Pol Greisch: Tëscht Kaz a Kueder

Déi lëtzebuergesch Literaturzeen bréngt eng faarweg an interessant Villfalt u kreative Käpp ervir. Ee vun hinnen ass sécherlech de Pol Greisch, e grousst Talent, dat an der Theaterzeen wéi och als Auteur schonn iwwer 60 Joer ënnerwee ass. Et kënnt een dofir och net ëmhin, fir d’éischt iwwert den Auteur selwer e puer Wierder ze verléieren, iert een op säin aktuellt Buch iwwergeet.

Säi Liewenslaf hannerléisst en déiwen Androck: mat iwwer 20 Theaterstécker aus senger Fieder weess hien d’Publikum ze begeeschteren. An och als Acteur op der Bühn, oft zesumme mat senger Fra, dem Juliette François, déi leider 2007 verscheet ass, ass hien eng Valeur sûre fir d’Ënnerhalung. Als Auteur vu Bicher, Gedichter a Prosa beweist de Pol Greisch seng Villschichtegkeet.

Seng Wierker goufe matfolgende Präisser ausgezeechent: 1979 den 1.ten Preis am Concours littéraire national vir d’Buch Grouss Vakanz a vir Trilogie Äddi Charel / Besuch / E Stéck Streisel 1993 de Prix Servais. 2002 koum dann de Batty Weber Präis vir säi Liewenswierk nach dobäi an 2013 vir zweet de Prix Servais vir säi Buch De Monni aus Amerika.

Dat neiste Wierk Tëscht Kaz a Kueder ass a villen Hisiichten en Erliefnes.

Et sinn eng 11 Kuerzgeschichten, déi, fiktiv, wéi den Auteur betount, aus dem Liewe vu scheinbar fräi ausgewielte Persounen erzielen. An awer och eng perséinlech Nott vum Paul Greisch an sech hunn mat de Schauplazen, déi hie wielt, wéi zum Beispill de Lampertsbierg. Woubäi dës Kuerzgeschichten deels verknäppt an deels an der Eegendynamik funktionéieren. A soumat dem Lieser eng interessant an ofwiesslungsräich Panoplie vun Ablécker bidden.

Eng Welt vu komplexe Verflechtungen, vun zoufällegena manner zoufällege Begéinungen deet sech engem op. Den Haaptakzent läit dobäi op dem Déifgrënnegen, Onbeaflossbaren, deels Kontradiktoreschen, den Emotiounen, déi hannert Begéinungen am Liewe sinn, an déi nohalteg de Wee vum Protagonist beaflossen.

De Skeptiker mat engem kritesche Bléck op Welt, wéi de Pol Greisch sech selwer beschreift, féiert ons authentesch, realitéitsno a mat enger onverkennbarer Direktheet duerch verschidden Theme wéi Frëndschaft, Noperschaft, Bezéiung, Bekanntschaft, Famill, ouni duerch Schéimolerei dee subtillen Deel vun de Geschichten ze verdecken. D’Gefill, wat dat Erliefte beim Protagonist hannerléisst. An genee dat ass ët och wat de Charme vun de Geschichten ausmécht. Keng iwwerflächlech Bewäertung, keng verschnorkelt Liewensphilosophie agepaakt an héichintellektuell Wierder. Mee eng einfach Feststellung iwwert dat wat dem jeeweilege Protagonist geschitt an säin Empfannen dozou.

Den extra Stempel vum Pol Greisch ass de sougenannte magesche Realismus, deen typesch ass fir säin Theater a seng Prosa an dacks als Stilmëttel erëmkënnt. Fir nëmmen e puer Beispiller aus Tëscht Kaz a Kueder ze nennen: „E schampert Zeechen“, oder „Eng Rees mam Rosch“, oder „Mäi Rendez-vous“: Aus enger konkreter realistescher Situatioun entwéckelt sech – ouni et däitlech ze weise – eng surreal, oder magesch Geschicht (a Form vun Dram, Cauchemar oder Synkop), déi de Lieser oder Zuschauer dacks eréischt zum Schluss (ev. als Pointe) matkritt.

Seng Melancholie iwwerwënnt de Pol Greisch deels duerch Ironie, wéi hie selwer seet. An säin tragikomesche Bléck op d’Welt, deen seng Theaterstécker erëmspigelen, fënnt sech och a sengem neiste Wierk erëm. Seng Geschichte loosse beim Lieser vill Fräiraum fir Interpretatioun, deen a sengen Emotiounen deels duercherneegehäit gëtt: en Abléck vun déiwem Nodenklechem wiesselt sech of mat engem, deen e Schmunzelen ervirzaubert.

Dem Buch läit eng CD bäi, déi dräi Generatioune Greisch duerch Musek an Erzielkonscht zesummebréngt. De Pol Greisch schwätzt mat onverkennbarer déiwer waarmer Stëmm, de Cary, säi Jong, begleet dëst op der klassescher Gittar, an da kann een sech och nach vum Musektalent vum Coralie Greisch, senger Enkelin, um Cello iwwerzeegen. Dëst speziellt Zesummespill vu Virliese mat musikalescher Begleedung verdéift den Androck, deen ee beim Liese kritt. Abee, e Familljeprojet, dee sengesgläiche sicht!

Martine Horsmans

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code