Peenis, Pujel, Pissgeschier
Sexuell Wuertfelder am Lëtzebuergeschen tëscht neutralem a vulgärem Vocabulaire
Féck dech! Féck mech! Och am Lëtzebuergeschen hält de Beräich vun de sexuelle Begrëfflechkeeten eng Rei Wierder an Tournurë bereet – vun anatomesch-neutral iwwer witzeg-kreativ bis penibel-vulgär. Dësen Artikel retracéiert de Wee vu sexuelle Wuertfelder vun de 50er-Jore bis haut, geréit dobäi an terminologesch Sakgaassen a weist gläichzäiteg nei (Aus-)Weeër.
Wann een sech eng stilistesch Achs virstellt (vun neutral bis vulgär), stellt sech d’Fro, wou déi meescht Begrëffer situéiert sinn. Unhand vun dräi Wuertfelder soll versicht ginn, eng Äntwert op dës Fro ze fannen. Am Fokus vun dëser Analys stinn: de Peenis, d’Scheed an d’Beschreiwung vu sexuellen Handlungen tëscht zwou Persounen. An dësem Kontext goufen den LWB (Luxemburger Wörterbuch, entstan tëscht 1950 an 1975)1 an den LOD (Lëtzebuerger Online Dictionnaire, vun 2000 bis haut)2 matenee verglach. Am LWB fënnt een a fënnef Bänn lëtzebuergesch Wierder a geleefeg Tournurë mat däitschen Iwwersetzungen oder Remarken. Aus der Perspektiv vun haut wierkt de Choix vu Wierder am LWB op ville Plaze problematesch, well en duerch eng Rei Begrëffer an Erklärunge Gesellschaftsgruppen diskriminéiert a Sachverhalter staark pauschaliséiert, ouni datt dës Inhalter am Wierk problematiséiert ginn.3 Dofir muss een den LWB ëmmer a sengem (gesellschaftlechen) Entsteeungskontext gesinn. Eng méi aktuell Source, déi stänneg erweidert an aktualiséiert gëtt, ass den LOD mat senge véier Iwwersetzungssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch), Audioen, Tabellen an de ville Beispillssätz.
Fir an dësem Artikel och e méi „private“ lëtzebuergesche Sproochkontext presentéieren ze kënnen, gouf eng kleng informell Ëmfro gemaach, bei där 10 Mammesproochler*innen (tëscht 25 a 40) gefrot goufen, wéi si dës sexuell Wuertfelder benennen.
Wuertfeld: Peenis
Als éischt steet dat Wuertfeld am Fokus, dat a béiden Dictionnairen am stäerkste vertrueden ass: de Peenis. Do kann een elo verschidden Theorien opstellen, firwat dat esou ass. Et kéint een dovunner ausgoen, datt de Peenis eppes ass, wat méi Änlechkeet mat bestëmmten Objeten huet (eleng duerch de Fait, datt en am Géigendeel zu der Scheed vu bausse gutt ze gesinn ass) an dofir méi Choix bei de Metaphere bitt.
Op der stilistescher Achs beweege sech d’Wierder am LWB haaptsächlech op där witzeg-kreativer bis vulgärer Säit. Bei der opfälleg héijer Unzuel u Begrëffer fir de Peenis ass allerdéngs net kloer, ob all dës Begrëffer deemools etabléiert waren oder Spontanbildunge vun den Auteure sinn.
Déi meescht Metaphere bauen op enger visueller Änlechkeet zum männleche Glidd op: Flëntelaf, Käerz, Kliefchen (Diminutiv zu Kluef, dt. ‚Kolben‘), Päif, Reedel, Stänner, Stupp (dt. ‚Stummel‘, ‚Stumpf‘) oder Täissel (dt. ‚Deichsel‘). Bei de Waffebegrëffer (am LWB: Fisek [dt. ‚Flinte‘], Säwel; an der Ëmfro 2020: Knëppel, Hummer) ass net ganz kloer, ob et eng visuell Metapher (laangen, haarde Géigestand) oder eng gedanklech Muechtmetapher ass (Ausübung vun Dominanz). D’Muecht weist sech méi explizitt an der Kollektivbildung Gemächt/Gemaach/Gemiecht, wat sech vu Muecht ofleede léisst. Aner Begrëffer ginn op d’Harnfunktioun an: Biz (dt. ‚Krug‘), Pissert, Pissmänni oder Strëtzert.
Am LWB fanne sech och eng Rei Tournuren, déi mam Peenis oder mat enger Erektioun ze dinn hunn, awer net direkt eng Bezeechnung fir d’Organ sinn. Esou fënnt ee beispillsweis déi als obszön markéiert Wendung „dunn ass e geklommen“ (fir: eng Erektioun kréien). Bei aneren Tournurë liwwert den LWB keng kloer Erklärung, wéi bei „de Klengen huet geschwat (obsz[ön] für Penis)“, oder et gëtt mam latiniséierte Fachbegrëff beschriwwe wéi am Beispill „de Guckuck séngt (penis erigitur)“. Nieft dëse méi knappen Erklärunge stinn op anere Plaze relativ detailléiert Ëmschreiwungen. Bei der Waassergäns gëtt preziséiert, wéi esou eng „Morgenlatte“ eigentlech entsteet: „durch Druck in der Harnblase bedingte Erektion“. Mee och déi onangeneem Säite ginn am LWB beschriwwen: „en huet sech de Vull verbrannt“ (fir: en huet eng Geschlechtskrankheet opgeraaft). Da fënnt een och méi absurd Bezeechnungen, wou de Peenis eng vu siwe Wuertbedeitungen duerstellt, wéi beim Wuert Stipperchersiessen, dat eigentlech „Würstchen mit Sauerkraut” bedeit, mee laut LWB och einfach e Peenis ka sinn.
Datt de Peenis mat engem männleche Virnumm personifizéiert gëtt, ass net ongewéinlech (dat geschitt jo och beispillsweis am Däitschen, wou een an engem bekannte Spréchwuert vum „Johannes“ schwätzt). Hei fënnt een allerdéngs och méi rar a speziell Nimm wéi den Zebedäus. De Peenis gëtt quasi mat engem eegenen Ego duergestallt, wat och beim Substantiv Kärelchen oder beim Ausdrock „dee Klengen huet geschwat“ däitlech gëtt.
Am LOD ass d’Wuertfeld méi kleng, awer dofir och méi balancéiert tëscht neutralem (Glidd, Peenis) a vulgärem Gebrauch (Bunnes, Schwanz, Vull, mat Erektioun: Gäns, Stänner). Bei der informeller Ëmfro kommen nach weider Termen derbäi wéi de Jeep, Lëll, Stängel oder den Apparat (deen als éischter vage Begrëff och schonn am LWB opgelëscht gouf). Op der stilistescher Achs wieren dës Termen éischter an der Mëtt.
Wuertfeld: Scheed
Beim Wuertfeld vun der Scheed schéngt dat follgend Zitat ganz passend, dat op déi terminologesch Problematik am Däitschen hiweist: „Wie soll man’s auch nennen, das weibliche Geschlecht? Vagina – das klingt wie eine Infektionskrankheit, Fotze wie ein Schimpfwort, schlampig-ordinär. Muschi hingegen ist fast schon wieder eine Verniedlichung, und Möse klingt böse, zumindest ein wenig fies.“4
Nieft der grousser Mass u Begrëffer, déi ee fir de Peenis fënnt, ass de Beräich vun der Scheed am Lëtzebuergesche manner detailléiert beschriwwen. Ausserdeem fënnt een hei eng Rei Wierder, déi warscheinlech idiolektal, also op individueller Basis benotzt ginn an net dem allgemenge Sproochgebrauch entspriechen.
Am LWB ass et interessant, datt et keng stilneutral Bezeechnung gëtt. E bësse komesch wierke Begrëffer wéi Opanzou (e Wuert, dat nieft Harmonika, Tirett a Féckmillchen och Scheed ka bedeiten) oder Pujel (dt. ‚Kalbsbries‘, dat gesäit aus wéi wäisslech-rosa Gehiermass an ass keen optimale visuelle Verglach [vläicht éischter e sensoreschen?]). Bei den Iwwersetzunge gräift den LWB meeschtens op de laténgesche Begrëff vulva zeréck, deen awer weeder am LWB nach am LOD en eegent Lexeem duerstellt. Nieft de méi vulgäre Bezeechnunge Lach a Fotz gëtt et am LWB och méi verspillte Bezeechnunge wéi Mauseli oder Miisschen (de Verglach mat enger Kaz gëtt et och bei dt. ‚Muschi‘ a bei engl. ‚pussy‘) an och eng Form, wou d’Harnfunktioun méi zentral ass: Pissgeschier.
Bei dësem Wuertfeld trëfft een och op „Hüllwörter“, wéi Euphemismen am LWB genannt ginn, déi a ville Fäll esou vag sinn, datt hir Bedeitung net direkt kloer gëtt: „hatt huet et un der Geschicht“ (fir: hatt huet eng Geschlechtskrankheet) oder „’t huet de ganze Kaméidi gewisen“ (fir: hatt huet seng Geschlechtsdeeler an/oder seng Brëscht gewisen). Aner Begrëffer wéi „eng Schmecks“ (dt. ‚Vulva‘) oder „eng Munn“ (dt. ‚Geliebte‘) sti relativ isoléiert am Dictionnaire, ouni Erklärung, Beispill oder Stilmarkéierung.
Den LOD ass och bei der Scheed méi balancéiert op der stilistescher Achs: zwee neutral Wierder (Scheed, Vagin) an zwee méi vulgärer (Fotz, Mutsch). Méi kreativ ass et an der Ëmfro zougaangen, wou provokativ Metapheren (Dous, Fleeschenveloppe, Tirang) nieft méi verspillte Begrëffer (Mickymaus, Mumu, Muschi oder Tut(i)) genannt goufen. Aner Begrëffer waren hei Vergläicher mat Déieren (Mull, Schleek), vulgär Ausdréck (Flaus) oder vag Ëmschreiwungen (Pli).
Wuertfeld: sexuell Handlungen
Bei de sexuellen Handlungen (wou d’Masturbatioun ausgeklamert gouf) fanne mer ënnerschiddlech Ausdréck, déi insgesamt éischter engem vulgäre Stil entspriechen.
Den LWB, dee beim Wuertfeld Peenis grouss Kreativitéit gewisen huet, ass beim Sex manner inspiréiert: vum méi neutrale matenee schlofen bis bei buppen a fécken tauche kaum aner Verben op.
Am LOD komme scho méi Begrëffer zesummen, déi deelweis spilleresch (bimmelen) oder méi vulgär ausfalen (erbäihuelen, flaachleeën, fécken). Bei der informeller Ëmfro goufen nach weider Metaphere genannt: Geräischer (knallen, knuppen), eng vergläichbar Aktivitéit (rammelen, reiden) oder de Fait, datt eppes widder eppes geschloe gëtt (hummeren, neelen, técken).
Bei de lëtzebuergesche Substantiver kann de Pompjee och Fellatio bedeiten an d’Minett Cunnilingus (also Oralverkéier, eemol beim Mann an eemol bei der Fra). Am LWB fënnt ee just den Oralverkéier bei der Fra, woubäi een d’Konstruktioun scho kenne muss, well se weeder erkläert nach iwwersat gëtt: „Minett […] in der obszönen Redensart: Minett maachen“. Am LOD ass et genee deen anere Wee, hei fënnt ee just den Oralverkéier beim Mann: Pompjee (dt. ‚Fellatio‘), deen awer onmëssverständlech beschriwwe gëtt. Och beim Verb blosen gëtt den Oralverkéier am LOD just fir de Mann beschriwwen. Wat mat der Fra am Lëtzebuergesche geschitt, ass bei der Wuertfeldanalys net däitlech ginn (gëtt se geleckt?).
Sproochstiler an den Ëmgang mat der Sprooch
D’Beispiller aus den Dictionnairen an aus där informeller Ëmfro weisen, dass een nieft eenzelen neutrale Begrëffer eng verhältnesméisseg grouss Unzuel u Wierder fënnt, déi verspillt oder och ganz graff sinn. Déi vulgär Beispillssätz am LOD stinn dann och vun Zäit zu Zäit an der Kritik, well se ze graff sinn oder ze vill Klischeeën ofbilden. Hei huet d’Viviane Thill an hirem forum-Artikel am Dezember 2016 d’Bemierkung gemaach, datt déi sexuell Verben am LOD eng bestëmmt Systematik bei de Beispillssätz opweisen: Et sinn ëmmer d’Männer, déi eng sexuell Handlung aktiv uginn, d’Frae sinn an de Sätz meeschtens den Objet vun dëse Verben.5 Dat war effektiv eng eesäiteg Duerstellung vun der Sexualitéit, déi elo ugepasst gouf, esou datt d’Fraen net just an enger sex-passiver Roll matwierken an och homosexuell Kierperlechkeet duergestallt gëtt.
Am lëtzebuergesch-sproochege Podcast „Méi wéi Sex“ vum Radio Ara (deen am Artikel op der Säit 52 vun dëser Ausgab méi no beliicht gëtt) gëtt d’Thematik vun de sexuelle Wuertfelder am Lëtzebuergeschen och reegelméisseg ugeschwat. D’Moderatiounsekipp stellt ëmmer erëm fest, datt et eng allgemeng Onsécherheet gëtt, wann iwwer sexuell Handlungen an déi intim Kierperdeeler geschwat gëtt. Dat weist sech engersäits doranner, datt entweeder ze rau-vulgär oder ze distanzéiert-biologesch iwwer d’Organer an d’Praktike geschwat gëtt.6
Bei jonke Leit gëtt dëst Wuertfeld net nëmmen duerch hiert soziaalt Ëmfeld, mee och duerch d’Popkultur beaflosst. Beim Begrëff Fleeschenveloppe kéint een e Lien zum Wuert ‚ham wallet‘ maachen, dat an engem Lidd vun der Bloodhound Gang fält. Oder d’Wuert Fleeschgewier, dat an engem Rammstein-Lidd optaucht. Hei funktionéiert déi deels witzeg, deels rau Provokatioun dann als Opmierksamkeetsstrategie an et weist och, datt et am Lëtzebuergesche verschidde Weeër gëtt, fir nei Wierder ze bilden. Ob dës nei Begrëffer eng Spontanbildung bleiwen oder sech etabléieren, léisst sech schwéier viraussoen.
Bei de sexuelle Wuertfelder resultéieren d’Onsécherheeten an déi terminologesch Onschäerften och aus engem gesellschaftlechen, generatiouneniwwergräifenden Tabu. Op där enger Säit stinn dann Euphemisme wéi Apparat oder Geschicht an op där anerer Säit Dysphemismen (ofwäertend Begrëffer) wéi Pissert oder Lach. De Gebrauch vun de Begrëffer, déi hei virgestallt goufen, riicht sech generell ëmmer nom Gespréichspartner an der Gespréichssituatioun. Mat der Zäit kënnt et dann och zu Verännerunge vum Wuertschaz a vun de Stilnuancen. Dat géif mat sech bréngen, datt verschidden Ausdréck als méi oder manner „ellen“ wouergeholl ginn ewéi vläicht nach zwou Generatioune virdrunner. Wéi vulgär en Ausdrock wéi Féck mech! ass, gëtt schlussendlech och individuell bewäert. Dann ass et beim Schwätzen e bësse wéi beim Sex: Déi eng hunn et jee no Stëmmung léiwer méi graff oder méi duuss.
- LWB = Luxemburger Wörterbuch, Band 1-5. Erausgi vun der Wörterbuchkommission, Lëtzebuerg, P. Linden, Hofbuchdrucker, 1950-1975. Online accessibel via http://engelmann.uni.lu:8080/portal/WBB2009/LWB//wbgui_py?mainmode (all Internetsäiten, déi hei opgelëscht ginn, goufe fir d’lescht den 20.02.2020 opgeruff).
- Den LOD ass accessibel via www.lod.lu. Déi éischt Versioun vum Dictionnaire ass 2007 online gaangen.
- Eng méi detailléiert Aschätzung vum LWB fënnt een ënner https://infolux.uni.lu/worterbucher/. Nieft dëser Problematik bleift den LWB awer eng gutt Source fir den eelere Sproochgebrauch.
- Süddeutsche Zeitung (10.11.2001), zitéiert no www.dwds.de/wb/Möse.
- Thill Viviane, „Lost in Translation“, an: forum vum Dezember 2016 (Nr. 368), S. 42f.
- Bei de biologesche Begrëffer kënnt dann nach dobäi, datt Wierder wéi Vagina zwar relativ stilneutral kléngen, se dann awer anatomesch falsch benotzt a verwiesselt ginn, wéi d’Sexualpedagogin Kelly am Podcast erkläert.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
