kéinte wéi ee genervte Bréifdréier, dee viru senger Dir stoung. Eng normal Saach.

Ghost dancing

Three cowboys and a little boy,
ghost-dancing round like sparks
in the camp fire light
upon the wind-thrashed farmlands
lost against the endless sky.
Broken clouds below the full moon.

Diabolo figures tricking gravity,
inventing impossible swings;
minute eternities untangled.
Playing buffalo and arrow games,
and almost believing it.

The bonds of experience shared
and reduced to nothing
but ourselves, guessing the stars,
indivisibly connected to the soul
of a pheasant’s cry,
lost in space
that second later.

Tom Hengen

Lues huet en d’Dir opgemaach. Hien huet se ëmmer vu bannen zougespaart, zweemol den Tour. Eng Gewunnecht, net méi. Virun der Dir stoung kee Bréifdréier.

Do stoung eng Fra an e Mann, béid am schwaarze Kostüm, béid mat Sonnebrëll.

„Mir wollte mat iech iwwert eiser Här schwätze …“, huet de Mann ugefaangen.

Seng Stëmm huet net esou geklongen, wéi wann hien dat géif eescht mengen.

„Wien sidd dir?“, huet den Toni gefrot.
„Mäin Numm ass Danielle Schëffer an dat lei ass den Agent Féchs. Mir si vum SREL.“

An der Kichen huet dem Toni säi Radio ëmmer nach gedauscht. ♦

De Joël Adami ass Mëtt Zwanzeg a bloggt säit 2001. Niewe villen Texter sinn och Connectiounen zu anere jonke Literat_innen entstanen. Dorausser ass de Grupp „les jeunes mélancoliques“ ervirgaangen, dee vun 2007 un Liesungen organiséiert huet. Och Write Out Loud, en Audiobook, op dem och zwee Texter vum Joël ze héiere sinn, wier ouni déi Connectiounen net realiséiert ginn.

Nieft dem Schreiwen ass Radio eng grouss Passioun vum Joël: eng Kéier d’Woch moderéiert hien d’Emissioun Crumble um Radio ARA. A senger Fräizäit studéiert hien zu Wien „Umwelt- und Bioressourcenmanagement“ an ass och op senger Universitéit héichschoolpolitesch aktiv.

Blog: http://www.joeladami.net

Publikatiounen: Write Out Loud (Op der Lay, 2011)

© Joshi Gottlieb

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code