Opruff fir en anere Bildungsmodell

Ee ketzeresche Bléck hannert d'Kulisse vum aktuelle Schoulsystem an op d'Aspekter vun enger Alternativ

Immer wieder tauchte nach 1945 die Frage auf, ob es denkbar sei, dass es je zu einem dritten Weltkrieg kommen könne. Ich glaube, wir befinden uns schon mittendrin. Nur bemerkt es offenbar niemand, weil dieser Krieg nicht territorial, sondern zeitlich geführt wird. Wir haben einen erbarmungslosen Krieg gegen unsere eigenen Kinder und Enkel, gegen die kommenden Generationen, entfesselt. Wir werden ihnen eine verwüstete Welt hinterlassen, auf der das Leben für sie sehr schwer sein wird. Aber da sie ja nicht zurückschlagen können, fahren wir damit fort – wir können schon gar nicht mehr anders – und beruhigen unser Gewissen (sofern es nicht ganz zum Schweigen zu bringen ist) mit der Annahme, dass ihnen schon etwas einfallen wird, um unsere Gemeinheiten wiedergutzumachen. Michael Ende

• Firwat gëtt zu Lëtzebuerg net iwwert déi wierklech wichteg Froen diskutéiert?
• Firwat gëtt an de Caféën net iwwert den Happy Planet Index geschwat an doriwwer, dass Lëtzebuerg vun alle Länner dobei mat am schlechtsten ofschneit?
• Firwat bedeelegen sech net vill méi Bierger u Protestaktiounen géint déi weider Bedreiwung vun héichriskanten alen Atomkraaftwierker an eiser Grenzregioun?
• Firwat kafe mer eisem Nowuess gesondheetsschiedlech Plastiksspillsaachen aus China a stäerken domat ausserdeem een Onrechtsregime?
• Firwat investéiert eng grouss Zuel vun erwuessene Männer hir Fräizäit an Alkohol, Autoen, Computerspiller a Sportresultater, amplaz sech fir dréngend sozial an ökologesch Froen z’engagéieren?
• Firwat gi mer hemmungslos Geld aus fir ëmmer dee leschte Modell vu Smartphone an Tablet an der Täsch ze hunn a produzéieren esou Onmassen vun Elektroschrott mat all sengen negative Folge fir Mënschen op der südlecher Hemisphär?
• Firwat ass de Lëtzebuerger hire Fleeschkonsum ëmmer nach ee vun den héchste vun der Welt, obwuel gewosst ass, dass en zu engem beträchtlechen Deel zum Landverbrauch an zur Klimaverännerung bäidréit a fir onzieleg Déieren onvirstellbart Leed bedeit?
• Firwat verbrenne mer weiderhin Dag fir Dag ongenéiert Diesel, Bensin a Kerosin, obwuel mer wëssen, dass mer domat de Klimawandel weider undreiwen a fuerchtbar Liewensbedingunge fir eis Nokomme schafen? A firwat dierfen ëmmer nach Eenzelpersounen a risegen, dschungel- a wüstentauglechen Jeepen mat total ineffiziente Motoren an engem onvirstellbare Spritverbrauch iwwert eis kleng Stroosse rennen?
• Firwat engagéiere sech déi politesch Verantwortlech weiderhin konsequent fir quantitative Wuesstem, obwuel si scho laang wëssen a vun alarméierte Wëssenschaftler ëmmer nees drop higewise ginn, dass eis Äerd endlech an hir Ressource begrenzt sinn?

Loosse mer mol no e puer méiglechen Erklärunge sichen.

1. Mir si Sadisten.

2. Mir sinn dem kollektive Wahnsinn verfall.

3. Mir si süchteg no destruktive Verhalensweisen a kënnen net domat ophalen.

4. Mir sinn emotional net fäeg mat all deene schrecklechen Noriichten ëmzegoen a verdrängen se dowéinst.

5. Mir weigeren eis ze gleewen, wat Etüden a Statistiken iwwert den Impakt vun eisem Verhalen aussoen.

6. Mir si voller Hoffnung, dass iergend ee Gott oder een technologescht Wonnermëttel eis Problemer fir eis wäert léisen.

7. Mir sinn esou onbewosst, dass mer iwwerhaapt net matkréien wat leeft.

8. D’Natur huet ee vun der Evolutioun an eisem Gehir verstoppte Suizid-Gen aktivéiert, als Sécherung a lescht Mëttel géint eis Bedreeung vun der Ökosphär.

9. Eis Erzéiung a Bildung loossen an eis net déi Kompetenzen opbléien, mat deene mer déi aktuell Erausfuerderunge kéinte bewältegen.

Obwuel besonnesch deen zweetleschte Facteur fir mech ganz novollzéibar kléngt, tendéieren ech dozou, dee leschten als dee wahrscheinlechsten ze betruechten– och wann dat vläicht fir d’éischt emol iwwerrascht.

Eis Erzéiung a Bildung loossen an eis net déi Kompetenzen opbléien, mat deene mer déi aktuell Erausfuerderunge kéinte bewältegen. Ech wëll et nach méi krass formuléieren: Eisen Dinosaurier-Schoulsystem ënnerdréckt an zerstéiert déi Kräften an eis, déi mer bräichte fir aus eisem betäubten a konditionéierten Hallefliewen auszebriechen an eise Planéit ze retten– bzw. fir opzehalen eis eege Liewensgrondlagen aktiv ze vernichten.

Auswierkunge vun engem System aus der Industriezäit

Wat sinn dann elo déi Kompetenzen, woura weist sech hir Ënnerdréckung duerch d’Schoul, a wat fir Konsequenzen huet dat?

De Ken Robinson beschreift aacht Kärkompetenzen, „déi d’Schoule sollte fërderen, wann se de Studente wierklech hëllefe wëllen hiert Liewen ze reusséieren“. Unhand vun deene Fäegkeeten probéieren ech elo op déi Froen ze äntweren. (Natierlech sinn déi folgend Formuléierungen iwwerspëtzt, an et ass mer bewosst, dass et ganz vill engagéiert a kompetent Enseignante gëtt déi di kleng Mënschen, déi hinnen uvertraut sinn, duerch hir Praxis respektéieren an inspiréieren. Dat ännert awer näischt un de schiedlechen Aschränkunge vum edukative Kader, deen aus enger ganz anerer gesellschaftlecher Epoch staamt, net reforméierbar ass an elo eis Evolutioun bremst.)

1. Virwëtz (Curiosity) – d’Fäegkeet fir Froen ze stellen an ze ënnersiche wéi d’Welt fonctionnéiert: D’Schoul léisst d’Schüler net eege Froe stellen an Äntwerten dorop sichen; si stellt hinne Froen iwwert dat wat se hinne fir d’éischt hirem Programm geméiss antriichtert a wat dowéinst guer keng éierlech Froe sinn, mee Tester. De Schüler hir eventuell Froen dierfen sech héchstens op d’ „Matière“ bezéien, op dat wat déi Erwuessen als wëssenswäert betruechten, fir de Rescht ginn se ofgewiert, well se den Oflaf vum Programm stéieren.

Déi kuerzfristeg Konsequenz dovun as, dass déi jonk Mënschen hiren eegenen Intressi un der Welt als onwichteg erliewen a keng echt Froë méi stellen, déi laangfristeg, dass aus hinnen defätistesch Erwuessener gnin, déi alles hinhuelen an z.B. hire Gesellschaftssystem net hannerfroen.

Was nützt alles Wissen, wenn die Menschen nie die Beunruhigung, die Frage gespürt haben, auf die dieses Wissen eine Antwort sein will? Was bringt es Menschen, wenn man sie unablässig mit Nahrung vollstopft, ohne dass sie Hunger haben? Sie werden krank, sie werden der Nahrung überdrüssig; sie werden gleichgültig gegenüber dem, was sie doch sättigen sollte.
Horst Rumpf

2. Kreativitéit (Creativity) – d’Fäegkeet fir nei Iddien ze entwéckelen an se an d’Praxis ëmzesetzen: D’Schoul decouragéiert originell Approchen an Aussoen, well dës d’Uerdnung stéieren an dem Enseignant seng Sécherheet a Kontrollbestriewung ënnergruewen. D’Zil vum Schoulsystem ass et schliisslech, all Schüler gefügeg ze maachen an an hir Norm ze pressen, well se sech soss selwer géif ofschafen.

Duerfir däerfen déi jonk Leit och an der Konscht just brav alles nomaachen an dobäi nëmme minimal iwwert e Molbuch-Niveau erausgoen. Dat féiert zu Mënschen, déi sech net trauen originell ze sin, déi mam Stroum schwammen an als Erwuessener net méi fäeg sinn hir Individualitéit auszedrécken, mee sech d’Iddie vun anere musse kafen an an hire Gaart stellen.

Das Hauptziel der Erziehung in den Schulen sollte es sein, Männer und Frauen zu schaffen, die fähig sind, neue Dinge zu tun, nicht nur zu wiederholen, was andere Generationen gemacht haben; Männer und Frauen, die kreativ sind, erfinderisch und Entdecker, die kritisch sind und nachprüfen können und nicht alles annehmen, was ihnen angeboten wird.
Jean Piaget

3. Kritescht Denken (Criticism)
– d’Fäegkeet fir Informatiounen an Iddien ze analyséieren an iwwerluechten Argumenter an Urteeler ze bilden: Well d’Schoul op Zwang baséiert, muss se déi kritesch Gedanke vum Schüler ënnerdrécken, wat hire Programm, hir Methoden an hir Bewäertung ugeet; duerfir evitéiert se et och, déi Kompetenzen ze förderen, déi zu Kritikfäegkeet an Zivilcourage féieren. Si kontrolléiert genee, a wéi enge Beräicher eng Iddi däerf ënnersicht a jugéiert ginn, a gëtt esouguer do meeschtens eng offiziell „richteg“ Analys vir. D’Schüler trauen sech kaum, dem Enseignant ze widderspriechen oder zu enger Aufgab neen ze soen, wann se hire Sënn net agesinn. Eng subtil Indoktrinatioun zillt mat de Joren Mënschen erun, déi brav den „Autoritéiten“ aus Wirtschaft, Medien, Staat a Kierch follegen, déi op all Publicitéit an Internet-Hoax erafalen an déi z.B. a Formatiounen ni no de Quelle froen.

Was im Idealfall jedem Kind während seiner Schulzeit wiederholt gesagt werden sollte, ist in etwa Folgendes:

„Du wirst gerade indoktriniert. Wir haben noch kein Bildungssystem entwickelt, das nicht über Indoktrination funktioniert. Es tut uns Leid, aber es ist das Beste was wir tun können. Was dir hier beigebracht wird, ist eine Mischung aus aktuellen Vorurteilen und der Auswahl dieser spezifischen Kultur. Selbst der flüchtigste Blick auf die Geschichte zeigt, wie unbeständig diese sein müssen. Du wirst von Leuten belehrt die es geschafft haben, sich der Gedankenwelt zu unterwerfen, die ihre Vorgänger aufgestellt haben. Es ist ein selbsterhaltendes System. Jene von euch, die stärker und eigener als andere sind, werden sich ermutigt fühlen es zu verlassen und Wege zu finden, um sich selbst zu erziehen – um sich ihre eigenen Urteile zu bilden. Jene die bleiben müssen sich immer und jederzeit bewusst sein, dass sie dazu geformt werden, den beschränkten und besonderen Bedürfnissen dieser speziellen Gesellschaft zu entsprechen.“
Doris Lessing

4. Kommunikatioun (Communication) – d’Fäegkeet fir Gedanken a Gefiller kloer a selbstbewosst an enger Villzuel vu Medien a Formen auszedrécken: Eleng déi üblech Sëtzuerdnung an engem Klassesall weist, aus wéi enger geschichtlecher Period eise Schoulsystem staamt; aus enger Zäit vun autoritärer, unidirektionneller Kommunikatioun, wou et drëm goung, séier an effizient Instruktiounen ëmzesetzen, wou Feedback net erwënscht war an et fir den einfache Bierger praktesch keng Mëttele gouf séng Meenung ze verbreeden. Och haut nach konzentréiert sech eis Schoul drop, déi jonk Mënsche mat formalen Aspekter vu Sprooch (Orthografie, Grammatik, Stil) ze beschäftegen a gëtt hinne kaum Geleeënheet, als Rhetoriker opzetrieden, sachlech Argumenter auszetauschen an de Respekt virun aneren Usiichten ze trainéieren. Héchstens däerfen si mol eng Dokumentatioun mat séier gegoogelent a geprinten Informatioune virstellen. Wann esou Mënschen d’Bildungsinstitutioune verloossen, sinn se weder fäeg nach gewëllt, sech eng eege Meenung ze bilden, se matzedeelen a sachlech ze verdeedegen, bzw. anere Leit hire Standpunkt genee nozelauschteren an eventuell ze integréieren.

Die wichtigere Möglichkeit, sich Wissen anzueignen, besteht … darin, mit anderen Menschen Wissen auszutauschen, weil Wissen allein einem ja noch nicht hilft, sich in der Welt zurechtzufinden. Viel wichtiger als Wissen ist ja Erfahrung. Da man nun aber nicht allein sämtliche Erfahrungen machen kann, auf die es im Leben ankommt, wäre es wichtig für die Zukunft der Schule, dass Schüler lernen, wie man sich die Erfahrungen anderer Menschen zugänglich macht. Damit ich das kann, muss ich auf andere Menschen zugehen können, dazu brauche ich soziale Kompetenz, und die hat ganz viel mit Mitgefühl und Einfühlungsvermögen zu tun.
Gerald Hüther

5. Zesummenaarbecht (Collaboration) – d’Fäegkeet fir mat anere konstruktiv zesummenzeschaffen: Esouguer do wou an der Schoul Partner- a Gruppenaarbechten erméiglecht ginn, sinn d’Aufgabe seele selwer gewielt, an de Fait dass alles ëmmer bewäert muss ginn erschwéiert eng konstruktiv Haltung. D’Schüler kréien déi ganz Zäit vermëttelt, dass et em Punkte geet, dass se mat hire Kollege bzw. mat Norme verglach ginn, dass de Fokus um Eenzelen séngem Bäitrag läit an net um Gruppeprozess oder um Resultat. Ganz gravéierend ass dobäi d’Alterssegregatioun, déi verhënnert, dass ee mat méi jonken a méi alen zesumme léiert. A ville Situatiounen ass et guer net erlaabt, aneren ze hëllefen, mat hinnen zesummen eng Léisung ze sichen oder sech vun hinnen inspiréieren ze loossen, well dat d’Evaluatioun erschwéiert. Dat geet souwäit, dass Schüler hir eege Kollegen verroden wann se „fuddelen“. All dës Ëmstänn féiere bei de spéideren Erwuessenen zu Mësstrauen vis-à-vis vu kollektiven Aarbechten, zu Näid an zu Onfäegkeet, engem Mataarbechter säi Bäitrag ze schätzen.

In den meisten Schulen besteht … eine Trennung … nach dem Alter, das ungefähr in allen Klassen gleich ist. Das ist ein grundlegender Fehler, der zu jeder Art anderer Fehler führt: es ist eine künstliche Isolierung, die die Entwicklung des sozialen Gefühles verhindert.
Maria Montessori

6. Matgefill (Compassion) – d’Fäegkeet fir anere mat Empathie ze begéinen an sech entspriechend ze verhalen: E Bildungssystem, deen op Zwang, Kontroll a Bewäertung opgebaut ass, an deem de Schüler hir Intressen, Gefiller a Meenunge keng Roll spillen an an deem et haaptsächlech drëm geet, se zum Fonctionnéieren ze bréngen, ass sécher kee gudden Nierbuedem fir Matgefill. Déi jonk Leit gi permanent indoktrinéiert, evaluéiert an no Defiziter ofgesicht, an da gëtt probéiert, dës „Feeler“ äusserlech ze reparéieren. Wéi Objeeën ginn d’Schüler depistéiert, trainéiert, placéiert, therapéiert – eng ganz Arméi vu Spezialiste profitéiert mëttlerweil ekonomesch vun hire „Problemer“ – ouni dass een sech fir hir Liewensëmstänn, hir Meenung an hir Wënsch intresséiert. Esou entsti frustréiert, gedemütegt Mënschen, déi als Erwuessener mat Alkohol, Konsum an Eskapismus dee Manktem u Matgefill permanent musse kompenséieren an hirersäits kaum Empathie fir aner Liewewiesen opbréngen.

Mitgefühl ist keine religiöse Angelegenheit, es ist eine menschliche Angelegenheit, es ist nicht Luxus, es ist wesentlich für unseren eigenen Frieden und unsere geistige Stabilität, es ist wesentlich für das menschliche Überleben.
Dalai Lama

Niemand wuchs dadurch, dass er gemessen wurde.
Philip Gammage

7. Geloossenheet (Composure) – d’Fäegkeet fir sech séngem Gefillsliewe bewosst ze sinn an e Sënn fir perséinlech Harmonie a Balance ze entwéckelen: Fir sech selwer gutt ze kennen, anzeschätzen an ze steieren, brauch een Übung. Déi Übung gëtt eis an der Schoul verwiert, well mer net erlaabt kréien, eis eege Leidenschaften ze entdecken an ze verfollegen, eis a ganzheetlechen Aktivitéite wéi Danz an Theater ze erfueren an eis Fortschrëtter onofhängeg vum Enseignant an no eegene Critèren ze bewäerten. Och fir méi spirituell Bestriewunge wéi Meditatioun ass keng Zäit virgesinn. Iwwerhaapt verhënnert den arbiträre Stonnentakt vum Horaire, dass Faszinatioun ausgelieft an e Projet ouni Zäitdrock ofgeschloss ka ginn.

Dëse Manktem u Geleenheeten fir Gemittsrou an ënnerlech Balance ze entwéckele féiert zesumme mat der Alterssegregatioun an dem Leeschtungs- a Geltungsdrock zu Impulsivitéit, Vandalismus an Depressioun, a méi spéit zu Problemer fir berufflechen a privaten Erausfuerderunge mat Resilienz an Ausdauer ze begéinen, fir stabil Bezéiungen opzebauen an sech a Konfliktsituatioune gedëlleg a kompromëssbereet ze weisen.

Der Mensch muss zur inneren Ruhe gebildet werden.
Johann Heinrich Pestalozzi

8. Biergersinn (Citizenship) – d’Fäegkeet fir sech konstruktiv fir d’Gesellschaft anzesetzen an sech un de Prozesser ze bedeelegen déi se um Liewen erhalen: Och Verantwortung muss trainéiert ginn. D’Schoul deelt hir Verantwortung net gär mat hire Schüler, si däerfe guer net oder minimal matbestëmmen, wat, wéini, wéi a mat wiem geléiert gëtt. Iwwert d’Demokratie gëtt zwar geschwat, mee praktizéiert gëtt se net, kann se net ginn, well de System eben net esou opgebaut ass.

Reegele ginn dacks a manipuléierte Pseudoberodunge mat deene Jonken festgeluecht, mee hir Applikatioun fonctionnéiert kaum, well esou vill Leit kuerzzäiteg an de Klassen intervenéieren, dass sech eng Verantwortungsgemeinschaft guer net kann entwéckele kann, a well ni genuch Zäit zur Verfügung steet fir Reegelverstéiss an -ännerunge sérieux ze diskutéieren.

Doduerch wuesse Mënschen op, déi sech zwar heefeg beschwéieren, awer net wësse wéi ee konstruktiv Virschléi sicht a sech net trauen mat deenen ze schwätzen déi um richtegen Hiewel sëtzen. Virun allem sinn dës Mënsche politesch passiv a si intresséieren an engagéieren sech net fir d’allgemengt Wuel.

Das Ziel der Erziehung muss die Heranbildung selbständig handelnder und denkender Individuen sein, die aber im Dienste an der Gemeinschaft ihre höchste Lebensaufgabe sehen.
Albert Einstein

Am Resümee dréit eis „Dinosaurierschoul“ also substanziell dozou bäi, Bierger erunzezéien, déi tendenziell naiv, konformistesch, frustréiert, konsumsüchteg, bezéiungslabil, konfliktschei, impulsiv, feig, passiv a gesellschaftlech onverantwortlech sinn. An doraus entsteet eng onkreativ, egoistesch Gesellschaft, déi hir Ressourcen net uecht an hir Problemer muss vun Auslänner léise loossen.

Dës Duerstellung riicht sech iwwrégens net géint déi Leit, déi an deem System schaffen; se riicht sech géint d’Strukturen u sech, géint dat wat eis alleguer bremst, eis Méiglechkeeten ënnerdréckt an eis Zukunft op d’Spill setzt. An si rifft jiddereen op, elo mat ganzer Kraaft dozou bäizedroen, dass déi Strukture falen an nei, zäitgeméiss, fléissend, kreativ, human an holistesch Modeller wuessen.

Elementer vun engem Bildungsparadigma, deen eist mënschlecht Potenzial fräisetze kann

Eigentlich kann die Welt ja durch Reformen … Reförmchen nicht mehr reformiert werden. … Wir brauchen also richtige Erschütterungen. Strukturelle Veränderungen. Wir brauchen Menschen, die wieder richtig Bildungssysteme, alte, zertrümmern und Neuem Raum geben.
Thomas Sattelberger, ehemaliger Personalvorstand der deutschen Telekom

Ee Bildungsmodell, deen de jonke Mënschen hirem Recht op ganzheetlech, fräi Entfalung entsprieche wëll (an domat dem Opbléie vun deene Kompetenzen, déi di kommend Generatiounen onbedéngt fir hiert Iwwerliewe brauchen), muss sech dem amerikanesche Psycholog Peter Gray no ë.a. op folgend Prinzipië stäipen:

• Kloerheet doriwwer, dass d’Bildung deem Jonke seng Verantwortung ass. Wa Kanner wëssen dass se fir hir Bildung verantwortlech sinn, dann iwwerhuelen se d’Verantwortung dofir. Wann se mengen oder hinne vermëttelt gëtt, dass een anere fir hir Bildung zoustänneg ass an si soss näischt maache musse wéi dat wat een hinne seet, dann tendéieren se derzou esou mann wéi méiglech ze maachen, dann iwwerhuelen se keng Verantwortung fir hir Bildung.

Das höchste Ziel von Erziehung ist es, Individuen dazu zu befähigen, die Konstrukteure ihrer eigenen Bildung zu werden und sich durch diesen Prozess fortwährend neu zu erfinden.
Elliot W. Eisner

• Onbegrenzt Geleenheet fir ze spillen, ze fuerschen a sengen eegenen Intressen nozegoen. Onbegrenzten Zäit, net eng Stonn den Dag, net zwou Stonnen den Dag, onbegrenzten Zäit. Et brauch Zäit fir verschidde Saachen auszeprobéieren. Et brauch Zäit, fir sech ze langweilen an d’Langweil z’iwwerwannen. Et kann een dat net duerch eng Schell, déi de Leit permanent seet wat se maache sollen, ënnerbriechen an dann erwaarden, dass se eng echt Passioun entwéckelen.

Die hintergründige Dialektik des Spiels zeigt sich darin, dass es trotz seines scheinbar zweckfreien Charakters der Entwicklung der Lebensfunktionen dient und zwar umso nachhaltiger, je weniger es zielgebunden oder entwicklungsorientiert abläuft.

Hermann Röhrs

• Zougang zu enger Villfalt un empatheschen Erwuessenen, déi ënnerstëtzen an net bewäerten. Déi lescht Persoun déi ee beim Léieren em Hëllef froe wëll ass een dee bewäert. Bei esou engem Mënsch gëtt een nervös.

Wann een esou e Mënsch opsicht, da mat der Astellung dass ee probéiert en ze beandrocke mat deem wat ee weess, an net fir ze soen: „Ech weess dat do wierklech net an ech hätt gären e wéineg Ënnerstëtzung.“ Doduerch dass d’Mataarbechter d’Kanner net bewäerte kënnen si se vill besser ënnerstëtzen.

Die wichtigste Rolle der Erwachsenen ist es, den Kindern zu zeigen, wie sie ihre eigenen Fragen besser beantworten und ihre eigenen Bedürfnisse besser erfüllen können. Je mehr Kinder dies fertigbringen, desto besser. Je weniger Kinder am Ende das Gefühl haben, von Erwachsenen und deren Wissen abhängig zu sein, desto besser. – Jerry Mintz

• Ongehënnert Mëschung vu verschiddenaltrege Kanner a Jugendlechen. Dëst ass absolutt primordial fir d’Schoul. D’Schoul géif net fonctionnéieren wann d’Kanner all d’selwecht al wieren, well et fir Kanner net vill ze léiere gëtt vun aneren, déi dee selwechten Alter hunn. Si léiere vu Kanner déi méi al sinn a vu Kanner déi méi jonk si wéi si selwer.

Wenn die Fertigkeiten und das Lerntempo nicht bei allen gleich sind, ist das der Punkt, an dem der Spaß beginnt. (…) Altersmischung hat … eine soziale Seite. … Die älteren Kinder dienen den jüngeren als Vorbilder, Ideale, manchmal gar Götter. Genauso oft dienen sie als abschreckende Beispiele. … Die jüngeren Kinder dienen den älteren als Familien-Modelle – in der Rolle als junge Geschwister oder eigene Kinder. (…) Und es gibt eine Lern-Seite. Kinder lernen liebend gern von anderen Kindern. In erster Linie ist es oft einfacher; das Kind als Lehrer ist an den Schwierigkeiten des Schülers näher dran als der Erwachsene, da es selbst vor nicht allzu langer Zeit die gleichen Schwierigkeiten hatte. Die Erklärungen sind gewöhnlich einfacher und daher besser. Es gibt weniger Druck, weniger Beurteilung. Und es bietet einen starken Anreiz, zügig und gut zu lernen: dem Mentor gegenüber aufzuholen.

Kinder bringen auch sehr gern anderen etwas bei. Es gibt ihnen das Gefühl, einen Wert zu haben, das Gefühl von Fähigkeit. Wichtiger noch: Wenn sie anderen etwas beibringen, hilft ihnen das dabei, mit dem Stoff besser umgehen zu können; sie müssen sich Klarheit darüber verschaffen, es richtig verstehen. Also schlagen sie sich mit dem Stoff herum, bis er in ihrem eigenen Kopf glasklar ist, so klar, dass ihre Schüler ihn verstehen.

Daniel Greenberg

• Bedeelegung un enger stabiller, integerer demokratescher Communautéit. Dat ass eng Gemeinschaft an där all Kand weess, dass seng Iddien a seng Handlungen déi aner an där Gemeinschaft beaflossen. Op déi Aart a Weis wiisst et an engem Ëmfeld op, an deem et sech net nëmme responsabel spiert fir sech selwer, mee och fir déi Communautéit an där et sech entwéckelt.

Wahre Erziehung sollte uns aus uns selbst herausführen, hin zu etwas viel Schönerem: einer Selbstlosigkeit, die uns mit der ganzen Menschheit verbindet.

Lady Nancy Astor, erstes weibliches Mitglied der britischen Abgeordnetenkammer

Elo ass de Moment fir – wéi iwwerall an eisen Nopeschlänner – esou engem Bildungswee, deen esouwuel de Mënscherechter entsprécht wéi och den Ufuerderunge vun enger komplexer, global vernetzter a léisungshongreger Gesellschaft, zu Lëtzebuerg aktiv zum Duerchbroch ze verhëllefen.

E puer Mënschen hei am Land hu scho mol ugefaangen, esou ee Prozess an d’Rullen ze bréngen. Wann Dir dës Gedanken deelt, sidd Der häerzlech agelueden, Iech iwwer www.ludus.lu mat hinnen a Verbindung ze setzen.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code