Wéi ech viru gutt véier Joer bei d’Graffiti-Team, dat jonkt Standbee vu Radio ARA, dobäikomm sinn, war mäin éischte Gedanken: „Flott lo kann ech Jonken hëllefen, Radio-Sendunge maachen!“ Als Mediepedagogin hat ech méi Erfarungen am Beräich Film a generell Computeraarbecht mat Jonke gesammelt wéi „just“ Tounveraarbechtung, mee dat sollt mech net ofschrecken.
Schnell ass mer bewosst ginn, dass de Radio ARA méi ass wéi eng Usammlung vu verschiddene Radiossendungen, déi net ëmmer beienee passen. Aus dem klenge Piratesender ass 1992 en nationale Radio ginn, deen et de Bierger*innen erméiglecht huet, eege Sendungen an enger Villfalt ze produzéieren, bei där keen aneren nationale Sender mathale kann. Radio ARA huet sech d’Missioun ginn, jidderengem eng Stëmm ze ginn, virun allem deenen, déi tendenziell ëmmer vergiess ginn oder deenen, déi souwisou kee Stëmmrecht hunn an domadder ëmmer erëm un de Rand vun eiser Gesellschaft gedréckt ginn, wéi zum Beispill d’Prisongssendung „Iwert Maueren ewech“.
E weidere grousse Schrëtt an déi Richtung ass gemaach gi wéi, aus der finanzieller Nout eraus an net ouni Kompromësser ze maachen, den engleschsproochegen Deel ARA City Radio ugangs 2000 mat an d’Boot geholl ginn ass. Domadder hat op ee Coup e groussen Deel vun der net-lëtzebuergeschsproocheger Gesellschaft, wéi Expats a Mënsche mat Migratiounshannergrond, Zougang zu Informatiounen an Noriichten op Englesch. Niewent privaten Donen an dem enorme benevolen Asaz huet dëse kommerzielle Programm de finanzielle Motor vum Radio um Lafe gehalen.
An de leschte Joren hunn déi aner grouss Medien hei am Land dës Nisch fir sech entdeckt a sinn och op de Wee vun engleschsproochegen Inhalter gaangen. Relativ séier huet dëse Wandel an eiser Mediewelt ARA City Radio an d’Kneie gezwongen an 2020 huet sech dës S.A. missen opléisen, well d’Publicitéit duerch déi grouss Konkurrenz, mee och duerch d’Pandemie ausbliwwen ass. Amplaz vun ARA City Radio ass eng ASBL mam Numm ARA international gegrënnt ginn, déi an Zukunft all d’Sendunge vun de verschiddene Communautéite geréiere soll.
E gutt Beispill ass „d’Salam“-Sendung, déi säit 2016 eng Plaz am Programm vu Graffiti fonnt huet. Dës Sendung ass duerch e Projet enstanen, dee vun der Œuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte finanzéiert gouf an och haut nach eng wéchentlech Sendung ass, déi speziell fir d’arabeschsproocheg Communautéit zu Lëtzebuerg geduecht ass, mee och Informatiounen zu der arabescher Kultur op Englesch a Franséisch liwwert. Aner Sendungen, wei déi italienesch Sendunge „PassaParola“ oder „Sentieri Sonori“, déi scho länger op eiser Antenn vertruede sinn, oder och „ARA Russia“, déi 2019 ugefaangen hunn ze senden, sinn op Initiativ vu benevolem Asaz entstanen. Weider Sendunge fir déi persesch an eritreeësch Communautéite befanne sech grad am Opbau.
De Radio ARA ass net just e Pionéiersender wat international Communautéiten ubelaangt, mee och fir Inhalter, Themen a Museksrichtungen, déi vun anere Radioe manner opgegraff ginn. Exemplaresch heifir ass de Projet „Méi wéi Sex“, deen zesumme mam CESAS viru bal dräi Joer entstanen ass, an Theme wéi Transsexualitéit, sexuell Gesondheet oder och divers Sexualpraktiken uschwätzt, déi an eiser Gesellschaft éischter als Tabu gëllen.
Musikalesch gesi bitt Radio ARA eng Hellewull u verschiddene Museksrichtungen un, an dat mat Hëllef vun eise sëllege jonken a jonk bliwwene Fräiwëllegen, déi et ëmmer erëm fäerdeg bréngen, hir Nolauschterer*innen op sonoresch Reesen duerch d’ganz Welt matzehuelen. Dobäi gëtt déi musikalesch Villfalt vun heiheem a kengster Weis vergiess. Ëmmer erëm kann ee bei eis op der Antenn alles héieren, wat uechter d’Land esou produzéiert gëtt, vu lëtzebuergeschen Newcomer*inne bis hin zu fest etabléierte Museker*innen a Bands.
Vun Ufank un huet de Radio ARA ëmmer erëm verschidden Hürde missen iwwerwanne fir sech tëschent den anere, méi grousse Radioen ze etabléieren, a momentan befanne mer eis rëm an enger Phase, an där mir ëm Unerkennung kämpfe mussen. Des Kéier op politeschem Niveau wéinst engem nei ausgeschaffte Gesetz, wat d’Biergermedien, zu deenen de Radio ARA gehéiert, zesumme mat der Press an een Dëppe geheit. D’Qualitéit vun eisem Radio soll an Zukunft un der Zuel vu Journalist*inne festgemaach ginn, déi bei eis um Radio schaffen.
Als Mediepedagogin gesinn ech d’Aarbecht vu Journalist*innen als eng aner un wei déi Aarbecht, déi mir als Biergermedium hunn. Als Biergemedium moosse mir eis Qualitéit un der Participatioun an un de verschiddene Communautéiten, déi mer erreechen an net un der Zuel vu Journalist*innen, déi mir astellen. D’Aarbecht vum Radio ARA ass et, de Wee op d’Antenn fir d’Bierger*innen an d’Communautéiten ze garantéieren an anere Leit ze hëllefen, hir Passioun auszeliewen. D’Participatioun an d’Kreativitéit vun de Benevole mécht eise Radio zu deem, wat en ass.
Fir de Radio ARA wier et aktuell méi wichteg, dass d’Basisfunktionnement wéi d’Technik, an och d’Betreiung vun de Fräiwëllegen an de Communautéiten assuréiert gëtt, ewéi dass Journalist*innen d’Zäit vun eise Benevolen op der Antenne verkierzen. „Hauptamt ermöglicht Ehrenamt“ ass e Grondsatz fir erfollegräich Biergermedien ze gestalten, esou den Dr. Martin Ritter, Referent vun der Thüringer Landesanstalt fir Medien, deen och ugangs Oktober op eiser Konferenz mam Titel „Lescht Chance fir de Mediepluralismus“ ze héiere war. Beim Radio ARA gouf dëse Sproch iwwer all déi Joren just ëmgedréit applizéiert. Et ass héich Zäit, dass sech dat ännert!
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
